Skip to main content

2008 Inhaltsverzeechnes Evenementer | Konscht a Kultur | Ekonomie | Wëssenschaft an Technik | Sport | Gebuer | Gestuerwen | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüD'Detailer vum Foussballlännermatch Saudi-Arabien - Lëtzebuerg den 30. Januar 2008 op der Websäit vun European Football.infoD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Wales de 26. Mäerz 2008 op der Websäit vun European Football.infoD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Kap Verde de 27. Mee 2008 op der Websäit vun European Football.infoD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Mazedonien den 20. August 2008 op der Websäit vun European Football.infoD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Griicheland de 6. September 2008 op der Websäit vun European Football.infoDe Lännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Israel den 11. Oktober 2008 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Moldawien de 15. Oktober 2008 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 19. November 2008 op der Websäit vun European Football

Joren (21. Joerhonnert)2008


◄20. Joerhonnert◄◄◄20042005200620072009201020112012►►►DënschdegSchaltjoer












2008




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen



◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
 
 
◄◄ |
◄ |
2004 |
2005 |
2006 |
2007 |
2008
| 2009
| 2010
| 2011
| 2012
| ►
| ►►



Dës Säit befaasst sech mam Joer 2008.


D'Joer 2008 huet op engem Dënschdeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Evenementer

    • 1.1 Europa

      • 1.1.1 Lëtzebuerg



    • 1.2 Afrika


    • 1.3 Amerika

      • 1.3.1 USA


      • 1.3.2 Mëttel- a Südamerika



    • 1.4 Asien


    • 1.5 Ozeanien & Pazifik


    • 1.6 Arabesch Welt



  • 2 Konscht a Kultur

    • 2.1 Molerei


    • 2.2 Literatur


    • 2.3 Musek


    • 2.4 Film

      • 2.4.1 Lëtzebuerg




  • 3 Ekonomie


  • 4 Wëssenschaft an Technik


  • 5 Sport


  • 6 Gebuer


  • 7 Gestuerwen


  • 8 Um Spaweck


  • 9 Referenzen




Evenementer |



Europa |



  • 01. Januar: Malta an Zypern trieden der Eurozon bei a féieren den Euro als Währung an.


  • 05. Januar: De Micheil Saakaschwili gëtt bei virgezunne Presidentschaftswalen a Georgien erëmgewielt.


  • 03. Februar: De Boris Tadić gëtt beim 2. Tour zu de Presidentschaftswalen a Serbien erëmgewielt.


  • 15. Februar: De Václav Klaus gëtt zum President vun der Tschechescher Republik erëmgewielt.


  • 17. Februar: De Kosovo deklaréiert seng Onofhängegkeet vu Serbien.


  • 24. Februar: Den Demetris Christofias gewënnt beim Zweeten Tour fir d'Presidentschaftswalen an Zypern.


  • 09. Mäerz: Zu Malta gewënnt d'Nationalistesch Partei vum Premier Lawrence Gonzi d'Parlamentswalen.


  • 09. Mäerz: D'Spuenesch Sozialistesch Aarbechterpartei (PSOE) gewënnt d'Parlamentswalen a Spuenien.


  • 20. Mäerz: Den Yves Leterme gëtt Premierminister an der Belsch.


  • 14. Abrëll: D'Wal-Alliance Popolo de la Libertà, mat un hirer Spëtzt dem Silvio Berlusconi, gewënnt d'Parlamentswalen an Italien.


  • 07. Mee: De Brian Cowen gëtt nom Récktrëtt vum Bertie Ahern Taoiseach (Premierminister) vun Irland.


  • 07. Mee: De Silvio Berlusconi gëtt Premierminister vun Italien.


  • 07. Mee: Den Dmitri Anatoljewitsch Medwedew gëtt 3. President vun der Russescher Federatioun.


  • 08. Mee: De fréiere President Wladimir Putin gëtt Premierminister a Russland.


  • 11. Mee: Parlamentswalen a Serbien.


  • 01. Juni: Parlamentswalen a Mazedonien.


  • 12. Juni: D'Ire soen an engem Referendum majoritär Neen zum Traité vu Lissabon.


  • 17. Juni: Lëtzebuerg, d'Belsch an Holland ënnerschreiwen en neie Benelux-Traité.


  • 07. August: Ufank vum Südossetien-Krich (2008), andeems Georgien a Russland, no deeglaangem Gestëppels tëscht deenen zwou Säiten, eng militäresch Offensiv an der separatistescher Regioun Südossetien ufänken.


  • 20. August: De Spanair-Fluch JK 5022 verongléckt beim Start um Fluchhafe vu Madrid-Barajas, 153 Leit kommen ëm d'Liewen.


  • 26. August: Russland erkennt Südossetien an Abchasien als onofhängeg un.


  • 22. September: D'Sozialdemokraten (SD) mat un der Spëtzt dem Borut Pahor gewannen d'Parlamentswalen a Slowenien.


  • 28. September: Bei de Parlamentswalen ("Nationalratswahlen") an Éisträich verléieren d'SPÖ an d'ÖVP, déi virdrun eng grouss Koalitioun gestalt hunn, 10, resp. 15 Sëtz, a kommen op hirer 58, resp. 51, iwwerdeems d'FPÖ an d'BZÖ op zesumme 55 Sëtz kommen (2006: 28). Déi Gréng kréien 19 Sëtz.


  • 25. November: Grönland stëmmt an engem Referendum mat 75 % Majoritéit fir eng méi grouss Autonomie vun Dänemark.


  • 27. November: Den Andrius Kubilius gëtt Ministerpresident a Litauen.


  • 02. Dezember: An Éisträich gëtt d'Regierung vum Werner Faymann, eng Grouss Kolitioun tëscht SPÖ an ÖVP, vereedegt.


  • 22. Dezember: De Emil Boc gëtt Premierminister a Rumänien.


  • 30. Dezember: Den Herman Van Rompuy gëtt belsche Premierminister, nodeem den Yves Leterme zréckgetruede war.


Lëtzebuerg |



  • 20. Februar: D'Lëtzebuerger Chamber stëmmt e Gesetz, dat déi aktiv Stierfhëllef (Euthanasie) ënner bestëmmte Konditioune legaliséiert.


  • 25. Abrëll: Den neien Terminal vum Fluchhafe Lëtzebuerg gëtt a Betrib geholl.


  • 06. Oktober: D'Cité judiciaire an der Stad Lëtzebuerg gëtt ageweit.


Afrika |



  • 15. September: No Verhandlungen ginn de Robert Mugabe an de Morgan Tsvangirai eens, d'Muecht a Simbabwe ze deelen; de Mugabe bleift President, den Tsvangirai gëtt Premierminister.


  • 25. September: De Kgalema Motlanthe gëtt neie Staatspresident vu Südafrika.


  • 28. Dezember: Den John Atta-Mills gëtt am 2. Tour zum President vu Ghana gewielt.


Amerika |




Barack Obama



USA |



  • 04. November: Den Demokrat Barack Obama gewënnt d'Wale fir d'Amt vum 44. President vun den USA géint de Republikaner John McCain.


Mëttel- a Südamerika |



  • 24. Februar: De Raúl Castro gëtt neie Staatspresident a Kuba, nodeem säi Brudder Fidel den 19. Februar zréckgetrueden ass.


  • 15. Dezember: D'Hollännesch Antillen ginn ofgeléist. Curaçao a Sint Maarten kréien e "besonnesche Status" bannent dem hollännesche Kinnekräich; Bonaire, Saba a Sint Eustatius ginn hollännesch Gemengen.


Asien |



  • 09. Abrëll: De Sersch Sargsjan trëtt säin Amt als President vun Armenien un.


  • 04. Mee: Den Zyklon Nargis mécht bis zu 100.000 Doudeger am Myanmar.


  • 12. Mee: Bei engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 7.9Mw an Zentralchina, no bei Schengdu, komme ronn 90.000 Leit ëm d'Liewen.


  • 19. Juli: Éischt Presidentschaftswalen an der Geschicht vum Nepal.


  • 15. August: De Pushpa Kamal Dahal (besser bekannt als Prachanda) gëtt, nodeem am Mee d'Monarchie ofgeschaaft gi war, éischte Premierminister vun Nepal.


  • 18. August: De pakistanesche President Pervez Musharraf trëtt zréck.


  • 06. September: Den Ali Zardari gëtt neie President a Pakistan.


  • 24. September: Den Taro Aso gëtt Premierminister a Japan.


  • 26. November: Bei Attacken ë. a. op Hoteller, e Maart, e Spidol an eng Gare zu Mumbai duerch eng Grupp vun op d'mannst 10 Terroriste komme méi wéi 173 Mënschen ëm d'Liewen.


Ozeanien & Pazifik |



  • 13. Februar: Den australesche Premierminister an den Oppositiounsleader entschëllege sech ëffentlech virum Parlament fir d'Onrecht, dat d'Aborigenes 200 Joer laang hu missen erleiden.


  • 01. August: De Kinnek George Tupou V. gëtt zum neie Kinnek vun Tonga gekréint.


  • 19. November: Den John Key gëtt Premierminister an Neiséiland.


Arabesch Welt |



  • 27. Dezember: Ufank vun der Operatioun Bläigoss, bei där, no e puer Deeg Loftattacken, d'israelesch Arméi an d'Gaza-Sträif amarschéiert ass, fir d'Hamas fir Rakéitebeschëss ze 'bestrofen'.


Konscht a Kultur |



  • Liverpool gëtt zesumme mat Stavanger Europäesch Kulturhaaptstad.


Molerei |



Literatur |


  • 1. Präis am Concours littéraire national 2008 fir der Carine Krecké hire Retour au point de non-retour.


  • Servais-Präis fir der Anise Koltz hire L'ailleurs des mots.


  • Batty-Weber Präis fir den Nico Helminger.

  • De Lëtzebuerger Staat keeft de Codex Mariendalensis.


Musek |



  • 12. Mee–16. Mee: Den Dima Bilan gewënnt fir Russland mam Lidd Believe den 53. Eurovision Song Contest zu Belgrad.


Film |



  • 22. Februar: La Graine et le Mulet vum Abdellatif Kechiche kritt den César fir de beschte Film.


  • 24. Februar: No Country for Old Men vum Ethan a Joel Coen kritt den Oscar fir de beschte Film.


  • 25. Mee: Entre les murs vum Laurent Cantet kritt d'Gëlle Palm um Filmfestival vu Cannes.


Lëtzebuerg |



  • Weilerbach vum Yann Tonnar.


  • Léif Lëtzebuerger... vum Ray Tostevin.


  • Inthierryview vum Andy Bausch.


Ekonomie |


  • D'Joer iwwer: Finanzkris 2007/2008.


  • 02. Januar: Op der Termäinbourse zu New York gëtt d'Faass réie Pëtrol fir d'éischt Kéier iwwer 100 US-Dollar gehandelt.


  • 07. September: D'US-Regierung iwwerhëlt d'Biergschaft fir d'Kreditter vun den zwou Hypothéikebanke Freddie Mac a Fannie Mae.


  • 14. September: D'amerikanesch Bank Lehman Brothers geet faillite.


  • 16. September: D'US-amerikanesch Regierung nationaliséiert d'Assurance-Gesellschaft American International Group, fir ze verhënneren, datt se faillite geet.


  • 18. September: Merrill Lynch gëtt vun der Bank of America iwwerholl.


  • 28. September: Fir d'Bank- an Assurancëgrupp Fortis virun enger méiglecher Faillite ze retten, huelen déi belsch, hollännesch a lëtzebuergesch Regierungen eng 49 prozenteg Participatioun an de jeeweilege Filiale vun der Grupp: D'Belsch mat 4,7 Milliarden Euro, d'Hollänner mat 4 Milliarden a Lëtzebuerg mat 2,5 Milliarden.


  • 29. September: Fir d'Bank- an Assurancegrupp Dexia virun enger méiglecher Faillite ze retten, huelen d'Belsch federal a regional Regierungen eng Participatioun vun zesummen 3 Milliarden Euro, de Franséische Staat, via d'Caisse de Dépôts et de Consignations, eng vun och 3 Milliarden an d'Lëtzebuergesch Regierung eng vun 376 Milliounen Euro.


  • 04. Oktober: D'hollännesch Regierung iwwerhëlt fir 16,8 Mrd. Euro de Rescht vun den Aktie vu Fortis.


  • 06. Oktober: Déi franséisch BNP Paribas iwwerhëlt fir 14,5 Mrd. Euro 75 Prozent vum Grupp Fortis.


  • 09. Oktober: An Island iwwerhëlt d'Finanzopsiichtsautoritéit d'Kontroll iwwer déi dräi gréisste Banken aus dem Land (Kaupthing Bank, Landsbanki a Glitnir).


Wëssenschaft an Technik |



  • 10. September: An der Schwäiz gëtt de Large Hadron Collider eng éischt Kéier a Betrib geholl.


Sport |


  • Den F91 Diddeleng gëtt Champion am Foussball, den CS Gréiwemaacher gewënnt d'Coupe de Luxembourg.


  • 30. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Riad 1:2 géint Saudi-Arabien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de René Peters geschoss.[1]


  • 26. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint Wales.[2]


  • 27. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Kap Verde. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Fons Leweck geschoss.[3]


  • 7. - 29. Juni: Foussball-Europameeschterschaft 2008 an Éisträich an an der Schwäiz.


  • 8. - 24. August: Olympesch Summerspiller zu Peking.


  • 20. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:4 géint Mazedonien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Joël Kitenge geschoss.[4]


  • 06. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:3 géint Griicheland.[5]


  • 10. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Zürich, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 2:1 géint d'Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jeff Strasser a Fons Leweck geschoss.[6]


  • 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 1:3 géint Israel. De Gol fir d'Lëtzebuerger hunn de René Peters geschoss.[7]


  • 15. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:0 géint Moldawien.[8]


  • 19. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vum 100. Anniversaire vun der FLF, 1:1 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Mario Mutsch geschoss.[9]


Gebuer |



Gestuerwen |



  • 09. Januar: Charles Fehrenbach, franséischen Astronom a Member vun der Académie des sciences.


  • 10. Januar: Marcel Lamboray, Direkter vun der Bourse zu Lëtzebuerg


  • 11. Januar: Edmund Hillary, neiséilänneschen Alpinist.


  • 17. Januar: Yvan-Chrysostome Dolto, genannt Carlos, franséische Sänger.


  • 17. Januar: Bobby Fischer, US-amerikanesche Schachweltmeeschter.


  • 19. Januar: Suzanne Pleshette, US-amerikanesch Schauspillerin.


  • 22. Januar: Heath Ledger, australesche Schauspiller.


  • 22. Januar: Martin Scheeck, lëtzebuergesche Postbeamten a Resistenzler.


  • 27. Januar: Suharto, indonesesche Generol a Staatschef.


  • 29. Januar: Marcelle Lentz-Cornette, lëtzebuergesch Politikerin.

  • 29. Januar: Claude Faraldo, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.


  • 04. Februar: José Ensch, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.


  • 07. Februar: Andrew Bertie, Groussmeeschter vum Malteseruerden.


  • 08. Februar: Eva Dahlbeck, schwedesch Schauspillerin a Schrëftstellerin.


  • 09. Februar: Walter Bitterlich, éisträichesche Forstingenieur a Wëssenschaftler.


  • 09. Februar: Baba Amte, indesche Mënscherechtler.


  • 10. Februar: Inga Nielsen, dänesch Sopranistin.

  • 10. Februar: Roy Scheider, US-amerikanesche Schauspiller.

  • 10. Februar: Peter Marginter, éisträichesche Schrëftsteller.


  • 11. Februar: Tom Lantos, amerikanesche Politiker.


  • 13. Februar: Henri Salvador, franséische Sänger.


  • 18. Februar: Alain Robbe-Grillet, franséische Schrëftsteller a Filmregisseur.


  • 15. Februar: Steve Fossett, US-amerikaneschen Aventurier (offiziell fir dout deklaréiert; hie gouf zanter dem 3. September 2007 vermësst).


  • 20. Februar: Osvaldo Civirani, italienesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.


  • 23. Februar: Janez Drnovšek, slowenesche Politiker a President.


  • 27. Februar: Ivan Rebroff, däitsche Sänger.


  • 18. Mäerz: Anthony Minghella, britesche Filmregisseur.


  • 19. Mäerz: Arthur C. Clarke, britesche Science-fiction-Auteur.


  • 19. Mäerz: Hugo Claus, belsche Schrëftsteller.


  • 23. Mäerz: Geneviève Soria, franséisch Schauspillerin.


  • 24. Mäerz: Richard Widmark, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 31. Mäerz: Jules Dassin, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.


  • 02. Abrëll: Jacques Berthier, franséische Schauspiller.


  • 05. Abrëll: Charlton Heston, US-amerikanesche Schauspiller.


  • 09. Abrëll: Marcel Lentz, lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.


  • 10. Abrëll: Johnny Flick, lëtzebuergesche Geowëssenschaftler a Sänger.


  • 12. Abrëll: Dieter Eppler, däitsche Schauspiller.


  • 15. Abrëll: Benoît Lamy, belsche Filmregisseur.


  • 17. Abrëll: Aimé Césaire, franséische Schrëftsteller.


  • 28. Abrëll: Georges Heisbourg, lëtzebuergeschen Diplomat an Auteur.


  • 29. Abrëll: Albert Hofmann, Schwäizer Chemiker.


  • 03. Mee: Leopoldo Calvo Sotelo, spuenesche Politiker.


  • 10. Mee: John Paul Wild, australeschen Astronom a Wëssenschaftsmanager.


  • 12. Mee: Robert Rauschenberg, US-amerikanesche Konschtschafenden.


  • 26. Mee: Sydney Pollack, US-amerikanesche Regisseur a Schauspiller.


  • 01. Juni: Yves Saint Laurent, franséische Couturier.


  • 02. Juni: Bo Diddley, US-amerikanesche Museker.


  • 02. Juni: François Fejtö, franséischen Intellektuellen.


  • 02. Juni: Mel Ferrer, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.


  • 04. Juni: Bengt Westerlund, schwedeschen Astrophysiker.


  • 07. Juni: Dino Risi, italienesche Filmregisseur.


  • 10. Juni: Tschingis Aitmatow, kirgiseschen Auteur an Diplomat.


  • 18. Juni: Jean Delannoy, franséischen Dréibuchauteur a Filmregisseur.


  • 22. Juni: George Carlin, US-amerikanesche Schauspiller a Komiker.


  • 24. Juni: Pinkas Braun, Schwäizer Schauspiller an Theaterregisseur.


  • 27. Juni: Alex Bonn, lëtzebuergesche Jurist.


  • 01. Juli: Jhemp Bertrand, lëtzebuergesche Politiker a Resistenzler.


  • 09. Juli: Joseph Grosbusch, lëtzebuergesche Moler.


  • 13. Juli: Juliette Faber, franséisch Actrice mat Lëtzebuerger Origine.

  • 13. Juli: Bronislaw Geremek, polnesche Politiker.


  • 17. Juli: Johny Fonck, lëtzebuergesche Foussballspiller, Liichtathlet an Olympionik.


  • 22. Juli: Paul Katow, lëtzebuergesche Journalist an Auteur.

  • 22. Juli: Marcello Baldi, italienesche Filmregisseur.


  • 23. Juli: Clay T. Whitehead, US-amerikanesche Geschäftsmann a Conseiller am Satellittewiesen.


  • 26. Juli: Armando Bausch, lëtzebuergeschen Auteur, Journalist a Schlagersänger.


  • 27. Juli: Youssef Chahine, egyptesche Filmregisseur.

  •  ?? August: Joseph Wenkin, lëtzebuergesche Resistenzler a Politiker.


  • 03. August: Alexander Soljenizyn, russesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.


  • 07. August: Andrea Pininfarina, italieneschen Ingenieur.


  • 08. August: Liliane Thorn-Petit, lëtzebuergesch Journalistin a Publizistin.


  • 08. August: Fernand Meyssonnier, leschte franséische Schaarfriichter.


  • 10. August: Isaac Hayes, US-amerikanesche Museker.


  • 11. August: Fred Sinowatz, éisträichesche Politiker.


  • 14. August: Roger Molitor, lëtzebuergesche Moler.


  • 21. August: Henry Gelhausen, lëtzebuergeschen Auteur vu Satiren a Glossen.


  • 01. September: Don LaFontaine, US-amerikanesche Stëmm-Schauspiller.


  • 10. September: Rolph Ketter, lëtzebuergeschen Auteur a Journalist.


  • 17. September: Marcel Coppin, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.


  • 18. September: Florestano Vancini, italienesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.


  • 19. September: Marcel Dierkens, belsch-lëtzebuergesche Vëlossportler.


  • 26. September: Paul Newman, US-amerikanesche Schauspiller.

  • 28. September: Andrzej Szeptycki, polneschen Taxonomist.


  • 05. Oktober: Leopoldo Elia, italienesche Riichter a Politiker.


  • 06. Oktober: Léopold Hoffmann, lëtzebuergesche Schrëftsteller.


  • 06. Oktober: Michel Reuter, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.


  • 11. Oktober: Jörg Haider, éisträichesche Politiker.


  • 13. Oktober: Guillaume Depardieu, franséische Schauspiller.


  • 20. Oktober: Marie-Madeleine Cinquin (Soeur Emmanuelle), belsch Uerdensfra an Auteur.


  • 25. Oktober: André Biren, lëtzebuergesche Galerist an Editeur.


  • 01. November: Jacques Piccard, Schwäizer Erfinder a Mieresfuerscher.


  • 04. November: Michael Crichton, US-amerikanesche Schrëftsteller.


  • 10. November: Miriam Makeba, südafrikanesch Sängerin.


  • 11. November: Alessandro Maggiolini, italienesche Geeschtlechen a Bëschof.


  • 13. November: Mitch Mitchell, englesche Batteur.


  • 14. November: Zwetanka Christowa, bulgaresch Liichtathletin.


  • 15. November: Fons Bastijns, belsche Foussballspiller.


  • 17. November: Denise Bindschedler-Robert, Schwäizer Juristin.


  • 25. November: Edwin Salpeter, éisträicheschen Astronom an Astrophysiker.


  • 26. November: Christian Fechner, franséische Filmproduzent.


  • 29. November: Jørn Utzon, däneschen Architekt.


  • 08. Dezember: Frank K. Edmondson, US-amerikaneschen Astronom.


  • 12. Dezember: Tassos Papadopoulos, zypriotesche Politiker.


  • 13. Dezember: Christine Carère, franséisch Schauspillerin.

  • 13. Dezember: Horst Tappert, däitsche Schauspiller.


  • 16. Dezember: Roby Rausch, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.


  • 22. Dezember: Lansana Conté, guinäesche Politiker a Staatspresident.


  • 24. Dezember: Samuel Phillips Huntington, amerikanesche Politikwëssenschaftler


  • 24. Dezember: Harold Pinter, engleschen Auteur a Literatur-Nobelpräisdréier 2005.


  • 25. Dezember: Eartha Kitt, US-amerikanesch Jazzsängerin.


  • 29. Dezember: Jupp Wagner, lëtzebuergesche Paschtouer.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: 2008 – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen



  1. D'Detailer vum Foussballlännermatch Saudi-Arabien - Lëtzebuerg den 30. Januar 2008 op der Websäit vun European Football.info


  2. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Wales de 26. Mäerz 2008 op der Websäit vun European Football.info


  3. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Kap Verde de 27. Mee 2008 op der Websäit vun European Football.info


  4. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Mazedonien den 20. August 2008 op der Websäit vun European Football.info


  5. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Griicheland de 6. September 2008 op der Websäit vun European Football.info


  6. De Lännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg op der Websäit vun European Football


  7. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Israel den 11. Oktober 2008 op der Websäit vun European Football


  8. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Moldawien de 15. Oktober 2008 op der Websäit vun European Football


  9. D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 19. November 2008 op der Websäit vun European Football




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=2008&oldid=2196614“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.176","walltime":"0.298","ppvisitednodes":"value":1047,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":7300,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":87,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":6,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":3862,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 196.397 1 -total"," 7.13% 14.001 1 Schabloun:Referenzen"," 5.31% 10.429 1 Schabloun:Artikel_Joer"," 4.94% 9.694 1 Schabloun:8._Mee"," 4.24% 8.329 1 Schabloun:Commonscat"," 3.80% 7.455 2 Schabloun:4._November"," 3.05% 5.983 1 Schabloun:Clr"," 2.93% 5.759 1 Schabloun:Commons"," 2.85% 5.596 1 Schabloun:1._Januar"," 2.84% 5.570 3 Schabloun:6._Oktober"],"cachereport":"origin":"mw1332","timestamp":"20190924201529","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"2008","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/2008","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q2004","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q2004","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-04-15T19:04:48Z","dateModified":"2019-08-25T10:13:48Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":163,"wgHostname":"mw1255"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region