Skip to main content

1958 Inhaltsverzeechnes Evenementer | Konscht a Kultur | Wëssenschaft an Technik | Sport | Gebuer | Gestuerwen | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Spuenien den 2. Mäerz 1958 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland den 1. Mee 1958 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 4. Mee 1958 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 7. Mee 1958 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 28. September 1958 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 26. Oktober 1958 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 11. November 1958 op der Websäit vun European Football

Joren (20. Joerhonnert)1958


◄19. Joerhonnert21. Joerhonnert◄◄◄19541955195619571959196019611962►►►












1958




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen



◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
 
◄◄ |
◄ |
1954 |
1955 |
1956 |
1957 |
1958
| 1959
| 1960
| 1961
| 1962
| ►
| ►►



Dës Säit befaasst sech mam Joer 1958.






Inhaltsverzeechnes





  • 1 Evenementer

    • 1.1 Europa

      • 1.1.1 Lëtzebuerg



    • 1.2 Afrika


    • 1.3 Amerika

      • 1.3.1 USA


      • 1.3.2 Südamerika



    • 1.4 Asien


    • 1.5 Ozeanien & Pazifik


    • 1.6 Noen Osten an Arabesch Welt



  • 2 Konscht a Kultur

    • 2.1 Molerei


    • 2.2 Literatur


    • 2.3 Musek



  • 3 Wëssenschaft an Technik


  • 4 Sport

    • 4.1 Fousball



  • 5 Gebuer


  • 6 Gestuerwen


  • 7 Um Spaweck


  • 8 Referenzen




Evenementer |



Europa |



  • 01. Januar: D'Réimesch Traitéen, déi d'EWG schafen, trieden a Kaaft; d'Europäesch Investitiounsbank gëtt gegrënnt.


  • 03. Februar: d'Belsch, Holland a Lëtzebuerg ënnerschreiwen de Benelux-Traité.


  • 19. Mäerz: D'Europäescht Parlament kënnt als parlamentaresch Assemblée vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft, eng éischt Kéier zu Stroossbuerg zesummen, de Robert Schuman gëtt säi President.


  • 15. Abrëll: D'Weltausstellung Expo 58 zu Bréissel mécht hir Dieren op (bis den 19. Oktober).


  • 01. Juni: De Charles de Gaulle gëtt franséische Ministerpresident mat besonnesche Vollmuechte fir an Algerien der Rebellioun en Enn ze maachen.


  • 16. Juni: Den ungaresche Ministerpresident Imre Nagy gëtt wéinst konterrevolutionärem Behuelen zu Budapest exekutéiert.


  • 26. Juni: De Gaston Eyskens gëtt Premierminister an der Belsch (Regierung Eyskens II).


  • 28. September: Bei engem Referendum stëmmen d'Fransouse fir den Ëmbau vum Staat zu der Fënnefter Republik.


  • 04. Oktober: A Frankräich trëtt d'Verfassung vun der Fënnefter Republik a Kraaft.


  • 28. Oktober: De Jean XXIII. (Angelo Giuseppe Roncalli) gëtt zum neie Poopst gewielt.


  • 21. Dezember: De Charles de Gaulle gëtt zum President vu Frankräich gewielt.


Lëtzebuerg |



  • 29. Mäerz: Zu Lëtzebuerg gëtt d'Regierung Frieden, eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, vereedegt, de Pierre Frieden gëtt neie Premierminister.


  • 01. Juli: Katastrophal Iwwerschwemmungen op der Ënnersauer, besonnesch betraff sinn Iechternach a d'Bollenduerfer Bréck.


  • 07. Juli: Per Gesetz gëtt en Institut pédagogique gegrënnt.


  • 10. Juli: Ofkommes tëscht Lëtzebuerg a Rheinland-Pfalz iwwer de Bau vun engem Pompelspäicherwierk zu Veianen.


  • 23. August: Ofkommes iwwer Rechts- und Amtshëllef tëscht Lëtzebuerg an Däitschland.


  • 5. Dezember: d'Nationalbibliothéik an d'Staatsarchive kréien e gesetzleche Kader.


Afrika |



  • 08. Februar: Franséisch Kampffliger bombardéieren d'tunesescht Duerf Sakhiet Sidi Youssef, 79 Mënschen, all Zivilisten, stierwen dobäi.


  • 13. Mee: An Algerien rebelléiere Militär an Algerienfransousen. De Generol Jacques Massu gëtt zum President vun engem Comité du salut public ausgeruff.


  • 01. Oktober: Tunesien a Marokko gi Member vun der Arabescher Liga.


  • 02. Oktober: Guinea gëtt vu Frankräich onofhängeg, de Sékou Touré wird gëtt Staatspresident.


  • 30. November: Franséisch-Equatorialafrika gëtt opgeléist. Et entstinn éi 4 Länner Republik Kongo, Gabun, Tschad an Zentralafrikanesch Republik (déi 1960 onofhängeg ginn).


  • 04. Dezember: Dahomey (herno Benin), gëtt eng autonom Republik.


  • 11. Dezember: Uewervolta (herno Burkina Faso) rifft d'Republik aus.


  • 18. Dezember: D'Republik Niger gëtt ausgeruff.


Amerika |



USA |



Südamerika |



  • 23. Januar: Am Venezuela gëtt den Diktator Marcos Pérez Jiménez gestierzt.


  • 23. Februar: Den Arturo Frondizi gëtt neien argentinesche President.


Asien |



  • 27. Mäerz: Den Nikita Chruschtschow gëtt Ministerpresident an der UdSSR.


  • 14. Juli: Am Irak putscht d'Arméi ënner dem Colonel Abd al-Karim Qasim. De Kinnek Faisal II. gëtt doutgemaach.


  • 27. Oktober: De Generol Muhammad Ayub Khan rifft a Pakistan den Etat de siège aus a riicht eng Militärdiktatur op.


Ozeanien & Pazifik |



Noen Osten an Arabesch Welt |



  • 01. Februar: Egypten a Syrien schléisse sech zu der Vereenegter Arabescher Republik zesummen.


  • 14. Februar: Jordanien an den Irak schléisse sech zu der Arabescher Federatioun zesummen.


  • 09. Mee: Am Libanon brécht de sougenannten Éischte Biergerkrich aus.


Konscht a Kultur |



Molerei |



Literatur |



Musek |



  • 12. Mäerz: Den André Claveau gewënnt fir Frankräich mam Lidd Dors, mon amour den 3. Eurovision Song Contest zu Hilversum.


Wëssenschaft an Technik |



  • 29. Juli: Grënnung vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA.


Sport |



  • 19. Juli: De Charly Gaul gewënnt den Tour de France.


Fousball |


  • D'Jeunesse Esch gëtt nationale Champion, d'Red Boys Déifferdeng gewannen d'Coupe du Luxembourg.


  • 02. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Robert Mond geschoss.[1]


  • 01. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 4:1 géint d'Bundesrepublik Däitschland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Nicolas Kettel, Ernest Jann a Camillen Dimmer (2) geschoss.[2]


  • 04. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Esch-Uelzecht 0:0 géint Holland.[3]


  • 07. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Bern 2:2 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Robert Mond a Vic Nurenberg geschoss.[4]


  • 28. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 2:2 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jean-Pierre Fiedler an Nicolas Kettel geschoss.[5]


  • 26. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Henri Cirelli geschoss.[6]


  • 11. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Jambes 2:3 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Albert Schaack an ee belsche Spiller (Selbstgol) geschoss.[7]


Gebuer |



  • 01. Januar: Grandmaster Flash, US-amerikanesche Rapper, Musek-Produzent an DJ.


  • 05. Januar: Monica Guerritore, italieenesch Schauspillerin.


  • 15. Januar: Boris Tadić, serbesche Politiker a Staatspresident.


  • 18. Januar: Jo Kox, administrativen Direkter vum Casino Luxembourg – Forum d'art contemporain.


  • 24. Januar: François Bertemes, lëtzebuergeschen Archeolog an Historiker.


  • 28. Januar: Jay Schiltz, lëtzebuergesche Journalist, Auteur a Kabarettist.


  • 16. Februar: Ice-T, US-amerikanesche Rapper a Schauspiller


  • 19. Februar: Helen Fielding, brittesch Auteur.


  • 22. Februar: Kaïs Saïed, tunesesche Jurist a Ppolitiker.


  • 24. Februar: Plastic Bertrand, belsche New-Wave-Museker.


  • 25. Februar: Laurent Schonckert, lëtzebuergesche Foussballspiller a Manager.


  • 26. Februar: Michel Houellebecq, franséische Schrëftsteller.


  • 01. Mäerz: Manou Scheitler, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 02. Mäerz: Gaston Zangerlé, lëtzebuergeschen Auteur an Editeur.


  • 10. Mäerz: Sharon Stone, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 14. Mäerz: Albert II. vu Monaco.


  • 16. Mäerz: Marco Pütz, lëtzebuergesche Komponist a Saxophonist.


  • 20. Mäerz: Holly Hunter, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 22. Mäerz: Janez Potočnik, sloweenesche Politiker an EU-Kommissär.


  • 29. Mäerz: Marcel Simon, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 03. Abrëll: Alec Baldwin, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 11. Abrëll: Luc Luycx, belsche Mënzdesigner.

  • 11. Abrëll: Erny Dax, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 18. Abrëll: Christiane Claude-Modert, lëtzebuergesch Molerin.


  • 21. Abrëll: Andie MacDowell, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 22. Abrëll: Pierre Gramegna, lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker.


  • 25. Abrëll: Luis Guillermo Solís, costa-ricaneschen Historiker a Politiker.


  • 29. Abrëll: Michelle Pfeiffer, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 04. Mee: Keith Haring, US-amerikanesche Kënschtler.


  • 16. Mee: Doris Sander, däitsch Molerin.


  • 17. Mee: Gaston Reinesch, lëtzebuergeschen Ekonomist.

  • 17. Mee: Pol Schmoetten, lëtzebuergesche Schrëftsteller.


  • 20. Mee: Christian Spielmann, lëtzebuergesche Filmjournalist an Auteur.


  • 26. Mee: Félix Molitor, lëtzebuergesche Lyriker.


  • 27. Mee: Nelly Lecomte, lëtzebuergesch Schrëftstellerin an Humanwëssenschaftlerin.


  • 30. Mee: Marie Fredriksson, schweedesch Musekerin.


  • 02. Juni: Camille Gira, lëtzebuergesche Politiker.


  • 07. Juni: Prince, US-amerikanesche Museker.


  • 22. Juni: Jacques Bonnaffé, franséische Schauspiller.


  • 25. Juni: Pina Delvaux, Kënschtlerin.


  • 27. Juni: Piotr Fijas, polnesche Schisprénger.


  • 01. Juli: John Lorent, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.


  • 04. Juli: Ferdinand Kayser, lëtzebuergeschen Ekonomiste.


  • 07. Juli: Michala Petri, dänesch Flüttistin.


  • 15. Juli: Jörg Kachelmann, Schwäizer Moderator, Auteur a Journalist.


  • 17. Juli: Wong Kar-wai, Filmregisseur aus Hong Kong.


  • 29. Juli: Solveig Dommartin, franséisch Schauspillerin.


  • 30. Juli: Kate Bush, englesch Musekerin.


  • 09. August: Jean-Claude Hollerich, lëtzebuergesche Jesuitepater.


  • 12. August: Mario Fratini, lëtzebuergeschen Handballspiller.


  • 13. August: Marco Gaasch, lëtzebuergesche Bauer a Gewerkschaftler.


  • 16. August: Madonna, US-amerikanesch Sängerin a Filmschauspillerin.


  • 18. August: Roland Schmitt, däitsche Kënschtler a Graphiker.

  • 18. August: Reg E. Cathey, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 22. August: Sylvie Andrich-Duval, lëtzebuergesch Psychologin a Politikerin.


  • 24. August: Steve Guttenberg, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 25. August: Tim Burton, US-amerikanescher Filmregisseur.


  • 29. August: Michael Jackson, US-amerikanesche Sänger.


  • 30. August: Anna Stepanowna Politkowskaja, russesch Reporterin, a Mënschenrechtsaktivitin.


  • 06. September: Jean-Pierre Barboni, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.


  • 10. September: Chris Columbus, US-amerikanesche Regisseur.


  • 19. September: Jacques Lanners, lëtzebuergeschen Ingenieur a Manager.


  • 20. September: Anne-Claude Jeitz, lëtzebuergesch Designerin a Glaskënschtlerin.


  • 22. September: Andrea Bocelli, italieenesche Sänger.

  • 22. September: Cary Greisch, lëtzebuergesche Gittarist.


  • 27. September: Rainer Klump, däitschen Ekonomist.


  • 28. September: François Biltgen, lëtzebuergesche Politiker.


  • 30. September: John Clemens, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 03. Oktober: Alex Bodry, lëtzebuergesche Politiker.


  • 08. Oktober: Ursula von der Leyen, däitsch Politikerin.


  • 11. Oktober: Rafael Springer, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.


  • 14. Oktober: Benny Reiter, lëtzebuergesch Foussballspiller a Foussballtrainer.


  • 15. Oktober: Carlo Jungbluth, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 16. Oktober: Tim Robbins, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 23. Oktober: Thierry van Werveke, lëtzebuergesche Schauspiller.


  • 28. Oktober: Todd Skinner, US-amerikanesche Freeclimber.


  • 07. November: Jacques Drescher, lëtzebuergesche Journalist.


  • 11. November: Bernd Pfarr, däitsche Moler a Karikaturist.


  • 19. November: Algirdas Butkevičius, litauesche Politiker.


  • 22. November: Jamie Lee Curtis, US-amerikanesch Schauspillerin a Kannerbuch-Auteur.


  • 04. Dezember: Carlo Weis, lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.


  • 06. Dezember: Nick Park, brittesche Trickfilm-Mécher.


  • 07. Dezember: Marie Louise Coleiro Preca, malteesesch Politikerin.


  • 14. Dezember: Geneviève Biwer, franséisch Konschtfotografin.


  • 15. Dezember: Alfredo Ormando, italieenesche Schrëftsteller a Selbstmäerder fir LGBT-Rechter.


  • 20. Dezember: Henri Traufler, lëtzebuergesche Professer an Historiker.


  • 23. Dezember: Paula Mae Weekes, Politikerin aus Trinidad an Tobago.

geneeën Datum onbkannt:



  • Laurence Ferreira Barbosa, franséisch Filmregisseurin an Dréibuchautorin.


  • Mette Hanskov, dänesch Kontrabassspillerin.


  • Habib Koité, malesche Gittarist a Sänger.


Gestuerwen |



  • Alexandre Schaumasse, franséischen Astronom.


  • 01. Januar: Edward Weston, US-amerikanesche Fotograf.


  • 27. Abrëll: Michel Rasquin, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.


  • 29. Abrëll: Mathias Kesseler, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.


  • 01. Juni: Henri Pensis, lëtzebuergesche Violonist, Komponist an Orchesterchef.


  • 09. Juni: Robert Donat, englesche Schauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.


  • 13. Juni: Nicolas Rollinger, lëtzebuergeschen Deputéierten.


  • 16. Juni: Imre Nagy, ungaresche Politiker a Staatspresident.


  • 20. Juni: Kurt Alder, däitsche Chemiker.


  • 14. Juli: Faisal II., Kinnek vum Irak tëscht 1939 an 1958.


  • 24. Juli: Mathilda Maria Petronella Brugman, hollännesch Schrëftstellerin.


  • 07. August: Camille Wampach, lëtzebuergeschen Historiker.


  • 21. August: Kurt Neumann, däitsch-amerikanesche Filmregisseur.


  • 23. August: Roger Martin du Gard, franséische Schrëftsteller.


  • 17. September: Eugène Jungers, Generolgouverneur am Belsche Kongo.


  • 09. Oktober: Pius XII., Poopst tëscht 1939 an 1958.


  • 25. November: Hélène Philippart, lëtzebuergesch Zänndoktesch.


  • 21. Dezember: Lion Feuchtwanger, däitsche Schrëftsteller.


  • 27. Dezember: Batty Fischer, lëtzebuergesche Fotograf.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: 1958 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen



  1. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Spuenien den 2. Mäerz 1958 op der Websäit vun European Football


  2. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland den 1. Mee 1958 op der Websäit vun European Football


  3. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 4. Mee 1958 op der Websäit vun European Football


  4. D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 7. Mee 1958 op der Websäit vun European Football


  5. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 28. September 1958 op der Websäit vun European Football


  6. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 26. Oktober 1958 op der Websäit vun European Football


  7. D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 11. November 1958 op der Websäit vun European Football




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=1958&oldid=2240417“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.152","walltime":"0.223","ppvisitednodes":"value":859,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":6443,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":87,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":6,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":2982,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 136.862 1 -total"," 8.12% 11.117 1 Schabloun:Referenzen"," 6.05% 8.278 1 Schabloun:Artikel_Joer"," 4.66% 6.373 1 Schabloun:9._Mee"," 4.56% 6.239 1 Schabloun:Commonscat"," 4.09% 5.594 3 Schabloun:1._Januar"," 3.35% 4.591 1 Schabloun:Clr"," 3.14% 4.303 1 Schabloun:Commons"," 2.80% 3.839 32 Schabloun:0"," 2.61% 3.571 1 Schabloun:9._Oktober"],"cachereport":"origin":"mw1344","timestamp":"20191210192501","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"1958","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/1958","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q5253","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q5253","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2004-11-01T05:49:23Z","dateModified":"2019-12-10T19:25:05Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":196,"wgHostname":"mw1325"););

Popular posts from this blog

xrandr — how to find the correct RGB full spectrum output command for my systemHow to get second display to work alongside primary display?Unable to change the refresh rate to 60hz with xrandrUbuntu 16.04 external monitors black screen “Could not set the configuration for CRTC”Ubuntu 18.04 Monitor not recognizedXubuntu 18.04 does not detect external monitors connected via USB-C hubLaptop running Ubuntu 18.04 and Nvidia GPU does not detect HDMI display

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region