Skip to main content

Schachnotatioun Inhaltsverzeechnes Schachdiagrammer | Algebraesch Notatioun | Kommentéieren | Navigatiounsmenü

Schach


SchachpartienPartieformularerSchachliteraturDiagrammSymbolerStengSchachkompositiounMäercheschachMattRochadeen-passant-Schloe












Schachnotatioun




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


Fir d'Opzeechne vu Schachpartien oder Schachstellunge gëtt et verschidde Systemer vun der Schachnotatioun.


Fir d'Zich nidderzeschreiwen, benotzen d'Spiller an der Reegel virgedruckte Partieformularer. Eng eenzel Schachstellung kann an der Schachliteratur duerch een Diagramm ofgebilt ginn, op deem festgeluechte Symboler déi eenzel Steng bzw. Figure verkierperen.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Schachdiagrammer


  • 2 Algebraesch Notatioun

    • 2.1 Ausféierlech Notatioun


    • 2.2 Figurin Notatioun


    • 2.3 Verkierzt algebresch Notatioun


    • 2.4 Notatioun vu Partien an Zuchfolgen



  • 3 Kommentéieren

    • 3.1 Zuchbewäertung


    • 3.2 Bewäertung vun der Stellung


    • 3.3 Zuchalternativen





Schachdiagrammer |


E Schachdiagramm weist normalerweis all 64 Felder, woubäi d'Musterung vun engem Schachbriet bäibehal gëtt, a Figurine bzw. d'Symboler vun de Schachfiguren. An der Schachkompositioun gëtt d'Ofbildung vum Diagramm meeschtens mat enger bestëmmter Fuerderung verbonnen. Déi zousätzlech Figure vum Mäercheschach ginn duerch speziell Figurinen duergestallt. Diagrammer ginn a Partieanalysen dacks bei kritesche Stellunge gesat a bei Héichpunkten, zum Beispill virun enger Kombinatioun.



Algebraesch Notatioun |



Schachdiagramm an algebraesch Notatioun


D'algebraesch Notaioun ass haut weltwäit gebräichlech.


Ausgoend vum lénksen ënneschte Feld, aus der Siicht vum Spiller mat de wäisse Figure gesinn, ginn déi vertikal Linne mat de Klengbuschtawen „a“ bis „h“ an déi horizontal Reie mat den Zuelen „1“ bis „8“ bezeechent. Jiddwer Feld kritt doduerch als eendäitegen Numm d'Kombinatioun aus dem Buschtaf vun der Linn an der Zuel vun der Rei, op deenen d'Feld läit.


Beispill: „g5“


D'Figure ginn duerch déi grouss Ufanksbuschtawe vun hiren Nimm symboliséiert: „B“ = Bauer (gëtt meeschtens ewechgelooss), „S“ = Sprénger, „L“ = Leefer, „T“ = Tuerm, „D“ = Damm, „K“ = Kinnek.


Eng Figur op engem bestëmmte Feld gëtt duerch d'Kombinatioun aus dem Figuren- an dem Feldnumm beschriwwen.


Beispiller: „Ke1“ Kinnek op e1, „Bb7“ Bauer op b7



Ausféierlech Notatioun |


An der ausféierlecher algebraescher Notatioun vun engem Schachzuch gëtt d'Symbol vun der Figur, d'Ausgangs- an d'Zielfeld uginn. Eng Ausnam bilden d'Bauerenzich, bei deenen d'Figuresymbol ewechgelooss gëtt.


Zich op e fräit Feld ginn duerch e Bindestréch „–“ an d'Schlozich duerch en „x“ tëscht dem Ausgangs- an dem Zielfeld gekennzeechent. E Schachgebot kritt e „+“ oder e „†“ hanner dem Zuch a Matt gëtt duerch „++“, „#“ oder „≠“ markéiert. Gëtt ee Bauer an eng aner Figur ëmgewandelt, da gëtt d'Buschtawesymbol vun dëser Figur hanner dem Zuch uginn. Eng kleng Rochade gëtt als „0-0“ notéiert, an eng grouss als „0-0-0“. D'en-passant-Schloe gëtt duerch en nogestellte „e.p.“ gekennzeechent.


Beispiller: „e2-e4“, „Sb1xc3+“, „Td1-d8#“, „e7-e8D“, „f5xg6 e.p.“



Figurin Notatioun |


Déi ënnerschiddlech Buschtawenofkierzungen an deenen eenzele Sproochen kënnen international gesinn d'Verständnes erschwéieren. Mëttlerweil ginn dohier als Alternativ dacks déi fir d'Figure benotzte Buschtawen ersat duerch d'Figuresymboler, déi sougenannt Figurinen, déi och an den Diagramme benotzt ginn. Dës Form vun der algebraescher Notatioun gëtt figurin Notatioun genannt.


Beispiller: „e2-e4“, „♘b1xc3+“, „♖d1-d8#“, „e7-e8♕“, „f5xg6 e.p.“



Verkierzt algebresch Notatioun |










































abcdefgh
8

Chessboard480.svg
a7 white knight

e7 white knight

a6 white knight

g6 white knight

g4 white knight

8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh


D'Zich vum wäisse Sprénger op c7 a Kuerznotatioun sinn: „Sa8“, „S7a6“, „Scb5“ (oder „S7b5“), „Scd5“ (oder „S7d5“), „Sc7e6“ a „Sce8
Bei der Kuerznotatioun gëtt géintiwwer vun der ausféierlecher algebrescher Notatioun d'Ausgangsfeld an de Bindestréch ewechgelooss. Et gëtt een also nëmmen d'Figuresymbol, bei Schlozich den „x“ an d'Zielfeld un. Wier den notéierten Zuch doduerch net méi eendeiteg, well zum Beispill méi Figure vun därselwechter Zort op datselwecht Feld zéie kennen, da gëtt den Zuch duerch d'zousätzlech Angab vun der Rei oder vun der Linn, oder vum vollstännegen Numm vum Ausgangsfeld eendeiteg gemaach.


Beispiller: „Lc4“, „Lxc4“, „b4“, „axb4“, „fxg6 e.p.“, „Sec4“, „Sexc4“, „T1c7“, „cxd8D“


Beispiller:








De Leefer zitt op c4
De Leefer zitt op c4 a schléit do eng géigneresch Figur
De Bauer zitt op b4
De Bauer op a3 zitt op b4 a schléit do eng géigneresch Figur
fxg6 e.p.De Bauer op f5 zitt op g6 a schléit dobäi de géigneresche Bauer op g5 am Laanschtgoen
De Sprénger op der e-Linn zitt op c4
De Sprénger op der e-Linnn schléit op c4
Den Tuerm op der éischter Rei zitt op c7
cxd8DDe Bauer op c7 schléit op d8 a gëtt an eng Damm ëmgewandelt
cxd8S+De Bauer op c7 schléit op d8, gëtt an e Sprénger ëmgewandelt a gëtt Schach


Notatioun vu Partien an Zuchfolgen |


Bei der Notatioun vu Schachpartie ginn déi eenzel Zich vu jiddwer vun deenen zwou Parteien als Hallefzich bezeechent, a jeeweils een Hallefzuch vu Wäiss mat deem folgenden Hallefzuch vu Schwaarz ginn zu engem Zuch vun der Partie zesummegefaasst.


D'Zich ginn am Laf vun der Partie an opsteigender Reiefolleg gezielt. Als éischten Zuch zielt dobäi ëmmer den Ufankszuch, entweder an der Grondstellung, oder enger anerer Stellung déi virginn ass, wéi op engem Diagramm.


Beispill: „1. e2-e4 e7-e5 2. Lf1-c4 Lf8-c5“


Fir an der Literatur zu enger Schachpartie eng Variant unzeginn gëtt d'Zielung vun der Partie iwwerholl. Setzt d'Variant mat engem schwaarzen Zuch an, da gëtt dee wäissen Zuch virdrun duerch e Plazhaler wéi „...“ oder „–“ ersat.


Fir z'ënnerscheede gëtt d'Partie bzw. d'Haaptvariant heefeg a fetter Schrëft an/oder an der ausféierlecher Notatioun duergestallt, während Varianten an normaler Schrëft an a Kuerznotatioun duergestallt ginn. Ënnervariante kënnen duerch Kommata oder Klameren ofgetrennt an duerch en Nummeréierungssystem iwwersiichtlech duergestallt ginn.


Beispill: „1. e2-e4 e7-e5 2. Lf1-c4 Lf8-c5, oder: 2. … Sc6“



Kommentéieren |


Beim Kommentéiere vu Schachpartie gi gutt Zich normalerweis mat engem ugehaangenen „!“, ganz gutt Zich mat engem „!!“, Feeler mat engem „?“, graff Feeler mat engem „??“, interessant Zich mat engem „!?“ an zweiwelhaft Zich mat engem „?!“ gekennzeechent.



Zuchbewäertung |


















!!brillanten Zuch (z. B. Ta1-b1!!)
! oder (!)gudden Zuch
!?interessanten Zuch
?!zweiwelhaften Zuch
? oder (?)schlechten Zuch
??ganz schlechten Zuch bzw. graffe Feeler
Zugzwang
Eenzegen Zuch


Bewäertung vun der Stellung |


Och d'Bewäertung vun der Stellung kann duerch Symboler duergestallt ginn.




















=ausgeglache Stellung
+=liichte Virdeel fir Wäiss
=+liichte Virdeel fir Schwaarz
±kloere Virdeel fir Wäiss
kloere Virdeel fir Schwaarz
+–Gewënnstellung fir Wäiss
–+Gewënnstellung fir Schwaarz
onkloer Stellung
∞=mat Kompensatioun fir dat geaffert Material (oder Zäit)

D'Bewäertung vun der Stellung gëtt hanner den notéierten Zuch gestallt a ka mat Zuchbewäertunge kombinéiert ginn, zum Beispill 12.  … Lb4?? 13. axb4! +- Ausformuléiert heescht dat: Den zwieleften Zuch vu Schwaarz Lb4 war e ganz schlechten Zuch an no deem staarke wäissen Zuch axb4 erreecht Wäiss eng Gewënnstellung. Besonnesch d'Zuchbewäertunge sinn zimmlech subjektiv. Sou kann et virkommen, datt verschidde Kommentatoren een an deeselwechten Zuch ënnerschiddlech bewäerten.



Zuchalternativen |










méi schlecht ass…
=ongeféier d'selwecht ass…
besser ass…
mat der Iddi…

Dës Symboler gi virun déi entspriechend Variant oder Zuch geschriwwen. Beispiller:

„34. … Rd4 (∆Qd5)“: Schwaarz zitt den Tuerm op d4, fir d'Damm op d5 ze spillen.

„22. … fxe6 (∩22. … Bxd5!? 23.exd5 Rxd5∓)“: Schwaarz hëlt mam f-Bauer op e6. Besser wier allerdéngs den interessanten Zuch „Leefer hëlt op d5“ gewiescht, well Schwaarz no „Bauer hëlt op d5“ an dann „Tuerm hëlt op d5“ ee kloere Virdeel hätt.









Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Schachnotatioun&oldid=2233165“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.052","walltime":"0.065","ppvisitednodes":"value":163,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":8144,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":3,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 21.335 1 Schabloun:Schachdiagramm","100.00% 21.335 1 -total"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.005","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":751239,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1346","timestamp":"20191130125614","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Schachnotatioun","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Schachnotatioun","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q625114","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q625114","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2009-05-21T12:48:47Z","dateModified":"2019-11-30T12:56:14Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":102,"wgHostname":"mw1328"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü