Skip to main content

Lunar and Planetary Laboratory Inhaltsverzeechnes Hannergrond | Raumfaartmissiounen | Astronomesch Observatiounen | Kuckt och | Um Spaweck | NavigatiounsmenüWebsäit vum LPL

PlanetologieWeltraumzentrenRaumfaart


FuerschungszentrumPlanetologieTucsonArizonaGraduate schoolFakultéitUniversity of Arizona1960AstronomGerard Peter KuiperSonnesystemMoundenMirandaNereidKuelendioxidMarsMethanTitanKuiperceintureUniversity of ChicagoUniversity of ArizonaAstronomiePhysikChimieGeologieGeophysikGeochimieAtmosphärIngenieurwëssenschaftenPlanéitesystemer1973LéierDekanTimothy D. SwindleAstrophysikDonkel MatièreSaturn 01.svg












Lunar and Planetary Laboratory




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen




Konzeptbild vun der Phoenix (Raumsond)


De Lunar and Planetary Laboratory (LPL) ass e Fuerschungszentrum fir Planetologie zu Tucson, Arizona. Et ass gläichzäiteg eng Graduate school an ass d'Fakultéit fir Planetologie (Department of Planetary Sciences) vun der University of Arizona. Den LPL ass ee vun de weltgréisste Programmer am universitären Ëmfeld, dee sech nëmme mat Planetologie beschäftegt.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Hannergrond


  • 2 Raumfaartmissiounen


  • 3 Astronomesch Observatiounen


  • 4 Kuckt och


  • 5 Um Spaweck




Hannergrond |


Den LPL gouf am Joer 1960 vum Astronom Gerard Peter Kuiper gegrënnt. De Kuiper war e laangjärege Pionéier an der Observatioun vum Sonnesystem a besonnesch vu Mounden an enger Zäit, wou dat ënner Astronomen als onzäitgeméiss gegollt huet. Zu senge Bäiträg zielt d'Entdeckung vun de Mounde Miranda an Nereid, den Nowäis vu Kuelendioxid um Mars a Methan um Titan, an d'Virausso vun der spéider no him genannter Kuiperceinture.


De Kuiper koum op der Sich no méi grousser Onofhängegkeet, wéi hie si an der University of Chicago hat, op Tucson, ugezunn vun der Méiglechkeet, eng de Studien vum Sonnesystem ugepaasst Zesummenaarbecht opzebauen. Den LPL gouf ënner dem Patronat vun der University of Arizona ageriicht an de Kuiper huet d'Ariichtung als Direkter bis zu sengem Doud geleet.


D'Projete vum LPL sinn interdisziplinär. Dat gesammelt Wëssen an d'Technike vun der Astronomie, Physik, Chimie, Geologie, Geophysik, Geochimie, Ofleef an der Atmosphär an Ingenieurwëssenschaften, gëtt op de Studium vun de Planéitesystemer ausgeriicht. Vill Studenten um LPL beschäftege sech nëmme mat der enger oder anerer Disziplin am Detail, soudatt e breet ugeluechte Léierplang onëmgänglech ass.


1973 huet d'Universitéit d'Fakultéit fir Planetologie ageriicht, déi fortlafend mam LPL zesummeschafft. Dës Bestëmmung et hat dem LPL erméiglecht den Administratiounskader fir eng grouss Roll an der Léier z'iwwerhuelen. De President vum LPL ass gläichzäiteg Dekan vun der Fakultéit an Direkter vum Laboratoire. Aktuell ass d'Plaz vum Timothy D. Swindle besat.



Raumfaartmissiounen |


Den LPL war u bal jiddwer interplanetareschem Raumgefier bedeelegt, dat d'Äerd verlooss huet. E puer vun de bedeitendste waren:



  • Phoenix Scout Missioun – Mars – Verantwortlech fir den Opbau vun der Raumsond an de wëssenschaftleche Betrib um Mars.


  • Mars Reconnaissance Orbiter – Mars – Verantwortlech fir de Bau a Betrib vun der HiRISE-Kamera mat enger Apertur vu 50 cm.


  • Mars Global Surveyor – Mars – Dr. Alfred McEwen ass wëssenschaftleche Member vum Mars Orbital Camera Team. Den Dr. Steve Bougher ass un der Entwécklung an un den Tester vum Bremssystem bedeelegt.


  • Deep Space 2 – Mars – Ee vun de Wëissenschaftler gouf vum Lunar and Planetary Laboratory gestallt.


  • Mars Odyssey – Mars – Verantwortlech fir den Opbau an de Betrib vum Gammastralespektrometer) Gamma Ray Spectrometer (GRS).


  • Pioneer 10 – Jupiter – Verantwortlech fir d'Steierung vum Imaging Photopolarimeter (IPP).


  • Pioneer 11 – Jupiter a Saturn – Verantwortlech fir d'Steierung vum Imaging Photopolarimeter (IPP).


  • Pioneer-Venus – Venus – Verantwortlech fir d'Steierung a Kalibréierung vum Large Probe Solar Flux Radiometer (LSFR).


  • Messenger – Merkur – Wëssenschaftler vum Mercury Atmospheric and Surface Composition Spectrometer (MASCS), dee LPL gebaut gouf.


  • Galileo – Jupiter Um LPL goufen Deeler vum UV-Spektrometer gebaut


  • Cassini – Saturn – gréissten universitäre Undeel. Verantwortung fir den Opbau an d'Auswäertung vun Uewerflächefotoe vum Titan a vum Enceladus


Astronomesch Observatiounen |


De Lunar and Planetary Laboratory ass bei folgende Programmer bedeelegt:



  • Spacewatch, e Programm fir d'Erkennung vun Äerdnoen Asteroiden


  • Planetary Atmosphere Project, dat den Inhalt vun den Atmosphäre vu verschiddene Planéite moosst

  • Observatioun vun Okkultatiounen, woubäi mat Spektroskopie vun enger Sonn wa si duerch e Planéit verdeckt ass, d'Planetenatmosphär analyséiert ka ginn

  • Studie vum Planéit Merkur

  • Catalina Sky Survey

souwéi bei interdisziplinäre Fuerschungsgebidder wéi theoretesch Astrophysik a Raumphysik, fir Äntwerten op Froen ze fanne wéi: Wat ass eigentlech Donkel Matière?



Kuckt och |


Saturn 01.svgPortal Astronomie



Um Spaweck |



  • (en) Websäit vum LPL



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Lunar_and_Planetary_Laboratory&oldid=2167851“













Navigatiounsmenü


























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.032","walltime":"0.041","ppvisitednodes":"value":103,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":312,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":10,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 7.006 1 -total"," 63.21% 4.428 1 Schabloun:En"," 34.74% 2.434 1 Schabloun:Kuckt_och_Portal:Astronomie"," 33.24% 2.329 1 Schabloun:Sproochindikatioun"],"cachereport":"origin":"mw1263","timestamp":"20190929004157","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Lunar and Planetary Laboratory","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Lunar_and_Planetary_Laboratory","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q1041858","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q1041858","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2012-12-28T17:37:14Z","dateModified":"2019-03-05T13:45:11Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/8/8f/Phoenix_lander_illustration_2006.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":148,"wgHostname":"mw1325"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?