Skip to main content

Däitscht Räich vun 1933 bis 1945 Inhaltsverzeechnes Numm | Geschicht | Biller | Kuckt och | Navigatiounsmenü

Däitschland am Zweete WeltkrichNationalsozialismusFréier Länner an Europa


Fändel vun DäitschlandDetailerNationalsozialistescher Däitscher AarbechterparteiAdolf HitlerBundesrepublik DäitschlandZweete WeltkrichJuddenEuropaAlliéiertenHellegt Réimescht Räich vun Däitscher NatiounDäitscht KeeserräichNazipartei (NSDAP)Weimarer RepublikPaul von HindenburgMilitärAutobunnenRassismusAntisemitismusArierJuddenRomaLiberalerSozialistenKommunisteChrëschtlech KierchenOlympesch SummerspillerBerlinJoseph GoebbelsÉisträichTschechoslowakeiNet-AggressiounspaktJosef StalinPolen am September 1939 iwwerfallZweete WeltkrichHolocaustKonzentratiouns-VernichtungslagereOperatioun BarbarossaSowjetuniounUSAWehrmachtInvasioun vu FrankräichAlliéiertNürnberger ProzesserReichskristallnachtParäisSchluecht vu StalingradAuschwitzKZ BuchenwaldLäicheKZ BuchenwaldSchwaarze MierAlliéiertBrandenburger TorNürnberger Prozesser












Däitscht Räich vun 1933 bis 1945




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen



























Däitscht Räich
Deutsches Reich
Groussdäitscht Räich
Großdeutsches Reich







Fändel vun Däitschland



Wope vun Däitschland

Detailer



Detailer

Grossdeutsches Reich NS Administration 1944.png


Offiziell Sprooch:

Däitsch

Haaptstad:

Berlin


Staatsform:
Republik
 • Räichspresident:

Paul von Hindenburg (1925 bis 1934)
Adolf Hitler (1934-1945, als Führer)
Karl Dönitz (1945)
 • Räichskanzler:

Adolf Hitler (1933-45)
Joseph Goebbels (1945)
Lutz Graf Schwerin von Krosigk (1945)


Fläch:
633.786 (1939) km²


Bevëlkerung:
78.800.000 (1938)


Nationalfeierdag:

1. Mai: "Dag vun der nationaler Aarbecht"

Nationalhymn:

Das Lied der Deutschen (éischt Stroph)
Horst-Wessel-Lied (de facto)

Währung:
Reichsmark

Zäitzon:

UTC +1

D'Däitscht Räich tëscht 1933 an 1945, och nach Drëtt Räich oder Nazidäitschland genannt, war eng Diktatur vun der Nationalsozialistescher Däitscher Aarbechterpartei (NSDAP) ënnert dem Adolf Hitler. D'Däitscht Räich ass de Virgänger vun der haiteger Bundesrepublik Däitschland.


Ënnert dem Hitler sengem Regimm gouf Däitschland an en totalitäre Staat verwandelt, deen duerch déi sougenannte Gleichschaltung bal all Aspekt vum alldeegleche Liewe vu senge Bierger kontrolléiert huet. Nazidäitschland war ee vun den Haaptacteure vum Zweete Weltkrich a fir massiv Krichsverbriechen, de Genozid un de Judden an Europa a Milliounen Doudeger verantwortlech. Am Mee 1945 ass den Naziregimm mat der Victoire vun den Alliéierten ënnergaangen.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Numm


  • 2 Geschicht

    • 2.1 Opstig


    • 2.2 Ideologie


    • 2.3 Um Wee zum Krich


    • 2.4 Ënnergang



  • 3 Biller


  • 4 Kuckt och




Numm |


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel Däitscht Räich an am Artikel Nazi

Den offiziellen Numm vum däitsche Staat tëscht 1933 an 1945 war "Däitscht Räich" (Deutsches Reich) a spéider och nach "Groussdäitscht Räich" (Großdeutsches Reich). En ass och als Drëtt Räich (Drittes Reich) bekannt, woubäi dat éischt Räich d'Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun (800-1806) war an dat zweet d'Däitscht Keeserräich (1871-1918) waren. Alternativ gëtt Däitschland tëscht 1933 an 1945 och als Nazidäitschland bezeechent; eng Referenz op de Regimm vun der Nazipartei (NSDAP).



Geschicht |



Opstig |


Den Adolf Hitler gouf den 30. Januar 1933 vum President vun der Weimarer Republik, dem Paul von Hindenburg, zum Räichskanzler ernannt. D'NSDAP huet duerno progressiv all politesch Oppositioun eliminéiert an hier Muecht konsolidéiert. Den Hindenburg ass den 2. August 1934 gestuerwen. Doropshin ass den Hitler däitschen Diktator ginn, andeems hien d'Funktioune vum Kanzler a vum President zesummegeluecht huet. Den 19. August 1934 gouf e Referendum gehalen, mat deem den Hitler als eenzege Führer bestätegt gouf. De ganze Pouvoir war domat am Hitler senger Persoun zentraliséiert a säi Wuert ass dat héchste Gesetz ginn. D'Regierung war kee koordinéiert Organ, an deem d'Membere kooperéiert hunn, mee huet sech aus e puer Gruppéierungen zesummegesat, déi a Konkurrenz ëm dem Hitler seng Faveur stoungen. Matten an der Weltwirtschaftskris hunn d'Nazien d'Wirtschaftsstabilitéit zréckbruecht an der Massenaarbechtslosegkeet en Enn gesat an deem si massiv an d'Militär investéiert hunn a staark an d'privatwirtschaftlech Prozesser agegraff hunn. Donieft goufe grouss ëffentlech Chantieren ugefaangen, ënner anerem de Bau vun den Autobunnen. De Retour vun der wirtschaftlecher Stabilitéit huet huet d'Popularitéit vum Regimm weider erhéicht.



Ideologie |


Rassismus, a besonnesch Antisemitismus, waren eng zentral Charakteristik vum Drëtte Räich. Déi germanesch Mënsche goufe vun den Nazien als "Meeschterrass" betruecht, déi rengrassegest Grupp vun den Arier. Nodeems den Hitler un d'Muecht komm ass gouf vir d'éischt eeschthaft mat der Diskriminatioun a Verfolgung vun de Judden an de Roma ugefaangen. Am Mäerz 1933 goufen déi éischt Konzentratiounslager etabléiert. Judden an aner onerwënscht Leit goufen agespaart a Liberaler, Sozialisten a Kommuniste goufen ëmbruecht, agespaart oder exiléiert. Chrëschtlech Kierchen a Bierger, déi géint dem Hitler seng Herrschaft waren, goufen ënnerdréckt a vill Leaderen an de Prisong geheit. An der Educatioun gouf grousse Wäert op d'Rassebiologie, Bevëlkerungspolitik a Fitness fir de Militärservice geluecht. Carrière- a Bildungsméiglechkeete fir Frae goufe limitéiert. De Programm Kraft durch Freude huet d'Fräizäit an Tourismus organiséiert, an d'Olympesch Summerspiller 1936 zu Berlin waren eng gutt Geleeënheet fir d'Drëtt Räich sech op der internationaler Bühn ze presentéieren. De Propagandaminister Joseph Goebbels huet Filmopnamen, Massemanifestatiounen an dem Hitler seng hypnotesch Rieden benotzt fir d'ëffentlech Meenung ze beaflossen. D'Regierung huet de kënschtlereschen Ausdrock kontrolléiert a bestëmmte Konschtforme promouvéiert an anerer decouragéiert.



Um Wee zum Krich |




D'Däitscht Räich 1942, wéi et am gréisste war (ouni Vasallestaaten, déi vun Däitschland kontrolléiert goufen)


An de Jore virum Krich huet Nazidäitschland seng Nopeschlänner mat Militärmenacen a Schach gehalen. Däitschland huet ëmmer méi aggressiv territorial Demande gemaach a mat Krich gedreet, wann déi Fuerderungen net respektéiert goufen. Éisträich gouf 1938 annektéiert, d'Joer drop d'Tschechoslowakei. Den Hitler huet en Net-Aggressiounspakt mam Josef Stalin ënnerschriwwen a Polen am September 1939 iwwerfall, an domat den Zweete Weltkrich an Europa ausgeléist.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel Zweete Weltkrich an am Artikel Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich


1941 huet Nazidäitschland de gréissten Deel vun Europa kontrolléiert. Räichskommissariater hunn déi besate Gebitter kontrolléiert an eng däitsch Verwaltung an deem wat vu Polen iwwreg bliwwe war etabléiert. D'Drëtt Räich huet d'Réistoffer an d'Aarbechtskraaft souwuel an de besate Gebitter wéi an deene vu sengen Verbündeten exploitéiert. Am Holocaust si Millioune Judden an aner Mënschen, déi vun den Nazien net erwënscht waren, agespaart an ëmbruecht ginn. Dat ass systematesch an Konzentratiouns- a Vernichtungslagere geschitt.



Ënnergang |


Mat der Operatioun Barbarossa huet Nazidäitschland am Summer 1941 mat der Invasioun vun der Sowjetunioun ugefaangen. Ufanks war dës Invasioun erfollegräich, mee d'Erëmopliewe vum sowjetesche Militär an den Antrëtt vun den USA an de Krich hunn dozou gefouert, datt d'Wehrmacht 1943 hir Initiativ op der Ostfront verluer huet a spéit am Joer 1944 bis virun d'Grenze vun 1939 zréckgedréckt gouf. Wäitleefeg Bombardementer op däitsch Stied sinn 1944 eskaléiert an déi Däitsch an hir Verbündet goufen och an Ost- a Südeuropa verdrängt. No der Invasioun vu Frankräich duerch déi Alliéiert gouf Nazidäitschland vun der Sowjetunioun aus dem Osten an deenen aneren Alliéierten aus Richtung Westen hir eruewert. D'Däitscht Räich huet am Mee 1945 kapituléiert. Dem Hitler seng Weigerung seng Néierlag anzegestoen huet zu massiver Zerstéierung vun däitscher Infrastruktur gefouert an zousätzlecht Stierwen an de leschte Méint vum Krich mat sech bruecht. D'Alliéiert hunn no hirer Victoire eng Denazifizéierungspolitik lancéiert a vill vun den iwwerliewenden Nazileaderen fir Krichsverbriechen wärend den Nürnberger Prozesser viru Geriicht bruecht.



Biller |



Kuckt och |


  • Nazikollaboratioun zu Lëtzebuerg



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Däitscht_Räich_vun_1933_bis_1945&oldid=2165935“










Navigatiounsmenü



























(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.088","walltime":"0.119","ppvisitednodes":"value":334,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":6052,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":1552,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":13124,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 13.443 1 -total"," 73.88% 9.931 1 Schabloun:Infobox_Land"," 23.35% 3.139 2 Schabloun:Méi_Info_2"],"cachereport":"origin":"mw1334","timestamp":"20190320103010","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Du00e4itscht Ru00e4ich vun 1933 bis 1945","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/D%C3%A4itscht_R%C3%A4ich_vun_1933_bis_1945","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q7318","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q7318","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2019-02-26T14:07:36Z","dateModified":"2019-02-26T17:54:14Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/7/77/Flag_of_Germany_%281935%E2%80%931945%29.svg"(window.RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":137,"wgHostname":"mw1331"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?