Skip to main content

Äerdnoen Objet Inhaltsverzeechnes Klassifikatioun vun äerdnoen Objeten | Himmelsiwwerwachung | Risikoofschätzung | Nooste Rendez-vous | Kuckt och | Literatur | Um Spaweck | NavigatiounsmenüNeoDys Near Earth Objects - Dynamic SiteNASA Near Earth Object ProgramAsteroid And Comet Impact HazardsThe Spaceguard Central Nodeb612 FoundationForderung nach einem UN-Abkommen zur Abwehr von AsteroidenThorsten Dambeck in Neue Zürcher Zeitung NZZ, 9.1.2008, S. B2: „Ein schwer berechenbarer Kleinplanet. Neue Erkenntnisse zu den Begegnungen von Apophis mit der Erde“

SonnesystemAsteroidenMeteoroidenKoméiten


AsteroidKoméitMeteoroidBunnSonnÄerdbunnKlengkierperSonnesystemShoemaker-Levy 91994JupiterNASAamerikanesche KongressLINEARLONEOSNEATSpacewatchAschlagMeteoritSpaceguardEuropäesch UniounaustraleschenTeleskopODAS19992003äerdno Asteroiden200520062004 VD17(29075) 1950 DA2880MassestierwenLiewensformen












Äerdnoen Objet




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


En Äerdnoen Objet (engl. Near-Earth object; NEO), ass en Asteroid, Koméit oder grousse Meteoroid deen op senger Bunn ronderëm d'Sonn, d'Äerdbunn kräizt an doduerch eng Kollisiounsgefor ass. Fir där Gefor aus de Féiss kënnen ze goen, si genee Kenntnesser iwwer déi Objeten noutwendeg.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Klassifikatioun vun äerdnoen Objeten


  • 2 Himmelsiwwerwachung


  • 3 Risikoofschätzung

    • 3.1 Turiner Skala


    • 3.2 Palermoskala



  • 4 Nooste Rendez-vous


  • 5 Kuckt och


  • 6 Literatur


  • 7 Um Spaweck




Klassifikatioun vun äerdnoen Objeten |


No Aart a Gréisst ginn dës Objeten ënnerdeelt an:



  • Meteoroide mat manner wéi 50 m Duerchmiesser


  • Asteroide mat méi wéi 50 m Duerchmiesser

  • Koméiten

Meteoroide si méi grouss wéi den interplanetare Stëbs, mä méi kleng wéi Asteroiden, woubäi et awer weder vun der Gréisst nach vun der Zesummesetzung hier eng eendäiteg an eenheetlech Grenz tëscht de béiden Objetaarte gëtt.


D'Asteroiden a Meteoroiden zielen zesumme mat de Koméiten zu de Klengkierper vum Sonnesystem.



Himmelsiwwerwachung |


Nom Aschlag vum Koméit Shoemaker-Levy 9 1994 um Jupiter krut d'NASA vum amerikanesche Kongress den Optrag, all d'Objeten, déi méi wéi 1 km Duerchmiesser hunn, an déi Äerdbunn kräizen ze katalogiséieren. Dëst soll duerch speziell Programmer fir d'Himmelsiwwerwaachung, wéi LINEAR, LONEOS, NEAT oder Spacewatch, erreecht ginn. Den Aschlag vun engem Meteorit vun där Gréisstenuerdnung wier lokal eng Katastroph an hätt och global eescht Auswierkungen. Am Moment si ronn 500 Objete vun där Gréisst bekannt. No der Meenung vun Experten ass dat awer nëmmen d'Hallschent vun den äerdnoen Objete vun där Gréisst.


Um Projet Spaceguard schaffen am Moment d'USA an déi Europäesch Unioun zesummen. Mat Abannung vun engem australeschen Teleskop gouf d'Iwwerwaachung op de kompletten Himmel ausgebreet. Mat der europäescher ODAS-Himmelsiwwerwaachung huet missen 1999 wéinst finanzielle Kierzungen opgehale ginn.



Risikoofschätzung |


Et gëtt zwou Andeelunge fir d'Klassifizéierung vum Aschlagsrisiko:


  • déi einfach Turiner Skala

  • déi komplex Palermoskala


Turiner Skala |


2003 gouf fir déi zwéin äerdno Asteroiden 2003 QQ47 an 1997 XR2 e Risiko festgestallt deen iwwer Null läit. Alle béid sinn an der Geforestuf 1 ageschriwwen. No méi geneeë Bunnmiessungen am Joer 2005 krut dem Objet (99942) Apophis (2004 MN4) als éischten eng Risikostuf vun iwwer 1 zougewisen, kuerzfristeg war den Asteroid souguer an den Niveau 4 opgeholl ginn. Tëscht Februar a Mee 2006 gouf 2004 VD17 op der Turiner Skala mat 2 agestuuft, hie war domat eréischt den zweeten Asteroid, deen e Wäert vun iwwer 1 op der Turiner Skala erreecht huet.



Palermoskala |


Bis elo ass een äerdnoen Objet mat engem Risiko méi grouss wéi Null bekannt; fir den (29075) 1950 DA gëtt en enke Rendez-vous am Joer 2880 virausgesot. Wann et zu engem Aschlag vun dësem Objet sollt kommen, da kéint e Massestierwen d'Folleg sinn, bei deem déi meescht Liewensformen op der Äerd ausgeläscht géifen.



Nooste Rendez-vous |


  • Den Objet, deen eis bis elo am nooste koum, war 2004 FU162. Dat war den 31. Mäerz 2004 mat nëmme 6.500 km Ofstand zu eiser Äerd, huet awer keng Gefor duergestallt, well den 2004 FU162 een Duerchmiesser vu ronn 6 m huet.

  • Deen zweetnooste war den 19. Dezember 2004 mam 2004 YD5 (5 m Duerchmiesser) op enger Distanz vu 35.000 km.

  • Den 18. Mäerz 2004 ass um 23:08 Auer  MEZ den Asteroid 2004 FH passéiert, e Fielsbatz mat ronn 30 Meter Duerchmiesser, säin Ofstand zu de Äerd war nëmmen 43.000 Kilometer.

  • Den 2. Mäerz an den 18. Mäerz 2009 um 13:17 Auer MEZ hunn d'Asteroiden 2009 DD45 (21–47 m Durchmesser) resp. 2009 FH (13–29 m) d'Äerd op enger Distanz vun nëmme 70.000 resp. 80.000 km passéiert. Déi béid Asteroide goufen eréischt een Dag virdrun entdeckt.

  • Den 13. Abrëll 2029 passéiert deen 270 m groussen (99942) Apophis (2004 NM4) d'Äerd op enger Distanz vun ongeféier 30.000 km.


Kuckt och |


  • Asteroid

  • Äerdnoen Asteroid

  • Lëscht vun den Asteroiden

  • Lëscht vun äerdnoen Asteroiden

  • Tunguska-Ereignis


Literatur |


  • Andrea Milani: Near earth objects, our celestial neighbors - opportunity and risk. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2007, ISBN 978-0-521-86345-2

  • John L. Remo: Near-earth objects - the United Nations international conference. New York Acad. of Sciences, New York 1997, ISBN 1-57331-041-7


Um Spaweck |



  • (en) NeoDys Near Earth Objects - Dynamic Site


  • (en) NASA Near Earth Object Program


  • (en) Asteroid And Comet Impact Hazards


  • (en) The Spaceguard Central Node


  • (en) b612 Foundation


  • (de) Forderung nach einem UN-Abkommen zur Abwehr von Asteroiden – Artikel vun Telepolis, vum 19. Februar 2007


  • (de) Thorsten Dambeck in Neue Zürcher Zeitung NZZ, 9.1.2008, S. B2: „Ein schwer berechenbarer Kleinplanet. Neue Erkenntnisse zu den Begegnungen von Apophis mit der Erde“




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Äerdnoen_Objet&oldid=1966636“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.032","walltime":"0.047","ppvisitednodes":"value":118,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":1062,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":20,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 11.047 1 -total"," 69.42% 7.669 5 Schabloun:En"," 27.52% 3.040 2 Schabloun:Sproochindikatioun"," 25.56% 2.824 2 Schabloun:De"],"cachereport":"origin":"mw1274","timestamp":"20190925183117","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"u00c4erdnoen Objet","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/%C3%84erdnoen_Objet","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q265392","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q265392","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2009-04-06T22:07:16Z","dateModified":"2016-11-02T05:49:34Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":179,"wgHostname":"mw1241"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?