Alfred Deller Um Spaweck | NavigatiounsmenüIwwer den Alfred Deller
KontertenorsängerGebuer 1912Gestuerwen 1979
31. Mee1912MargateKent16. Juli1979BolognaItalienCanterburySt. Paul's Kathedral1948LondonJohn DowlandHenri Purcell1950OpereGeorg Friedrich Händel11. Juni1960AldeburghA Midsummer Night's DreamBenjamin BrittenKontertenorroll
Alfred Deller
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Den Alfred Deller war en englesche Kontertenor. Hien ass den 31. Mee 1912 zu Margate am Kent gebuer an de 16. Juli 1979 zu Bologna an Italien gestuerwen.
Den Alfred Deller huet als Bouf Sopran gesongen. Nom Stëmmbroch huet hien als Kontertenor weidergesongen. Hien huet dunn an de Chéier vun der Canterbury-Kathedral a vun der St. Paul's Kathedral gesongen. Am Joer 1948 hat en zu London säin éischte Solooptrëtt.
Den Alfred Deller huet sech haaptsächlech op Englesch Barock a Renaissancemusek vun de Komponisten John Dowland an Henri Purcell spezialiséiert. Ëm 1950 grënnt en den Deller Consort, e Vokal- an Instrumentalensembel, dee sech der fréier englescher Musek unhëlt.
Donieft ëmfaasst säi Repertoire och aner Partien, wéi Opere vum Georg Friedrich Händel.
Den Alfred Deller huet den 11. Juni 1960 um Festival vun Aldeburgh bei der Éischtopféierung vun der der Oper A Midsummer Night's Dream vum Benjamin Britten d'Kontertenorroll vum Oberon gesongen.
Um Spaweck |
- Iwwer den Alfred Deller
Kategorien:
- Kontertenorsänger
- Gebuer 1912
- Gestuerwen 1979
(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.008","walltime":"0.011","ppvisitednodes":"value":27,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":0,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":2,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 0.000 1 -total"],"cachereport":"origin":"mw1273","timestamp":"20190918100336","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Alfred Deller","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Alfred_Deller","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q981299","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q981299","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-12-27T00:54:00Z","dateModified":"2014-03-16T12:23:01Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":131,"wgHostname":"mw1320"););