Skip to main content

1959 Inhaltsverzeechnes Evenementer | Konscht a Kultur | Wëssenschaft an Technik | Sport | Gebuer | Gestuerwen | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 26. Abrëll 1959 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 13. Mee 1959 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England de 24. Mee 1959 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Norwegen-Lëtzebuerg de 17. Juni 1959 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 30. September 1959 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 4. Oktober 1959 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 11. November 1959 op der Websäit vun European Football

Joren (20. Joerhonnert)1959


◄19. Joerhonnert21. Joerhonnert◄◄◄19551956195719581960196119621963►►►












1959




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen



◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
 
◄◄ |
◄ |
1955 |
1956 |
1957 |
1958 |
1959
| 1960
| 1961
| 1962
| 1963
| ►
| ►►



Dës Säit befaasst sech mam Joer 1959.






Inhaltsverzeechnes





  • 1 Evenementer

    • 1.1 Europa

      • 1.1.1 Lëtzebuerg



    • 1.2 Afrika


    • 1.3 Amerika

      • 1.3.1 USA


      • 1.3.2 Mëttel- a Südamerika



    • 1.4 Asien


    • 1.5 Ozeanien & Pazifik


    • 1.6 Arabesch Welt



  • 2 Konscht a Kultur

    • 2.1 Molerei


    • 2.2 Literatur


    • 2.3 Musek


    • 2.4 Kino



  • 3 Wëssenschaft an Technik


  • 4 Sport

    • 4.1 Foussball



  • 5 Gebuer


  • 6 Gestuerwen


  • 7 Um Spaweck


  • 8 Referenzen




Evenementer |



Europa |



  • 08. Januar: Frankräich: De Charles de Gaulle gëtt President vun der franséischer Republik.


  • 11. Juli: Ofkommes tëscht der Bundesrepublik Däitschland a Lëtzebuerg iwwer Krichsentschiedegung vum Zweete Weltkrich.


  • 20./21. Juli: 7 Länner decidéieren, eng Europäesch Fräihandelsassociatioun (EFTA) ze grënnen.


  • 02. Dezember: De Barrage vu Malpasset (Südfrankräich) bascht. Zirka 421 Mënsche stierwen duerch d'Waassermassen.


Lëtzebuerg |



  • 01. Februar: Bei de Chamberwale kritt d'CSV 21 Sëtz, d'LSAP der 17, d'DP der 11 an d'KPL der 3.


  • 02. Mäerz: D'Regierung Werner-Schaus I, eng Koalitioun aus CSV an DP, gëtt vereedegt; de Pierre Werner gëtt, nom stënterlechen Doud vum Pierre Frieden, neie Premierminister.


  • 19. Oktober: Éischt deeglech Emissioun vum lëtzebuergesche Programm vun RTL op UKW, 92,5 Megahertz am Kanal 18.


Afrika |



  • 01. Mee: De Félix Houphouët-Boigny gëtt Premierminister an der Elfebeeküst.


  • 01. Mee: De Philibert Tsiranana gëtt President a Madagaskar


Amerika |



USA |



  • 03. Januar: Alaska gëtt den 49. Bundesstaat vun den USA.


  • 21. August: Hawaii gëtt de 50. Bundesstaat vun den USA.



De Fidel Castro 1959



Mëttel- a Südamerika |



  • 01. Januar: De kubaneschen Diktator Fulgencio Batista flücht an d'Ausland.


  • 02. Januar: Den Che Guevara an de Camilo Cienfuegos réckele mat hire Revolutiounstruppen Beweegung vum 26. Juli (M-26-7) zu Havanna an. De Fidel Castro kënnt den 8. Januar no.


  • 13. Februar: De Fidel Castro gëtt Ministerpresident vu Kuba.


Asien |


  • D'China annektéiert den Tibet, de 14. Dalai Lama geet an Indien an de Exil.


Ozeanien & Pazifik |



Arabesch Welt |



Konscht a Kultur |



Molerei |



Literatur |



  • Edmond Dune, Recontres du veilleur.


Musek |



  • 11. Mäerz: D'Teddy Scholten gewënnt fir Holland mam Lidd Een beetje de 4. Eurovision Song Contest zu Cannes.


Kino |



  • Battle of the Coral Sea vum Paul Wendkos.


  • Ballada o soldate (Ballad of a soldier) vum Grigori Chukra.


  • Die Brücke vum Bernhard Wicki.


  • La vache et le prisonnier vum Henri Verneuil


  • Babette s'en va-t-en guerre vum Christian-Jacque


Wëssenschaft an Technik |



  • 13. September: Déi sowjetesch Lunik 2 erreecht de Mound.


De Jacques Anquetil an de Charly Gaul beim Giro d'Italia.



Sport |



  • 07. Juni: De Charly Gaul gewënnt den Giro d'Italia.


Foussball |


  • D'Jeunesse Esch gëtt nationale Champion, d'Union Lëtzebuerg gewënnt d'Coupe du Luxembourg am Foussball.


  • 26. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:0 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de François Konter an Albert Schaack geschoss.[1]


  • 13. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu 's-Hertogenbosch 0:4 géint Holland.[2]


  • 24. Mee:Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, an engem Jubileeëmsmatch fir 50 Joer FLF, 3:1 géint England. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Henri Cirelli a Léon Letsch (2) geschoss.[3]


  • 17. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Oslo 0:1 géint Norwegen.[4]


  • 30. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Aalst 1:2 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Dimmer geschoss.[5]


  • 04. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:3 géint Holland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Dimmer geschoss.[6]


  • 11. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Dijon, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1960, 0:1 géint Frankräich.[7]


Gebuer |



  • 000Viveca Sten, schweedesch Schrëftstellerin.


  • 000Andreas Wirsching, däitschen Historiker.


  • 01. Januar: Michel Onfray, franséischer Philosoph.


  • 01. Januar: Serge de Waha, lëtzebuergesche Fotokënschtler a Konschterzéier.


  • 22. Januar: Linda Blair, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 30. Januar: Alex Hyde-White, brittesch-US-amerikanesche Schauspiller.


  • 01. Februar: Barbara Auer, däitsch Schauspillerin.


  • 08. Februar: Mauricio Macri, argentineschen Entrepreneur a Politiker, Staatspresident.


  • 09. Februar: Ali Bongo, Politiker aus Gabun, Staatspresident.


  • 16. Februar: John McEnroe, US-amerikaneschen Tennisspiller.


  • 20. Februar: Henri Bossi, lëtzebuergesch Foussballspiller an -trainer.


  • 13. Mäerz: Luc Ewen, lëtzebuergesche Fotograf.


  • 16. Mäerz: Jens Stoltenberg, norwegesche Politiker a Staatsminister.


  • 16. Mäerz: Flavor Flav, US-amerikanesche Museker, Rapper a Schauspiller.


  • 18. Mäerz: Luc Besson, franséische Filmregisseur.

  • 18. Mäerz: Irene Cara, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.


  • 04. Abrëll: Victoria Abril, spuenesch Schauspillerin a Sängerin.


  • 12. Abrëll: Andy Bausch, lëtzebuergesche Filmregisseur.


  • 15. Abrëll: Emma Thompson, brittesch Schauspillerin.


  • 16. Abrëll: Tung-Wen Margue, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.


  • 17. Abrëll: Jean Ravelonarivo, Politiker aus Madagaskar.


  • 27. Abrëll: Sheena Easton, brittesch Sängerin.


  • 30. Abrëll: Stephen Harper, kanadesche Politiker.


  • 04. Mee: Paul Diederich, lëtzebuergesche Mathematiksprofesser a Mykolog.


  • 04. Mee: Inger Nilsson, schweedesch Schauspillerin.


  • 09. Mee: János Áder, ungaresche Politiker a Staatspresident.


  • 14. Mee: Patrick Bruel, franséische Sänger a Schauspiller.


  • 17. Mee: Janez Drnovšek, sloweenesche Politiker.


  • 18. Mee: Ranga Yogeshwar, lëtzebuergesche Physiker an Televisiouns-Presentateur vu Wëssenschaftssendungen.


  • 21. Mee: Abdulla Yameen, malediwesche Politiker.


  • 26. Mee: Ole Bornedal, Filmregisseur.


  • 10. Juni: Fränk Arndt, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.


  • 13. Juni: Bojko Borissow, bulgaresche Politiker.

  • 13. Juni: Klaus Iohannis, rumänesche Politiker.


  • 19. Juni: Christian Wulff, däitsche Politiker.


  • 21. Juni: Carmen Heyar, lëtzebuergesch Schrëftstellerin, Journalistin a Bibliothekarin.


  • 24. Juni: Gianni Di Pentima, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 27. Juni: Arny Schmit, lëtzebuergesche Moler.


  • 30. Juni: Daniel Goldhagen, US-amerikanesche Soziolog a Politolog.


  • 02. Juli: Iris Radisch, däitsch Journalistin an Tëlees-Moderatorin.


  • 06. Juli: Octav Firulescu, rumänesche Komponist.


  • 09. Juli: Alain Zeimet, lëtzebuergesche Medeziner an Onkolog.


  • 11. Juli: Suzanne Vega, US-amerikanesch Liddermécherin.


  • 12. Juli: Tupou VI., Kinnek vun Tonga.


  • 15. Juli: Anne Fontaine, franséisch Schauspillerin, Regisseurin an Dréibuchauteur.


  • 26. Juli: Kevin Spacey, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 10. August: Rosanna Arquette, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 17. August: Nico Bremer, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 22. September: Mohamed Ben Abdallah Dionne, senegalesesche Politiker.


  • 28. September: Michel Margue, lëtzebuergeschen Historiker.


  • 30. September: Fernand Kartheiser, lëtzebuergesche Politiker, Militärwëssenschaftler an Auteur.


  • 01. Oktober: Youssou N’Dour, senegalesesche Sänger.


  • 04. Oktober: Romain Nati, lëtzebuergesche Pneumolog a Member vum Staatsrot.


  • 08. Oktober: Claude Michely, lëtzebuergesche Vëlossportler.


  • 08. Oktober: Carlo Schmitz, lëtzebuergesche satireschen Zeechner a Graphiker.


  • 26. Oktober: Evo Morales, bolivianesche Politiker a President.


  • 29. Oktober: John Magufuli, Politker aus Tansania.


  • 05. November: Bryan Adams, kanadesche Sänger a Komponist.


  • 06. November: Josée Kirps, lëtzebuergesch Historikerin a Linguistin.


  • 21. November: Rol Gelhausen, lëtzebuergeschen Auteur vu Kabaretsprogrammer.


  • 22. November: Jean-Marie Majerus, lëtzebuergeschen Historiker a Publizist.


  • 06. Dezember: Satoru Iwata, japanesche Videospillentwéckler a Firmechef.


  • 07. Dezember: Guy Back, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 12. Dezember: Patrick Hastert, lëtzebuergesche Schauspiller.


  • 14. Dezember: Hubert Meunier, lëtzebuergesche Foussballspiller.


  • 15. Dezember: Pascale Bailly, franséisch Filmregisseurin an Dréibuchautorin.


  • 20. Dezember: Kazimierz Marcinkiewicz, polnesche Politiker.


  • 21. Dezember: Florence Griffith-Joyner, US-amerikanesch Liichtathletin an Olympiagewënnerin.


Gestuerwen |



  • Angélina Drumaux, belsch Molerin.


  • 21. Januar: Cecil B. DeMille, Schauspiller a Filmregisseur.


  • 02. Februar: Alexander Rueb, hollännesche Schachspiller.


  • 03. Februar: Buddy Holly, Museker


  • 03. Februar: Ritchie Valens, mexikanesche Museker


  • 03. Februar: The Big Bopper, US-amerikaneschen Disc-Jockey a Museker.


  • 20. Februar: Otto Bartning, däitschen Architekt.


  • 22. Februar: Louis Pesch, lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.


  • 23. Februar: Pierre Frieden, lëtzebuergesche Politiker a Schrëftsteller.


  • 03. Mäerz: Lou Costello, US-amerikanesche Schauspiller a Komiker.


  • 06. Mäerz: Guido Brignone, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.


  • 15. Mäerz: Lester Young, US-amerikaneschen Tenorsaxophonist, Klarinettist a Komponist.


  • 26. Mäerz: Raymond Chandler, US-amerikanesche Schrëftsteller.


  • 30. Mäerz: Léon Muller, lëtzebuergeschen Architekt.


  • 09. Abrëll: Frank Lloyd Wright, US-amerikaneschen Architekt.


  • 14. Mee: Sidney Bechet, kreoleschen Jazz-Saxophonist.


  • 24. Mee: John Foster Dulles, US-amerikanesche Politiker, Ausseminister.


  • 07. Juni: Victor Prost, lëtzebuergesche Politiker.


  • 23. Juni: Boris Vian, franséische Schrëftsteller, Ingenieur, Schauspiller an Iwwersetzer.


  • 06. Juli: George Grosz, däitsche Moler a Graphiker.


  • 14. Juli: Grock, Schwäizer Clown.


  • 17. Juli: Billie Holiday, US-amerikanesch Jazzsängerin.


  • 22. Juli: Robert Bruch, lëtzebuergesche Sproochhistoriker a Linguist.


  • 28. August: Bohuslav Martinů, tschechesche Komponist.


  • 06. September: Edmund Gwenn, brittesche Schauspiller.


  • 14. September: Wayne Morris, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 24. September: Jean Schaack, lëtzebuergesche Moler.


  • 26. September: Ernest Hamélius, lëtzebuergesche Banquier a Politiker.


  • 07. Oktober: Mario Lanza, US-amerikanesche Sänger (Tenor).


  • 14. Oktober: Errol Flynn, australesch-US-amerikanesche Filmschauspiller.


  • 16. Oktober: George C. Marshall, US-amerikanesche Generol.


  • 28. Oktober: Camilo Cienfuegos, kubanesche Revolutionär.


  • 25. November: Jean Grémillon, franséische Filmregisseur.

  • 25. November: Gérard Philipe, franséische Schauspiller.


  • 26. November: Albert Ketèlbey, englesche Komponist.


  • 02. Dezember: Leo Müller, lëtzebuergesche Journalist, Editeur a Politiker.


  • 04. Dezember: Jean-Pierre Ries, lëtzebuergesche Paschtouer.


  • 10. Dezember: Henri Vidal, franséische Schauspiller.


  • 28. Dezember: Ante Pavelić, kroatesche Politiker.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: 1959 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen



  1. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 26. Abrëll 1959 op der Websäit vun European Football


  2. D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 13. Mee 1959 op der Websäit vun European Football


  3. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England de 24. Mee 1959 op der Websäit vun European Football


  4. D'Detailer vum Foussballlännermatch Norwegen-Lëtzebuerg de 17. Juni 1959 op der Websäit vun European Football


  5. D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 30. September 1959 op der Websäit vun European Football


  6. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 4. Oktober 1959 op der Websäit vun European Football


  7. D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 11. November 1959 op der Websäit vun European Football




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=1959&oldid=2234642“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.172","walltime":"0.250","ppvisitednodes":"value":853,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":6972,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":87,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":6,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":2984,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 157.078 1 -total"," 13.48% 21.169 1 Schabloun:Referenzen"," 7.21% 11.330 1 Schabloun:Clr"," 6.77% 10.635 1 Schabloun:Artikel_Joer"," 5.04% 7.915 1 Schabloun:Commonscat"," 3.79% 5.952 1 Schabloun:Commons"," 2.77% 4.353 1 Schabloun:8._Januar"," 2.43% 3.813 1 Schabloun:5._November"," 2.39% 3.762 1 Schabloun:1._Oktober"," 2.32% 3.644 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1227","timestamp":"20191202081705","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"1959","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/1959","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q5302","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q5302","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2004-10-05T13:36:23Z","dateModified":"2019-12-02T08:17:04Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":138,"wgHostname":"mw1273"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?