Nikloskierfecht Inhaltsverzeechnes Monumenter um Kierfecht | Griewer vu bekannte Perséinlechkeeten | Literatur | Fotoalbum | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen Navigatiounsmenü49° 36’ 58.8’’ N 06° 7’ 6.4’’ OTraditioun a Geschicht vum intressanteste Stater Kierfecht
Kierfechter zu LëtzebuergLampertsbierg
Lampertsbierger QuartierStad LëtzebuergNikloskierchParJesuitekierchKathedralGlacisNeipuertskapellHelleg-Geescht-KlouschterGlaciskapellHinzerter Kräiz
Nikloskierfecht
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
Den Nikloskierfecht, offiziell de Cimetière Notre-Dame (Liebfrauenfriedhof), läit am Lampertsbierger Quartier an der Stad Lëtzebuerg.
Den Numm "Nikloskierfecht" kënnt dohier, well 1779 nom Ofrappe vun der Nikloskierch am Stadzentrum an dem Verleeë vum Sëtz vun der Niklos-Par an déi fréier Jesuitekierch (haut: d'Kathedral) de Kierfecht vun der Par baussent d'Stadmaueren op de Glacis verluecht gouf[1]. Den neie Kierfecht koum op en Terrain bei der Neipuertskapell (Kapelle U.L.F., Chapelle Notre-Dame)[2]. Sou erkläert sech den offiziellen Numm vum Kierfecht (cimetière Notre-Dame) an och déi hautdesdaags net méi geleefeg däitsch Bezeechnung "Liebfrauen-Friedhof".
Den neien "Nikloskierfecht" war am Fong nëmmen eng Extensioun vun engem Kierfecht dee schonn zanter 1691 bei der Kapell existéiert huet (Muttergotteskirchhof) a wou déi zum Doud Veruertelt, déi keng Verbriecher waren (z. B. Deserteuren), begruewe goufen. Zwéi Gäert si bei den "ale" Kierfecht dobäikomm, deen een huet zu der Kapell gehéiert, deen anere war eng Proprietéit vum Helleg-Geescht-Klouschter[2].
Inhaltsverzeechnes
1 Monumenter um Kierfecht
2 Griewer vu bekannte Perséinlechkeeten
3 Literatur
4 Fotoalbum
5 Kuckt och
6 Um Spaweck
7 Referenzen
Monumenter um Kierfecht |
Um Nikloskierfecht gëtt et zwee grouss Monumenter:
- d'Monument vun der Resistenz an der Deportatioun, offiziell Monument national de la résistance et de la déportation, meeschtens einfach "Hinzerter Kräiz" genannt
- de Mausoleum vun de franséischen Zaldoten déi am Éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg gefall sinn.
Hinzerter Kräiz
Mausoleum vun de franséischen Zaldoten
Griewer vu bekannte Perséinlechkeeten |
- Mathias Adam
- Martin Blum
- Victor Bodson
- Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine
- Gaston Diderich
- Familljegraf Eydt-Funck (Jean-François Eydt, Pierre Funck a Paul Funck)
- Paul Eyschen
- Jean-Baptiste Fallize
- Jean-Baptiste Gellé
- Willy Goergen
- Joseph Junck
- Ernst Koch
- William J. Kroll
- Edouard Luja
- Fernand Mertens
- Metz-Familljegraf
- Léon Moulin
- Léopold Reichling
- Michel Rodange
- Eugène Ruppert
- Étienne Schmit
- Nicolas Steffen-Pierret
- Gaston Thorn
Wilhelm Voigt (den "Hauptmann vu Köpenick")- Batty Weber
- Nik Welter
- Lucien Wercollier
- Pierre Werner
- Guillaume Weydert
- Jean-Antoine Zinnen
- Ernest Vander Linden
Albert Jean-Marie Baron Keucker de Watlet (Generolleitnant vun der belscher Arméi an Administrateur vun der Banque Centrale Luxembourgeoise)
Literatur |
- Kartheiser, R. 1973. Den Nikloskierfech. In: Die Warte. Luxembourg. - Année 26(1973), n° 25(04.10.), p. [4] ; n° 27(18.10.), p. [4] ; n° 28(25.10.), p. [4] ; n° 29(08.11.), p. [4].[1]
Fotoalbum |
Graf vum Hauptmann von Köpenick.
Graf vum Paul Eyschen (1841-1915).
Graf vum Lucien Wercollier (1908-2002).
Gebai wou d'Zeremonien ofgehale ginn. Vir am Bild: d'Graf vum Lucien Wercollier.
Graf vum Victor Bodson (1902-1984)
Platanenallee bei d'Gebai fir d'Zeremonien.
Beim Agank steet d'Erënnerungsplackett un déi éischt Glaciskapell(1628-1796)
Le prisonnier politique an d'Hinzerter Kräiz.
Kuckt och |
- Hinzerter Kräiz
- Nikloskierch
Um Spaweck |
Commons: Nikloskierfecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Traditioun a Geschicht vum intressanteste Stater Kierfecht, Reportage op rtl.lu den 1. November 2018
Referenzen
↑ E. Feitler: Luxemburg, deine Heimatstadt. 2. Auflage. Luxemburg 1954, S. 106.
↑ 2,02,1 F. Lascombes: Chronik der Stadt Luxemburg: 1684-1795. Luxemburg 1988, S. 383f.
Kategorien:
- Kierfechter zu Lëtzebuerg
- Lampertsbierg
(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.096","walltime":"0.164","ppvisitednodes":"value":230,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":2406,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":309,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":6,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":9989,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 134.338 1 -total"," 4.83% 6.482 1 Schabloun:Commonscat"," 4.58% 6.148 1 Schabloun:Div_col"," 4.25% 5.707 2 Schabloun:Clr"," 3.31% 4.452 1 Schabloun:Referenzen"," 3.23% 4.342 1 Schabloun:Coor_dms1_uewen"," 3.21% 4.310 1 Schabloun:Commons"," 2.04% 2.742 1 Schabloun:Column-count"," 1.71% 2.299 1 Schabloun:Div_col_end"," 1.64% 2.206 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1330","timestamp":"20190928004134","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Nikloskierfecht","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Nikloskierfecht","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q16764316","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q16764316","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-08-24T14:27:58Z","dateModified":"2019-05-30T19:57:49Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/2/25/Luxembourg_cimeti%C3%A8re_Notre-Dame_platanes_01.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":113,"wgHostname":"mw1261"););