Skip to main content

Wikipedia Inhaltsverzeechnes Bedeitung vum Numm | Urspronk vum Projet | Haaptcharakteristiken | Geschichtleches | Mataarbechter | Technesch Aspekter | Déi verschidde Wikipediaen | D'Datebank eroflueden | Um Spaweck | NavigatiounsmenüThe Free Universal Encyclopedia and Learning Resource

WikipediaErasmuspräis


EnzyklopedieWikikonzeptlëtzebuergesch Versiounhttp://lb.wikipedia.orgNupediaFree Software FoundationRichard StallmanThe Free Universal Encyclopedia and Learning ResourceWorld Wide WebRegelen a RecommandatiouneJimmy WalesLarry Sanger20. Juni2003http://wikimediafoundation.orgw:User:Jimbo Wales/Pushing To 1.021. Juli2004WikipedianerWikiWikiWebsHTMLMediaWikikomplett Lëscht vu Wikipediaenhttp://download.wikipedia.org












Wikipedia




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


Wikipedia ass eng fräi multilingual Enzyklopedie, déi vu Fräiwëllege geschriwwe gëtt an um Wikikonzept baséiert. Enn 2015 gouf et 37.655.345 Artikelen an 289 Sproochen.


Déi lëtzebuergesch Versioun gouf den 21. Juli 2004 gegrënnt an huet momentan 56.192 Artikelen. Et fënnt een s'ënner http://lb.wikipedia.org.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Bedeitung vum Numm


  • 2 Urspronk vum Projet


  • 3 Haaptcharakteristiken


  • 4 Geschichtleches


  • 5 Mataarbechter


  • 6 Technesch Aspekter


  • 7 Déi verschidde Wikipediaen


  • 8 D'Datebank eroflueden


  • 9 Um Spaweck




Bedeitung vum Numm |


Wikipedia besteet aus:



  • Wiki, wat vu wiki wiki kennt a séier op Hawaianesch heescht,


  • pedia, aus dem griichesche paideia, wat souvill bedeit wéi Educatioun.


Urspronk vum Projet |


Genee wéi Nupedia gëtt Wikipedia vun der Free Software Foundation vum Richard Stallman ënnerstëtzt. De Stallman ass eng vun de Persounen, déi als éischt d'Iddi vun enger fräier universeller Enzyklopedie vertrueden hunn (liest dozou och "The Free Universal Encyclopedia and Learning Resource").



Haaptcharakteristiken |


De Wikipediaprojet huet dräi Haaptcharakteristiken, déi en am World Wide Web definéieren an eenzegaarteg maachen:


  • De Wikipediaprojet ass eng Enzyklopedie—a keen Dictionnaire, e Forum, etc. Liest heizou och wat Wikipedia net ass.

  • De Projet ass ausserdeem e Wiki. E Wiki erlaabt d'Kreatioun an d'Modifikatioun vun all Säit vu jiddwerengem. Wikipedia ass déi éischt generell Enzyklopedie, déi ënner dësem Format gegrënnt gouf.

  • Wikipedia ass "fräi", ënner der Lizenz CC-by-sa. D'fräi Texter ginn dem "grand public" vum Proprietär vun der Lizenz offréiert, an erlabe jiddwerengem den Text emzeänneren a weiderzeverbreeden. All User kann de Contenu vu Wikipedia, souguer fir kommerziell Zwecker, benotzen, wann ee Wikipedia als seng Quell ugëtt an d'Lizenz respektéiert.

D'Mataarbechter vu Wikipedia schaffen zesumme Regelen a Recommandatioune aus, fir datt de Projet gutt leeft.



Geschichtleches |


De Projet gouf vum Jimmy Wales an dem Larry Sanger den 10. Januar 2001 gegrënnt. Et war am Ufank just en Deel vun Nupedia a sollt dozou déngen, d'Nupedia mat Contenu vu baussen ze fidderen. Well d'Kommautéit vun Nupedia awer staark Oppositioun géint deen oppene Projet gemaach huet, ass e schonn no e puer Deeg, de 15. Januar 2001, ënner dem Numm Wikipedia op eng eegen Internetsäit geplënnert. De Larry Sanger huet dat éischt Joer déi englesch Versioun geleet.


E puer Méint drop sinn dunn déi éischt Wikipediaen an aner Sproochen entstanen. Den Ufank huet de 16. Mäerz 2001 déi katalanesch Wikipedia gemaach.


Aner Projeten am Zesummenhank mat Wikipedia:



  • Wiktionnaire: een Dictionnaire an Thesaurus op wiktionary.org, deen den 12. Dezember 2002 an d'Liewe geruff gouf;


  • Wikiquote: eng Usammlung vun Zitater, ze fannen op http://wikiquote.org/, besteet zanter dem 27. Juni 2003;


  • Wikibooks: eng online Bibliothéik, déi sech u Studente riicht, http://www.wikibooks.org, gegrënnt den 10. Juli 2003.

Den 20. Juni 2003 gouf d'Fondatioun Wikimedia (http://wikimediafoundation.org) gegrënnt, fir déi verschidde Projete vu Wikipedia ze geréieren an ze finanzéieren.


Eng Pabeier/CD-ROM Versioun gouf am August 2003 vum Jimbo Wales proposéiert. Liest heizou w:User:Jimbo Wales/Pushing To 1.0.


Den 21. Juli 2004 ass déi lëtzebuergesch Versioun vun der Wikipedia aus der Daf gehuewe ginn.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wikipedia op Lëtzebuergesch



Mataarbechter |


U Wikipedia schaffen dagdeeglech eng grouss Zuel vu Mataarbechter, Wikipedianer genannt.


Et gëtt eigentlech kee richtege "Chef" vu Wikipedia. Während 13 Méint gouf de Larry Sanger vu Bomis, der Firma vum Jimbo Wales, als Chefredakter vun der englescher Wikipedia bezuelt. Am Februar 2002 huet hien demissionéiert. Aktuell a fréier Mataarbechter vu Bomis schaffen um Projet mat, sou z. B. den Tim Shell fir d'Enzyklopedie oder den Jason Richey an den Toan Vo als Developpeuren.



Technesch Aspekter |


Wikipedia a seng Parallel-Projete si fräi WikiWikiWebs. D'Wikien sinn dynamesch Websäiten, wou all Visiteur d'Säit déi e grad liest modifizéiere kann. De WikiWiki ass nach méi einfach wéi HTML.


Op Wikipedia kann all Mënsch säi Pefferkär zu engem Artikel bäidroen, Feeler verbesseren an zesumme mat aneren u kniwwelegen Theme schaffen. De kompletten Historique vun de Kontributioune bleift ëmmer gespäichert.


Wikipedia funktionéiert mam fräie Logiciel MediaWiki.



Déi verschidde Wikipediaen |


Am August 2010 gëtt et d'Wikipedia an 272 Sproochen. 192 dovun hu méi wéi 1.000 Artikelen an 32 hunn der méi wéi 100.000 Artikelen. D'Versioune mat de meeschten Artikele sinn déi engleschsproocheg (3.366.789), déi däitsch (1.100.864), déi franséisch (975.941), déi polnesch (718.012) an déi italienesch (711.238) (Stand 1. August 2010). Kuckt heizou och déi komplett Lëscht vu Wikipediaen.



D'Datebank eroflueden |


All d'Datebanke kënnen hei erofgeluede ginn: http://download.wikipedia.org



Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Wikipedia – Biller, Videoen oder Audiodateien



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Wikipedia&oldid=2149047“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.024","walltime":"0.038","ppvisitednodes":"value":108,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":1729,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":125,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 9.883 1 -total"," 75.65% 7.476 1 Schabloun:Commonscat"," 51.76% 5.115 1 Schabloun:Commons"," 25.24% 2.494 1 Schabloun:Link-Bild"," 23.19% 2.292 1 Schabloun:Méi_Info_1"],"cachereport":"origin":"mw1325","timestamp":"20190406232705","ttl":3600,"transientcontent":true););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Wikipedia","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Wikipedia","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q52","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q52","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2004-07-21T08:57:42Z","dateModified":"2018-12-29T17:37:56Z"(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":206,"wgHostname":"mw1325"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?