Skip to main content

Äerdnoen Asteroid Inhaltsverzeechnes Opdeelung | No Rendez-vousen an Aschléi | Verschiddenes | Kuckt och | Literatur | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüAbstractPART III--Near-Earth ObjectsIAU Minor Planet Center (MPC)Closest Approaches to the Earth by Minor Planets (MPC)Unusual Minor Planets (MPC)The Near-Earth Asteroids Data Base (E.A.R.N.)The Spaceguard survey: Discovery statistics at the end of 2007Mission to a Potentially Threatening AsteroidNEO GROUPSNear-Earth Object Human Space Flight Accessible Targets Study (NHATS)

Äerdno Asteroiden


Asteroideno bei d'ÄerdHaaptasteroidenceintureSonnbannenzege Planéiten1898ErosAE19001931Vermiessung2000NEAR1911Johann PalisaAlbert2000RisikoÄerdCSSNEATLONEOSCINEOSSpacewatchLINEARgrousser BunnhallefachsPerihelAphelBunnhallefachseBunnexzentrizitéitenPerihelAsteroid(1221) Amor1932Sonn(1862) ApolloÄerdbunn kräizen2011synodescher Period30. Dezember2010NASA2010bemannte MissiouneSaturn 01.svg












Äerdnoen Asteroid




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen




Type vun äerdnoen Orbitten


Als äerdno Asteroiden (engl. Near-Earth asteroid; NEA) ginn Asteroide bezeechent, déi no bei d'Äerd komme kënnen. Si bewege sech net wéi déi meescht Asteroiden an der Haaptasteroidenceinture ëm d'Sonn, mä am Beräich vun de bannenzege Planéiten. D'Zesummesetzung vun den äerdnoen Asteroiden entsprécht awer der Zesummesetzung vun aneren Haaptceinture-Asteroiden.


Als éischte vun dësen ongewéinleche Klengplanéite gouf 1898 als Nummer 433 den hantelfërmegen Eros entdeckt. Bei Bunnradien tëscht 1,13 an 1,78 AE (Mars: 1,43–1,61 AE) koum hie bis op 0,15 AE un d'Äerd erun (58 Mounddistanzen) a war 1900 an 1931 eng Hëllef bei der geneeër Vermiessung vum Sonnesystem. 2000 koum et zu engem Rendez-Vous mat der Raumsond NEAR. 1911 hat de Johann Palisa den Nr. 719 Albert (1,19–4 AE) entdeckt, deen awer eréischt 2000 erëmfonnt gouf. Wéi viru 70 Joer weider „opfälleg“ Bunnen entdeckt goufen, gouf domat ugefaange se ze typiséieren.


Wéinst der héijer kinetescher Energie vu groussen Asteroide resp. der héijer Zuel vun de klengen, besteet een net onerhiefleche Risiko vun engem Aschlag op eiser Äerd. Nei Objete gi vum CSS, NEAT, LONEOS, CINEOS, Spacewatch oder LINEAR fonnt.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Opdeelung

    • 1.1 Amor-Asteroiden


    • 1.2 Apollo-Asteroiden


    • 1.3 Aten-Asteroiden


    • 1.4 Atira-Asteroiden


    • 1.5 Arjuna-Asteroiden


    • 1.6 Sonnenno Asteroiden



  • 2 No Rendez-vousen an Aschléi


  • 3 Verschiddenes


  • 4 Kuckt och


  • 5 Literatur


  • 6 Um Spaweck


  • 7 Referenzen




Opdeelung |


Déi äerdno Asteroide ginn no der Längt vun hirer grousser Bunnhallefachs an dem Perihel an Aphel ënnerdeelt.distanzen.[1]



Amor-Asteroiden |


Asteroide vum Amortyp hu Bunnhallefachse baussenzeg vun der Äerdbunn an de Bunnexzentrizitéiten, déi net duergi fir awer e Perihel bannent der Äerdbunn z'erreechen. Si ginn nom Asteroid (1221) Amor genannt, deen 1932 entdeckt gouf a sech op engem Ofstand vun 1,08–2,76 AE ëm d'Sonn beweegt. Den noosten Ofstand zu der Sonn – de Perihel – ass bei deem Bunntyp tëscht 1,017 an 1,3 AE.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Amor-Asteroid



Apollo-Asteroiden |




Radarbild vum (4179) Toutatis, en Asteroid vum Apollotyp


Objete mat Bunnhallefachsen déi méi grouss wéi 1 AE sinn a mat Periheldistanzen déi méi kleng wéi 1,017 AE sinn, ginn nom (1862) Apollo als Apollo-Asteroide bezeechent. Si kënnen d'Äerdbunn kräizen, wat jee no Bunnplang en Aschlagrisiko bedeit.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Apollo-Asteroid



Aten-Asteroiden |


Asteroide vum Atentyp hu Bunnhallefachsen déi méi kleng si wéi 1 AE an Aphel-Distanze déi méi grouss si wéi 0,9833 AE.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Aten-Asteroid



Atira-Asteroiden |


Asteroide vum Atira-Typ sinn eng nach relativ kleng Grupp vun Asteroiden, déi komplett bannenzeg vun der Äerdbunn lafen an doduerch schwéier z'entdecke sinn. Bis op ee si se all méi grouss wéi 300 m (Stand: 2011):



  • (163693) Atira

  • (164294) 2004 XZ130

  • 2004 JG6

  • 2005 TG45

  • 2006 KZ39

  • 2006 WE4

  • 2007 EB26

  • 2008 EA32

  • 2008 UL90

  • 2010 XB11


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Atira-Asteroid



Arjuna-Asteroiden |


Arjuna-Asteroide sinn eng rar Form vun äerdnoen Asteroiden a gehéieren zu enger vun de véier virdru beschriwwenen Typklassen. Si bewege sech op enger äerdähnlecher Ëmlafbunn mat enger synodescher Period vu méi wéi zéng Joer.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Arjuna-Asteroid



Sonnenno Asteroiden |


Verschiddener vun dëse Klengkierper hunn hire sonnennächste Punkt banne vun der Venus- oder souguer banne vun der Merkurbunn.


Den 30. Dezember 2010 ware 1746 Asteroide bekannt, déi d'Venusbunn schneiden. 507 dovun hunn hire sonnenächste Punkt banne vun der Merkurbunn. Bekannt Vertrieder sinn:



  • (1566) Icarus (1949 entdeckt; Distanz vun der Sonn: 0,19–1,97 AE)

  • de koméitenaartegen, vum IRAS 1984 entdeckten (3200) Phaethon (0,14–2,40 AE). Am Perihel huet hien eng Vitess vun 200 km/s an trotz den Temperature vu 600 °C keng Emissioun (ESA 2002), wéi d'Koméiten.


No Rendez-vousen an Aschléi |


  • Den Apollo-Asteroid (29075) 1950 DA war den éischten Objet, fir deen e positive Wäert op der Palermo-Skala fir Aschlagsrisiken ermëttelt gouf.

  • Den Aten-Asteroid (99942) Apophis wäert mueres den 13. Abrëll 2029 knapps 30.000 km laanscht d'Äerd fléien. Fir dëse Rendez-vous louch am Dezember 2004 d'Astufung op der Turiner Skala fir wéineg Deeg bei 4, ee bis elo net méi erreechte Wäert.

  • Deen nëmme ronn sechs Meter klengen Aten-Asteroid 2004 FU162 koum den 31. Mäerz 2004 bis op 6.500 km un d'Äerd erun.


  • 2008 TC3 war den éischten Asteroid, fir deen eng Kollisioun mat der Äerd korrekt virausgesot gouf. De 4 m klengen Objet gouf de 6. Oktober 2008 nach hanner der Moundbunn entdeckt a war 20 Stonne méi spéit bal komplett an der Atmosphär vergloust.


Verschiddenes |


D'NASA fuerscht zanter 2010 mat Near-Earth Object Human Space Flight Accessible Targets Study (NHATS) dat méiglech Erreeche vun äerdnoen Asteroide duerch bemannte Missioune.[2]



Kuckt och |


Saturn 01.svgPortal Astronomie


  • Lëscht vun äerdnoen Asteroiden


Literatur |


  • C. T. Russell: The Near Earth Asteroid Rendezvous Mission. Kluwer Acad. Publ., Dordrecht 1997, ISBN 0-7923-4957-1.

  • Pierre Vernazza, et al.: Compositional differences between meteorites and near-Earth asteroids. Nature 454, 858-860, 14 August 2008.Abstract


  • PART III--Near-Earth Objects in: John S. Lewis et al.: Resources of Near Earth Space. University of Arizona Press, Tucson 1993, ISBN 0-8165-1404-6.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Äerdno Asteroiden – Biller, Videoen oder Audiodateien

  • (en) IAU Minor Planet Center (MPC)


  • (en) Closest Approaches to the Earth by Minor Planets (MPC)


  • (en) Unusual Minor Planets (MPC)


  • (en) The Near-Earth Asteroids Data Base (E.A.R.N.)


  • (en) The Spaceguard survey: Discovery statistics at the end of 2007


  • (en) Mission to a Potentially Threatening Asteroid – David Morrison, Lecture SETI Institute, 1. Juli 2009 (YouTube Video)



Referenzen



  1. NEO GROUPS neo.jpl.nasa.gov (ofgeruff den 2. September 2010)


  2. Near-Earth Object Human Space Flight Accessible Targets Study (NHATS) jpl.nasa.gov, gekuckt den 28. Abrëll 2015




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Äerdnoen_Asteroid&oldid=2138160“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.112","walltime":"0.142","ppvisitednodes":"value":264,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":3843,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":239,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":6,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":823,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 40.304 1 -total"," 26.52% 10.688 1 Schabloun:Referenzen"," 20.75% 8.364 1 Schabloun:Commonscat"," 15.11% 6.091 1 Schabloun:Div_col"," 14.25% 5.745 1 Schabloun:Commons"," 13.11% 5.283 1 Schabloun:Clr"," 11.50% 4.636 6 Schabloun:En"," 8.32% 3.353 1 Schabloun:Link-Bild"," 7.23% 2.913 1 Schabloun:Column-count"," 6.75% 2.721 5 Schabloun:Méi_Info_1"],"cachereport":"origin":"mw1335","timestamp":"20190908121043","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"u00c4erdnoen Asteroid","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/%C3%84erdnoen_Asteroid","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q217526","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q217526","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2012-01-29T18:32:43Z","dateModified":"2018-11-02T15:29:31Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/0/09/NearEarthAsteroidOrbitTypes-de.svg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":109,"wgHostname":"mw1333"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?