Skip to main content

Planéit Inhaltsverzeechnes Planéite vun eisem Sonnesystem | Definitioun | Geschicht vun der Entdeckung | Astronomesches | Soss nach... | Kuckt och | Um Spaweck | Referenzen Navigatiounsmenü"Planet Search Project" (University of California) - huet déi meescht Exoplanéite lokaliséiertDéi néng Planéiten - Multimedia-Tour duerch de SonnesystemInformatiounen iwwer Sedna, 2004 DW a Quaoar - California Institute of TechnologyWéi entstinn Gasplanéiten?Gëtt et en 10. Planéit?Sinn d'Planéitebunnen stabil?Gëtt et extrasolar Planéiten?Frequenzkamm in astronomischen Beobachtungenä

SonnMerkurVenusÄerdMarsAsteroidenceintureJupiterSaturnUranusNeptunPlutoKoméitenKuiperceintureOort-WollekAsteroidTabellaresch Iwwersiicht vun de Planéiten an Zwergplanéiten


Planéiten


HimmelskierperKeplerËmlafbunnStärGriichescheSonnesystemMoundenExoplanéitSonnesystem51 Pegasi b51 PegasiHaaptasteroidenceintureSonnTitius-Bode-ReiAsteroidenelliptescherEkliptikKuiperceintureKoméitenInternational Astronomesch UniounZwergplanéitNASAAkrostichonIeselsbréckStärenAntiquitéitréimescher MythologieHeliozentresche WeltbildAristarchos vu Samos16. Joerhonnert1543Nikolaus Kopernikus1781Friedrich Wilhelm HerschelJohann Elert BodeUrbain Le Verrier23. September1846Johann Gottfried GalleHeinrich Louis d'Arrest1930Clyde William TombaughPulsarPSR B1257+121992Äerdmassen1994Liewensonnenähnleche Stär1995Michel MayorAstronomieUniversitéit GenfDidier Queloz51 PegasiLiichtjoerJupitermass2009PlanéitesystemerParsec2003Gasrisen2005Teleskopenkollektive SchwéierpunktRout-Doppler-Effekt10. September2004Europäesche SüdobservatoireBrongen Zwerg2M120730. Abrëll20052005Very Large TelescopeenglescheKomponistGustav HolstProgrammmuseken












Planéit




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


E Planéit ass en Himmelskierper deen net selwer liicht a sech an enger Kepler-Ëmlafbunn ëm e Stär beweegt. Den Numm staamt vum Griichesche "plánetes" a bedeit "déi doruechter wanderen" (Algriichesch de Wanderer (Planéit)). Fréier goufen d'Planéiten am Däitschen och als Wandelsterne bezeechent. Déi meescht Planéite vum Sonnesystem gi vu Mounden ëmkreest.


Um Enn vum 20. Joerhonnert gouf den éischten Exoplanéit, e Planéit baussenzeg vum Sonnesystem entdeckt, an zwar den 51 Pegasi b deen ëm de Stär 51 Pegasi kreest. D'Zuel vun de bekannten Exoplanéiten ass zanter deem ëmmer méi grouss ginn.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Planéite vun eisem Sonnesystem


  • 2 Definitioun


  • 3 Geschicht vun der Entdeckung


  • 4 Astronomesches

    • 4.1 Extrasolar Planéiten



  • 5 Soss nach...


  • 6 Kuckt och


  • 7 Um Spaweck

    • 7.1 Videoen



  • 8 Referenzen




Planéite vun eisem Sonnesystem |



D'Planéite vun eisem Sonnesystem, der Gréisst no richteg ofgebilt



  • Terrestresch (fielseg) Planéiten (bannenzeg Planéiten):

    • 1 Merkur


    • 2 Venus


    • 3 Äerd


    • 4 Mars


  • Iovianesch Planéiten / Gasrisen (baussenzeg Planéiten):

    • 5 Jupiter


    • 6 Saturn


    • 7 Uranus


    • 8 Neptun



  • Transneptunesch Objeten
    • Pluto

    • Quaoar

    • 2004 DW


    • Sedna
      • Exoplanéiten


D'Haaptasteroidenceinture trennt déi bannenzeg vun de baussenzege Planéiten.


D'Duerchschnëttsofstänn vun de Planéiten zur Sonn loosse sech zimlech genee mat der Titius-Bode-Rei uginn. Tëscht dem Mars an dem Jupiter ass e Lach, dat mat der d'Haaptasteroidenceinture gefëllt gëtt; allerdéngs trëtt den Ofstand vum Neptun net an der Rei op.



Definitioun |


Et gëtt bis haut kee kloer definéierte Critère fir zwëscht Planéiten an Asteroiden z'ënnerscheeden. Sou war de Planéitestatus vum Pluto wéinst senger klenger Gréisst a senger staark elliptescher Bunn, déi och nach géint d'Ekliptik geneigt ass, ëmstridden. Vill Astronomen zielen de Pluto zur Kuiperceinture, engem Reservoir vu Koméiten an Asteroiden, deen no banne bis un d'Bunn vum Neptun reecht. Déi kierzlech Entdeckung vun ähnlech groussen Himmelskierper an der Kuiperceinture hunn d'Diskussioun ëm dem Pluto säi Status erëm nei opliewe gelooss. D'I.A.U. (International Astronomesch Unioun) huet am Joer 2006 dem Pluto säi Rang als Planéit ofgesprach. De Pluto figuréiert elo als Zwergplanéit


Eng gutt Definitioun vun engem Planéit gëtt d'California Institute of Technology, dat enk mat der NASA zesumme schafft: En Objet am Sonnesystem gëtt als Planéit bezeechent, wann en eng méi grouss Mass huet wéi all déi aner Objeten zesummen, déi am selwechten Orbit sinn. Sou ass d'Äerd e Planéit, well se méi schwéier ass wéi all Asteroiden, déi déiselwecht Ëmlafbunn wéi d'Äerd hunn. De Pluto ass zwar de gréissten Objet a senger Ëmgéigend, awer net méi schwéier wéi d'Zomm vu sengen Nopeschobjeten, dofir kann en no der Definitioun net zu de Planéite gezielt ginn. No där Definitioun géifen et an eisem Sonnesystem aacht amplaz néng Planéiten.


Fir sech d'Reiefolleg vun de Planéitebunnen vun der Sonn aus gesinn ze mierke gëtt et en däitschen Akrostichon als Ieselsbréck "Mein Vater Erklärt Mir Jeden Sonntag Unsere Neun Planeten." D'Ufanksbuschstawe sinn déiselwecht wéi déi vun den Nimm vun de Planéiten, dobäi gëtt de Pluto nach matgezielt. En engleschen Akrostichon wier zum Beispill "Mother very thoughtfully made a jelly sandwitch under no protest." Hei steet den T fir Terra an den A fir d'Haaptasteroidenceinture.



Geschicht vun der Entdeckung |


D'Planéite Merkur, Venus, Mars, Jupiter a Saturn si mat bloussem A um Nuetshimmel z'erkennen a gesi méi hell aus wéi déi meescht Stären. Si ware schonn an der Antiquitéit bekannt a goufe vu ville Kulture mat hiren Haaptgötter identifizéiert. Déi nach haut benotzten Nimm stamen aus der réimescher Mythologie.


Obwuel et schonn an der Antik Vertrieder vum Heliozentresche Weltbild gouf (z. B. Aristarchos vu Samos), sou gouf dach bis an d'Mëtt vum 16. Joerhonnert allgemeng ugeholl, datt sech d'Planéiten zesumme mat der Sonn ëm d'Äerd bewegen (Geozentrescht Weltbild).


1543 huet de Nikolaus Kopernikus, ugereegt duerch dem Aristarchos, säi Wierk "Iwwer d'Ëmdréiunge vun den Himmelssphären" verëffentlecht, an deem en d'Sonn an de Mëttelpunkt gestallt an d'Äerd als e weidere Planéit erkannt huet.


Ënner gënschtege Bedingungen ass den Uranus och mat bloussem A z'erkennen, an e gouf scho 1690 - falsch - als Stär katalogiséiert. Ma eréischt 1781 gouf e vum Sir Friedrich Wilhelm Herschel als Planéit erkannt. Mat Hëllef vun eeleren Observatiounen ass et dem Johann Elert Bode gelongen, seng Ëmlafbunn genee ze bestëmmen. Mat Hëllef vu Stéierungen an der Bunn vum Uranus huet den Urbain Le Verrier d'Bunn vun engem weidere Planéit berechent, wat den 23. September 1846 zu der Entdeckung vum Neptun duerch de Johann Gottfried Galle an den Heinrich Louis d'Arrest gefouert huet. Duerch den nei entdeckte Planéit konnten allerdéngs net all Onreegelméissegkeeten an der Bunn vum Uranus erkläert ginn.


Schliisslech gouf 1930 vum Clyde William Tombaugh e weideren Objet entdeckt a méi spéit Pluto genannt, dee bis elo als néngte Planéit gëllt. D'Existenz vun engem weidere Planéit (Transpluto oder Planéit X) am Sonnesystem ass onwahrscheinlech.



Astronomesches |


  • mëttel Dicht vun der Matière: ρ¯=m34πR3displaystyle bar rho =frac mfrac 34pi R^3 woubei mdisplaystyle m: Mass vum Planéit, Rdisplaystyle R=Radius (ρ¯≥3gcm3displaystyle bar rho geq 3frac gcm^3 steeneg, ρ¯≤2gcm3displaystyle bar rho leq 2frac gcm^3 gasaarteg)

  • Vitess vun der Kreesbunn ëm de Planéit (vkdisplaystyle v_k): vk=GmRdisplaystyle v_k=sqrt frac GmR woubei Gdisplaystyle G: Gravitatiounskonstant, m,Rdisplaystyle m,R: wéi uewen


  • Fluchtvitesse (vedisplaystyle v_e): ve=2⋅vk=2GmRdisplaystyle v_e=sqrt 2cdot v_k=sqrt frac 2GmR woubei G,m,Rdisplaystyle G,m,R wéi uewen


Extrasolar Planéiten |


Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema: Exoplanéit 




Déi éischt Planéiten iwwerhaapt, déi baussent eisem Sonnesystem entdeckt goufen, begleeden de Pulsar PSR B1257+12. Duerch genee Miessunge vun der Widerhuelungdzäit vum Pulsarstral, deen d'Äerd erreecht, konnten 1992 zwéi Planéite mat Masse vu 4,3 an 3,9 Äerdmassen nogewise ginn an 1994 en drëtte mat 0,02 Äerdmass. Op dëse Planéite ass Liewen, wéi mir et op der Äerd kennen, praktesch ausgeschloss.


Den éischten Exoplanéit an engem Orbit ëm ee sonnenähnleche Stär gouf 1995 vum Professer Michel Mayor vum Departement fir Astronomie vun der Universitéit Genf a sengem Mataarbechter Didier Queloz mat Hëllef vun der Radialvitessemethod entdeckt. De Planéit kreest am 4,2-Dagestakt ëm de Stär 51 Pegasi. Hien ass 40 Liichtjoer vun eis ewech an huet 0,46 Jupitermass.


Bis Enn vum Joer 2009 ware 415 extrasolar Planéite an 350 Systemer bekannt, dorënner 31 Planéitesystemer mat zwéi Planéiten, 12 Systemer mat dräi, 2 Systemer mat véier an ee System mat fënnef Planéiten. Am Ëmkrees vu ronn 100 Parsec (326 Liichtjoer) goufe bis Mäerz 2003 ëm siwe Prozent vun de Stäre Planéite fonnt.


Déi meescht bis elo entdeckte Systemer sinn awer net mat eisem Sonnesystem ze vergläichen. Bei de Planéite handelt et sech gréisstendeels ëm Gasrisen, déi ganz no ëm hire Zentralstär dréien. Dat ass zwar nach net als Hinwäis ze bewäerten, datt déi meescht extrasolar Planéite Gasrise sinn. Am Ament kënnen nëmme sou grouss oder schwéier Planéiten, déi no bei hirem Stär stinn an dësen doduerch beaflossen, mat den haitege techneschen Instrumenten entdeckt ginn. Dës Planéite gi vun den Astronomen hot Jupiters genannt.


Exoplanéiten am Orbit ëm sonnenähnlech Stäre konnte bis 2005 net mat Teleskopen direkt observéiert ginn, well si ze liichtschwaach sinn. Si gi vum Stär, dee s'ëmkreesen, an dee vill méi hell ass, iwwerstraalt. D'Opléisungsverméigen vun äerdgestëtzte Teleskope ass haut nach net gutt genuch, fir zwéin Objeten, déi sou no beienee leien, an déi sou ee groussen Hellegkeetsënnerscheed hunn, wéi e Planéit a säi Stär, getrennt duerzestellen. Et gebraucht een dofir verschidden indirekt Methode wéi d'Transitmethod, bei där duerch d'Bedeckunge vum Stär duerch de Planéit periodesch Hellegkeetsschwaankunge vum Stär verursaacht ginn, wann d'Ëmlafbunn sou läit, datt de Planéit vun eis aus gesinn genee virum Stär laanscht zitt. Eng aner Method ass d'Radialvitessemethod, bei deem de Planéit duerch säi Schwéierkraaftafloss um Stär zitt (béid ëmkreesen den kollektive Schwéierpunkt) a sou vun der Äerd aus dës periodesch Bewegung vun enger ofwieselnder Rout- a Bloverrécklung (Doppler-Effekt) vum Stärespektrum bewierkt.[1]


Den 10. September 2004 hat den Europäesche Südobservatoire (ESO) bekannt ginn, datt méiglecherweis fir d'éischt eng direkt Foto vun engem Planéit beim Brongen Zwerg 2M1207, deen 225 Liichtjoer wäit ewech läit, gelongen ass. Den 30. Abrëll 2005 huet d'ESO notéiert, datt si am Februar an am Mäerz 2005 tatsächlech Fotoe mam Very Large Telescope opgeholl hunn, déi weisen, datt den 2M1207 a säi Begleeder sech bewegen.



Soss nach... |


Den englesche Komponist Gustav Holst, dee selwer Hobby-Astronom war a vun de Planéiten inspiréiert gouf, huet d'Suite The Planets geschriwwen. Si gehéiert zu de bekanntste Programmmuseken.



Kuckt och |


  • Äerdähnleche Planéit

  • Astronomie

  • Galaxis

  • Himmelskierper

  • Kosmologie

  • Tabell mat den Eegenschafte vun de Planéiten

  • Planetologie

  • Sonnesystem

  • Titius-Bode-Rei

  • Universum


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Planéiten – Biller, Videoen oder Audiodateien





Breite
   



Wiktionnaire: Planéit Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen

  • "Planet Search Project" (University of California) - huet déi meescht Exoplanéite lokaliséiert

  • Déi néng Planéiten - Multimedia-Tour duerch de Sonnesystem

  • Informatiounen iwwer Sedna, 2004 DW a Quaoar - California Institute of Technology


Videoen |



  • Real Video Streams: (Aus der Fernsehsendung Alpha Centauri)
    • Wéi entstinn Gasplanéiten?

    • Gëtt et en 10. Planéit?

    • Sinn d'Planéitebunnen stabil?

    • Gëtt et extrasolar Planéiten?



Referenzen



  1. Frequenzkamm in astronomischen Beobachtungen









Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Planéit&oldid=2210822“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.128","walltime":"0.298","ppvisitednodes":"value":334,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":8172,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":147,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":5,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":922,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 88.601 1 -total"," 35.17% 31.165 1 Schabloun:Navigatioun_Sonnesystem"," 32.17% 28.507 1 Schabloun:Navbox"," 12.19% 10.803 1 Schabloun:Referenzen"," 9.56% 8.473 1 Schabloun:Commonscat"," 6.53% 5.784 1 Schabloun:Clr"," 5.65% 5.008 1 Schabloun:Commons"," 4.12% 3.647 1 Schabloun:Wiktionnaire"," 3.25% 2.877 2 Schabloun:Link-Bild"," 3.07% 2.724 1 Schabloun:Haaptartikel"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.008","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":696284,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1310","timestamp":"20191001174205","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Planu00e9it","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Plan%C3%A9it","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q634","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q634","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2004-09-27T21:03:02Z","dateModified":"2019-09-29T22:28:58Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":179,"wgHostname":"mw1331"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?