Skip to main content

Louis XIV. vu Frankräich Inhaltsverzeechnes Wierker | Kanner | Genealogie | Literatur zum Thema | Kuckt och | Um Spaweck | NavigatiounsmenüDäitsch Louis XIV. SäitOffiziell Säit vum Schlass vu Versailles

Kinneke vu FrankräichBourbonenGebuer 1638Gestuerwen 1715


5. September1638Saint-Germain-en-Laye1. September1715Versailles1643FrankräichNavarraNeizäitAbsolutismusKonschtWëssenschaftHegemonieLouis XIII.Anna vun ÉisträichJean-Baptiste Gaston vun OrléansPhilippe vun Orléans164014. Mee1643Groussjäregkeet1651MazarinRichelieubarockemFridde vu WestfalenDrëssegjärege Krich1648Traité vun de PyrenäeSpuenien1659ColbertLouvoisHugues de LionnePomponneMonarchieHugenottenPoopstSpueneschen Ierffollegkrich17131660InfantinMaria Theresia vun Éisträich1683Madame de Maintenon1. September1715Louis XV.Basilika Saint-Denis1793ParäisRestauratiounMaria Theresia vun ÉisträichLouise de La VallièreMadame de MontespanMarie-Angélique de Scoraille












Louis XIV. vu Frankräich




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


















Louis XIV.

Louis14-1.jpg
Titelen
Kinnek vu Frankräich an Navarra

Vu 1643 bis 1715
Biographie
Gebuer
5. September 1638
Schlass vu Saint-Germain-en-Laye
Gestuerwen
1. September 1715
Schlass vu Versailles
Bestuet mat
Maria Theresia vun Éisträich, Madame de Maintenon
Liewenspartner
Louise de La Vallière, Madame de Montespan, Claude de Vin des Œillets
Papp
Louis XIII. vu Frankräich
Mamm
Anna vun Éisträich
Geschwëster
Philippe vun Orléans
Kanner
Louis vu Frankräich, Marie-Thérèse, Philippe-Charles, Anne-Élisabeth, Marie-Anne, Louis François, Françoise-Marie vu Bourbon, Louis-Alexandre, Louise Françoise, Louis-Auguste, Louis vu Bourbon, Louis César, Louise Marie Anne, Marie Anne, Louise, Charles Louis

De Louis XIV. den Sonnenkinnek, gebuer de 5. September 1638 zu Saint-Germain-en-Laye, a gestuerwen den 1. September 1715 zu Versailles, war zanter 1643 Kinnek vu Frankräich an Navarra.


Mat enger Regentschaft vun 72 Joer war hien deen Herrscher aus der Neizäit deen am längsten um Troun souz. De Louis XIV. gëllt als klassesche Vertrieder vum Absolutismus. Hien huet d'Muecht vun der Kroun duerch en Ausbau vun der Administratioun, d'Bekämpfung vun der Oppositioun am Land an d'Fërderung vun der franséischer Wirtschaft gefestegt. D'Kultur vum Haff gouf ganz un d'Persoun vum Herrscher ugepasst. Säi pompéisen Optrëtt gouf zum Symbol fir seng Plaz. De Sonnekinnek huet sech och fir d'Konscht a fir d'Wëssenschaft interesséiert, an d'franséisch Kultur ass opgebléit. D'Aussepolitik vum Louis XIV. war aggressiv, a Frankräich konnt ënner dem Sonnekinnek seng Hegemonie iwwer Europa ausbauen.




Louis XIV. (Portrait vum H. Rigaud) 1701


D'Gebuert vum Louis XIV. zu Saint-Germain-en-Laye war fir vill Leit e glécklecht Evenement, well 23 Joer laang war d'Bestietnes vu sengen Elteren Louis XIII. an Anna vun Éisträich ouni Nokomme bliwwen. Duerch seng Gebuert gouf de Jean-Baptiste Gaston vun Orléans vun der Trounfolleg ausgeschloss. Aus Dankbarkeet krut de Kinnek dee frësch op d'Welt komm war de Bäinumm Dieudonné. Säi Brudder, de Philippe vun Orléans koum 1640 op d'Welt.


Am Alter vu 4 Joer koum de Louis de 14. Mee 1643 nom Doud vu sengem Papp op den Troun. Bis zu senger Groussjäregkeet (am deemolege Frankräich mat 13 Joer) 1651 huet seng Mamm d'Regence iwwerholl. D'tatsächlech Muecht hat awer de Minister a Kardinol Mazarin. De Mazarin huet de Louis op seng Roll als absolutisteschen Herrscher virbereet; de jonke Kinnek gouf lues a lues un der Muecht bedeelegt an huet sech schliisslech d'Verantwortung mam Mazarin gedeelt. Duerch d'aussepolitesch Succèse vum Richelieu a Mazarin politesch gestäerkt, huet de Louis d'absolutistescht Kinnegtum mat barockem Afloss a Frankräich weider ausgebaut, an dat mat engem Liewen um Haff wat ganz op d'Persoun vum Herrscher zougeschnidde war. Nom Fridde vu Westfalen um Enn vum Drëssegjärege Krich 1648 an dem Traité vun de Pyrenäe mat Spuenien 1659 war Frankräich déi politesch a militäresch Virmuecht an Europa. Ënnerstëtzt vu Ministere wéi dem Colbert, Louvois, Hugues de Lionne a Pomponne huet hien de staatleche Muechtapparat konzentréiert, an d'militäresch, institutionnell a materiell Grondlage vun der Muecht vun der franséischer Monarchie erweidert. D'Verfolgung vun den Hugenotten, säi Sträit mam Poopst an de Spueneschen Ierffollegkrich hu sech negativ op seng Herrschaft ausgewierkt. De Spueneschen Ierffollegkrich huet duerch d'Häert vun de Kämpf 1713 bal zu engem Staatsbankrott gefouert, deen nëmmen duerch eng Finanzreform a massiivt Spuere konnt verhënnert ginn.


1660 huet de Louis d'Infantin Maria Theresia vun Éisträich bestuet. No hirem Doud am Joer 1683 huet hie sech mat der Madame de Maintenon bestuet. De Louis huet säi Jong a säin eelsten Enkel iwwerlieft, an ass den 1. September 1715 gestuerwen. Säin Urenkel koum ënner dem Titel Louis XV. op den Troun. Begruewe gouf de Louis XIV. an der Krypta vun de Bourbonen an der Basilika Saint-Denis. 1793 gouf säi Kierper mat dem vun den anere Kinneke "profanéiert" an an e Gruef gehäit. D'abalsaméiert Häerz gouf an d'Jesuitekierch vun der Rue St. Antoine zu Paräis bruecht, an nieft d'Häerz vu sengem Papp gestallt. Während der Restauratioun sinn all d'Häerzer vum Kinnekshaus op Saint Denis an d'Krypta bruecht ginn.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Wierker


  • 2 Kanner


  • 3 Genealogie


  • 4 Literatur zum Thema

    • 4.1 Biographien


    • 4.2 Politik an Zäit vum Louis XIV.


    • 4.3 Konscht an Architektur


    • 4.4 Militär a Kricher


    • 4.5 Historesch Quellen



  • 5 Kuckt och


  • 6 Um Spaweck




Wierker |


  • Mémoires pour l'instruction du Dauphin.

  • Manière de montrer les jardins de Versailles.


Kanner |




De Louis a seng Famill


Mat der Maria Theresia vun Éisträich:



  1. Louis vu Frankräich (* 1. November 1661; † 1711)

  2. Anne Elisabeth vu Frankräich (* 18. November 1662; † 1662)

  3. Marie Anne vu Frankräich (* 16. November 1664; † 1664)

  4. Marie Thérèse vu Frankräich (* 1667; † 1672)

  5. Philippe Charles vu Frankräich (* 1668; † 1671), Herzog vun Anjou (1668–1671)

  6. Louis François vu Frankräich (* 1672; † 1672), Herzog vun Anjou (1672)

Onehelech Kanner:


Mat der Louise de La Vallière:


  • Charles (* 19. November 1663; † 1665)

  • Philippe (* 07. Januar 1665; † 1666)

  • Marie Anne de Bourbon (* 02. Oktober 1666; † 1739)

  • Louis de Bourbon, Grof vu Vermandois (* 03. Oktober 1667; † 1683)

Mat der Madame de Montespan:



  • Louis Auguste de Bourbon, Herzog vu Maine (* 31. Mäerz 1670; † 14. Mai 1736)

  • Louis Cesar de Bourbon, Grof vu Vexin (* 1672; † 10. Januar 1683)

  • Louise Françoise de Bourbon, mademoiselle de Nantes, (* 01. Juni 1673; † 16. Juni 1743)

  • Louise Marie Anne de Bourbon (* 12. November 1674; † 15. September 1681)

  • Françoise Marie de Bourbon (* 09. Februar 1677; † 1. Februar 1749)


  • Louis Alexandre de Bourbon, Grof vun Toulouse, (* 06. Juni 1678; † 1. Dezember 1737)

Mat der Marie-Angélique de Scoraille:


  • Ee Bouf (*† 1679)


Genealogie |



┌──> Antoine de Bourbon (1518–1562)
│ Herzog vu Bourbon, Vendôme a Beaumont

┌──> Henri IV. (1553–1610)
│ Kinnek vun Navarra a Frankräich
│ │
│ └──> Jeanne d'Albret (1529–1572), Jeanne III.
│ Kinnigin vun Navarra

┌──> Louis XIII. (1601–1643), le Juste
│ Kinnek vu Frankräich an Navarra
│ │
│ │ ┌──> Francesco I. (1541–1587),
│ │ │ Groussherzog vun der Toskana
│ │ │
│ └──> Maria vu Medici (1575–1642)
│ Regentin vu Frankräich
│ │
│ └──> Jeanne (1546–1578)
│ Äerzherzogin Éisträich, Prinzessin vun Ungarn a Béimen

Louis XIV. (1638–1715), le Roi Soleil
Kinnek vu Frankräich an Navarra

│ ┌──> Felipe II. (1527–1598),
│ │ Kinnek vu Spuenien a Portugal, Äerzherzog vun Éisträich
│ │
│ ┌──> Felipe III. (1578–1621)
│ │ Kinnek vu Spuenien a Portugal, Äerzherzog vun Éisträich
│ │ │
│ │ └──> Anna (1549–1580),
│ │ Äerzherzogin vun Éisträich
│ │
└──> Anne (1601–1666), Regentin vu Frankräich,
Infantin vu Spuenien a Portugal, Äerzherzogin vun Éisträich

│ ┌──> Karl II. (1540–1590)
│ │ Äerzherzog vun Éisträich, Herzog vun der Steiermark, Prënz vun Ungarn a Béimen
│ │
└──> Margarete (1584–1611),
Äerzherzogin vun Éisträich

└──> Maria vu Bayern (1551–1608)

...




Literatur zum Thema |



Biographien |


  • Michel Antoine, Louis XIV', Paräis, Fayard, 2001

  • Olivier Bernier, Ludwig XIV: die Biographie. Düsseldorf, Albatross, 2003, ISBN 3-491-96085-1

  • Francois Bluche, Louis XIV. Paräis, Fayard, 1993

  • Philippe Erlanger, Ludwig XIV. Das Leben eines Sonnenkönigs. Frankfurt am Main, 1996

  • Pierre Gaxotte, Ludwig XIV. Frankreichs Aufstieg in Europa., München 1951

  • Geoffrey R. Treasure, Louis XIV. Harlow, Longman, 2001

  • W. H. Lewis, Ludwig XIV. Der Sonnenkönig. Tübingen 1989

  • Bernd-Rüdiger Schwesig, Ludwig XIV. mit Selbstzeugnissen und Bilddokumenten. Hamburg 1998


Politik an Zäit vum Louis XIV. |




De Louis XIV. op engem Écu vu 1712


  • Peter Burke, Ludwig XIV. Die Inszenierung des Sonnenkönig. Frankfurt am Main, 1996, ISBN 3-8031-2412-3

  • Joel Cornette, Chronique du Règne de Louis XIV. Paräis 1997

  • Pierre Goubert, Ludwig XIV. und zwanzig Millionen Franzosen. Berlin 1973

  • Ragnhild Hatton, Europe in the Age of Louis XIV. London 1996

  • Andrew Lossky, Louis XIV. and the French Monarchy. London 1992

  • Wolfgang Mager, Frankreich vom Ancien Régime zur Moderne 1630–1830, Stuttgart 1980

  • Klaus Malettke, Ludwig XIV. von Frankreich, Leben, Politik und Leistung. Göttingen 1998, ISBN 3-7881-0143-1

  • Leopold von Ranke, Französische Geschichte vornehmlich im XVI. und XVII. Jahrhundert. Stuttgart 1954


  • Voltaire, Le siècle de Louis XIV. Paräis, Union, 1962


Konscht an Architektur |


  • Pierre-André Lablaude, Die Gärten von Versailles. Worms 1995

  • Vincent Maroteaux, Marly – L'autre Palais du Soleil, Paräis 2002

  • Alain Mérot, La peinture française au XVIIe siècle. Paräis 1994

  • Érik Orsenna, Andrè Le Nôtre – Der Gärtner von Versailles, München 2001

  • Jean-Marie Pérouse de Montclos, Versailles. Köln 1996

  • Jean-Marie Pérouse de Montclos, Vaux-le-Vicomte. London 1997

  • Orest Ranum, Paris in the Age of Absolutism. Pennsylvania 2002

  • Andrew Trout, City on the Seine – Paris in the Time of Richelieu and Louis XIV., New York 1996


Militär a Kricher |


  • Daniel Dessert, La Royale – Vaisseaux et marins du Roi-Soleil, Paräis 1996

  • John A. Lynn, Giant of the Grand Siècle – The French Army 1610–1715, New York 1997

  • John A. Lynn, The French Wars 1667–1714, The Sun King at War, Oxford 2002

  • John A. Lynn, The Wars of Louis XIV. 1667–1714, London 1999. ISBN 0-582-05629-2

  • Paul Sonnino, Louis XIV. and the origins of the Dutch War. Cambridge 1988


Historesch Quellen |



  • Elisabeth Charlotte vun der Pfalz, Herzogin vun Orléans, Madame: Die Briefe der Liselotte, München 1979

  • Kardinol vu Retz, Aus den Memoiren. Frankfurt 1964

  • Louis Herzog vu Saint-Simon, Der Hof Ludwig XIV. Nach den Denkwürdigkeiten des Herzogs von Saint-Simon. München 1999

  • Ézéchiel Spanheim, Relation de la Cour de France. Paräis 1973

  • Primi Visconti, Mémoires sur la cour de Louis XIV.. Paräis 1981


Kuckt och |


  • Drëssegjärege Krich

  • Fronde

  • Absolutismus

  • Edikt vu Fontainebleau

  • Openthalt vum Louis XIV. vu Frankräich zu Lëtzebuerg


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Louis XIV. – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Däitsch Louis XIV. Säit

  • Offiziell Säit vum Schlass vu Versailles






Virgänger:
Louis XIII.

Kinnek vu Frankräich
1643 - 1715
Nofolger:
Louis XV.



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Louis_XIV._vu_Frankräich&oldid=2210623“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.308","walltime":"0.512","ppvisitednodes":"value":581,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":10198,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":437,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":9,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 447.755 1 -total"," 92.92% 416.049 1 Schabloun:Infobox_Dynastie"," 91.99% 411.890 1 Schabloun:Infobox"," 72.10% 322.820 10 Schabloun:If_empty"," 70.65% 316.341 15 Schabloun:Wikidata"," 8.43% 37.730 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 1.56% 6.982 1 Schabloun:Commonscat"," 1.06% 4.727 1 Schabloun:7._Januar"," 0.94% 4.214 1 Schabloun:Commons"," 0.61% 2.752 1 Schabloun:6._Juni"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.199","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":4140818,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1280","timestamp":"20190929220021","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Louis XIV. vu Frankru00e4ich","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Louis_XIV._vu_Frankr%C3%A4ich","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q7742","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q7742","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-03-22T11:41:12Z","dateModified":"2019-09-29T22:00:21Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/6/60/Louis14-1.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":160,"wgHostname":"mw1324"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?