Kierch Holler Inhaltsverzeechnes Geschicht | Gebai | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen Navigatiounsmenü50° 07’ 24.6’’ N06° 02’ 51.3’’ OWebsäit vun der Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-FrançoisVideo op Youtube aus der Serie: Kierchen a Kapellen zu Lëtzebuerg iwwer d'Erléiserkierch zu Holler
Kierchen zu LëtzebuergKierchen a Kapellen am Dekanat NordenGemeng WäisswampechKlasséiert Kierchen a Kapellen
kathouleschKierchPar Ëlwen–Wäiswampich Saint-FrançoisDekanat NordenGemeng WäisswampechAbtei PrümHollerPatréinerhellegen ThomasKierfechtromaneschgoteschMëttelalterÉislekFresken12. JoerhonnertLëscht vun de klasséierte MonumenterParParverband Ëlwen, Wäiswampech, WëntgerPastoralregioun NordenDräifaltegkeetskierch zu BënzeltKapell vu Breedelt12. Joerhonnertcharles Arendt20. JoerhonnertFassadbarockenAltärVerwëllefSchlossstengFreskemolereiengoteschtOkulus
Kierch Holler
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
| ||||
|---|---|---|---|---|
| Uertschaft / Plaz | Holler | |||
| Par | Ëlwen–Wäiswampich Saint-François | |||
| Dekanat | Norden | |||
| Numm / Patréiner | Saint-Sauveur | |||
| Koordinaten | 50° 07’ 24.6’’ N 06° 02’ 51.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen | ||||
D'Kierch zu Holler ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wäisswampech gehéiert.
D'Kierch huet, genee sou wéi d'Abtei Prüm, zu där Holler fréier gehéiert huet, de Patrozinium Jesus, Erléiser vun der Welt (lat.: Salvator Mundi, fr.: Saint-Sauveur). Den éischte Patréiner ass den hellegen Thomas.
Se steet zentral an der Uertschaft op der Kirichstrooss. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Inhaltsverzeechnes
1 Geschicht
2 Gebai
3 Kuckt och
4 Um Spaweck
5 Referenzen
Geschicht |
Et ass eng romanesch-gotesch Kierch aus dem Mëttelalter an eng vun den ausdrocksvollsten a schéinste Kierchen aus dem Éislek.
Déi lescht Restauréierung, bei där Fresken aus dem 12. Joerhonnert zum Virschäi koumen, gouf 2011 ofgeschloss.[1]
D'Kierch steet zanter dem Mäerz 2012 als "nationaalt Monument" op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Holler, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Holler huet ausser der Parkierch vun Holler och nach d'Dräifaltegkeetskierch zu Bënzelt an d'Kapell vu Breedelt gehéiert.
Gebai |
Op enger Héicht geleeën erënnert d'Kierch mat hirer gedrongener Baustatur un eng Wierkierch. De schwéieren a quadrateschen Tuerm, d'Kärstéck vun der Kierch, staamt aus dem 12. Joerhonnert. Zweemol gouf d'Kierch no Westen hi vergréissert; dovun eemol 1859 wou se no Pläng vum charles Arendt ëm zwee Joche verlängert gouf. Eréischt am 20. Joerhonnert ass d'Sakristei am Oste bäikomm.
Déi einfach, eenheetlech gehale Fassad vun der Kierch, léisst déi architektonesch Schéinheet vum Banneraum net erkennen. Den dräischëffege Kiercheraum zeechent sech duerch kloer geometresch Linnen a Formen aus. Déi liicht, schwongvoll Linne vun de barocken Altär stinn am Géigesaz zu de strengen Architekturlinne vum Kiercheraum, mat sengem spéitromanesch-goteschem Kräizverwëllef mat Rëpper.
D'Kroun vun de Sailen déi d'Verwëllef droen hunn deelweis Dekoratioune mat Schlaangemotiver, an d'Schlosssteng vum Verwëllef sinn och dekoréiert.
Weider sinn an der Kierch Freskemolereien op de Maueren, an e gotescht Sakramentshaische mat Okulus.
Kuckt och |
- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Wäisswampech
Um Spaweck |
Commons: Kierch Holler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François
- Video op Youtube aus der Serie: Kierchen a Kapellen zu Lëtzebuerg iwwer d'Erléiserkierch zu Holler

D'Kierch vu Weste gesinn

D'Kierch vu Südoste gesinn

Agank vun der Sakristei

Agank vun der Kierch
Referenzen
↑ J R-K (Josette Rinnen), 2012. Erzbischof Jean-Claude Hollerich konsekriert den neuen Altar in der Kirche von Holler am vergangenen Sonntag. Luxemburger Wort vum 17. Juli 2012, S. 21.
Kategorien:
- Kierchen zu Lëtzebuerg
- Kierchen a Kapellen am Dekanat Norden
- Gemeng Wäisswampech
- Klasséiert Kierchen a Kapellen
(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.088","walltime":"0.144","ppvisitednodes":"value":236,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":4873,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":1567,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":10,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":3396,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 112.920 1 -total"," 12.39% 13.994 1 Schabloun:Infobox_Kierchentabell_nei"," 9.17% 10.350 1 Schabloun:Referenzen"," 8.45% 9.547 1 Schabloun:Commonscat"," 7.82% 8.831 1 Schabloun:Coor_dms"," 5.22% 5.894 1 Schabloun:Commons"," 5.21% 5.883 1 Schabloun:Small"," 4.72% 5.330 1 Schabloun:Clr"," 2.65% 2.993 1 Schabloun:Coor"," 2.60% 2.939 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1344","timestamp":"20191018093329","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Kierch Holler","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Kierch_Holler","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q13103516","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q13103516","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-09-15T07:16:41Z","dateModified":"2019-10-18T09:33:29Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/2/29/Kirche_Holler_01.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":95,"wgHostname":"mw1243"););