Skip to main content

Catalina Sky Survey Inhaltsverzeechnes Ofschätzung vum Eescht | Missiounsziler | Informatiounsiwwersiicht | Asteroid 2007 WD5 | Asteroid 2007 TU24 | Asteroid 2008 TC3 | Asteroid 2009 KK | CSS/SSS-Team | Kuckt och | Referenzen Um Spaweck | NavigatiounsmenüCatalina Sky Survey Websäit

DuerchmusterungAsteroidenKoméiten


KoméitenAsteroidenäerdno Objeten20. Joerhonnert1998NASAHaaptasteroidenceintureSiding Spring Survey2005200620. November20072007 WD5Andrea Boattini30. Januar200811. Oktober200729. Januar2008Goldstone Observatory6. Oktober20082008 TC37. Oktober2008Äerdatmosphär17. Mee20092009 KK22. Mee2009Lunar and Planetary LaboratoryUniversity of ArizonaAustralienSaturn 01.svg












Catalina Sky Survey




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


D'Catalina Sky Survey (CSS) ass e Projet fir Koméiten an Asteroiden z'entdecken a fir no äerdno Objeten (NEO) ze sichen. Eigentlech gëtt no potentiell geféierlechen Asteroiden (potentially hazardous asteroid, och PHAs genannt), gesicht.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Ofschätzung vum Eescht

    • 1.1 Aner Grënn



  • 2 Missiounsziler


  • 3 Informatiounsiwwersiicht


  • 4 Asteroid 2007 WD5


  • 5 Asteroid 2007 TU24


  • 6 Asteroid 2008 TC3


  • 7 Asteroid 2009 KK


  • 8 CSS/SSS-Team


  • 9 Kuckt och


  • 10 Referenzen


  • 11 Um Spaweck




Ofschätzung vum Eescht |


D'Technologie huet sech zanter Enn vum 20. Joerhonnert souwäit verbessert, datt een an der Lag ass, NEOen systematesch an zum groussen Deel automatiséiert ze sichen. Well et katastrophal Auswierkunge fir d'Äerd no enger méiglecher Kollisioun mat engem groussen Objet kéint ginn, hat den US Kongress 1998 d'NASA beoptragt, d'Programm NEO Observations Program (NEOO) an d'Liewen ze ruffen, fir Objeten, déi méi grouss wéi 1 Kilometer sinn, zu 90 Prozent z'erfaassen.



Aner Grënn |


Zousätzlech zu der renger Informatioun, wéi vill NEOen et gëtt, gëtt et weider Erkenntnesser am NEO Projet. Zum Beispill kann d'Wëssen iwwer d'Haaptasteroidenceinture verbessert ginn an d'Verdeelung vun de Koméite mat grousse Sonnendistanze bestëmmt ginn asw.



Missiounsziler |


Catalina Sky Survey (CSS) zesumme mam Siding Spring Survey (SSS) sichen no den NEOen an erfëlle sou d'Mandat vum US-Kongress.



Informatiounsiwwersiicht |


Jiddwer Mount decken déi wäitwénkleg Iwwerwaachungen d'Observatiounsméiglechkeeten zu ronn R ~19.5 of. Fir d'Sichvolumen op méi grouss Distanzen z'erweideren, sinn och méi grouss Instrumenter néideg.


2005 huet CSS 310 NEOen an am Joer 2006 der 400 entdeckt. Fir déi weider Jore rechne si mat iwwer 450 Objete pro Joer. Besonnesch wichteg Entdeckunge waren:



Asteroid 2007 WD5 |


Als Deel vun dësen Observatioune gouf den 20. November 2007 den Asteroid mat der Bezeechnung 2007 WD5 vum CSS-Team-Member Andrea Boattini entdeckt. Deem Asteroid gouf d'Wahrscheinlechkeet vun 1:40 ageraumt, datt hien um Mars géif aschloen. Als Termin gouf den 30. Januar 2008 genannt. Doropshi gouf den Asteroid méi genee observéiert, fir méi Informatiounen iwwer d'Aschlagswahrscheinlechkeet ze kréien, wouduerch spéider en Aschlag ausgeschloss konnt ginn.



Asteroid 2007 TU24 |


Deen Asteroid gouf den 11. Oktober 2007 entdeckt. Den Duerchmiesser gouf mat ronn 300 bis 600 m ermëttelt. Den Asteroid hat d'Bunn vun der Äerd den 29. Januar 2008 op engem Ofstand vu 554.209 km gekräizt, wat ronn der 1,44-facher Mounddistanz entsprécht.[1] Weider wees een iwwer dësen Asteroid nach net vill; allerdéngs goufen éischt Radarobservatiounen gemaach, z. B. um Goldstone Observatory [2]



Asteroid 2008 TC3 |


De 6. Oktober 2008 gouf den Asteroid 2008 TC3 entdeckt a berechent, datt hien de 7. Oktober 2008 ëm 4:46 MESZ iwwer dem Nordsudan an d'Äerdatmosphär antriede géif. Et war fir d'éischt gelongen en Asteroidenaschlag op der Äerd richteg virauszesoen.



Asteroid 2009 KK |


De 17. Mee 2009 gouf den äerdnoen Asteroid 2009 KK mat engem Duerchmiesser vu ronn 270 m entdeckt, deen den 22. Mee 2009 an de Geforenniveau 1 op der Turiner Skala klasséiert gouf, duerch weider Observatioune konnt de Wäert den 10. Juni op 0 erofgesat ginn.



CSS/SSS-Team |


Leeder vum CSS-Team ass de Steve Larson vum Lunar and Planetary Laboratory vun der University of Arizona.


Dat komplett Team besteet aus den Astronomen:


  • Steve Larson

  • Ed Beshore

  • Rik Hill

  • Richard Kowalski

  • Alex Gibbs

  • Andrea Boattini

  • Al Grauer

An Australien:


  • Robert McNaught

  • Gordon Garradd

  • Donna Burton

Als quasi “Nieweprodukt” vun den Observatioune vun dëser Grupp fale verschidden Éischtentdeckunge vu Koméiten op, déi entweder den Numm vum Entdecker kruten oder nieft der astronomescher Bezeechnung d'Zousazbezeechnung Catalina resp. och Siding Spring hunn.



Kuckt och |


Saturn 01.svgPortal Astronomie




Referenzen



  1. http://www.jpl.nasa.gov/news/news.cfm?release=2008-014a


  2. [1].


Um Spaweck |


  • Catalina Sky Survey Websäit



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Catalina_Sky_Survey&oldid=1805891“













Navigatiounsmenü


























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.048","walltime":"0.061","ppvisitednodes":"value":108,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":216,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":767,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 12.004 1 -total"," 77.48% 9.301 1 Schabloun:Referenzen"," 36.33% 4.361 1 Schabloun:Clr"," 21.42% 2.571 1 Schabloun:Kuckt_och_Portal:Astronomie"],"cachereport":"origin":"mw1271","timestamp":"20191006075844","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Catalina Sky Survey","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Catalina_Sky_Survey","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q515838","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q515838","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2012-06-28T21:53:16Z","dateModified":"2015-01-08T10:29:06Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":118,"wgHostname":"mw1331"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?