Skip to main content

Max Goergen Inhaltsverzeechnes Säi Liewen | Säi Wierk | Literatur | NavigatiounsmenüWorldCat Identities500/500524618526n20010313040000 0000 3294 3733cb12038646z(data)

Gebuer 1893Lëtzebuergesch AuteurenTheater zu LëtzebuergGestuerwen 1978


29. November1893Steesel9. Februar1978WolzerlëtzebuergescheSchrëftstellerTheaterstPseudonymen29. November1893SteeselSecondaire-ProfesserlëtzebuergescheSchrëftstellerWilly GoergenSchoulmeeschter1898Stad Lëtzebuerg1913PremièreKolléisch191419201926DroitBonnFrankfurt am MainParäisNanzegStroossbuergVictor NeuensJoseph HurtJonghémechtEsch-UelzechtDéifferdengLëtzebuerger NationalbibliothéikLuxemburgensiaJoseph HurtKiischpelter1957Wëlwerwolz1962Section des arts et lettresInstitut grand-ducal1999












Max Goergen




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen












Max Goergen
Gebuer
29. November 1893
Gestuerwen
9. Februar 1978
Nationalitéit
Lëtzebuerg
Aktivitéit
Schrëftsteller
Famill
Papp
Willy Goergen

Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Max Goergen, gebuer den 29. November 1893 zu Steesel a gestuerwen den 9. Februar 1978 am Wolzer Spidol, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, deen haaptsächlech wéinst sengen Theaterstécker bekannt ass. Geschriwwen huet hien och ënner de Pseudonymen Déngens Mätt, Lennerse Jämp, E vun der âler Erd an nach aneren.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Säi Liewen


  • 2 Säi Wierk

    • 2.1 Theaterstécker



  • 3 Literatur




Säi Liewen |




Fichier:Webwalking-theater.ogvMediendatei abspielen

Max Goergen: den neien Theater


Hien ass den 29. November 1893 zu Steesel gebuer, a war dat eelst vun zwee Kanner vum Secondaire-Professer a lëtzebuergesche Schrëftsteller Guillaume, genannt Willy Goergen an deem senger Fra Elisabeth, gebuer Kintzelé, dem Meedche vun engem Schoulmeeschter.


Säin Elterenhaus, d'Staffelshaus ass haut nach erhalen.


1898 plënnere seng Eltere mat den zwéi Bouwen an d'Stad Lëtzebuerg. De Max Goergen geet do an d'Primärschoul. 1913 mécht hie seng Première am Kolléisch. Vun 1914 bis 1920 schafft hien als Beamte bei der Assurance-Vieillesse et Invalidité. Et war ëm déi Zäit, wou de Goergen Problemer mat sengem Gehéier krut, eng Krankheet, déi hie bis zu sengem Doud geplot huet.


Vun 1920 bis 1926 studéiert hien Droit a Sciences économiques op den Universitéite vu Bonn, Frankfurt am Main, Paräis, Nanzeg a Stroossbuerg.


1926 grënnt hie mam Victor Neuens a Joseph Hurt, d'Zäitschrëft Jonghémecht.


No sengem Studium plënnert hien op Esch-Uelzecht a schafft als Affekot. De 24. August 1927 bestit hie sech zu Déifferdeng mam Aline Jacoby, Professer am Meedercherlycée zu Esch-Uelzecht.


Wéinst senge Gehéierproblemer huet hie mat senger Aarbecht als Affekot opgehalen an ass vun 1942 bis 1958 wëssenschaftleche Mataarbechter bei der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik. Hie bekëmmert sech do ëm de Luxemburgensia-Fong. Vu 1948 bis 1950 organiséiert hie mam Joseph Hurt déi Kiischpelter Fräiliichtspiller, D'Kiischpelter Donatispill zu Pënsch, D'Kiischpelter Spill vum wölle Grof zu Wëlwerwolz an D'Kiischpelter Spill vun den dréi Kräizer zu Äischer.
1957 gëtt hie pensionéiert a plënnert op Wëlwerwolz.


1962 war hie Grënnungsmember vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal.


Lucien Jacoby, den Neveu vun senger Fra Aline Jacoby, huet sech du bis zu sengem eegenen Doud am Joer 1999 ëm déi grouss Bibliothéik vun enger 32.000 Bicher gekëmmert, déi en zesumme mam Haus der A.s.b.l. EBLUL-Lux (European Bureau for Lesser Used Languages) vermaach huet, déi do de Projet Sproochenhaus Wëlwerwolz installéiert huet.



Säi Wierk |



Theaterstécker |



  • Dohém. Eng dramatesch Zén an èngem Akt, 1918, gedréckt an editéiert vum J.P. Worré, Lëtzebuerg.


  • D'Schmattslisy. Volléksstéck aus dem Mierscherdall an 3 Akten, Musek vum Fernand Mertens, 1918, gedréckt an editéiert vum J.P. Worré.


  • Ons Hémecht. En nationalistescht Stéck an 3 Akten, Musek vum Fernand Mertens, 1919 gedréckt an editéiert vum J.P. Worré.


  • D'Schamber garni. E Loschtspill an drei Akten vum Déngens Mätt, 1918, gedréckt an editéiert vum J.P. Worré, Lëtzebuerg.


  • D'Meedche vu Götzen. Vollékstéck a ve'er Akten a fönnef Dêler, 1923, gedréckt an editéiert vum J.P. Worré, Lëtzebuerg.


  • Letzebuerger. Eng Szén nom Liewen vum ***. Member vum Letzeburger Nationalinstitut, 1924, "Egentom vum Letzeburger Literatur- a Konschtverlag", gedréckt vum "P. Worré-Mertens, Lamperbirg".


  • Den Amerikaner. En êscht Spill an engem Akt vum Goergens Max, 1927


  • De Pontemätti. Eppes Konterbosseges an drei Dêler vum Goergens Max, Letzeburg 1927. An der St.Paulusdreckerei zo' Letzeburg gedréckt. Am Verlag beim Vic. Neuens, Esch-Uelzecht.


  • D'Exzellenz. Eppes Schausseges an zwe'n Akten vum Dengens Mätt, 1928, Theaterverlag Victor Neuens, Esch-Uelzecht. Drock vun der Solimpa.


  • Et huet e Stär gefenkelt. E letzebuerger Kröppespil a véier Deeler vum Lennerse Jämp 1933


  • De Pierrot. E Spill an engem Akt. Musek a Gesank vum Henri Pensis. 1938


  • Schréipen. Eng Schnöppel aus dem Liewen. Een Akt. 1938


  • Eng Ucht. E Spill an engem Akt. 1944


  • D'Schwester Edelburga. gëtt vum Venant Paucké iwwer Radio Lëtzebuerg gesent. 1946


  • Dat Friemd. E Spill an engem Akt. 1948. Krut de Michel Rodange Präis vu Radio Lëtzebuerg.


  • D'Könni. E Spill fir eng Fraestömm. Fir de Radio bestëmmt. 1952


  • D'Kiischpelter Donatispill. 1948, zesumme mam Joseph Hurt


  • D'Kiischpelter Spill vum wölle Grof. 1949, zesumme mam Joseph Hurt


  • D'Kiischpelter Spill vun den dréi Kräizer. 1950, zesumme mam Joseph Hurt


  • De wölle Grof. E Radiospill. 1956. Krut de Michel Rodange Präis vu Radio Lëtzebuerg.


Literatur |



  • Goetzinger, G., 2007. Joseph Hurt. In: G. Goetzinger & C.D. Conter: Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, S. 209-210.


  • Hurt, J., 1927. Max Goergen. In: Jonghémecht. 1. Jg., Nr. 4 (Februar 1927), S. 88-94. [1]









Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Max_Goergen&oldid=2143819“













Navigatiounsmenü


























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.196","walltime":"0.269","ppvisitednodes":"value":501,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":6226,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":9,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 226.563 1 -total"," 88.29% 200.030 1 Schabloun:Infobox_Biographie"," 86.41% 195.784 1 Schabloun:Infobox"," 38.28% 86.724 23 Schabloun:Wikidata"," 33.83% 76.635 10 Schabloun:If_empty"," 11.61% 26.315 1 Schabloun:Autoritéitskontroll"," 10.82% 24.510 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 2.68% 6.077 2 Schabloun:PAGENAMEBASE"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.109","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":2851755,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1300","timestamp":"20191110092021","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Max Goergen","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Max_Goergen","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q16439302","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q16439302","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-06-06T11:54:40Z","dateModified":"2018-11-29T13:53:10Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":117,"wgHostname":"mw1329"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü