Skip to main content

Germaine Damar Inhaltsverzeechnes Filmographie | Gielercher | Literatur zum Thema | Um Spaweck | Referenzen an Notten NavigatiounsmenüHommage à Germaine DamarSäit iwwer d'Germaine Damar op Movie-Musical-WorldFilmportal.deFotoen op virtual-historyWorldCat Identitiesnm019861452610962n20100709040000 0000 8232 376X123975182cb14038743g(data)Au jour le jour

Lëtzebuergesch FilmschauspillerinnenGebuer 1929AkrobatenChevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg


31. August1929PéitenglëtzebuergeschschauspillerinNidderkuerNazien10. Mee1940FrankräichParäisAtilio BarivieraAkrobatikBalletKrichKairoFarukZarah Leander1952Herzog FilmverleihWilly BirgelTheaterstEschArgentinienChrëschtdag19611964SpuenienFort LauderdaleFlorida












Germaine Damar




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen










Germaine Damar

Germaine Damar2.jpg
Gebuer
31. August 1929
Péiteng
Nationalitéit
Lëtzebuerg
Aktivitéit
Schauspiller, Zirkusartist, Filmschauspiller
Famill
Liewenspartner(in)
Georg Thomalla

Wikidata-logo-without-paddings.svg



D'Germaine Damar am Juni 2011 (Foto François Besch)


D'Germaine Damar, gebuer den 31. August 1929 zu Péiteng als Germaine Haeck, ass eng lëtzebuergesch Filmschauspillerin. Eng Zäitchen huet si och de Kënschtlernumm Ria Poncelet ugeholl. No hirem Bestietnes huet se och den Numm vun hirem Mann gedroen (Germaine Haeck-Toporow).




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Filmographie

    • 1.1 Documentaire iwwer d'Germaine Damar



  • 2 Gielercher


  • 3 Literatur zum Thema


  • 4 Um Spaweck


  • 5 Referenzen an Notten



Am Turnveräin vun Nidderkuer huet d'Germaine Haeck hir éischt Schrëtt fir hir spéider Carrière geléiert. Wéi d'Nazien den 10. Mee 1940 Lëtzebuerg besat hunn, ass d'Famill Haeck a Frankräich geflücht. Si sinn zu Paräis bei Famill ënnerkomm.


Do huet d'Germaine Damar hiert kënschtlerescht Talent weiderentwéckelt. Mat hirer Schwëster Geny an hirem fréieren Turnléiermeeschter Atilio Bariviera ass si als Trio Delux zu Paräis opgetrueden. No an no gouf hir Akrobatiksnummer bekannt a si sinn am Alhambra an am Bobino opgetrueden.


Nieft der Akrobatik huet d'Germaine Damar zu Paräis och nach Ballet geléiert.


Nom Krich ass si mat hirer Schwëster Sylvie an där hirem Mann als Trio Vialine opgetrueden, ënner anerem zu Kairo virum Kinnek Faruk. Zu Kairo huet si d'Sängerin a Schauspillerin Zarah Leander kennegeléiert. Duerch d'Zarah Leander konnt d'Germaine Damar den 10. Mee 1952 Proufopnahme fir den Herzog Filmverleih maachen.


Am selwechte Joer huet si hiren éischte Film gedréint. Si krut direkt d'Haaptroll am Revuefilm Tanzende Sterne.


Fir de Film huet si hiren Numm Germaine Haeck a Germaine Damar emgeännert. Si gouf am Ufank als franséisch Dänzerin virgestallt bis Journalisten erausfonnt haten, datt si Lëtzebuergerin wier.


D'Germaine Damar ass an hire Filmer besonnesch als Dänzerin opgefall a si huet bal nëmmen a Revuen an a Gesangsfilmer matgespillt.


Mam Willy Birgel huet d'Germaine Damar och an engem Theaterstéck matgespillt.


1956 huet d'"Académie de danse Germaine Damar" hir Dieren zu Esch opgemaach.


Duerch de Film Die Beine von Dolores gouf si an Argentinien sou bekannt, datt si do 3 Joer laang ëm Chrëschtdag eng eege Fernsehshow hat.


Bis 1961 huet d'Germaine Damar ee Film nom anere gedréint. Dunn huet si hire spéidere Mann, de Roman G. Toporow, kennegeléiert an huet 1964 no engem leschte Film a Spuenien de Schauspillerberuff opginn.


Zanter dem Doud vun hirem Mann 1994, lieft d'Germaine Damar mat hirem Jong, dem Roman M. Toporow (gebuer am November 1966), zu Fort Lauderdale a Florida (USA).



Filmographie |



  • Tanzende Sterne (1952), vum Géza von Cziffra mam Georg Thomalla an Axel von Ambesser


  • Südliche Nächte (1953), vum Robert A. Stemmle mam Margit Saad a Waltraut Haas


  • Schlagerparade (1953), vum Erik Ode mam Walter Giller a Nadja Tiller


  • König der Manege (1953), vum Ernst Marischka mam Rudolf Schock an Elma Karlowa


  • An jedem Finger zehn (1954), vum Erik Ode mam Loni Heuser a Walter Giller


  • Wunschkonzert (1:0 für Sie) (1955), vum Erik Ode mam Renate Holm a Paul Dahlke


  • Die Drei von der Tankstelle (1955), vum Hans Wolff mam Adrian Hoven a Walter Müller


  • Symphonie in Gold (1955), vum Franz Antel mam Joachim Fuchsberger a Susi Nicoletti


  • Mädchen mit schwachem Gedächtnis (1956), vum Géza von Cziffra mam Peter Weck a Rudolf Platte


  • Zu Befehl, Frau Feldwebel (1956), vum Georg Jacoby mam Michael Cramer an Oskar Sima


  • Der schräge Otto (1956), vum Géza von Cziffra mam Walter Giller a Gunther Philipp


  • 7mal in der Woche (1957), vum Harald Philipp mam Vico Torriani an Hubert von Meyerinck


  • Weisser Holunder (1957), vum Paul May mam Carl Möhner a Willy Hagara


  • Der Kaiser und das Wäschermädel (1957), vum Ernst Neubach mam Grethe Weiser a Peter Weck


  • Der Graf von Luxemburg (1957), vum Werner Jacobs mam Gerhard Riedmann a Renate Holm


  • Die Beine von Dolores (1957), vum Géza von Cziffra mam Claus Biederstaedt an Theo Lingen


  • Tabarin (1958), vum Richard Pottier mam Michel Piccoli a Sonja Ziemann


  • Rivalen der Manege (1958), vum Harald Philipp mam Claus Holm an Helmut Schmid


  • So ein Millionär hat's schwer (1958), vum Géza von Cziffra mam Peter Alexander an Elga Andersen


  • Scala - total verrückt (1958), vum Erik Ode mam Claus Biederstaedt a Rudolf Platte


  • Peter schiesst den Vogel ab (1959), vum Géza von Cziffra mam Peter Alexander a Maria Sebaldt


  • 1000 Sterne leuchten (1959), vum Harald Philipp mam Toni Sailer an Harald Juhnke


  • Salem Aleikum (1959), vum Géza von Cziffra mam Peter Alexander a Rudolf Platte


  • Glück und Liebe in Monaco (1959), vum Hermann Leitner mam Claus Biederstaedt a Grace Kelly


  • Sérénade au Texas (1959), vum Richard Pottier mam Luis Mariano a Bourvil


  • Gaunerserenade (1960), vum Thomas Engel mam Fred Bertelmann a Chris Howland


  • Cariño mio (Die Liebe ist ein seltsames Spiel) (1961), vum Rafael Gil mam Vicente Parra a Marianne Hold


  • Escala in Hi-Fi (1964), vum Isidoro M. Ferry


Documentaire iwwer d'Germaine Damar |



  • Germaine Damar - Der tanzende Stern (2011), vum Michael Wenk. Eng Produktioun vum Centre national de l'audiovisuel (CNA), Luxembourg. (Dokumentarfilm)


Gielercher |


  • Chevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg [1]


Literatur zum Thema |


  • Centre national de l'audiovisuel, 1995. Germaine Damar, ein luxemburger Star im deutschen Kino der 50er Jahre.


  • Seil, G. Hommage à Germaine Damar, d'Letzeburger Land, 13.01.1995, S. 11


Um Spaweck |


  • Säit iwwer d'Germaine Damar op Movie-Musical-World

  • Filmportal.de

  • Fotoen op virtual-history




Referenzen an Notten



  1. Au jour le jour d'Letzeburger Land, 27.07.1984, S. 4




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Germaine_Damar&oldid=2176092“













Navigatiounsmenü


























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.408","walltime":"0.501","ppvisitednodes":"value":613,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":7340,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":8,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":511,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 406.855 1 -total"," 81.59% 331.968 1 Schabloun:Infobox_Biographie"," 79.55% 323.671 1 Schabloun:Infobox"," 40.50% 164.783 24 Schabloun:Wikidata"," 39.48% 160.638 11 Schabloun:If_empty"," 8.72% 35.495 1 Schabloun:Autoritéitskontroll"," 7.53% 30.635 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 2.24% 9.124 2 Schabloun:PAGENAMEBASE"," 1.77% 7.215 1 Schabloun:Referenzen_an_Notten"," 0.61% 2.469 1 Schabloun:Clearboth"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.213","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":3178353,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1242","timestamp":"20190919102710","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Germaine Damar","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Germaine_Damar","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q437008","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q437008","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2004-09-30T22:34:58Z","dateModified":"2019-04-26T08:39:23Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/0/0f/Germaine_Damar2.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":117,"wgHostname":"mw1329"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region