Skip to main content

Munneref Inhaltsverzeechnes Geographie | Geschicht | Bekannt Munnerefer Leit | Kuckeswäertes | Literatur | Illustratiounen | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen Navigatiounsmenü49° 30’ 20’’ N06° 16’ 33’’ OD'Gemeng MunnerefDe Syndicat d'initiative vu MunnerefSyvicolWebsäit vum Aikido Club MondorfDen Pdf vum Arrêté am Legilux

Kanton RéimechGemeng MunnerefUertschaften zu Lëtzebuerg


Kanton RéimechGemeng MunnerefGanderMondorffKaaschtelRéimerkeltescherMetzTréierDiddenuewenOochenVersailler Vertrag176919. JoerhonnertMonopolThermalquellThermalbad187218781886Jugendstil












Munneref




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen





Disambig.svg
Dës Säit beschäftegt sech mat der Lëtzebuerger Uertschaft Munneref. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Munneref (Homonymie).


















Munneref
Aussprooch

An anere Sproochen
fr: Mondorf-les-Bains
de: BadMondorf
Land
Lëtzebuerg
Kanton
Réimech
Gemeng
Coat of arms mondorf les bains luxbrg.png Munneref
Buergermeeschter
Steve Reckel (DP)
Awunner
3755 (15.01.2014)
Fläch
551,0317 ha
Koordinaten
49° 30’ 20’’ N
06° 16’ 33’’ O


Munneref ass eng Uertschaft am Kanton Réimech an Haaptuert vun der Gemeng Munneref.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Geographie


  • 2 Geschicht

    • 2.1 Markant Datumer



  • 3 Bekannt Munnerefer Leit


  • 4 Kuckeswäertes


  • 5 Literatur


  • 6 Illustratiounen


  • 7 Kuckt och


  • 8 Um Spaweck


  • 9 Referenzen




Geographie |


Munneref läit un der Gander resp. Albaach, déi d'Grenz mat Frankräich mécht. Op der Südsäit läit d'Dierfche Mondorff.



Geschicht |




En typescht Jugendstilhaus an der Avenue des Bains.


Déi éischt Awunner op der Plaz ware Kelten. D'Réimer sinn ëm -65 an d'Géigend komm an aus dëser Zäit staamt de Kaaschtel, déi d'Réimer op enger keltescher Festung gebaut hunn. De Kaaschtel sollt d'Strooss Metz-Tréier schützen.


D'Franken hunn dunn der Uertschaft hiren Numm ginn. Dem Karl dem Grousse seng Niess "Muomina" huet all hir Gidder der Iechternacher Abtei vermaacht, dorënner war och dat klengt Duerf, dat dunn "Muomendorph" gedeeft gouf. De Karl de Groussen huet d'Hildegarde de Thionville bestuet a war doduerch gezwongen, d'Streck Diddenuewen - Oochen méi dacks ze fueren, soudatt hie Relaise baue gelooss huet, sou och eng Residenz zu Munneref.


Munneref läit op der Grenz tëscht dem germaneschen a romaneschen Deel vun Europa an huet doduerch ëmmer ënner Kricher gelidden, d'Duerf gouf dacks geplënnert an ofgebrannt.


De Versailler Vertrag vun 1769 zitt déi haiteg Grenz tëscht Lëtzebuerg a Frankräich an deelt domat d'Duerf Mondorff an zwéin Deeler.


D'hollännesch Herrschaft am 19. Joerhonnert huet d'Schicksal vum fréiere Baueren- a Wënzerduerf nohalteg geännert. Wéinst dem hollännesche Monopol an den extrem héije Präisser vum Salz gouf am ganze Land dichteg no eegene Salzlageren gesicht.


De Munnerefer Notaire Ledure, deen heefeg op Oochen a Kur goung, huet fonnt datt d'Waasser vun enger Munnerefer Baach dem Oochener Thermal(-salz-)waasser am Gout geglach huet. No erfollegräicher Buerung gouf eng Thermalquell fonnt, soudatt der Grënnung vun engem Thermalbad näischt méi am Wee stoung. D'Hotellerie ass zu Munneref zum Wirtschaftsfaktor Nummer 1 avancéiert.


1872 gëtt am Lëtzebuergesche Mondorff deen éischte Postbüro opgemaach. Well deemools e Stempel geliwwert gouf deen e Feeler am Numm opweises hat, Mondorf mat nëmmen engem "f", ass dës Orthographie du bäibehale ginn.


Duerch d'Gesetz vum 28. August 1878 krut d'Uertschaft d'Recht fir sech Mondorf-les-Bains ze nennen.


1886 keeft de Staat d'Thermalbad op, well d'Bedreiwergesellschaft a Schwieregkeete war. Dëst war den Ufank vum gëllenen Zäitalter vu Munneref. Zu där Zäit sinn eng Partie nei Hoteller a Privathaiser am Jugendstil ("Ecole de Nancy") gebaut ginn.



Markant Datumer |



  • 1882: Munneref kritt en Uschloss un d'Eisebunnsnetz, iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Réimech


  • 1886: De Staat iwwerhëlt d'Thermalbad.


  • 1905: Duerch den Uschloss vu Munneref un d'franséischt Eisebunnsnetz via d'Streck Diddenuewen-Munneref gouf d'Munnereffer Gare eng international Gare.

  • Den 20. September 1949 war de Welttourismuskongress zu Munneref (Congrès mondial du tourisme).


Bekannt Munnerefer Leit |


  • Den Notaire Jacques-Gustave Lessel[1], deen de 4. November 1879 zum Chamberpresident [1] gewielt gouf.


  • Frantz Clément, Journalist a Schrëftsteller (gebuer den 3. November 1882 zu Munneref, ëmbruecht am KZ Dachau den 2. Juni 1942). Hie war Korrespondent vun der FAZ zu Paräis. Eng Haaptstrooss, d'Avenue François Clement, ass zu Munneref no him benannt.


  • Arthur Didderich, Historiker, huet eng Rei Publikatiounen iwwer d'Geschicht vu Lëtzebuerg a vu Munneref erausginn (gestuerwen de 4. Mee 1950 zu Paräis)

  • D'Sportler Fränk Schleck an Andy Schleck.

  • De Kraaftmënsch John Grün.


Kuckeswäertes |


  • D'Thermalbad

  • De Lëtzebuerger Fligereimusée

  • D'Synagog

  • D'Monument fir de John Grün

  • De Maus-Ketti-Sprangbur vum Wil Lofy

  • Bemierkenswäert Beem:
    • Zwéi Ginkgoen an eng Platan am Park vum Hôtel du Grand-Chef

    • Birebeemallee vu Munneref op Éimereng



Literatur |



  • Bosseler, Fernand, 1979. Bad Mondorf durch die Geschichte. Heimat und Mission Jg. 53 (1979) n° 1/2: 21-22. Clairefontaine (B).


  • Gerges, Martin (éd.), 1997. Mondorf, son passé, son présent, son avenir. Mondorf le Domaine thermal et les éditions Les publications mosellanes. 614 p. Imprimerie Victor Buck. ISBN 2-919975-06-4.


  • Tanson, Lé, 1981. Chronik der "Stadt" und Gemeinde Bad Mondorf. Éd.: Administration communale de Mondorf-les-Bains. 414 p.


Illustratiounen |



Kuckt och |



  • Ashcan - d'Gefaangenelager fir d'Nazi"bonzen" um Enn vum Zweete Weltkrich

  • Munnerefer Dichterdeeg

  • Hotel Grand-Chef

  • Kierch Munneref

  • Kaaschtel

  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen

  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften

  • Lëtzebuerger Kantonen

  • Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg

  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Munneref – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • D'Gemeng Munneref

  • De Syndicat d'initiative vu Munneref

  • Syvicol

  • Websäit vum Aikido Club Mondorf



Referenzen



  1. Arrêté royal grand-ducal du 27 octobre 1851 portant nomination du sieur J.-G. Lessel aux fonctions de notaire dans le canton de Remich, à la résidence de Mondorf. Den Pdf vum Arrêté am Legilux




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Munneref&oldid=2167900“










Navigatiounsmenü


























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.436","walltime":"0.540","ppvisitednodes":"value":716,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":10751,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":1476,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":11,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":3,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":2783,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":4,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 478.056 1 -total"," 86.53% 413.651 2 Schabloun:Infobox"," 85.74% 409.874 1 Schabloun:Infobox_Uertschaft_Lëtzebuerg"," 72.99% 348.947 20 Schabloun:If_empty"," 59.45% 284.198 22 Schabloun:Wikidata"," 4.36% 20.832 1 Schabloun:Buergermeeschter_Munneref"," 1.82% 8.701 1 Schabloun:Referenzen"," 1.81% 8.633 1 Schabloun:Br_separated_entries"," 1.61% 7.694 1 Schabloun:Commonscat"," 1.43% 6.842 1 Schabloun:PAGENAMEBASE"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.301","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":7622949,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1272","timestamp":"20190404151521","ttl":2592000,"transientcontent":false);mw.config.set("wgBackendResponseTime":100,"wgHostname":"mw1252"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?