Wikipedia op Lëtzebuergesch Inhaltsverzeechnes Geschicht | Literatur | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüZehn Jahre Wikipedia "op Lëtzebuergesch"Stats LB Wiki at a glanceStatistike vun der Wikimedia Fondatioun
Wikipedia no SproochenLëtzebuergesch Sprooch
Lëtzebuerger SproochEnzyklopedieWikipediaBriséisWikipedia[1]Enzyklopedie[2]Geschicht[3]Herodot[4]Matthew Perry[5]
Wikipedia op Lëtzebuergesch
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
D'Wikipedia op Lëtzebuergesch (oder och: Lëtzebuergesch Wikipedia) ass d'Versioun a Lëtzebuerger Sprooch vun der Online-Enzyklopedie Wikipedia. Si gouf am Juli 2004 kreéiert.
Ablécklech gëtt et genee 56.192 Artikelen op dëser Wikipedia-Versioun.
Inhaltsverzeechnes
1 Geschicht
2 Literatur
3 Um Spaweck
4 Referenzen
Geschicht |
D'Initiativ vun enger lëtzebuergescher Versioun vu Wikipedia goung op d'Benotzerin Briséis zréck, déi am Juli 2004 d'Versioun lb.wikipedia.org bei der Wikimedia Foundation ugefrot an d'Text-Coden, z. B. fir d'Navigatioun, iwwersat huet. Den éischten Artikel ("Wikipedia") goung den 21. Juli 2004 um 10:57 online (1. Versioun: [1]). Et koumen no: Enzyklopedie um 15:42 (1. Versioun: [2]), Geschicht (15:54; 1. Versioun: [3]), Herodot (21:09; 1. Versioun: [4]) a Matthew Perry (22:15, 1. Versioun: [5]).
Zanterhier kommen an der Moyenne eng 8 Artikelen den Dag bäi.[1] Den 10. September 2004 waren déi éischt 1.000 Artikele beieneen, an den 23. Juli 2006 gouf deen 10.000. Artikel ugeluecht.[2]
Am Juli 2014, fir den 10. Gebuertsdag vun der Wikipedia op Lëtzebuergesch, gouf d'Zuel vun zirka 41.400 Artikelen erreecht. Am Summer 2014 gouf op den 10. Gebuertsdag duerch en adaptéierte Wikipedia-Logo higewisen. Den 10. September 2017 gouf de 50.000sten Artikel geschriwwen.
D'Zuel vun de registréierte Benotzer läit bei imposanten 43.037, dovu sinn déi allermeescht awer Leit déi e globale Benotzerkont hunn, mat deem s'op alle Sproochversioune vu Wikipedia ugemellt sinn, och wa se nëmmen op enger oder e puer dovun aktiv sinn (an deemno nëmmen e Brochdeel dovun op dëser). "Aktiv Benotzer" (d. h. déi, déi op d'mannst eng Ännerung am Mount maachen) sinn et der op der lëtzebuergescher Wikipedia am Ament 84; där, déi méi wéi 5 Ännerungen am Mount maachen, an der Moyenne knapps 30, a "ganz aktiv" (d. h. déi, déi méi wéi 100 Ännerungen am Mount maachen) sinn et ëm déi aacht.[1]
Literatur |
- Mika Wagner: Luxemburger Wort vum 1. September 2014, S. 11: Wikipedia "op Lëtzebuergesch", och op wort.lu: Zehn Jahre Wikipedia "op Lëtzebuergesch"
Um Spaweck |
Commons: Wikipedia op Lëtzebuergesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Stats LB Wiki at a glance op wikimedia.org
Referenzen
↑ 1,01,1 Statistike vun der Wikimedia Fondatioun
↑ Wikipedia:Ierbessenzielereien/Archiv
Kategorien:
- Wikipedia no Sproochen
- Lëtzebuergesch Sprooch
(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.044","walltime":"0.067","ppvisitednodes":"value":101,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":1695,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":181,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":792,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 17.397 1 -total"," 60.46% 10.518 1 Schabloun:Referenzen"," 39.19% 6.817 1 Schabloun:Commonscat"," 29.14% 5.069 1 Schabloun:Clr"," 24.68% 4.293 1 Schabloun:Commons"," 12.83% 2.232 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1333","timestamp":"20190407001553","ttl":3600,"transientcontent":true););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Wikipedia op Lu00ebtzebuergesch","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Wikipedia_op_L%C3%ABtzebuergesch","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q950058","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q950058","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2013-02-25T10:57:07Z","dateModified":"2017-09-11T09:59:25Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/7/79/Chart_development_of_articles_in_lb-wiki_%2801-15%29.png","headline":"Wikipedia-Sproochversioun"(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":179,"wgHostname":"mw1333"););