Rheinland-Pfalz Inhaltsverzeechnes Wopen a Symboler | Geographie | Administratioun | Kuckeswäertes | Politik | Um Spaweck | NavigatiounsmenüAusféierlech Beschreiwung vum Wope vu Rheinland-Pfalzä
Baden-WürttembergBayernBerlinBrandenburgBremenHamburgHessenMecklenburg-VorpommernNiddersachsenNordrhein-WestfalenRheinland-PfalzSaarlandSachsenSachsen-AnhaltSchleswig-HolsteinThüringen
Rheinland-Pfalz
BundeslandDäitschland18. Mee1947Rhein-Pfalz-KreesNordrhein-WestfalenHessenSaarlandBaden-WürttembergBelschFrankräichLëtzebuergMainzer RadTréierMainzPfalz1806127313. JoerhonnertRheinesche SchieferbiergerÄifelHunsrückWesterwaldTaunusRheinhessescht HiwwellandNordpfälzer BierglandLandstuhler BruchSüdwestpfälzesch HéichflächPfälzer BëschUewerrheinescher DéifebeneErbeskopfRhäinMuselSaarLahnNaheSauerOurGlanSieg13. Juni1947
Rheinland-Pfalz
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Rheinland-Pfalz | ||
| Fändel | Wopen | |
|---|---|---|
| Basisdaten | ||
Haaptstad: | Mainz | |
Fläch: | 19.847,39 km² | |
| Awunner: | 4.059.604 (30. Juni 2005) | |
Bevëlkerungsdicht: | 205 Awunner/km² | |
| Politik | ||
| Stëmmen am Bundesrat: | 4 | |
| Ministerpresident: | Malu Dreyer (SPD) | |
| Parteien an der Regierung: | SPD-Déi Gréng-Koalitioun | |
| Sëtzverdeelung am Landtag (101 Sëtz): | SPD 42 CDU 41 Déi Gréng 18 | |
| Lokalisatioun | ||
D'Rheinland-Pfalz ass e Bundesland am Südweste vun der Bundesrepublik Däitschland, wat den 18. Mee 1947 gebilt gouf. Gëlteg Ofkierzunge sinn RLP, RPF bzw. RP (woubäi dat lescht mat der neier Autosplack vum Rhein-Pfalz-Krees ka verwiesselt ginn).
D'Rheinland-Pfalz grenzt un d'Bundeslänner Nordrhein-Westfalen, Hessen, d'Saarland, Baden-Württemberg an un d'Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnes
1 Wopen a Symboler
2 Geographie
3 Administratioun
3.1 Landkreeser
3.2 Kreesfräi Stied
3.3 Regiounen
4 Kuckeswäertes
4.1 Bauwierker a Kierchen
4.2 UNESCO Weltierfschaft
4.3 Buergen a Schlässer
5 Politik
6 Um Spaweck
Wopen a Symboler |
De Landeswope vu Rheinland-Pfalz besteet aus dem Léiw vun der Pfalz, dem Kräiz vum Äerzbistum a Kurfürstentum Tréier souwéi dem Mainzer Rad an erënnert domat un d'Kurfürstentümer Tréier, Mainz a Pfalz, déi bis 1806 existéiert hunn.
Am ieweschte rietsen Drëttel ass dat zanter 1273 attestéiert Symbol vum Äerzbistum Tréier, d'rout Kräiz op wäissem Hannergrond. Am lénksen ieweschten Drëttel ass op roudem Hannergrond d'Sëlwerrad mat sechs Speechele vum Äerzbistum Mainz, wat och zanter dem 13. Joerhonnert als Sigel agefouert gi war. De gëllene Léiw am ënneschte schwaarzen Drëttel steet fir d'Kurpfalz, an ass op de besonnesche Rang vun den Herzoge vu Bayern als "Pfalzgrafen bei Rhein" zréckzeféieren. Iwwer dem Schëld steet eng Kroun aus fënnef gëllene Wäiblieder, Rheinland-Pfalz ass e bedeitend Däitscht Wäibaugebitt.
Geographie |
D'Rheinland-Pfalz ëmfaasst am Norde vun de Rheinesche Schieferbierger de südlechen Deel vun der Äifel, den Hunsrück, de westleche Westerwald an den nordwestlechen Deel vum Taunus, souwéi am südleche Beräich d'Rheinhessescht Hiwwelland, d'Nordpfälzer Biergland, de Landstuhler Bruch, d'Südwestpfälzesch Héichfläch, de Pfälzer Bësch an en Deel vun der Uewerrheinescher Déifebene. Den héchste Bierg ass den Erbeskopf (816 m) am Hunsrück. Kuckt heizou och Bierger an der Rheinland-Pfalz.
Duerch Rheinland-Pfalz fléissen déi grouss Bundeswaasserstroosse Rhäin, Musel, Saar a Lahn. Weider Flëss sinn Nahe, Sauer, Our, Glan a Sieg.
Administratioun |
Landkreeser |
Kuckt dozou och d'Lëscht vun de Landkreesser an Däitschland
A Rheinland-Pfalz gëtt et 24 Landkreeser:
Kaart vun de Landkreesser a Rheinland-Pfalz
Ahrweiler (AW)
Altenkirchen (AK)
Alzey-Worms (AZ)
Bad Dürkheim (DÜW)
Bad Kreuznach (KH)
Bernkastel-Wittlich (WIL)
Birkenfeld (BIR)
Cochem-Zell (COC)
Donnersbergkrees (KIB)
Äifelkrees Bitburg-Prüm (BIT)
Germersheim (GER)
Kaiserslautern (KL)
Kusel (KUS)
Mainz-Bingen (MZ)
Mayen-Koblenz (MYK)
Neuwied (NR)
Rhein-Hunsrück-Krees (SIM)
Rhein-Lahn-Krees (EMS)
Rhein-Pfalz-Krees (RP)
Südlech Wäistrooss (SÜW)
Südwestpfalz (PS)
Tréier-Saarburg (TR)
Landkrees Vulkanäifel (DAU)
Westerwaldkrees (WW)
Kreesfräi Stied |
Frankenthal (Pfalz) (FT)
Kaiserslautern (KL)
Koblenz (KO)
Landau an der Pfalz (LD)
Ludwigshafen um Rhein (LU)
Mainz (MZ)
Neustadt op der Wäistrooss (NW)
Pirmasens (PS)
Speyer (SP)
Tréier (TR)
Worms (WO)
Zweebrécken (ZW)
Kuckt dozou och d'Lëscht vun de kreesfräie Stied an Däitschland.
Regiounen |
Rheinland-Pfalz ass an 9 Regiounen agedeelt:
- Ahr
- Äifel
- Hunsrück
- Mëttelrhein-Lahn-Taunus
- Musel-Saar
- Nahe
- Pfalz
- Rheinhessen
- Westerwald
Kuckeswäertes |
Bauwierker a Kierchen |
Festung Ehrenbreitstein zu Koblenz
Doum zu Mainz
Doum zu Speyer
Porta Nigra zu Tréier
| Uertschaft | Kuckeswäertes |
|---|---|
Andernach |
|
Bingen um Rhäin |
|
Bad Kreuznach |
|
Idar-Oberstein |
|
Koblenz |
|
Mainz |
|
Rhens |
|
Remagen |
|
Sankt Goarshausen |
|
Schifferstadt |
|
Speyer |
|
Tréier |
|
Worms |
|
Vulkaneifel |
|
UNESCO Weltierfschaft |
1981 - K - Doum zu Speyer
1986 - K - Dat réimescht Tréier (dorënner och d'Igeler Sail), den Doum St. Peter an d'Léiffraekierch
2002 - K - Kulturlandschaft Mëttelse Rhäin tëscht Koblenz a Bingen
2005 - K - De 550 km laange Uewergermanesche-Rätesche Limes tëscht Rheinbrohl a Eining
Buergen a Schlässer |
Marksburg zu Braubach
Trifels
Kurfürstlecht Schlass zu Koblenz
Buerg Pfalzgrafenstein
Schlass Stolzenfels
Buerg Thurant
| Numm | Aart/Zoustand | Uertschaft/Lag |
|---|---|---|
| Buerg Arras | Buerg | Alf |
| Al Buerg | Buerg | Boppard |
| Al Buerg | Buerg | Koblenz |
| Räichsbuerg Cochem | Buerg | Cochem |
| Dahner Buergegrupp | Buregruinen | Dahn |
| Festung Ehrenbreitstein | Festung | Koblenz |
| Ehrenburg | Buerg | Brodenbach |
| Buerg Eltz | Buerg | Münstermaifeld |
| Buergruin Birkenfeld (Stammbuerg vun de Wittelsbacher) | Buergruin | Birkenfeld |
| Feste Kaiser Franz | Festung | Koblenz |
| Buerg Falkenstein | Burgruin | Falkenstein |
| Fraebuerg | Burgruin | Frauenberg |
| Hambacher Schlass | Schlass | Neustadt op der Wäistrooss |
| Buerg Hohenfels | Burgruin | Imsbach |
| Buerg a Schlass Idar-Oberstein | Buerg, Schlass | Idar-Oberstein |
| Kurfürstlecht Schlass | Schlass | Koblenz |
| Kurfürstlecht Schlass | Schlass | Mainz |
| Buerg Lahneck | Buerg | Lahnstein |
| Landskron | Buergruin | Oppenheim |
| Liebenstein | Buerg | Kamp-Bornhofen |
| Buerg Altleiningen | Buerg | Altleiningen |
| Marksbuerg | Buerg | Braubach |
| Buerg Nassau | Buerg | Nassau |
| Nürburg | Buerg | Nürburg |
| Buerg Olbrück | Buerg | Niederdürenbach |
| Buerg Pfalzgrafenstein | Buerg | matzen am Rhäin bei Kaub |
| Schlass Philippsburg | zerstéiert | Koblenz |
| Buerg Reichenstein | Buerg | Trechtingshausen |
| Buerg Rheinfels | Buergruin | Sankt Goar |
| Rheinstein | Buerg | Trechtingshausen |
| Schlass und Buerg Sayn | Schlass, Buerg | Bendorf |
| Schlass Bürresheim | Schlass, Buerg | Sankt Johann (Mayen) |
| Schlass Stolzenfels | Schlass | Koblenz |
| Schmidtburg | Burgruin | Schneppenbach |
| Schönburg | Buerg | Oberwesel |
| Buerg Sooneck | Buerg | Niederheimbach |
| Buerg Stahleck | Buerg | Bacharach |
| Räichsbuerg Trifels | Buerg | Annweiler am Trifels |
| Schlass Montabaur | Schlass | Montabaur |
| Buerg Thurant | Buerg | Alken |
| Zitadell vu Mainz | Festung | Mainz |
Politik |
D'Ministerpresidenten zanter dem 13. Juni 1947:
13. Juni 1947 – 9. Juli 1947: Dr. Wilhelm Boden, CDU
1947 – 1969: Dr. h.c. Peter Altmeier, CDU
1969 – 1976: Dr. phil. Dr. h. c. mult. Helmut Kohl, CDU
1976 – 1988: Dr. phil. Bernhard Vogel, CDU
1988 – 1991: Dr. Carl-Ludwig Wagner, CDU
1991 – 1994: Rudolf Scharping, SPD
1994 – haut: Kurt Beck, SPD
Um Spaweck |
- Ausféierlech Beschreiwung vum Wope vu Rheinland-Pfalz
Commons: Rhineland-Palatinate – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Kategorie:
- Rheinland-Pfalz
(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.120","walltime":"0.158","ppvisitednodes":"value":479,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":7639,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":209,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":6,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 63.201 1 -total"," 62.63% 39.586 1 Schabloun:Navigatioun_Bundeslänner_vun_der_BRD"," 58.26% 36.821 1 Schabloun:Navbox"," 15.29% 9.663 1 Schabloun:Commonscat"," 10.44% 6.595 1 Schabloun:Commons"," 8.72% 5.512 3 Schabloun:Div_col"," 5.04% 3.183 1 Schabloun:Link-Bild"," 4.06% 2.567 1 Schabloun:Small"," 3.98% 2.518 3 Schabloun:Column-count"," 3.81% 2.407 3 Schabloun:Div_col_end"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.008","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":702235,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1296","timestamp":"20191105174937","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Rheinland-Pfalz","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Rheinland-Pfalz","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q1200","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q1200","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-02-27T23:46:36Z","dateModified":"2019-08-24T11:36:21Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/b/b7/Flag_of_Rhineland-Palatinate.svg","headline":"Land vun der Bundesrepublik Du00e4itschland"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":195,"wgHostname":"mw1328"););