Skip to main content

Mars (Planéit) Inhaltsverzeechnes Ëmlaf a Rotatioun | Physikalesch Eegenschaften | Mounden | Kuckt och | Literatur | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüGoogle weist Biller vum MarsBiller vum Mars op GooglePlanéit Mars bei Raumfahrer.netMars – vill Infoën zum Planéit Mars an all MissiounenDer-Rote-Planet.de: MarsnoriichtenD'Geologie vum Mars (uni-bonn.de)Billerserie vum Mars a sengen TrabantenChronologie vun alle MarsmissiounenMars Channel Observations 1877–90 Compared with modern Orbiter DataMars ExpressDLR Mars Express: Nei Biller (u. a. perspektivesch Usiichten)Mission Pathfinder – Photometrie, Analyse vu MarsgestengHomepage mat deegleche NoriichtenMars, the red planetStaubiges Gewitter auf dem MarsLightning Detected on Marsä

SonnMerkurVenusÄerdMarsAsteroidenceintureJupiterSaturnUranusNeptunPlutoKoméitenKuiperceintureOort-WollekAsteroidTabellaresch Iwwersiicht vun de Planéiten an Zwergplanéiten


MarsAstronomesch Objeten déi zanter der Antiquitéit bekannt sinn


SonnSonnesystemPlanéiten déi der Äerd gläichenMarsEisenoxidFlächAtmosphärMerkurSonnesystemPolkapenRaumsondeKratereTektonikVulkanerBiologiemännlecht GeschlechtMounde1877PhobosDeimosAEJoerelliptescherËmlafbunnSonnEkliptikBunnvitessBunnexzentrizitéitMerkursPlanéitebunnengravitativMars-TrojanerLagrangepunktenSolJoreszäiteJoreszäitenPrezessiounsbewegungPathfinderPolarstärDenebÄerdmoundKontinenteGravitatiounsacceleratiounSchwéierkraaftTemperaturenEquatorStéckstoffArgonSauerstoffppmKuelemonoxidWaasserdampµmDrockhPaÄerdatmosphärSonnewandMagnéitfeld2003Teleskopen2004RaumsondMethanppbFormaldehydultraviolett StralungVulkanismusKoméitenaschlMikroorganismenSerpentiniséierungOlivinEthanSchwiefeldioxid2009Pescara2010Chryse-DéifflächSchlammvulkanePolkapesubliméierenkondenséierterZirruswolleke2008Phoenix2009PerihelAphelWandstierm2006PhobosDeimosAsaph HallIliasAresGezäitewiesselwierkungMarsréngSaturn 01.svg












Mars (Planéit)




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


























































Mars

De Planéit Mars (Bild zesummegesat aus 102 Eenzelfotoen)

Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0)
Grouss Hallefachs
1.524

Exzentrizitéit
0,0935

Perihel
1,381

Aphel
1,666

Bunnschréiegt
1,850 Grad

Ëmlafdauer
686,980 d

Oppositiounsintervall
779,94 d

Ëmlafvitess
24,13 km/s

Klengsten Ofstand zur Äerd
0,372 AE

Gréissten Ofstand zur Äerd
2,683 AE

Equatorduerchmiesser
6.792,4 km
 

Polduerchmiesser
6.752,4 km

Mass
6,419 • 1023

Dicht
3,933 g/cm3

Fluchtvitess
5,03 km/s

Rotatiounsperiod
24 h 37 min 22 s

Achseschréiegt
25,19°

Albedo
0,15

Maximal Visuell Hellegkeet
−2,91 mag

Drock
6 • 10−3

Temperatur
140 K (–133 °C)
218 K (−55 °C)
300 K (+27 °C)
Kuelendioxid95,32 %
Stéckstoff2,7 %
Argon1,6 %
Sauerstoff0,13 %
Kuelestoffmonoxid0,08 %
Waasser0,02 %


Phobos an Deimos


De Mars ass, vun der Sonn aus gesinn, de véierte Planéit an eisem Sonnesystem. Hien zielt zu den Planéiten déi der Äerd gläichen. Wéinst senger orange- bis bluttrouder Faarf gouf hien nom réimesche Krichsgott Mars genannt a gëtt och de Roude Planéit genannt. D'Fierwung selwer verdankt de Planéit dem Eisenoxid-Stëpps, de sech op der Fläch an an der Atmosphär verdeelt huet. Sou ass de Mars e „raschtege“ Planéit.


Säin Duerchmiesser ass mat knapps 6800 Kilometer ongeféier hallef sou grouss wéi den Äerdduerchmiesser, säi Volumen ass gutt e Siwentel vun der Äerd. Domat ass de Mars nom Merkur deen zweetklemgste Planéit am Sonnesystem. Mat enger duerchschnëttlecher Distanz vun 228 Millioune Kilometer ass hie ronn 1,5-mol sou wäit vun der Sonn ewech wéi eis Äerd.


Déi zwou Polkapen an en etlech donkel Fläche si mat groussen Teleskope gutt ze gesinn. Fotoe vun de Raumsonde weisen eng deelweis mat Kratere bedeckt Uewerfläch a staark Spure vu fréierer Tektonik (déif Canyons a fënnef iwwer 20 km héich Vulkaner). Marsroboteren hunn an der Tëschenzäit schonn en etlech Gebidder geologesch ënnersicht.


D'Zeeche vum Mars soll e Schëld mat engem Speer deen dohanner steet duerstellen a steet fir de réimesche Krichsgott; an der Biologie symboliséiert et dat männlecht Geschlecht: ♂.


De Mars huet zwéi kleng, onreegelméisseg geformte Mounde, déi 1877 entdeckt goufen: Phobos an Deimos (griichesch fir Fuercht a Schreck).




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Ëmlaf a Rotatioun

    • 1.1 Ëmlafbunn


    • 1.2 Rotatioun



  • 2 Physikalesch Eegenschaften

    • 2.1 Atmosphär a Klima

      • 2.1.1 Atmosphär

        • 2.1.1.1 Zesummesetzung


        • 2.1.1.2 Methan



      • 2.1.2 Klima a Wieder

        • 2.1.2.1 Joreszäiten


        • 2.1.2.2 Stierm


        • 2.1.2.3 Wiederen





  • 3 Mounden


  • 4 Kuckt och


  • 5 Literatur

    • 5.1 Artikelen a Biller


    • 5.2 Fuerschungsinstituter



  • 6 Um Spaweck


  • 7 Referenzen




Ëmlaf a Rotatioun |



Ëmlafbunn |


De Mars beweegt sech op enger Distanz vun 206,62 bis 249,23 Millioune Kilometer (1,38 AE bis 1,67 AE) a knapps 687 Deeg (ongeféier 1,9 Joer) op enger elliptescher Ëmlafbunn ëm d'Sonn. D'Bunn ass 1,85° géint d'Ekliptik gebéit.


Seng Bunnvitess schwankt mam Sonnenofstand tëscht 26,50 km/s an 21,97 km/s an ass an der Moyenne 24,13 km/s. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,0935. No der Ëmlafbunn vum Merkurs ass dat déi zweetgréisst Ofwäichung vun der Kreesform ënner alle Planéitebunnen am Sonnesystem.


An der Vergaangenheet hat de Mars eng manner exzentresch Ëmlafbunn. Virun 1,35 Millioune Joer war d'Exzentrizitéit nëmme ronn 0,002, manner wéi déi vun der äerd haut. D'Period vun der Marsexzentrizitéit ass ronn 96.000 Joer, déi vun der Äerd ongeféier 100.000 Joer. De Mars huet awer nach e méi laangen Exzentrizitéitszyklus mat enger Period vun 2,2 Millioune Joer, deen dee mat der Period vu 96.000 Joer iwwerlagert. An de leschten 35.000 Joer gouf d'Ëmlafbunn duerch déi gravitativ Kräfte vun anere Planéite e bëssi méi exzentresch. De minimalen Ofstand tëscht Äerd a Mars wäert an de nächste 25.000 Joer nach e bëssi manner ginn.


Et gëtt véier bekannt Asteroiden, déi sech mam Mars déi gläich Ëmlafbunn deelen (Mars-Trojaner). Si sinn op de Lagrangepunkten L4 an L5, dat heescht, si bewege sech ëm 60° virum Planéit oder kommen ëm 60° hannendrun.



Rotatioun |


De Mars rotéiert a ronn 24 Stonnen an 37 Minutten eemol ëm déi eegen Achs. A Bezuch op säi Laf ëm d'Sonn ergëtt sech doraus e Marsdag vu knapps 24 Stonnen a 40 Minutten, deen och Sol genannt gëtt. Well den Equatorplang vum Planéit ëm 25° 12′ géint de Bunneplang gebéit ass, gëtt et, wéi op der Äerd, Joreszäite. Si daueren awer bal duebel sou laang wéi déi ierdesch Joreszäiten, well hinnen d'Marsjoer mat 687 Deeg zugronn läit. Si sinn och ënnerschiddlech laang, well d'Marsbunn méi elliptesch ëm d'Sonn leeft wéi déi vun der Äerd (kuckt Joreszäiten).


D'Rotatiounsachs féiert zudeem eng Prezessiounsbewegung mat enger Period vun 170.000 Joer aus. Aus dësem Wäert, dee mat Hëllef vun der Pathfinder-Missioun festgestallt gouf, kënnen d'Wëssenschaftler op d'Massekonzentratioun am Kär vum Planéit schéissen. De marsianesche Polarstär vum Norden ass den Deneb.



Physikalesch Eegenschaften |




Iwwer dem Marshorizont ass d'Atmosphär als niwwelege Schleier ze erkennen. Lénks ass deen engem Smiley ähnelnde Krater Galle ze gesinn. Foto Viking, 1976


Den Equatorduerchmiesser vum Mars ass mat 6792 km ongeféier duebel sou grouss wéi dee vum Äerdmound. Seng Uewerfläch ass ongeféier e Véirel vun der Äerduewerfläch a seng Mass een Zéngtel vun der Äerdmass. D'Uewerfläch vum Mars ass mat 144 Mio. km2 ongeféier gläich mat der ganzer Uewerfläch vun alle Kontinente vun der Äerd (149 Mio. km2).


D'Gravitatiounsacceleratioun op der Uewerfläch ass 3,69 m/s², dat sinn ongeféier 38 % vun der ierdescher. Mat enger Dicht vun 3,9 g/cm³ weist de Mars de klengsten Wäert vun den terrestresche Planéiten op. Doduerch ass d'Schwéierkraaft op him souguer nach méi kleng wéi op dem klengeren, awer dichteren Merkur.


De Mars huet eng ganz dënn Atmosphär. Dofir ass den Atmosphärendrock ganz niddreg, a Waasser kann net a flësseger Form op der Marsuewerfläch existéieren, ausgeholl kuerzzäiteg an den déifgeleeëne Gebidder.



Atmosphär a Klima |


Well déi dënn Marsatmosphär nëmme wéineg Sonnewäermt späichere kann, sinn d'Temperaturënnerschidder op der Uewerfläch ganz grouss. D'Temperaturen erreechen an der Equatorgéigend ronn 20 °C am Dag a fale bis op −85 °C an der Nuecht. D'Temperatur an der Moyenne um Planéit läit bei −55 °C.



Atmosphär |



Zesummesetzung |

D'Marsatmosphär besteet zu 95,3 % aus Kuelendioxid. Dozou kommen nach 2,7 % Stéckstoff, 1,6 % Argon, kleng Deeler u Sauerstoff (1300 ppm) a Kuelemonoxid (800 ppm) souwéi Spure vu Waasserdamp (210 ppm) an aner Verbindungen oder Elementer.


D'Atmosphär ass zimlech stëbseg. Si huet Deelercher vun 1,5 µm am Duerchmiesser, déi den Himmel iwwer dem Mars an e bleecht giel- bis orange-bronge Faarftoun erschénge loossen.


Den atmosphäreschen Drock ass op der Uewerfläch vum Mars am Schnëtt nëmme 6,36 hPa (Hektopascal). Am Verglach zu duerchschnëttlech 1013 hPa op der Äerd sinn dëst nëmmen 0,63 % an entsprécht dem Loftdrock vun der Äerdatmosphär an enger Héicht vun 35 Kilometer. D'Atmosphär gouf wahrscheinlech am Laf vun der Zäit vum Sonnewand ofgedroen an an de Weltraum matgerass. Dëst gouf duerch déi kleng Schwéierkraaft vum Planéit a sengem schwaache Magnéitfeld begënschtegt, dat kee Schutz virun den héichenergeteschen Deelercher vun der Sonn bitt.



Methan |



Illustratioun vun de Methankonzentratiounen an der Atmosphär vum Mars während dem nërdleche Summer – NASA


Am Joer 2003 konnte mat äerdgestëtzten Teleskopen an 2004 duerch de Planetary Fourier Spectrometer (PFS) un der Raumsond Mars Express Spure vu Methan (ongeféier 10 ppb) a Formaldehyd (130 ppb) nogewise ginn. Methan verbleift ronn 340 Joer an der Atmosphär vum Mars, Formaldehyd nëmme 7,5 Stonnen. Methan gëtt duerch ultraviolett Stralung ofgebaut, well déi dënne Atmosphär vum Mars net virun dëser Stralung schützt. Dobäi oxidéiert Methan zu Waasser a Kuelendioxid.


Fir d'Unheefung vum Methan an der Atmosphär z'erklären, geet eng Produktioun vun 150 Tonne pro Joer duer. Bei der Ëmsetzung zu Formaldehyd missten awer 2,5 Milliounen Tonne aus „Methanquellen“ stamen. Als Quelle kommen aktive Vulkanismus, Koméitenaschléi oder och methanproduzéierend Mikroorganismen a Betruecht. Et kënnt awer och duerch eng geothermesch Reaktioun, d'Serpentiniséierung (dobäi bedeelegt Komponente si Waasser, Kuelendioxid an d'Mineral Olivin, dat dacks um Mars virkënnt), entstoen. Formaldehyd kann duerch Héichtestralung aus Gasen an Äis entstoen. Et gëtt awer ugezweifelt, datt en abiotesche Prozess sou vill Methan bilde kann, well et dozou Regioune mat héijer geologescher Aktivitéit brauch.


De Methan iass net gläichméisseg verdeelt, mä weist e Muster mat eppes héijerer Konzentratioune op. Méiglecherweis gouf de Noschub un Methan kuerzfristeg ënnerbrach, per et sech gläichméisseg an der Atmosphär verdeele konnt. Bei der biologescher Hirstellung vu Methan op der Äerd, déi fir ongeféier 90 bis 95 % vum ganze Methanvirkomme verantwortlech ass, entsteet bal ëmmer Ethan als Begleetgas. Am Géigesaz dozou gëtt während enger vulkanescher Entwécklung Schwiefeldioxid fräigesat. D'Miessung vun dëse Gase an der Marsatmosphär kënnt eng Klärung bréngen.


2009 gouf iwwer Methaneruptiounen um Mars informéiert.


De Goro Komatsu vun der Universitéit Gabriele d'Annunzio zu Pescara hat am September 2010 seng Entdeckung vu geologesche Strukture vu ronn 1 km Duerchmiesser op Satellittebiller vun der Chryse-Déiffläch presentéiert, déi Methangas produzéierende Schlammvulkane op der Äerd gläichen. Eng primär Quell fir d'Gas ass domat awer nach net fonnt.



Klima a Wieder |




Äiswolleken iwwer dem Mars, opgeholl vum Mars Pathfinder




Stëbstuerm an der Syria-Regioun, fotograféiert vum Mars Global Surveyor am Mee 2003


Ofhängeg vun de Joreszäiten an der Intensitéit vun der Sonnenastralung fannen an der Atmosphär dynamesch Virgäng statt. Déi veräiste Polkape subliméieren am Summer deelweis, a kondenséierter Waasserdamp bilt ausgedeent Zirruswolleke. D'Polkape selwer bestinn aus Kuelendioxidäis a Wasseräis.


2008 hu Wëssenschaftler vun der Universitéit Versailles Wolleken aus gefruerenem Kuelendioxid mat Hëllef vun der Raumsond Mars Express entdeckt. Si hate sech a bis zu 80 Kilometer Héicht opgehalen. Gläichzäiteg sinn si mat enger horizontaler Ausdeenung vu bis zu 100 km och ganz groussflächeg. D'CO2-Äispartikel an de Wolleke si mat bis zu engem Mikrometer Duerchmiesser relativ grouss. D'Wolleken absorbéiere bis zu 40 % vum astralende Sonneliicht a kënnen domat d'Temperatur vun der Uewerfläch ëm bis zu 10 °C méi kleng maachen.


Mat Hëllef vum Laser LIDAR vun der Raumsond Phoenix gouf 2009 entdeckt, datt an der zweeter Nuetshallschent fofzeg Deeg no der Sonnenwend winzeg Äiskristalle aus dënne Zirruswolleken op de Marsbuedem gefall sinn.



Joreszäiten |

Hätt de Mars eng äerdähnlech Ëmlafbunn, géifen d'Joreszäiten duerch d'Achseschréiegt ähnlech deene vun der Äerd sinn. Déi grouss Exzentrizitéit vum Marsorbit huet eng enorm Auswirkung op d'Joreszäiten. De Mars ass während dem Summer op der Südhallefkugel an am Wanter an der nërdlecher Hemisphär no dem Perihel vu senger Bunn. Nom Aphel ass an der südlecher Hemisphär Wanter an an der nërdlecher Summer.


Dat huet zur Folleg, datt d'Joreszäiten an der südlecher Hemisphär vill méi däitlech ausgepräegt si wéi an der nërdlecher, wou d'Klima méi mëll ass, wéi et soss de Fall wier. D'Summertemperaturen am Süde kënne bis zu 30 °C méi héich si wéi déi vergläichbar Temperature am Summer vum Norden. D'Joreszäite sinn duerch d'Exzentrizitéit vun der Marsëmlafbunn ënnerschiddlech laang. Op der Nordhallefkugel dauert d'Fréijoer 199,6, de Summer 181,7, den Hierscht 145,6 an de Wanter 160,1 ierdesch Deeg.



Stierm |

Während dem Marsfréijoer kënnen op de grousse flaache Flächen hefteg Stëbstierm optrieden, déi grouss Deeler vun der Marsuewerfläch verschleieren.


Fotoe vu Marssonden weisen och Wandstierm, déi iwwer d'Marsflächen zéien an um Buedem donkel Spuren hannerloossen.



Stëbstierm trieden gewéinlech während dem Perihel op, well de Planéit zu dësem Zäitpunkt 40 Prozent méi Sonneliicht kritt wéi während dem Aphel. Während dem Aphel entstinn an der Atmosphär Wolleken aus Waasseräis, déi hirersäits mat de Stëbsdeelercher interagéieren a sou d'Temperatur op dem Planéit beaflossen. D'Wandvitessen an der ieweschter Atmosphär kënne bis zu 650 km/h erreechen, an um Buedem ëmmerhin bal 400 km/h.[1]




Wiederen |

Bei heftege Stëbsstierm schéngt et och zu Wiederen ze kommen. Am Juni 2006 hate Fuerscher mat engem Radioteleskop de Mars ënnersicht, an hate festgestallt datt am Mikrowelleberäich Stralungsausbréch, wéi si bei Blëtzer optrieden, virkoum sinn. An der Regioun, an där een d'Stralungsimpulser observéiert hat, waren zu där Zäit en heftege Stëbsstuerm mat héije Stëbswolleken um Nopeschplanéit. Souwuel den observéierte Stëbsstuerm wéi och de Spektrum vun de Stralungsimpulser deiten op e Stëbwieder mat Blëtzer respektiv groussen Entluedungen hin.[2][3]



Mounden |


De Mars huet zwéi kleng, onreegelméisseg geformte Mounden, de Phobos an den Deimos, griichesch Nimm déi op Lëtzebuergesch Angscht a Schrecke bedeiten. Héchstwahrscheinlech sinn déi zwéi Mounde vum Mars agefaangen Asteroiden.


Si goufen 1877 vum US-amerikaneschen Astronom Asaph Hall entdeckt an no deenen an der Ilias iwwerliwwerten zwéi Begleeder, déi de Won vum Krichsgott Ares (lat. Mars) gezunn hunn, benannt.


De Phobos an den Deimos sinn zwéin onreegelméisseg geformt Fielsbléck.


D'Ëmlafzäit vum Phobos ass méi kuerz wéi d'Rotatiounszäit vum Mars. De Mound kënnt dem Mars duerch d'Gezäitewiesselwierkung op enger Spiralbunn lues awer ëmmer méi no a fält engesdaags op de Planéit oder gëtt duerch Gezäitekräften auserneegerappt, soudatt e fir kuerz Zäit als Marsréng ende wäert.



Kuckt och |


Saturn 01.svgPortal Astronomie


  • Marskrater


Literatur |



  • Robert Henseling: Mars. Seine Rätsel und seine Geschichte. Kosmos Gesellschaft der Naturfreunde. Franckh'sche Verlagsbuchhandlung, Stuttgart 1925 (das Buch ist von historischem Interesse).

  • Paul Raeburn: Mars – Die Geheimnisse des roten Planeten. Steiger, Augsburg 2000. ISBN 3-89652-168-3

  • William Sheehan: The Planet Mars – A History of Observation and Discovery. Univ. of Arizona Press, Tucson 1996, 1997. ISBN 0-8165-1641-3

  • Rolf Sauermost, Arthur Baumann: Lexikon der Astronomie – die große Enzyklopädie der Weltraumforschung. 2 Bde. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg-Berlin-Oxford 1995. ISBN 3-86150-145-7

  • Ronald Greeley: Der NASA-Atlas des Sonnensystems. Knaur, München 2002. ISBN 3-426-66454-2

  • Hans R. Jenemann, Arno M. Basedow, Erich Robens: Die Entwicklung der Makro-Vakuumwaage. Wirtschaftsverl. NW, Bremerhaven 1992. ISBN 3-89429-214-8

  • David McNab, James Younger: Die Planeten. C. Bertelsmann, München 1999. ISBN 3-570-00350-7

  • David Morrison: Planetenwelten. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg-Berlin-Oxford 1995. ISBN 3-86025-127-9

  • Roland Wielen: Planeten und ihre Monde. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg-Berlin-Oxford 1988. ISBN 3-922508-46-4

  • Hans-Ulrich Keller: Das Kosmos Himmelsjahr 2003. Franckh-Kosmos Verlags-GmbH, Stuttgart 2002. ISBN 3-440-09094-9

  • Holger Heuseler, Jaumann, Neukum: Die Mars Mission. BLV Verlagsgesellschaft, München 1998. ISBN 3-405-15461-8


Artikelen a Biller |



  • Google weist Biller vum Mars (13. März 2006)

  • Biller vum Mars op Google

  • Planéit Mars bei Raumfahrer.net

  • Mars – vill Infoën zum Planéit Mars an all Missiounen

  • Der-Rote-Planet.de: Marsnoriichten

  • D'Geologie vum Mars (uni-bonn.de)


  • [1] Mars.


  • Billerserie vum Mars a sengen Trabanten (englesch)


  • Chronologie vun alle Marsmissiounen (englesch)


  • Mars Channel Observations 1877–90 Compared with modern Orbiter Data (pdf-Datei op Englesch) vun der TU Wien, Institut fir Geodesie a Geophysik

  • Websäit vun der ESA-Missioun Mars Express (englesch)

  • DLR Mars Express: Nei Biller (u. a. perspektivesch Usiichten)


Fuerschungsinstituter |



  • FU Berlin: [2] (Super-Biller vun der Marsuewerfläch)


  • DLR: Mission Pathfinder – Photometrie, Analyse vu Marsgesteng


  • Mars Society Deutschland e. V.: Homepage mat deegleche Noriichten


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Mars – Biller, Videoen oder Audiodateien



Gréisstenduerstellung:Merkur,Venus,Äerd a Mars (vu lénks no riets)




Referenzen



  1. Mars, the red planet


  2. Staubiges Gewitter auf dem Mars


  3. Lightning Detected on Mars









Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Mars_(Planéit)&oldid=2195648“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.144","walltime":"0.180","ppvisitednodes":"value":297,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":7013,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":113,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":1090,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 51.993 1 -total"," 54.28% 28.221 1 Schabloun:Navigatioun_Sonnesystem"," 48.27% 25.097 1 Schabloun:Navbox"," 13.71% 7.126 1 Schabloun:Commonscat"," 13.05% 6.783 1 Schabloun:Referenzen"," 10.84% 5.637 1 Schabloun:Clear"," 8.59% 4.466 1 Schabloun:Commons"," 5.05% 2.628 1 Schabloun:Kuckt_och_Portal:Astronomie"," 4.25% 2.212 1 Schabloun:Link-Bild"," 4.03% 2.095 1 Schabloun:Clr"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.007","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":696305,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1293","timestamp":"20190926203653","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Mars (Planu00e9it)","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Mars_(Plan%C3%A9it)","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q111","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q111","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-04-08T08:13:16Z","dateModified":"2019-08-22T18:14:59Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/5/56/Mars_Valles_Marineris.jpeg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":175,"wgHostname":"mw1262"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?