Skip to main content

Krimkrich Inhaltsverzeechnes Belagerung vu Sewastopol | Ursaachen | Bezéiung Krim-Lëtzebuerg | Literatur | Um Spaweck | NavigatiounsmenüPerekop, Malakoffturm, Schipkapass, Naturdenkmäler in der Kleinen Luxemburger Schweiz, die an den Krimkrieg (1853-1856) und den Russisch-Osmanischen Krieg (1877-1878) erinnern.

Kricher


18531856KrimhallefinselRusslandOsmanesche RäichFrankräichGroussbritannien1855Piemont-SardinienItalienTierkekrichSewastopolStellungskrichTelegrafenSchwaarzt MierBosporusVerdunDonauRumänienBulgarienTierkeiArmenienOstséi18. JoerhonnertBalkanBosporusDardannellenMierenkteSchwaarze MierMëttelmierRussesch-Tierkesche Krich182829Traité vun Unkiar-Skelessi1833KrichsschëfferÉisträichNoen Oste1841GroussmuechtenIsraelPalestinaHellege GrafJerusalemBetlehembyzantinesche RäichWäisse PaterenMalakoff-Tuermzwéin där TiermFestung LëtzebuergSandsteeblockBäerdrefSowjetuniounjiddeschenZionismusRosa LuxemburgOleniwka












Krimkrich




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen




Detail vum Franz Roubaud senger Panoramamolerei Belagerung vu Sewastopol (1904)




Kaart vun de Schëtzegrief ronderëm Sewastopol (rout - englesch, blo - franséisch, gréng - russesch)


De Krimkrich (och Orientkrich) gouf vun 1853 bis 1856 op der Krimhallefinsel tëscht Russland op der enger Säit an dem Osmanesche Räich, Frankräich, Groussbritannien a vun 1855 och Piemont-Sardinien (dem politesch wichtegste Virleeferstaat vun Italien) op der aner Säit ausgedroen. En huet als néngten Tierkekrich ugefaangen, huet sech awer haaptsächlech op d'Eruewerung vun der gréisster Festung an Haaptstad vun der Krim, Sewastopol, beschränkt. De russesche Versuch, säi Gebitt op Käschte vum Osmanesche Räich ze vergréisseren, gouf duerch den Asaz vun den Alliéierte verhënnert. De Krimkrich gëllt als deen éischte moderne Stellungskrich an als besonnesch schlecht virbereet. De Krimkrich war och deen éischte Krich, vun deem d'Press an Europa duerch déi nei Telegrafen den Dag selwer scho beriichte konnt.


Nom Krich huet Russland missen d'Kontroll iwwer d'Schwaarzt Mier an de Bosporus opginn, konnt awer d'Krim behalen.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Belagerung vu Sewastopol


  • 2 Ursaachen

    • 2.1 Orientalesch Fro


    • 2.2 Zougank op Helleg Plazen zu Jerusalem a Betlehem



  • 3 Bezéiung Krim-Lëtzebuerg


  • 4 Literatur


  • 5 Um Spaweck




Belagerung vu Sewastopol |


D'Belagerung vu Sewastopol während bal engem Joer gëtt quasi als e Virspill vu Verdun ugesinn, wéinst dem ähnlech haarde Kampf mat ganz villen Doudeger. D'Festung vu Sewastopol war schwéier anzehuele wéinst den Tierm a sengen Anlagen, déi um iwwer 2,5 km laange Malachow-Kurgan südëstlech vun der Stad stoungen. Dës Tierm kruten duerno den Numm Malakoff-Tierm.


Wann och d'Schluechte vun a ronderëm Sewastopol am bekanntste sinn, sou soll net vergiess ginn datt d'Kampfhandlungen laanscht d'Donau am haitege Rumänien a Bulgarien ugaange sinn, an datt ë. a. och an der haiteger Tierkei, Armenien an an der Ostséi gekämpft ginn ass.



Ursaachen |



Orientalesch Fro |


D'Wuerzele vum Konflikt leien an der orientalescher Fro, déi duerch den Niddergank vum Osmanesche Räich, dem "Kranke Mann um Bosporus", ëmmer méi virulent gouf. Zanter dem Enn vum 18. Joerhonnert huet Russland versicht, säin Afloss um Balkan ze vergréisseren an den Osmanen d'Kontroll iwwer de Bosporus an d'Dardannellen, déi strategesch wichteg Mierenkte tëscht dem Schwaarze Mier an dem Mëttelmier, z'enträissen. D'russesch Victoire am Russesch-Tierkesche Krich vun 1828/29 an den Ofschloss vum Traité vun Unkiar-Skelessi, 1833, an deem dat Osmanescht Räich fir de Krichsfall Russland de Blockage vun de Mierenkte fir feindlech Krichsschëffer zougesot hat, schéngen d'Viraussetzungen dofir geschaf ze hunn.


Groussbritannien, Frankräich an och Éisträich hunn an der méiglecher russescher Kontroll iwwer d'Mierenkten eng Bedreeung vun hiren Intressien um Balkan, am ëstleche Mëttelmier an am Noen Oste gesinn. 1841 geléngt et den europäesche Groussmuechten, d'Ofkommes vun Unkiar-Skelessi opzehiewen.



Zougank op Helleg Plazen zu Jerusalem a Betlehem |


Dat Osmanescht Räich, dat am 19. Joerhonnert den Noen Osten mat Israel a Palestina kontrolléiert huet, wollt Russland den Zougank zum Hellege Graf zu Jerusalem an zur Gebuertskierch vu Betlehem verwieren, am Géigesaz zu de westleche Muechten.


Russland hat d'Krim 1783 eruewert, déi bis 1475 zum byzantinesche Räich gehéiert huet, an huet sech als Nofolger vum Byzantinesche Räich verstanen an deemno och als Beschützer vun de byzantinesche Chrëschten.


Nom Krich krut Frankräich vun der Tierkei, als Merci fir d'Ënnerstëtzung am Krimkrich, d'Kräizritterkierch St. Anna am Zentrum vu Jerusalem, déi doropshin de Sëtz vun de Wäisse Pateren am Noen Oste gouf.



Bezéiung Krim-Lëtzebuerg |


Well d'Lëtzebuerger Press reegelméisseg iwwer de Krimkrich beriicht huet, ass ënner anerem de Begrëff "Malakoff-Tuerm" bekannt ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt et zwéin där Tierm: en Deel vun der Festung Lëtzebuerg an e markante Sandsteeblock bei Bäerdref.


No der Grënnung vun der Sowjetunioun am Joer 1925 war d'Krim eng autonom Sowjetrepublik mat ville jiddeschen Dierfer an zwéin autonome jiddesche Landkreesser Larindorf a Fraydorf. Sozialistesch Judde wollten hei eng Alternativ zum Zionismus mat Zentrum Palestina opbauen. En Nopeschduerf vu Larindorf huet wéinst der Rosa Luxemburg Lëtzebuerg geheescht, haut Oleniwka.



Literatur |


  • Bodo Bost, 2014, Der Krimkrieg von 1853 bis 1856. Krim-Reminiszenzen in Luxemburg. Malakoff-Türme in Clausen und in Berdorf Die Warte vum 6. Mäerz 2014, S. 8.


  • Massard, J.A., 2016: Perekop, Malakoffturm, Schipkapass, Naturdenkmäler in der Kleinen Luxemburger Schweiz, die an den Krimkrieg (1853-1856) und den Russisch-Osmanischen Krieg (1877-1878) erinnern. Published online.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Krimkrich – Biller, Videoen oder Audiodateien



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Krimkrich&oldid=2185547“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.036","walltime":"0.054","ppvisitednodes":"value":121,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":1489,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":119,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":6,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 13.668 1 Schabloun:Commonscat","100.00% 13.668 1 -total"," 77.44% 10.584 1 Schabloun:Commons"," 59.09% 8.076 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1327","timestamp":"20190930121540","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Krimkrich","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Krimkrich","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q254106","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q254106","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-08-19T15:42:24Z","dateModified":"2019-06-10T22:06:56Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/d/d6/Crimea_Sevastopol_Istorychny_boulevard_Memorial_complex-56.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":113,"wgHostname":"mw1330"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?