Skip to main content

Spueneschen Ierffollegkrich Navigatiounsmenü

Europäesch Geschicht (18. Joerhonnert)KricherGeschicht vu Spuenien


KabinettkrichCarlos II.HabsburgerBourbonenWittelsbacherBayernPhilippe, Herzog vun AnjouLouis XIV. vu FrankräichSpuenesch NidderlandenHellege Réimesche RäichAugsburger LigaLeopold I.Äerzherzog KarlHerzog vu MarlboroughPrënz Eugène vun der SavoieBayernToriesFriddensverträg vun Utrechtvu RaststattSpuenesch NidderlandenHerzogtum LëtzebuergKinnekräich NeapelHerzogtum MailandKinnekräich SardinienIberescher HallefinselFelipe V.Kinnekräich SizilienHerzogtum SavoieGibraltarMinorca












Spueneschen Ierffollegkrich




Vu Wikipedia

(Virugeleet vu(n) Spuenesche Successiounskrich)





Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


De Spueneschen Ierffollegkrich (1701–1714) war e Kabinettkrich an Europa, deen ausgebrach ass, nodeems de spuenesche Kinnek Carlos II. 1700 gestuerwen ass, ouni Kanner hannerlooss ze hunn. Hie war de leschte spuenesche Kinnek vun den Habsburger an zu sengem Räich huet net nëmme Spuenien gehéiert, mä och de Besëtz a Mëttel- a Südamerika. Scho viru sengem Doud sinn d'Diskussioune lassgaangen, wie wat géif ierwen. Aus der ursprénglecher Iddi, seng Ierfschaft tëscht deene Kandidaten, déi a Fro kéimen, ze deelen, nämlech dem franséische Kinnekshaus vun de Bourbonen, den éisträicheschen Habsburger, an de Wittelsbacher aus Bayern, ass näischt ginn. Op sengem Stierfbett huet de Carlos II. de Philippe, Herzog vun Anjou, den zweeteelsten Enkel vum Louis XIV. vu Frankräich, als säin Ierwen agesat.


Deenen aneren europäesche Muechten huet et net gefall, datt Frankräich ewell souvill méi mächteg géif, absënns och, well de Louis XIV. Truppen an d'Spuenesch Nidderlanden geschéckt huet - bis dohin eng Zort Pufferzon zu Holland - wat den Hollänner sauer opgestouss ass; well en den Handel mat Amerika zu Ongonschte vun den Englänner an den Hollänner ausbaue wollt; an och, well e refuséiert huet, de Philippe vun der franséischer Trounfolleg auszeschléissen, wat d'Dier opgemaach huet fir eng méiglech zukënfteg Vereenegung vun der franséischer an der spuenescher Kroun.


Als Reaktioun hunn England, Holland an Éisträich, zesumme mat hiren Alliéierten aus dem Hellege Réimesche Räich, d'Augsburger Liga 1701 nees reaktivéiert an den éisträichesche Keeser Leopold I. dobäi ënnerstëtzt, fir déi ganz spuenesch Ierfschaft fir säi Jong, den Äerzherzog Karl, ze reklaméieren.


Am Mee 1702 hunn England, Holland an Éisträich formell Frankräich de Krich erkläert. Bis 1708 huet den Herzog vu Marlborough an de Prënz Eugène vun der Savoie an de Spuneneschen Nidderlanden an an Italien de Krich esouwäit fir sech entscheet, an dem Louis säin Alliéierte Bayern niddergemaach. Frankräich war no drun, ageholl a ruinéiert ze ginn, mä d'Allianz vu senge Géigner ass auserneegebrach, nodeems s'a Spuenien ënnerleeë waren, et emmer méi Doudeger gouf, an hir Ziler ausernee goungen.


1710 koumen a Groussbritannien d'Tories un d'Muecht, an hunn decidéiert, dem Krich en Enn ze maachen an e Friddenvertrag mat Frankräich ze verhandelen. 1712 huet Groussbritannien opgehale mat kämpfen, an d'Hollänner, d'Éisträicher an déi Däitsch Staaten hu sech deem missen uschléissen, nodeems et hinnen net gelonge war, duerch weider Schluechten hir Ausgangspositiounen ze verbesseren.


An de Friddensverträg vun Utrecht (1713) a vu Raststatt (1714) gouf d'spuenescht Räich opgedeelt: Éisträich krut déi meescht vun de spueneschen Territoiren an Europa (d'Spuenesch Nidderlanden mam Herzogtum Lëtzebuerg, d'Kinnekräich Neapel, d'Herzogtum Mailand an d'Kinnekräich Sardinien), iwwerdeems d'Territoiren op der Iberescher Hallefinsel selwer an d'Iwwerséigebidder un den Herzog vun Anjou goungen. Deen huet op seng Ierfrechter a Frankräich verzicht a konnt domat als Felipe V. spuenesche Kinnek ginn. Weider goung d'Kinnekräich Sizilien un d'Herzogtum Savoie, a Gibraltar a Minorca goungen u Groussbritannien.









Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Spueneschen_Ierffollegkrich&oldid=1958842“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.008","walltime":"0.010","ppvisitednodes":"value":1,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":0,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":1,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 0.000 1 -total"],"cachereport":"origin":"mw1331","timestamp":"20190925045007","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Spueneschen Ierffollegkrich","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Spueneschen_Ierffollegkrich","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q150701","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q150701","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2016-04-11T12:35:53Z","dateModified":"2016-09-21T13:49:12Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":149,"wgHostname":"mw1319"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region