Skip to main content

Esch-Uelzecht Inhaltsverzeechnes Geschicht | Politik | Quartiere vun Esch-Uelzecht | Transport | Nopeschgemengen | Kulturariichtungen | Schoulgebaier zu Esch | Reliéis Gebaier | Bekannt Escher | Partnerschafte mat auslännesche Stied | Interkommunal Syndikater | Kuriéises | Literatur | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen Navigatiounsmenü49° 29’ 49’’ N05° 58’ 50’’ Ohttp://www.esch.luSTATECOffiziell Säit vun der Escher GemengGeographesch Kaarte vun EschD'Gemeng Esch-Uelzecht op der Websäit vum SyvicolRäichhalteg Privatsammlung vun Archivbiller an aktuelle FotoenTICELoi du 6 juillet 1876, concernant la création d'une nouvelle commune sous le nom de SchifflangeEsch wird Kulturhauptstadt.Esch/Alzette wird Kulturhauptstadt Europas."Decisioun gefall: Esch gëtt Kulturhaaptstad 2022."Gesetz vum 29. Mee 1906"D'Populatioun zu Esch läit elo offiziell bei 30.000 Awunner""Bürgerbeteiligung für Brache Arbed/Schifflingen in Startlöchern."" 'Rout Lëns' mat Liewe fëllen.""Wenn das der Josy wüsste.""CSV, Gréng an DP hu Koalitiounsaccord ënnerschriwwen."Plan interactif Eschä

BeetebuergDéifferdengDiddelengEsch-UelzechtFréisengKeelLeidelengMonnerechPéitengRecken op der MessRéiserRëmelengSchëfflengSuessem


Kanton Esch-UelzechtEsch-UelzechtStied zu LëtzebuergGemengen zu LëtzebuergUertschaften zu Lëtzebuerg


102GemengenGroussherzogtum LëtzebuergChef-lieuKanton mam selwechten NummUelzechtMinett1870MinièrenEisen- a Stolindustrie1970erBelvalSchëfflenger SchmelzEuropäesche ConseillitauescheKaunasEuropäescher KulturhaaptstadGemengesyndikatProSudPays-Haut Val d'AlzetteEisenzäitBoun-WisenäerzRëmelengarcheologeschen AusgruewungenSchlakenNeelKeltenRéimerzäitVëlkerwanderung12. Abrëll1128BullePoopstHonorius II.Jang de Blannen16. Mee13281677Louis XIV.Juli183012. Oktober1841Chef-lieuKanton Esch19. JoerhonnertTagebauGalerienMinettSchmelzenÉislekPolenItalienAl EschMetze SchmelzBrasseurs Schmelz31. August18766. JuliSchëfflengGemeng Schëffleng29. Mee1906GuillaumeAdolf-Emil-SchmelzUelzechtstroossÉischte WeltkrichWilhelm von Preußen1920allgemengt WalrechtVictor WilhelmARBEDSociété Métallurgique des Terres RougesÉilerenger19261929Weltwirtschaftskris1930Escher StadhausMaginot-LinnNaziSynagogStad LëtzebuergHitlerdäitschlandSowjetunioun10. September1944Stolkris80er198590erBelvalFonds BelvalUni LëtzebuergGebai fir ëffentlech Verwaltungenneie LycéeGemengerotProporz-WalsystemConseillerenAdy JungGeorges Mischo2017CSVDPDéi GréngGeorges MischoPanorama vun Esch (Quartieren Dellhéicht an Al Esch)Autobunn A4Stad LëtzebuergAutobunn A13PéitengSchengenA8Nationalstroossen N4N31CFL-Linne 6a6f6fDäitsch-OthGare Esch-UelzechtGare Belval-UniversitéTICEKantonRGTRLondon












Esch-Uelzecht




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


















Esch-Uelzecht

Coat of arms esch alzette luxbrg.png

Mairie Esch-sur-Alzette 01.jpg
d'Stadhaus

An anere Sproochen
fr: Esch-sur-Alzette
de: Esch-an-der-Alzette
Land
Lëtzebuerg
Kanton
Esch-Uelzecht
Buergermeeschter
Georges Mischo (CSV)
Awunner
35.382 (1 Januar 2019)
Fläch
2.365,09 Hektar
Koordinaten
49° 29’ 49’’ N
05° 58’ 50’’ O

Websäit
http://www.esch.lu


Map Esch-sur-Alzette.PNG
D'Gemeng Esch-Uelzecht (orange)
am Kanton Esch-Uelzecht (rout)





Vue op Esch 2006




Vue op Esch ëm 1600, vum Dippechdall (Wobrécken) aus




Esch-Uelzecht, 1860. Déi al Kierch St. Jean stoung do, wou haut d'Groussgaassschoul ass




Esch ~1900-1910.




De Krounprënz Wilhelm von Preußen, 1914, virun der Groussgaassschoul


D'Stad Esch-Uelzecht ass eng vun den 102 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm. Et gëtt keng aner Uertschaften an der Gemeng. Mat 35.382 Awunner (1 Januar 2019) ass Esch déi zweetgréisst Stad vum Land.


Laang en einfacht Bauerendierfchen, am Dall vun der Uelzecht, huet Esch mat der Entdeckung vun der Minett (ëm 1870), an der domat verbonnener Entwécklung vun de Minièren, der Eisen- a Stolindustrie, bannent e puer Joerzéngte seng Populatioun verzéngfacht. D'Strukturkris an deem Secteur, déi Mëtt der 1970er Joren ausgebrach ass, huet et mat sech bruecht, datt no an no all Minièren an e groussen Deel vun de Schmelzen zougemaach hunn.


Déi doduerch entstanen Industriebrooche sinn zum Deel am Gaang, nei bebaut ze ginn. Sou ginn a goufen zanter 2005 op Belval nei administrativ, kulturell an edukativ Gebaier, mä och Wunnengen, Büroen a Geschäfter gebaut, an an den 2020er Jore soll den Terrain vun der fréierer Schëfflenger Schmelz nei strukturéiert a bebaut ginn. Och op de fréier Sitte vu Terres-Rouges an Esch-Schëffleng sollen an den 2020er Joeren virun allem Wunnraum geschafe ginn.


Den 10. November 2017 gouf Esch vum Europäesche Conseil, op Recommendatioun vum zoustännege Comité, zesumme mam litauesche Kaunas, zur
Europäescher Kulturhaaptstad 2022 ausgewielt. Och déi 10 Gemenge vum Gemengesyndikat ProSud an déi vum Pays-Haut Val d'Alzette, déisäit der Grenz, solle matmaachen.[1][2][3]




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Geschicht

    • 1.1 Fréizäit bis 19. Joerhonnert


    • 1.2 Uganks 20. Joerhonnert


    • 1.3 Tëschekrichszäit


    • 1.4 Däitsch Okkupatioun 1940-1944


    • 1.5 Nokrichszäit 1945-1975


    • 1.6 Stolkris 1975-1985


    • 1.7 Nei Quartieren op de Frichen


    • 1.8 Entwécklung vun der Awunnerzuel



  • 2 Politik

    • 2.1 Zesummesetzung


    • 2.2 Buergermeeschteren



  • 3 Quartiere vun Esch-Uelzecht


  • 4 Transport


  • 5 Nopeschgemengen


  • 6 Kulturariichtungen


  • 7 Schoulgebaier zu Esch


  • 8 Reliéis Gebaier


  • 9 Bekannt Escher


  • 10 Partnerschafte mat auslännesche Stied


  • 11 Interkommunal Syndikater


  • 12 Kuriéises

    • 12.1 Fluchhafen


    • 12.2 Esch-Uelzecht am Sport



  • 13 Literatur


  • 14 Kuckt och


  • 15 Um Spaweck


  • 16 Referenzen




Geschicht |



Fréizäit bis 19. Joerhonnert |


Schonn zanter der Eisenzäit, virun iwwer 2.500 Joer, gouf um Territoire vun der haiteger Gemeng Esch Boun- a Wisenäerz veschafft; um Flouer 'Op der Gläicht', e Plateau tëscht Esch a Rëmeleng, goufen 2003-2006 bei archeologeschen Ausgruewungen Reschter vun Iewen, Schlaken, Neel a soss paleometallurgesch Zeie fonnt.[4] Och d'Kelten hunn sou do Eise gemaach. Nom Enn vun der Réimerzäit an der Vëlkerwanderung ass d'Wëssen dovu verluer gaangen.


Den 12. Abrëll 1128 ass Esch fir d'éischt Kéier, ënner dem Numm "Asch", an enger Bulle vum Poopst Honorius II. ernimmt ginn. De Jang de Blannen huet hir de 16. Mee 1328 den Titel "Fräi Stad" iwwerdroen.


Am Laf vun de Joerhonnerte gouf Esch ëmmer nees vu friemen Truppen iwwerfall, an dacks staark zerstéiert. 1677, op Uerder vum Louis XIV., hunn d'Stadmauere misse geschleeft ginn. Am Juli 1830 huet Esch dunn och nach säin Titel Stad verluer. Mä net laang duerno, den 12. Oktober 1841, gouf se duerch eng kinneklech-groussherzoglech Veruerdnung zum Chef-lieu vum neie Kanton Esch ernannt.


An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert ass et mat der industrieller Entwécklung ëmmer méi schëtzeg virugaangen. Fir d'éischt am Tagebau, duerno och a Galerien, gouf d'Minett ofgebaut, an an de Schmelzen, déi wéi Champignonen aus dem Buedem geschoss koumen, verschafft. Mat den neien Aarbechtsplazen ass och d'Populatioun vun Esch rasant an d'Luucht gaangen. D'Aarbechter koumen am Ufank aus anere Géigende vum Land, virun allem dem Éislek, mä scho fréi hu missen Aarbechtskräfte vu soss hier erbäigeruff ginn, aus den Nopeschlänner, mä och aus Polen an Italien. Esch huet sech dunn och iwwer säin historesche Stadkär (den haitege Quartier Al Esch) eraus ausgebreet: Ronderëm d'Schmelzen (Metze Schmelz, Brasseurs Schmelz) sinn nei Stroossen a Wunnengen entstanen (Quartiere Grenz an Neiduerf 1872, Hiel 1894-1904).


Den 31. August 1876 gouf, duerch Gesetz vum 6. Juli 1876, d'Uertschaft Schëffleng vun der Gemeng Esch-Uelzecht ofgetrennt fir déi eegestänneg Gemeng Schëffleng ze schafen.



Uganks 20. Joerhonnert |


Den 29. Mee 1906, huet de Grand-Duc Guillaume fir d'zweet Kéier Esch-Uelzecht zur Stad ernannt.[5]. Esch hat do 13.000 Awunner.


Tëscht 1909 an 1913 gouf eng nei Schmelz am Westen opgeriicht: d'Adolf-Emil-Schmelz op Belval. Dofir hu missen 91 Hektar Bësch (Clair-Chêne) ëmgehae ginn. Nei Aarbechterwunninge gi ronderëm gebaut: am Quartier Uecht an d'Cité Welter.


Vun 1910 u gouf de Quartier Brill urbaniséiert. Vill Immigranten aus Italien hunn do hiert Doheem fonnt. D'Uelzecht gouf iwwerdeckelt, an d'Uelzechtstrooss mat hiren Niewestroosse gouf zum neie Mëttelpunkt vun der Stad.


Am Éischte Weltkrich war zu Esch e puer Méint d'Generalquartéier vum däitschen Ierfprënz Wilhelm von Preußen, a gouf souzesoen an e Krichslazarett transforméiert. D'Schmelzen hunn déi Zäit net oder net vill produzéiert. Vill auslännesch Aarbechter sinn nees an hir Heemecht geplënnert.



Tëschekrichszäit |


1920 koum duerch dat nei agefouert allgemengt Walrecht fir d'éischt eng sozialistesch Majoritéit an d'Gemeng, mam Victor Wilhelm als Buergermeeschter. Weidere Wunnraum gouf geschaf duerch d'Gemeng, mä och d'ARBED an d'Société Métallurgique des Terres Rouges, deenen d'Schmelze gehéieren: laanscht d'Éilerenger Strooss, am Quartier Uecht an am Quartier Brouch. Tëscht 1926, dem Enn vun der däitscher Wirtschaftskris, an 1929, der Weltwirtschaftskris, huet Esch nach eng Kéier ee Bau-boom erlieft: am Quartier Dellhéicht gouf e Spidol gebaut, d'Spidol- an d'Emil-Mayrisch-Strooss sinn ugeluecht ginn. 1930 huet Esch 29.745 Awunner gezielt. 1937 gouf dat neit Escher Stadhaus ageweit.



Däitsch Okkupatioun 1940-1944 |


Direkt nom däitschen Iwwerfall, den 10. Mee 1940, gouf Esch, wéi aner Uertschafte laanscht d'franséisch Grenz, komplett evakuéiert, well gefaart gouf, d'däitsch Arméi géif un der Maginot-Linn hänke bleiwen, an doduerch Esch an e Schluechtfeld verwandelt ginn. Déi meescht Leit koumen an Zentral- oder Südfrankräich ënner. Wéinst der séierer franséischer Defaite koume se no e puer Wochen nees zréck. Bis op e puer Haiser, déi duerch eng Granat zerstéiert gi waren, gouf et keng gréisser Schied.


Wéi iwwerall zu Lëtzebuerg goufen och zu Esch d'Verwaltungsstrukture vum Nazi-Okkupant agefouert. D'Escher Synagog gouf, (wéi och déi an der Stad Lëtzebuerg) zerstéiert. Vum September 1942 u goufen Honnerte vun Zwangsaarbechter, sougenannt Ostarbeiter, déi virun allem aus dem vum Hitlerdäitschland besaten Deel vun Sowjetunioun koumen, an de Schmelzen an an de Galerien agesat. Esch gouf den 10. September 1944 vun den Amerikaneschen Truppe befreit.



Nokrichszäit 1945-1975 |


Nom Krich huet Esch sech weider ausgebreet, an den 1950er Jore si besonnesch zu Lalleng, am Bruch an zu Raemerech nei Quartieren entstanen. An den 1960er/70er Jore war et besonnesch Wobrécken, dat bebaut gouf.



Stolkris 1975-1985 |


Esch gouf, wéi aner Stied am Minett och, besonnesch haart vun der Stolkris getraff, virun allem sinn d'Recetten däitlech zréckgaangen. Doduerch konnt d'Renovéierung vum ale Stadkär, deen zimlech delabréiert war, eréischt an der Mëtt vun den 80er Joren an Ugrëff geholl ginn.


Vun den 1960er Joren un ass d'Populatioun vun Esch no an no zréckgaangen: Vu bal 30.000 am Joer 1960 op 25.000 am Joer 1985. Vill jonk Stéit sinn an d'Schlofstied ronderëm d'Stad geplënnert. Eréischt vun den 90er Joren un ass dësen Trend gestoppt a souguer ëmgekéiert ginn; 2010 huet d'Awunnerzuel vun Esch 30.000 Awunner iwwerschratt[6].




Belval vum Westen aus (Summer 2013).



Nei Quartieren op de Frichen |


Zanter dem Ufank vun den 2000er Jore gëtt op der Industriebrooch vu Belval en neie Quartier opgeriicht, no engem Masterplang, dee vun Agora a vum Fonds Belval koordinéiert gëtt, a wou vun ëffentlecher Säit ë. a. d'Uni Lëtzebuerg, Fuerschungsariichtungen, e Gebai fir ëffentlech Verwaltungen an en neie Lycée, vu privater Säit e Kino a Büros-, Wunn- a Geschäftsgebaier am Gaang sinn, gebaut ze ginn, oder scho fäerdeg sinn.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Belval


Och op de Sittë vun de fréiere Schmelze vun Esch-Schëffleng[7] an Terres-Rouges[8] soll an den 2020er Joeren virun allem Wunnraum fir eng 10.000 Leit geschafe ginn.



Entwécklung vun der Awunnerzuel |




Quell:STATEC



Politik |


De Gemengerot vun Esch-Uelzecht gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 19 Conseilleren zesummen.


An den 1990er Jore souz eng LSAP-CSV-Koalitioun am Schäfferot. Bei de Gemengerotswalen vum 10. Oktober 1999 koum et zu enger Pattsituatioun: Béid Parteie krute 6 Sëtzer, an de Spëtzekandidat vun der CSV, den Ady Jung, huet den Usproch erhuewen, fir Buergermeeschter ze ginn. Wéi den CSV-Gemengerotsmember Jos Mischo kuerz drop aus der Partei ausgescheet ass, deemno d'LSAP nees 1 Sëtz méi hat, huet dës weider mat der CSV, déi op hirem Buergermeeschteschposte bestanen huet, ouni Succès probéiert, eng Koalitioun op d'Been ze stellen. Och Verhandlungen tëscht LSAP an DP hate kee Succès. Sou koum et den 30. Abrëll 2000 zu Neiwalen, bei deenen d'LSAP 7 Sëtzer krut, a sou eng Koalitioun mat deene Gréngen an der Lénker opgestallt huet.[9]


2005 koum et zu enger Koalitioun vun LSAP-déi Gréng, déi och 2011 virugefouert gouf. Bei de Gemengewale vun 2017 huet d'LSAP 3 Sëtz verluer, iwwerdeems d'CSV der 2 gewonnen huet. Als Resultat hu sech d'CSV, d'DP an déi Gréng op eng Koalitioun gëeenegt, déi eng Majoritéit am Schäfferot huet. Buergermeeschter gouf de Georges Mischo.[10]



Zesummesetzung |




























































































JoerADRCSVDPgréngKPLLénkLSAPPPLUBL
1981-62-3-8--
1987-7112-8--
1993--
1999--
2000*1522027--
20051512019--
20110412129-0
201706230260-

*No Neiwalen. BL: Biergerlëscht; PPLU: Piratepartei Lëtzebuerg. Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu



Buergermeeschteren |


Esch-Uelzecht gëtt zanter 2017 vun enger CSV-DP-Déi Gréng-Koalitioun regéiert. Buergermeeschter ass de Georges Mischo (CSV).


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Buergermeeschtere vun Esch-Uelzecht



Quartiere vun Esch-Uelzecht |


Esch-Uelzecht besteet zurzäit aus 18 Quartieren [11] an zwéin Industrieterrainen, vun deenen deen zu Belval (Arcelor-Mittal) nach a Betrib ass, während dee vum fréieren Arcelor-Mittal Wierk Esch-Schëffleng zanter 2012 net méi a Betrib ass an 2016 un de Staat verkaaft gouf.







  • Al Esch

  • Belval

  • Brill

  • Brouch

  • Dellhéicht


  • Fettmeth

  • Grenz

  • Lalleng

  • Lankhelz


  • Neiduerf (Neidierfchen)

  • Park

  • Raemerech

  • Schlassgoart

  • Sommet


  • Universitéit

  • Uecht

  • Wobrécken

  • Zäpert





Panorama vun Esch (Quartieren Dellhéicht an Al Esch)
Panorama vun Esch (Quartieren Dellhéicht an Al Esch)






Transport |


Esch-Uelzecht läit um südlechen Enn vun der Autobunn A4, déi et mat der Stad Lëtzebuerg verbënnt. Nërdlech vun Esch verleeft d'Autobunn A13, déi vu Péiteng bis op Schengen féiert (an do un déi däitsch A8 ugebonnen ass. Och d'Nationalstroossen N4 an N31 ginn duerch Esch.


Esch läit op den CFL-Linne 6a a 6f. Vun Esch aus féiert d'Ofzweigung 6f op Däitsch-Oth. Et gëtt zwou Garen um Territoire vun der Gemeng: d'Gare Esch-Uelzecht an d'Gare Belval-Université. Marchandisegaren am Neidierfchen an an der Hiel sinn net méi am Betrib.


De Bus-Syndikat TICE huet säi Sëtz zu Esch, d'Linnen 1, 2, 3, 4, 5, 7, 12, 13, 15 a 17 verbannen Esch a seng Quartiere mat den aneren Uertschafte vum Kanton. Ausserdeem läit Esch op de Strecke vun den RGTR-Linnen 306 (Belval), 307, 309 (Belval), 313, 314, 319, 321, 322, 332 an 750.[12]



Nopeschgemengen |


  • Schëffleng

  • Keel

  • Rëmeleng

  • Däitsch-Oth

  • Suessem

  • Monnerech


Kulturariichtungen |




D'Rockhal op Esch-Belval





  • Escher Conservatoire

  • Escher Theater

  • Kulturzentrum Kulturfabrik

  • Rockhal

  • Nationale Resistenzmusée

  • Escher Bibliothéik

  • Mousset-Haus



  • Kinoen:
    • Ariston

    • Kinosch

    • Utopolis Belval


Schoulgebaier zu Esch |





  • Primärschoulen

  • Ale Lycée

  • Brill

  • Brouch

  • Dellhéicht

  • Groussgaass

  • Lalleng


  • Secondaire

  • Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette

  • Lycée Hubert-Clément


  • Lycée technique d'Esch-sur-Alzette
    • Annexe: Annexe Wobrécken

  • Lycée technique de Lallange

  • Lycée technique école privée Marie-Consolatrice

  • Lycée technique pour professions de santé



D'Jousefskierch



Reliéis Gebaier |





  • Grenzerkierch Esch-Uelzecht

  • Jousefskierch Esch-Uelzecht

  • Kapell Esch-Raemerech

  • Kierch Esch-Lalleng


  • Moschee Esch-Uelzecht

  • Paterkierch Esch-Uelzecht

  • Protestantesch Kierch Esch-Uelzecht

  • Synagog Esch-Uelzecht


Bekannt Escher |




  • François Besch (* 1963), Fotograf, Journalist a Kënschtler


  • Jeannot Bewing (1931-2005), Sculpteur


  • François Biltgen (* 1958), Politiker, Minister


  • Raoul Biltgen (* 1974), Schauspiller


  • Paul Breisch (* 1974), Museker an Organist an der Lëtzebuerger Kathedral


  • Guillaume Capus (1857-1931), Entdeckungsreesender a Fuerscher


  • Simone Decker (* 1968), Kënschtlerin


  • René Deltgen (1909–1979), Schauspiller


  • Romain Fehlen (*1956) Radios-Speaker a Journalist bei SWR4 Baden-Württemberg


  • Camillo Felgen (1920–2005), Sänger, Radios-Speaker, Televisiouns-Animateur, Schlager-Textschreiwer a Schauspiller


  • David Fiegen (* 1984), Liichtathlet


  • Tom Flammang (* 1978), Vëlossportler


  • Fernand Franck (* 1934), fréieren Äerzbëschof vu Lëtzebuerg


  • Luc Frieden (*1963), Politiker, Minister an Deputéierten


  • Guy Helminger (* 1963), Schrëftsteller


  • Jean Kinsch (1886-1983), Deputéierten


  • Joseph Kinsch, (*1933), ArcelorMittal-Manager


  • Léon Kinsch, (1870-1954), Escher Buergermeeschter


  • Nicolas Kinsch (1904-1973), Bëschof vu Kisangani


  • William Justin Kroll (1889–1973), Fuerscher, Metallurg an Erfinder


  • Michel Majerus (1967–2002), Kënschtler


  • Robert Mancini (1950-2011), Sculpteur


  • Claude Michely (* 1959), Vëlossportler


  • Mandy Minella (* 1985), Tennisspillerin


  • Désirée Nosbusch (* 1965), Schauspillerin, Televisiounspresentatrice, Filmregisseurin a -Produzentin


  • Jean Origer (1877-1942), Geeschtlechen, Deputéierten an Direkter vum Luxemburger Wort


  • Louis Pilot (1940-2016), Foussballspiller a Foussballtrainer


  • Marco Pütz (* 1958), Saxophonist a Komponist


  • Viviane Reding (* 1951), Journalistin a Politikerin


  • Marco Serafini (* 1956), Regisseur


  • Victor Thorn (1844–1930), Politiker



Partnerschafte mat auslännesche Stied |




Esch-Strooss zu Léck




























Bethnal Green
Flag of the United Kingdom.svg Vereenegt Kinnekräich
Coimbra
Flag of Portugal.svg Portugal
Köln
Flag of Germany.svg Däitschland
Léck
Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Lille
Flag of France.svg Frankräich
Mödling
Flag of Austria.svg Éisträich
Offenbach-am-Main
Flag of Germany.svg Däitschland
Puteaux
Flag of France.svg Frankräich
Rotterdam
Flag of the Netherlands.svg Holland
Saint-Gilles
Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Turin
Flag of Italy.svg Italien
Velletri
Flag of Italy.svg Italien
Zemun
Flag of Serbia.svg Serbien


Interkommunal Syndikater |



  • SIGI - SYVICOL - TICE - ZARE


Kuriéises |




Erënnerungsplack un den Escher Fluchhafen an der Rue de l'Aérodrome



Fluchhafen |


Deen éischte Fluchhafen am Land war am Quartier Esch-"Lankelz" bei der haiteger rue de l'Aérodrome. Déi Zäit gouf et ë. a. eng Direktverbindung Esch-London.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fluchhafen Esch-Uelzecht



Esch-Uelzecht am Sport |


  • Zwou Foussballsequippen aus der Foussball Nationaldivisioun si vun Esch: Den CS Fola Esch, eelste Foussballsveräin am Land, an d'Jeunesse Esch.


  • 1962 an 1968 gouf zu Esch d'Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross gefuer.

  • De 27. Juni 1968 koum déi éischt Etapp vum Tour de France zu Esch un.

  • Den 3. Juli 2006 ass déi zweet Etapp vum Tour de France do ukomm an deen Dag drop déi drëtt do lassgefuer.


Literatur |



  • Willy Allamano a Gilbert Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues - Esch an der Alzette und seine Straßen, 2013, 256 S., ISBN 978-2-87964-136-2

  • Ville d'Esch-sur-Alzette (éd.): 100 Joer Esch - 1906-2006, 2005, Éd. G. Binsfeld, 480 S., ISBN 2-87954-149-2


  • Ed Maroldt: Mythos Esch - Fragmente 1950 - 1962, 2004, Éditions Le Phare, 144 S., ISBN 2-87964-078-4

  • Ville d'Esch-sur-Alzette (éd.): Esch-sur-Alzette, du village à la ville industrielle. Art et révolution industrielle au pays de la Terre Rouge. 13 octobre - 5 novembre 1989, Hôtel de Ville d'Esch-sur-Alzette. Catalogue de l'exposition organisée par la Ville d'Esch-sur-Alzette à l'occasion du 150e anniversaire de l'Indépendance du Grand-Duché de Luxembourg.


  • Joseph Flies: Das Andere Esch - An der Alzette - Ein Gang durch seine Geschichte. Luxembourg 1979.


  • Norbert Ketter: esch 1970. éditions claude diderich, 1970. (E Schwaarz-wäiss-Fotoband).


Kuckt och |





  • Berwart-Schlass

  • Stadhaus Esch-Uelzecht

  • Passerelle Gaalgebierg Esch-Uelzecht

  • Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Esch-Uelzecht

  • Siderurgie zu Lëtzebuerg

  • Henri Rabinger


  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen

  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften

  • Lëtzebuerger Kantonen

  • Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg

  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Offiziell Säit vun der Escher Gemeng

  • Geographesch Kaarte vun Esch

  • D'Gemeng Esch-Uelzecht op der Websäit vum Syvicol

  • Räichhalteg Privatsammlung vun Archivbiller an aktuelle Fotoen

  • TICE

  • Loi du 6 juillet 1876, concernant la création d'une nouvelle commune sous le nom de Schifflange



Referenzen



  1. Esch wird Kulturhauptstadt. tageblatt.lu, 10. November 2017.


  2. Esch/Alzette wird Kulturhauptstadt Europas. lessentiel.lu, 10. November 2017


  3. "Decisioun gefall: Esch gëtt Kulturhaaptstad 2022." rtl.lu, 10.11.2017 / Video, 00:01:59.


  4. Camille Robert: "Le sous-sol nous parle. Les fouilles archéologiques à Esch-sur-Alzette." In: 100 Joer Esch (1906-2006). Luxembourg 2006, S. 121-122 an 124.


  5. Gesetz vum 29. Mee 1906


  6. "D'Populatioun zu Esch läit elo offiziell bei 30.000 Awunner" rtl.lu 03.06.2010, 07:59 - Fir d'lescht aktualiséiert: 03.06.2010, 10:03.


  7. "Bürgerbeteiligung für Brache Arbed/Schifflingen in Startlöchern." wort.lu, 07.03.2019.


  8. " 'Rout Lëns' mat Liewe fëllen." rtl.lu, 07.03.2019 20:00.


  9. Jacques Ganser: "Wenn das der Josy wüsste." wort.lu, 11. Oktober 2017 um 07:00.


  10. "CSV, Gréng an DP hu Koalitiounsaccord ënnerschriwwen." rtl.lu, 24.10.2017, 22:15:36.


  11. Plan interactif Esch


  12. http://www.tice.lu/_HORAIRES/TICE%20Indicateur%202011.pdf









Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Esch-Uelzecht&oldid=2171698“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.660","walltime":"1.040","ppvisitednodes":"value":1288,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":19683,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":1962,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":11,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":2,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":5078,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":3,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 869.491 1 -total"," 60.06% 522.244 2 Schabloun:Infobox"," 59.49% 517.248 1 Schabloun:Infobox_Uertschaft_Lëtzebuerg"," 50.25% 436.885 21 Schabloun:If_empty"," 43.75% 380.361 24 Schabloun:Wikidata"," 1.75% 15.218 1 Schabloun:Gemengen_am_Kanton_Esch-Uelzecht"," 1.54% 13.423 1 Schabloun:Referenzen"," 1.39% 12.047 1 Schabloun:Navbox"," 0.98% 8.481 1 Schabloun:Commonscat"," 0.93% 8.049 1 Schabloun:Br_separated_entries"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.390","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":13142065,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1337","timestamp":"20190402141532","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Esch-Uelzecht","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Esch-Uelzecht","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q16010","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q16010","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2004-08-27T17:29:22Z","dateModified":"2019-03-29T19:20:07Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/6/6d/Mairie_Esch-sur-Alzette_01.jpg","headline":"Stad zu Lu00ebtzebuerg"(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":135,"wgHostname":"mw1261"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?