Skip to main content

Louis Emberger Inhaltsverzeechnes De Louis Emberger a Lëtzebuerg | Literatur | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüLa Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015.WorldCat Identities112750268n858068110000 0001 0936 74991055131612031560636cb12275216c(data)90234724jo200632122119800035/1042/20121Emb.Académie des sciences d'Outre-Mer: EMBERGER Louis, correspondant 4e section, décès en 1969.

Gebuer 1897Gestuerwen 1969Franséisch BotanikerOfficier de la Légion d'honneur


23. Januar1897ThannElsass29. November1969Saint-SulpicefranséischeClermond-FerrandMontpellierLëtzebuergFrançois Léon LefortStad LëtzebuergLéopold ReichlingBraun-BlanquetPierre Friedennaturhistoresche MuséeEugène BeckAix-en-ProvenceMarseille












Louis Emberger




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen














Louis Emberger
Gebuertsnumm
Marie Louis Emberger
Gebuer
23. Januar 1897
Thann
Gestuerwen
29. November 1969
Saint-Sulpice
Nationalitéit
Frankräich
Educatioun
Universitéit vu Lyon
Aktivitéit
Botaniker

Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Louis Emberger, gebuer den 23. Januar 1897 zu Thann (Elsass) a gestuerwen den 29. November 1969 zu Saint-Sulpice,[1] war e franséische Botaniker a Phytogeograph.


Hie war vun 1936 bis 1937 Professer op der Faculté des sciences vu Clermond-Ferrand. Am Laf vun 1937 huet hien d'Chaire vun der Botanik op der Faculté des sciences vu Montpellier iwwerholl. Do huet hie bis 1968, wou hien an d'Pensioun goung, enseignéiert.


1938 gouf den Emberger Direkter vum botaneschen Institut vun der Universitéit vu Montpellier. Hie war och den Direkter vum Service de la carte des groupements végétaux de la France (SCGV), deen 1947[2] zu Montpellier kreéiert gouf an dee vum CNRS ofhängeg war. 1961 gouf aus dem SCGV de Centre d'études phytosociologiques et écologiques,[3] nach ëmmer mat dem Emberger als Direkter (bis 1968).




Inhaltsverzeechnes





  • 1 De Louis Emberger a Lëtzebuerg


  • 2 Literatur


  • 3 Um Spaweck


  • 4 Referenzen




De Louis Emberger a Lëtzebuerg |


De Louis Emberger huet sech dofir agesat, datt och zu Lëtzebuerg, wéi an aneren europäesche Länner, Frankräich z. B., eng Kaart vun de Planzegesellschaften — Carte des groupements végétaux du Grand-Duché — ausgeschafft géif ginn. An 1946 a 1947 huet hien de François Léon Lefort, deen hien zënter 1940 kannt huet, gefrot, fir bei der lëtzebuergescher Regierung an deem Sënn z'intervenéieren.[4]


Wéi den Emberger de 16. Januar 1947 an der Stad Lëtzebuerg op Invitatioun vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal eng Konferenz iwwer de Sujet « La paléontologie et l'interprétation des formes végétales actuelles » gehalen huet, huet hie vun der Geleeënheet profitéiert, fir op d'Avantagë vun enger phytosoziologescher Kaart fir Lëtzebuerg hinzeweisen. An hien huet d'Hëllef vun de franséische Phytosoziologen ugebuede fir de Fall, datt d'lëtzebuergesch Regierung sech an nächster Zäit fir d'Realisatioun vu sou enger Kaart géif decidéieren.[5] Déi huet dann och dem Emberger seng Suggestioun opgegraff, an de Léopold Reichling ass 1948 an 1949 an e Stage op Montpellier geschéckt ginn, fir sech beim Emberger an dem Braun-Blanquet mat der Phytosoziologie ze familiariséieren. Nom Enn vun deem Stage ass den Emberger op Lëtzebuerg komm, fir sech fir eng definitiv Decisioun anzesetzen.


Enn Juli 1949 huet de Minister Pierre Frieden decidéiert, am naturhistoresche Musée den « Service de la Carte des groupements végétaux » ze schafen, dee vum 1. September 1949 un ënner der Leedung vum Léopold Reichling sollt funktionéieren.[6]


De Louis Emberger ass an der Séance vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal vum 25. November 1947 Éieremember vun der Sektioun genannt ginn.[5] Den Eugène Beck huet deemools d'Laudatio gehalen.[7] Den 8. Januar 1951 gouf den Emberger och Éieremember vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL).[8]


Am Mäerz 1952 huet de L. Emberger bei der SNL eng Konferenz iwwer d'« Préphanerogames » gehalen. Hien huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir zwou nei franséisch phytosoziologesch Kaarten ze weisen, eng regional Kaart vun der Géigend vun Aix-en-Provence-Sud-Ouest, an eng lokal Kaart vum Bichebësch vu Sainte-Baume (Marseille).[9]



Literatur |


  • Beck, E., 1949. Louis Emberger. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques NF 18 (1948-1949), S. 9-10.

  • Buvat, R., 1970. Notice nécrologique sur M. Louis Emberger, Correspondant de la Section de Botanique. Comptes rendus de l'Académie des sciences 270 (15 juin 1970), S. 132-137. [2]

  • Lefort, F.L., 1951. Discours de M. Lefort, président, [lors de Assemblée générale du 8 janvier 1951]. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 55 (1950), S. 403-418.

  • Marres, P., 1972. Louis Emberger, 1897-1969. Annales de géographie 81, n° 448, S. 748-751. [3]


  • Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302.


Um Spaweck |





Referenzen



  1. Académie des sciences d'Outre-Mer: EMBERGER Louis, correspondant 4e section, décès en 1969.


  2. Marres 1972, S. 750 ; Massard 2015, S. 134. — De Buvat (1970, S. 133) gëtt 1945 als Grënnungsjoer un, wat falsch dierft sinn.


  3. Marres 1972, S. 751 ; cf. CEPE - Centre d'études phytosociologiques et écologiques. [1] — Beim Buvat 1970, S. 133 steet 1956 als Grënnungsjoer.


  4. Lefort 1951, S. 414.


  5. 5,05,1 Massard 2015, S. 134.


  6. Massard 2015, S. 133-136.


  7. Beck 1949.
    Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques NF 18 (1948-1949), S. 3-10 (séance du 25 novembre 1947).



  8. Lefort 1951, S. 413 ; Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 55 (1950), S. 420 (assemblée générale du 8 janvier 1951).


  9. Massard 2015, S. 136.




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Louis_Emberger&oldid=2146205“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.304","walltime":"0.419","ppvisitednodes":"value":578,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":8487,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":9,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":3183,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 390.472 1 -total"," 78.98% 308.379 1 Schabloun:Infobox_Biographie"," 77.69% 303.352 1 Schabloun:Infobox"," 45.16% 176.351 23 Schabloun:Wikidata"," 35.25% 137.646 10 Schabloun:If_empty"," 10.12% 39.510 1 Schabloun:Autoritéitskontroll"," 9.62% 37.565 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 3.46% 13.526 1 Schabloun:Referenzen"," 1.51% 5.909 2 Schabloun:PAGENAMEBASE"," 1.05% 4.114 1 Schabloun:Clr"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.183","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":3225021,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1299","timestamp":"20191113165027","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Louis Emberger","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Louis_Emberger","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q3261838","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q3261838","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2015-06-19T12:41:19Z","dateModified":"2018-12-16T21:00:59Z","headline":"fransu00e9ische Botaniker"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":104,"wgHostname":"mw1246"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?