Skip to main content

Schweden Inhaltsverzeechnes Geographie | Bevëlkerung | Geschicht | Politik | Kultur | Ekonomie | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüLauschterenOffiziell Websäit vu SchwedenTouristeninformatiounscb.se (Mee 2007)ä

BelschBulgarienDäitschlandÉisträichDänemarkEstlandFinnlandFrankräichGriichelandGroussbritannienIrlandItalienKroatienLettlandLitauenLëtzebuergMaltaHollandPolenPortugalRumänienSchwedenSlowakeiSlowenienSpuenienTschechesch RepublikUngarnZypern


Schweden


Schwedesche FändelDetailerkonstitutionell MonarchieNordeuropaNorwegenFinnlandInseleGotlandÖlandÖresund-BréckskandinaveschDänemarkHaaptstadStockholmKlimaGolfstroumTemperaturenPolarkreesSonnSummerWantermOstmierGotlandÖlandBiergmassivSkandenNorwegenKebnekaiseAkerbauBëscherNolholzbëscherFinnenJugoslawienPolenIrakDäitschlandSamiRomaSintiJuddenTornedaleRussland19. JoerhonnertFinneschSproochSchwedesch1. Juli2009nordgermanescherFinneschMeänkieliJiddeschRomaniSamesch1. Januar2000lutheranesch-evangeleschReliouneProtestantenMuslimend'Kathoulesch Kierchd'Syresch Orthodox Kierchd'jiddesch Communautéit1. JoerhonnertréimeschenTacitusSéiMälarenStockholmSigtunanéngtenzéngteWikingerKiewbaltesche LännerRusslandSchwaarze MierFlëssKonstantinopelChristianiséierung12. JoerhonnertFinnland136218091389Kalmarer Unioun15. Joerhonnert1523Gustav I. vu SchwedenBourgeoisie17. JoerhonnertGustav II. Adolf16121632Drëssegjärege KrichWestfälesche Fridden1648FrankräichVorpommernHellege Réimesche Räich vun Däitscher NatiounSchwedesch-russesche Krich18081809Karl XIII.Maréchal Jean Baptiste Bernadotte1810Karl XIV. Johann1818181418661905ÉischtenZweete Weltkrich1973Konstitutioun1995Europäescher Unioun2003Eurokonstitutionell MonarchieKarl XVI. Gustav1973Fredrik ReinfeldtneutralEuropäescher UniounVereente NatiounenOECDNordesche RotFinnland18091634Axel OxenstiernaLänFilmMauritz StillerVictor SjöströmIngmar BergmanSchauspillerinneGreta GarboIngrid BergmanAnita EkbergSchrëftstellerEmanuel SwedenborgAugust StrindbergAstrid LindgreenEurovision Song ContestABBASoundtrack of our livesMando DiaoThe HivesHammerfallIn FlamesDark TranquilityHypocrisyDeathstarsSabatonAmon Amarth1958Foussball-WeltmeeschterschaftBrasilienStockholmNobelpräisser19. JoerhonnertEkonomieAkerbauBëscherWaasserkraaftEisenäerzVolvo












Schweden




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen







































Konungariket Sverige






Schwedesche Fändel



Schwedescht Wopen

Detailer



Detailer

EU location SWE.png


Offiziell Sprooch:

Schwedesch

Haaptstad:

Stockholm
 • Koordinaten:
59°21'N 18°4'O


Staatsform:

Konstitutionell Monarchie
 • Kinnek:

Carl XVI Gustaf
 • Premierminister:

Stefan Löfven


Fläch:
449 964 km² (55.)
 • Dovu Waasser:
8,67 %


Bevëlkerung:
9 136 889[1] (84.)
 • Bevëlkerungsdicht:
20/km²


Onofhängegkeet:
Austrëtt aus der Kalmarer Unioun, Kinnekräich Schweden 1515 deklaréiert a 1523 unerkannt

Nationalfeierdag:

6. Juni

Nationalhymn:

Du gamla, du fria
Lauschteren

Währung:

Schwedesch Kroun (SEK)

Zäitzon:

UTC +1

Internet TLD:
.se

Internationalen
Telefonsprefix:
+46

Sweden from cia.png

D'Kinnekräich Schweden (schwed.: Konungariket Sverige) ass eng konstitutionell Monarchie an Nordeuropa. D'Land grenzt am Westen un Norwegen an am Nordosten u Finnland. Zu Schweden gehéieren och d'Insele Gotland an Öland.


Iwwer d'Öresund-Bréck, am Südweste vum Land, ass d'skandinavesch Hallefinsel mat Dänemark verbonnen. D'Haaptstad vu Schweden ass Stockholm.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Geographie


  • 2 Bevëlkerung

    • 2.1 Sproochen


    • 2.2 Reliounen



  • 3 Geschicht


  • 4 Politik

    • 4.1 Administrativ Ënnerdeelungen



  • 5 Kultur

    • 5.1 Film


    • 5.2 Literatur


    • 5.3 Musek


    • 5.4 Sport


    • 5.5 Verschiddenes



  • 6 Ekonomie


  • 7 Um Spaweck


  • 8 Referenzen




Geographie |


De Klima a Süd- a Mëttelschweden wéinst der Erwäermung duerch de Golfstroum relativ temperéiert. D'Temperaturen an Nordschweden sinn dogéint subarktesch. Nërdlech vum Polarkrees geet d'Sonn am Summer net ënner, dofir ass et an de Wanterméint dann och 24 Stonne laang däischter.


Ëstlech vu Schweden mécht d'Ostmier d'natierlech Grenz an do leien och déi meescht vun deene ongeféier 221.800 schwedeschen Inselen. Déi zwou gréisst si Gotland (zirka 3000 km²) an Öland (zirka 1300 km²). Am Weste gëtt d'Land duerch de Biergmassiv Skanden, vun Norwegen getrennt. Den héchste Bierg, de Kebnekaise, ass mat sengen 2.111 m gläichzäiteg och den héchsten am Land. Schweden huet 28 Nationalparken. Déi flächeméisseg gréissten dovu leien am Nordwesten.


Wéinst besserem Buedem a Klima konzentréiert sech den Akerbau éischter a Südschweden. Wat ee méi nërdlech kënnt, wat d'Bëscher (virun allem Nolholzbëscher) méi dicht a méi grouss ginn.



Bevëlkerung |


Schweden, e grousst Land, huet eng verhältnesméisseg kleng Populatioun. Iwwer d'Hallschent vun de Schwede liewen op 3 % vum totale Staatsareal an déi méi urban an dicht bevëlkert Streech konzentréiere sech haaptsächlech am Süden.


Waren et an den 1950er a 60er Joren éischter Immigranten op Sich no enger Aarbecht, sou fannen haut och vill politesch Flüchtlingen eng nei Heemecht a Schweden. Eng 6,7 % vun der Bevëlkerung sinn Auslänner, déi meescht dovu Finnen (zirka 100 000). Aner gréisser Gruppen Auslänner kommen aus Jugoslawien, Polen, dem Irak an och aus Däitschland.


Sami, Roma, Sinti, Judden an déi finnesch Tornedale sinn offiziell unerkannte schwedesch Minoritéiten. D'Geschicht vun der finnescher Minoritéit vun den Tornedalen ass déi vun enger muttwëlleger Siidlungspolitik tëscht Russland a Schweden am 19. Joerhonnert. D'Tornedale liewen haaptsächlech an Nordschweden a schwätzen e ganz speziellen alfinneschen Dialekt dee sech staark vum moderne Finnesch ënnerscheet. Tornedale sinn net mat deene Finnen ze verwiesselen déi eréischt a leschter Zäit immigréiert sinn.


Ronn 17.000 Samie liewen a Schweden. Obwuel gréisstendeels assimiléiert, gi samesch Kultur an Traditiounen hautdesdaags nees erëm méi bewosst gefleegt a gelieft.



Sproochen |


Offiziell hat Schweden bis 2009 keng offiziell Sprooch. Schwedesch war de facto déi Sprooch, déi historesch do entstanen a gewuess ass an am Alldag och als dominant Landessprooch fungéiert huet. Säit dem 1. Juli 2009 ass de jure festgeluecht ginn, datt Schwedesch déi offiziell Sprooch vu Schweden ass. Schwedesch gehéiert zu der nordgermanescher Sproochefamill a gläicht deenen anere skandinavesche Sproochen.


Finnesch, Meänkieli, Jiddesch, Romani a Samesch sinn offiziell unerkannte Minoritéitesproochen.



Reliounen |


Den 1. Januar 2000 huet Schweden déi offiziell lutheranesch-evangelesch Staatskierch ofgeschaaft. All d'Konfessiounen a Relioune sinn zanterhier vu staatlecher Säit aus gläichgestallt.


Obschonn net méi Staatskierch, bleiwen d'Protestanten an der Majoritéit. Eng 82 % vun de Schwede sinn no lutheranesch-evangeleschem Glawe gedeeft (Stand 2003). Wéi a villen anere westeuropäesche Länner och ass awer d'Zuel vun deenen déi hire Glawe praktizéiere bedeitend méi kleng wéi dat wat um Pabeier steet.


Déi zweetgréisst reliéis Grupp ass dee vun de Muslimen (250.000 - 300.000). Aner gréisser Communautéite sinn d'Kathoulesch Kierch (zirka 150.000), d'Syresch Orthodox Kierch (zirka 29.000 ) an d'jiddesch Communautéit (zirka 10.000).



Geschicht |


Déi eelst Relikter déi um Territoire vum haitege Schweden fonnt goufe, sinn aus der Steenzäit. Schrëftlech ernimmt ginn d'Schweden déi éischt Kéier am 1. Joerhonnert vum réimeschen Historiker Tacitus. D'Suionen, wéi hie se genannt huet, waren e Stamm am ëstleche Schweden deen haaptsächlech an der Géigend vum Séi Mälaren a vun de Stied Stockholm a Sigtuna doheem war (Svealand). Den Numm Schweden geet op dee Stamm zréck.


Am néngten an zéngte Joerhonnert, der Zäit vun de Wikinger, ënnerhuele schwedesch Wikinger Expeditiounen a Richtung Ost- a Südosteuropa. Et gëtt gehandelt a geraibert, deelweis sech awer och niddergelooss. Sou geet zum Beispill d'Grënnung vu Kiew op Schwedesch Wikinger zréck. D'Wikinger hannerloossen hir Spuren an de baltesche Länner, Russland an dem Schwaarze Mier. Iwwer déi russesch Flëss packe se et bis op Konstantinopel.


Parallel zur Christianiséierung am 12. Joerhonnert, wiisst och d'Muecht vum Kinnekshaus. D'Kinnekräich gëtt reorganiséiert an d'Land expandéiert no alle Säiten hin. Nei Territoirë wéi d'Österland, dat haitegt Finnland, tëscht 1362 an 1809 en Deel vu Schweden, ginn entweder eruewert oder, wéi d'Gotaland am Westen, mat Kontrakter un d'Kroun gebonnen. 1389 ginn déi dräi Länner Norwegen, Dänemark a Schweden ënner dänescher Kroun am Kader vun der Kalmarer Unioun vereent. Am Laf vum 15. Joerhonnert gëtt d'Resistenz géint d'Unioun awer ëmmer méi staark a 1523 gëtt Schweden zu gudder Lescht nees en onofhängegt Kinnekräich. Kinnek gëtt de Gustav Eriksson Vasa, dee sech duerno Gustav I. vu Schweden genannt huet. An der Regierungsperiod vum Gustav I. gëtt Schweden protestantesch an duerch d'Grënnung vum Riksdag, dem schwedesche Parlament, gëtt d'Bourgeoisie méi staark an d'Decisioune vum Staat integréiert.




De Kinnek Gustav Vasa I. vu Schweden


Ënner der Vasa-Dynastie klëmmt Schweden am 17. Joerhonnert zu enger europäescher Groussmuecht op. De Kinnek Gustav II. Adolf gräift mat Succès tëscht 1612 an 1632 op Säit vun de Protestanten an den Drëssegjärege Krich an. Nom Westfälesche Fridden (1648) ass Schweden, zesumme mat Frankräich, eng vun den zwou Groussmuechten déi als Garant fir de Fridden an Europa antrieden. D'Kinnekräich Schweden beherrscht an dëser Period den Handel am ganzen Ostmiergebitt, Deeler vu Finnland, dem Baltikum an ass duerch de Besëtz vu Vorpommern Räichsstand vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun. An den nächsten zwee Joerhonnerte sollt Schweden awer ëmmer méi an d'Defensiv geroden. De Schwedesch-russesche Krich (1808-1809), dee mat enger Nidderlag vu Schweden an dem Verloscht vu Finnland op en Enn geet, ass de Schlusspunkt vun de schwedeschen Ambitiounen als Groussmuecht.


Nodeem de Karl XIII. keng Kanner huet, gëtt de franséische Maréchal Jean Baptiste Bernadotte adoptéiert an 1810 als Trounierwen designéiert. Ënner dem Numm Karl XIV. Johann gëtt de Bernadotte 1818 Kinnek vu Schweden an Norwegen (Norwegen war 1814 no engem Krich géint Dänemark u Schweden ofgi ginn). 1866 gëtt d'Land e konstitutionelle Rechtsstat, mä d'Personalunioun tëscht Schweden an Norwegen huet nach bis 1905 bestanen.


Während dem Éischten an Zweete Weltkrich bleift Schweden neutral, spillt awer eng wichteg Roll als Asylland fir politesch Flüchtlingen.


1973 ginn d'Schwede sech eng nei Konstitutioun an 1995 triede se der Europäescher Unioun bäi. Eng Majoritéit vun 56 % stëmmt 2003 an engem Referendum géint d'Aféierung vum Euro.



Politik |




D'schwedescht Parlament, de Riksdag


Schweden ass eng konstitutionell Monarchie. De Karl XVI. Gustav, zanter 1973 Kinnek vu Schweden, huet haaptsächlech eng zeremoniell a representativ Funktioun an ass ouni wierklech politesch Muecht. D'schwedescht Parlament, de Riksdag, besteet aus enger Kummer, huet 349 Deputéierten a gëtt all véier Joer op en Neits gewielt. D'Parlament designéiert de Premierminister deen dann d'Ministere vu senger Regierung ernennt.


D'Parlamentswale vun 2006 goufe vun der moderat rietser Koalitioun Allianz fir Schweden (Allians för Sverige) gewonnen. D'Koalitioun aus véier Parteie konnt fir d'éischt Kéier zanter der Aféierung vum allgemenge Walrecht d'Dominanz vun de Sozialdemokrate briechen. D'Sveriges socialdemokratiska arbetareparti bleift awer mat 34,99 % déi gréisst Partei am Parlament. Neie Premier ass den Fredrik Reinfeldt vun der Moderata samlingspartiet.


Schweden ass neutral, Member vun der Europäescher Unioun, de Vereente Natiounen, der OECD an dem Nordesche Rot.



Administrativ Ënnerdeelungen |


Traditionell gëtt Schweden an dräi Groussregiounen (schwed.: landsdelar) agedeelt: Götaland, Svealand an Norrland. Dat haitegt Finnland war bis 1809 déi véiert Regioun, d'Österland. D'Regioune waren nach eng Kéier an 25 landskap ënnerdeelt.


1634 gouf d'Administratioun vum deemolege Kanzler Axel Oxenstierna reforméiert an zanter deem besteet Schweden aus 21 Verwaltungseenheeten, de Län, an 290 Gemengen.



Kultur |



Film |


Schweden war eent vun de Pionéierlänner an den Ufankszäite vum Film. International bekannte Perséinlechkeete sinn de Mauritz Stiller, de Victor Sjöström, den Ingmar Bergman a Schauspillerinne wéi d'Greta Garbo, d'Ingrid Bergman an d'Anita Ekberg.



Literatur |


D'Land huet eng ganz Rëtsch international bekannte Schrëftsteller. Ënner hinne sinn Nimm wéi Emanuel Swedenborg, August Strindberg an Astrid Lindgreen.



Musek |


Schweden ass international fir seng Popmusek bekannt an huet den Eurovision Song Contest véiermol gewonnen. ABBA ass dobäi scho bal zu sou eppes wéi engem Synonym fir schwedesche Pop avancéiert. Mä och méi rezent Gruppen wéi Soundtrack of our lives, Mando Diao an The Hives hunn internationale Succès. Och bekannt ass Schweden fir seng Metalgruppen, wei: Hammerfall, In Flames, Dark Tranquility, Hypocrisy, Deathstars, Sabaton, Amon Amarth an nach vill mei.



Sport |


Schweden war 1958 op der Foussball-Weltmeeschterschaft am eegene Land an der Finall géint Brasilien.



Verschiddenes |


Zu Stockholm ginn all Joer véier vun de fënnef Nobelpräisser verdeelt.



Ekonomie |


D'Industrialiséierung huet a Schweden laang op sech waarde gelooss a bis d'spéit 19. Joerhonnert war d'Land eng batteraarm Agrarnatioun. D'Industrie ass nom Zweete Weltkrich dunn awer schëtzeg gewuess a Schweden zu engem Land mat enger héich kompetitiver Ekonomie a gudder Liewensqualitéit ginn.


Den Akerbau mécht haut nëmmen nach 2 % vum BIP aus a mëttlerweil ass och de sekundäre Secteur (28 %) réckleefeg. De Gros vum BIP (70 %) kennt iwwer den tertiäre Secteur, den Handel an d'Servicer, eran.


Schweden ass räich un natierleche Ressourcen. Déi wichtegst si Bëscher, Waasserkraaft an Eisenäerz.


Zu de weltwäit bekannte schwedesche Betriber gehéieren ënner anerem Electrolux, Ericsson, Hennes & Mauritz, IKEA, SAAB, Scania, Securitas, Tele2, Tetra Pak a Volvo.



Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Schweden – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Offiziell Websäit vu Schweden


  • Touristeninformatioun (Offiziell Websäit)



Referenzen



  1. Quell: scb.se (Mee 2007)










Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Schweden&oldid=2210911“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.120","walltime":"0.193","ppvisitednodes":"value":588,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":14865,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":1313,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":372,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 77.935 1 -total"," 40.13% 31.273 1 Schabloun:Navigatioun_Memberstaaten_EU"," 38.59% 30.074 1 Schabloun:Infobox_Land"," 37.07% 28.891 1 Schabloun:Navbox"," 9.81% 7.645 1 Schabloun:Referenzen"," 8.23% 6.413 1 Schabloun:Commonscat"," 5.41% 4.219 1 Schabloun:Clr"," 5.31% 4.136 1 Schabloun:Commons"," 2.60% 2.028 1 Schabloun:Link-Bild"," 2.41% 1.878 1 Schabloun:Clear"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.006","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":696556,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1277","timestamp":"20190929224119","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Schweden","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Schweden","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q34","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q34","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-11-02T23:53:24Z","dateModified":"2019-09-29T22:41:19Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/4/4c/Flag_of_Sweden.svg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":222,"wgHostname":"mw1265"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü