Skip to main content

Peter Schroeder Wierker | Literatur | Navigatiounsmenü

Däitsch AuteurenGebuer 1875Gestuerwen 1935


14. August1875MehringMusel29. November1935TréierRalingenKerschDrëssegjärege KrichRouspertGiischterklausRevolutiounstruppenNapoleon Bonaparte1815WéngertSchoulmeeschterPrümSchoulmeeschterHolzSaarland1902Fell1911Éischte WeltkrichVogesenPallienerLongenentzündungDialekterSpréchwierderRiedensaartenMuselfränkeschKannerreimerMärercherSeeërcherWeekräizer












Peter Schroeder




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


De Peter Schroeder, Peter von der Mosel genannt, gebuer de 14. August 1875 zu Mehring op der Musel a gestuerwen den 29. November 1935 zu Tréier, war en däitsche Sproochfuerscher Schrëftsteller an Heimatdichter.




Peter Schroeder


De Peter Schroeder war aus enger aler Famill aus der Tréierer-lëtzebuergescher Regioun. Seng Virfahre koume vu Ralingen a Kersch. Nom Drëssegjärege Krich hu se sech zu Rouspert an op der Giischterklaus néiergelooss. De Johann Peter (oder Jean Pierre) Schroeder, den Urgrousspapp vum Peter Schroeder, war Zaldot an der Arméi vun de franséische Revolutiounstruppen an duerno an där vum Napoleon Bonaparte. 1815 huet hie sech op der Musel, no bei Tréier, néiergelooss. Säin Enkel Georg hat zu Mehring e Wéngert.


Do ass de "Peter von der Mosel" 1875 gebuer an an d'Schoul gaangen. Fir kënne Schoulmeeschter ze ginn, ass hien an d'Präparandenanstalt zu Tréier an duerno op de Lehrerseminar zu Prüm gaangen. Seng éischt Plaz als Schoulmeeschter krut de Peter Schroeder zu Holz am Saarland, a kuerz duerno, 1902, seng zweet zu Fell, no bei senger Heemecht. 1911 gouf e Pedagog an der St.-Markus-Schoul zu Tréier.


Nom Éischte Weltkrich, wou en als Zaldot an de Vogesen huet missen d'Stellung halen, ass hien nees an d'St.-Markus-Schoul enseignéiere gaangen. 1935 gouf hien Direkter vun der Palliener Schoul.


Den 29. November 1935 ass hien zu Pallien un enger Longenentzündung gestuerwen.


De Peter Schroeder huet schonn als jonke Mann ugefaange mat schreiwen an huet déi Tréierer a lëtzebuergesch Dialekter studéiert. Hien huet 30 Joer laang um Rheinisches Mundartwörterbuch matgeschafft, dat vum Prof. Peter Christa erausgi gouf an aus enger Sammlung vun 20.000 Wierder, Spréchwierder a Riedensaarten op Muselfränkesch besteet.


Hien huet Riedensaarten, Spréchwierder, Kannerreimer, typesche Kascht aus der Géigend, Hellegelegende vun Tréier, Lidder, Märercher a Seeërcher festgehalen an opgeschriwwen. Hien huet och Weekräizer a Billerstäck gemoolt a beschriwwen. Ausserdeem war hie Matgrënner (a vun 1924-1931 Sekretär) vun der Trierische Heimat, an och am Verein Trierisch aktiv.


Dem Peter Schröder säi bekanntst a beléiftst Wierk ass Der Gehlhänschesbaum (1933).



Wierker |



  • Aus stillem Tal. Gedichte, Pierson Verlag, Dresden 1909; 2. Oplo 1912

Ënner dem Pseudonym Peter von der Mosel:



  • Ons Moddersproch, Tréier 1924


  • Der Gehlhänschesbaum, Tréier 1933


  • Mei Bruder on eich. Moselländische Dorfgeschichten und Gedichte, 2. Oplo 1975, Spee-Verlag, Tréier


Literatur |


  • Michael Schroeder: "Unser Großvater Peter von der Mosel" Peter Schroeder 1875-1935, an: Neues Trierisches Jahrbuch 2007, S. 243 ff.



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Peter_Schroeder&oldid=2233430“













Navigatiounsmenü


























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.012","walltime":"0.019","ppvisitednodes":"value":45,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":0,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":2,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 0.000 1 -total"],"cachereport":"origin":"mw1229","timestamp":"20191130224521","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Peter Schroeder","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Peter_Schroeder","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q16440135","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q16440135","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2007-03-16T14:58:27Z","dateModified":"2019-11-30T22:45:21Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/d/d3/Peter_Schroeder.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":114,"wgHostname":"mw1262"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region