Skip to main content

Wikipedia:Iwwer d'Wikipedia Wéini huet Wikipedia ugefaangen ? Den oder D'Wikipedia ? Wéi funktionéiert Wikipedia ? Wéi kann ech sécher sinn, datt d'Informatiounen eppes daachen ? Wiem gehéiert d'Wikipedia ? Benotze vum Inhalt vu WikipediaAner Sproochen a Projeten Serveren, Software an Developpement Wien dirigéiert Wikipedia ? Wat ass den Intressi fir matzemaachen ? Funktionéiert et ? Sinn all Wikipediaen um selwechte Server ? Ech hunn Objektiounen zum Wikipedia-KonzeptIntern KommunikatiounenNavigatiounsmenüNummnennung-Weidergab ënnert de selwechte Bedingungen 3.0 Unportedbenevolent dictatorServerenComplete list of Wikimedia projectsStatistikWiktionaryNupediaEnciclopedia libreDeveloper StatusStewardsDonatiounenWat Wikipedia am schlëmmste Fall geschéie kéint

WikipediaWikipedia FAQ


FAQ fir LieserFAQ fir déi, déi matschaffenFAQ fir d'AdministratiounDiskussiounssäite FAQBiller FAQTechnesch FAQRechtlechesenzyklopedescheWikiWikiCreative CommonsNummnennung-Weidergab ënnert de selwechte Bedingungen 3.0 UnportedGNU Free Documentation Licensehttp://www.wikipedia.org/Jimbo WalesBomisWikiMediaWikiKont mat eegenem Benotzernummw:Jimbo WalesBomisbenevolent dictatorServerenWikimedia FondatiounGFDLGNU Free Documentation LicenseCreative Commonshttp://meta.wikipedia.org/multilingual KoordinatiounStatistikMediaWikihttp://wikipedia.sourceforge.net/Developer StatusAdministratorenStewardsStatistikDonatiounenWat Wikipedia am schlëmmste Fall geschéie kéintUserlëschtStaminee












Wikipedia:Iwwer d'Wikipedia




Vu Wikipedia

(Virugeleet vu(n) Wikipedia:Iwwer)





Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen



Wikipedia-FAQ-Sammlung
FAQ fir Lieser |
FAQ fir déi, déi matschaffen |
FAQ fir d'Administratioun |
Diskussiounssäite FAQ |
Biller FAQ |
Technesch FAQ |
Rechtleches



Wikipedia ass en enzyklopedesche Projet vum Typ WikiWiki, fräi a gratis. Am Februar 2004 hat de Projet eng ronn 500.000 Artikelen a 50 verschiddene Sproochen opweises, am August 2013 scho méi wéi 100 Milliounen Artikelen an iwwer 280 Sproochen. D'Säiten op Wikipedia ginn ënnert der Creative Commons-Lizenz "Nummnennung-Weidergab ënnert de selwechte Bedingungen 3.0 Unported" (CC-BY-SA) an der GNU Free Documentation License (GFDL) publizéiert.


De Sënn vun enger Enzyklopedie ass et, Wëssen ze resuméieren an d'Wëssen ënnereneen ze verbannen.



Wéini huet Wikipedia ugefaangen ?


De 15. Januar 2001 huet d'Wikipedia op Englesch ugefaangen: http://www.wikipedia.org/ . Ee vun de Grënner ass den Jimbo Wales, Propriétaire vun der Firma Bomis.


Duerno si lues a lues ëmmer méi Wikipediaen an anere Sproochen derbäikomm. D'Wikipedia op Lëtzebuergesch ass den 21. Juli 2004 entstanen.



Den oder D'Wikipedia ?


Eigentlech steet d'Wuert Wikipedia fir dräi verschidde Saachen:


  • d'Enzyklopedie Wikipedia, woubai encyclopædia aus dem Laténgesche kënnt an do weiblech ass. Och op Lëtzebuergesch ass et eng Enzyklopedie.

  • de Projet Wikipedia, fir dës Enzyklopedie ze schreiwen, de Wikipedia.

  • d'Wikipedia Software déi de Site ënnerstëtzt.

D'Häerzstéck vu Wikipedia, d'Enzyklopedie, bitt also un, de weiblechen Term ze benotzen, also d'Wikipedia.



Wéi funktionéiert Wikipedia ?


Kuckt heizou och: Wéi änneren ech eng Säit


Nom Wiki Prinzip an der adaptéierter Software MediaWiki. Am Ament schaffen eng 20 Leit bei der lëtzebuergescher Wikipedia mat, bei der englescher sinn et der e puer dausend.


Jidderee kann en Artikel schreiwen oder änneren. D'Auteure kënne sech e Kont mat eegenem Benotzernumm opmaachen, mä dat ass net obligatoresch. Registréiert Auteuren hunn eng eege Säit an extra Funktiounen zur Verfügung, zum Beispill de Suivi vun hiren Artikelen. Eigentlech sinn déi meescht Auteure registréiert.



Wéi kann ech sécher sinn, datt d'Informatiounen eppes daachen ?


Déi Fro kéint ee sech eigentlech zu all Moment stellen, op mir elo Radio lauschteren, Fernseh kucken oder eben en Artikel op Wikipedia liesen. Den Ënnerscheed bei Wikipedia ass, datt wann Dir op eppes stousst wat ärer Meenung no falsch ass, da kënnt Dir et direkt ännere goen. En Artikel ass dacks d'Aarbecht vun honnerte vun Hänn déi e getippt hunn, a probéiert hunn eng gutt Aarbecht ze leeschten.



Wiem gehéiert d'Wikipedia ?


Kuckt heizou och: Wikimedia


Dat ass eng gutt Fro. Bis am Summer 2003 huet den w:Jimbo Wales, oder éischter seng Firma Bomis d'Wikipedia kommanditéiert, dat heescht d'Serveren zur Verfügung gestallt an déi fälleg Rechnunge bezuelt. Den Jimbo gëtt och nach "benevolent dictator" genannt.


Zur Zäit gehéieren d'Serveren der Wikimedia Fondatioun, déi 2003 gegrënnt gouf. Bomis stellt nach ëmmer d'Internetverbindung zur Verfügung.


D'Artikele ginn ënnert der GFDL publizéiert, sinn also fräi a gehéieren der Fondatioun net.


D'Wikipedia gehéiert eigentlech kengem oder eis alleguer zesummen a virun Allem jidder Eenzelnen.


Benotze vum Inhalt vu Wikipedia


D'Zil vu Wikipedia ass et, eng Informatiounssource ze schafen a Form vun enger Enzyklopedie, déi jidderengem gratis zur Verfügung steet. De Contenu ka kopéiert, verännert, a weiderverbreet ginn, mä all nei Versioun steet obligatoresch ënner derselwechter Lizenz a muss Wikipedia als Source uginn.


An deem Sënn stinn d'Artikelen op Wikipedia ënner der GNU Free Documentation License an der Creative Commons-Lizenz Nummnennung - Weidergab ënnert deselwechte Bedingungen 3.0 (unported), déi d'Fräiheet vum Contenu garantéieren. Haaptsächlech:


  • De Contenu vu Wikipedia ass fräi

  • Jiddereen huet d'Recht ze kopéieren

  • Jiddereen huet d'Recht ze änneren, hei oder anzwousch anescht

  • Wikipedia muss als Source genannt ginn

  • All Kopie oder Ännerung ënnerläit deselwechte Konditiounen

Aner Sproochen a Projeten


Kuckt heizou och:Complete list of Wikimedia projects


De Projet gouf op Englesch gestart, an no engem immense Succès sinn aner Sproochen nogezunn.


Fir d'Koordinatioun tëscht de Sproochen ze vereinfachen, benotze mer Diskussiounslëschten an der Meta: http://meta.wikipedia.org/ . Et ginn Ambassade fir d'multilingual Koordinatioun.


Ëm déi 80 Sprooche sinn aktiv, mä et ginn der allerdéngs ëm déi 200.


Wikipedia a regionalen Dialekter:


  • op bretonesch: http://br.wikipedia.org/

  • op katalanesch: http://ca.wikipedia.org/

  • op elsässesch: http://als.wikipedia.org/

Dir kënnt Iech och d'Statistik ukucken, a mol luusse wou Lëtzebuerg steet.


Aner Projeten



  • Wiktionary, en Dictionnaire an Thesaurus


  • Nupedia, eng Enzyklopedie


  • Enciclopedia libre, eng fräi Enzyklopedie op spuenesch


Serveren, Software an Developpement


Wikipedia benotzt eng Freeware ënnert der GPL Lizenz, MediaWiki genannt, déi op http://wikipedia.sourceforge.net/ disponibel ass. De Site leeft am Ament op Linux Servere mat Apache, PHP, MySQL an Squid.


D'Maintenance vun de Serveren an den Developpement vun der Applicatioun gëtt vu fräiwëllege Useren mat Developer Status gemaach.



Wien dirigéiert Wikipedia ?


Keen dirigéiert Wikipedia, mä verschidde Useren hu speziell Funktiounen, dat sinn d'Administratoren. Si kënne Säite läschen a blockéieren, an och en anere User spären. Administratore ginn normalerweis duerch allgeméngen Accord gewielt, wann d'Noutwennegkeet besteet.


D'Bureaukrate si lokal Administratoren déi engem anere User Administrator-Rechter kënne ginn.
D'Stewards kënnen de Status vun all User um ganze Wikimedia-Projet änneren.


Dësen administrative Status huet keng weider Konsequenzen op de concernéierte Leit hir Aarbecht als Auteur.



Wat ass den Intressi fir matzemaachen ?


Léieren a weider matdeelen.



Funktionéiert et ?


Ganz gutt esouguer ! Mir hu schon eng ganz Rëtsch Artikelen opweises an et ginn der ëmmer méi. (Kuckt heizou och d'Statistik)


Wikipedia ass déi meeschtbesicht enzyklopedesch Homepage op der Welt an och de gréisste Wiki. D'Zuel vun Artikelen an enger anerer Sprooch wéi Englesch huet déi englesch Wikipedia ewell iwwerholl.



Sinn all Wikipediaen um selwechte Server ?


Jo an nee. Bis de Summer 2002 war nëmmen déi englesch Wikipedia an der phase 3 (drëtt Versioun vun der Software) an déi aner Wikipediae waren op engem anere Server. D'Wikipediaen déi an d'drëtt Phase komm sinn, goufen am Hiescht 2002 lues a lues beienee gefouert.


Am Fréijoer 2003 koum en zweete Server fir z'ënnerstëtze bäi, an déi englesch Wikipedia war op en Neist vun deenen anere getrennt.


Am Hierscht 2003 sinn duerch en immensen Traffic d'Käschten enorm an d'Lucht gaangen, an et ginn Donatiounen ugeholl.


Den 13. Februar 2004 sinn 9 nei Servere bäikomm. Sie stinn all der Wikipedia zur Verfügung.


Ech hunn Objektiounen zum Wikipedia-Konzept


Liest heizou Wat Wikipedia am schlëmmste Fall geschéie kéint (en).


Intern Kommunikatiounen


Fir intern mateneen ze kommunizéieren, benotze mer d'Diskussiounssäiten vun de jeweilegen Artikelen, eis eege Säiten (Userlëscht) an de Staminee.









Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Wikipedia:Iwwer_d%27Wikipedia&oldid=2061751“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.028","walltime":"0.039","ppvisitednodes":"value":68,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":544,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":2,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 9.755 1 Schabloun:WikipediaFAQ","100.00% 9.755 1 -total"],"cachereport":"origin":"mw1275","timestamp":"20190328143459","ttl":2592000,"transientcontent":false);mw.config.set("wgBackendResponseTime":123,"wgHostname":"mw1262"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?