Spionage Referenzen NavigatiounsmenüArt. 116 ss.
Spionage
Hackensabotéieren
Spionage
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Spionage nennt een d'Sammele vun Informatiounen, déi geheim oder vertraulech sinn, an et dofir vun deem, vu wou se hier sinn, net gewollt ass, datt se an aner Hänn kommen. Spionage ka vun enger Eenzelpersoun, oder awer vun enger Organisatioun bedriwwe ginn, meeschtens am Déngscht vun engem Land oder enger Firma. D'Spionage geschitt par Definitioun heemlech, well s'an de meeschte Fäll illegal a strofbar ass.
An de meeschte Fäll geet et bei Staatsspionage dorëms, politesch, wirtschaftlech oder militäresch Informatiounen iwwer de Géigner oder Feind ze kréien, déi engem nëtzlech kënne sinn; bei Wirtschaftspionage geet et dorëms, un d'konfidentiellt Wëssen iwwer betribswirtschaftlech, strategesch oder technesch Informatioune vu Firmen ze kommen.
Mat déi efficassten Aart a Weis, u Geheimwëssen ze kommen, ass duerch Infiltratioun, d.h. d'Aschleise vun engem Spioun an déi Organisatioun, déi ausspionéiert soll ginn. Eng aner Méiglechkeet besteet doran, eng Persoun, déi fir de 'Géigner' schafft, 'ëmzedréien' a se sou derzou ze kréien, Informatioune virunzeginn. Infiltratioun gëtt haut och ëmmer méi op elektroneschem Wee gesicht, andeems duerch Hacken an d'Informatikssystemer probéiert gëtt, Informatiounen ze kréien oder ofzelauschterern.
A Krisenzäite kënne Spiounen och agesat gi fir bestëmmt strategesch Saachen ze klauen oder ze sabotéieren. Konter-Spionage besteet doran fir Spionageugrëffer z'erkennen an ze neutraliséieren, oder duerch d'Weidergi vu Falschinformatiounen irelevant ze maachen.
Bal all Land huet streng Gesetzer géint Spionage[1], mä de Virdeel, deen een doduerch kann hunn, ass grouss genuch datt et de Risiko wäert ass.
Referenzen
↑ De Lëtzebuerger Code Pénal gesäit dofir z.B. liewenslängleche Prisong vir (Art. 116 ss.)
Kategorie:
- Spionage
(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.048","walltime":"0.057","ppvisitednodes":"value":20,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":139,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":445,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 10.967 1 -total","100.00% 10.967 1 Schabloun:Referenzen"," 52.18% 5.723 1 Schabloun:Clr"],"cachereport":"origin":"mw1299","timestamp":"20191015224901","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Spionage","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Spionage","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q165950","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q165950","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2017-05-29T16:45:33Z","dateModified":"2019-10-15T17:35:40Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":105,"wgHostname":"mw1321"););