1969 Inhaltsverzeechnes Evenementer | Konscht a Kultur | Wëssenschaft an Technik | Sport | Gebuer | Gestuerwen | Um Spaweck | Referenzen NavigatiounsmenüD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 26. Mäerz 1969 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Mexiko den 10. Abrëll 1969 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Polen-Lëtzebuerg den 20. Abrëll 1969 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Bulgarien-Lëtzebuerg den 23. Abrëll 1969 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Polen-Lëtzebuerg den 12. Oktober 1969 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 5. November 1969 op der Websäit vun European FootballD'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Bulgarien de 7. Dezember 1969 op der Websäit vun European Football
Joren (20. Joerhonnert)1969
◄19. Joerhonnert21. Joerhonnert◄◄◄19651966196719681970197119721973►►►
1969
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1965 |
1966 |
1967 |
1968 |
1969
| 1970
| 1971
| 1972
| 1973
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1969.
Inhaltsverzeechnes
1 Evenementer
1.1 Europa
1.1.1 Lëtzebuerg
1.2 Afrika
1.3 Amerika
1.3.1 USA
1.3.2 Mëttel- a Südamerika
1.4 Asien
1.5 Ozeanien & Pazifik
1.6 Noen Osten an Arabesch Welt
2 Konscht a Kultur
2.1 Molerei
2.2 Literatur
2.3 Musek
3 Wëssenschaft an Technik
4 Sport
5 Gebuer
6 Gestuerwen
7 Um Spaweck
8 Referenzen
Evenementer |
Europa |
17. Abrëll: Den Alexander Dubček gëtt duerch de Gustáv Husák un der Spëtzt vun der KP an der Tschechoslowakei ersat; Ufank vun der sougenannter "Normalisatioun".
28. Abrëll: De Charles de Gaulle trëtt vu sengem Amt als Staatspresident vu Frankräich zréck.
01. Mee: Den Eurochèque-System trëtt a Kraaft.
15. Juni: De Georges Pompidou gëtt neie franséische Staatspresident.
21. Juni: De Jacques Chaban-Delmas gëtt neie Premierminister a Frankräich.
14. August: an Nordirland komme britesch Truppen zum Asaz.
21. Oktober: De Willy Brandt gëtt, nodeem d'SPD den 28. September d'Bundestagswalen an Däitschland gewonnen hat, zum Bundeskanzler gewielt.
14. Oktober: Den Olof Palme gëtt Premierminister a Schweden.
Lëtzebuerg |
06. Februar: D'Regierung Werner-Schaus II, eng Koalitioun aus CSV an DP, hëlt hir Aarbecht op.
15. Mee: Leschte Film am Kino Capitole an der Stad Lëtzebuerg.
08. Juli: D'Chamber stëmmt e Gesetz, dat op den 1. Januar 1970 eng TVA aféiert.
21. August: De Square Jan Palach gëtt bei der Place d'Armes an der Stad ageweit.
21. September: Éischt Sendung vum Hei elei, kuck elei gëtt vun RTL iwwerdroen.
12. Oktober: Gemengewalen.
Afrika |
01. September: Putsch a Libyen géint de Kinnek Idris, de Colonel Muammar Kadhafi kënnt un d'Muecht.
21. Oktober: Militärputsch a Somalia duerch de Generol Siad Barre.
10. Dezember: Militärputsch an Dahomey.
Amerika |
USA |
20. Januar: De Republikaner Richard Nixon gëtt als 37. President vun den USA vereedegt.
15. Oktober: An den USA protestéieren 2 Millioune Mënschen, dovun 250.000 zu Washington D.C., géint de Vietnamkrich.
05. Dezember: D'US-Magazin Life publizéiert e Reportage iwwer d'Massaker vu My Lai a schockéiert domat d'Weltëffentlechkeet.
Mëttel- a Südamerika |
11. Mäerz: De Rafael Caldera kënnt am Venezuela un d'Muecht.
26. Mee: Chile, Bolivien, Kolumbien, Ecuador a Peru grënnen zu Cartagenea d'Anden-Communautéit (CAN).
14. Juli: Ausbroch vum Foussballkrich tëscht Honduras an El Salvador.
31. August: Militärputsch a Brasilien.
26. September: De Generol Alfredo Ovando Candia verdreift de Luis Adolfo Siles Salinas a gëtt President a Bolivien.
Asien |
02. Mäerz: Grenzkonflikt um Floss Ussuri tëscht China an der Sowjetunioun
25. Mäerz: De Generol Muhammad Yahya Khan gëtt President vu Pakistan.
Ozeanien & Pazifik |
Noen Osten an Arabesch Welt |
01. Februar: De Jassir Arafat gëtt zum President vun der OLP ernannt.
17. Mäerz: Nom Doud vum Levi Eshkol gëtt d'Golda Meir Première-Ministesch an Israel.
Konscht a Kultur |
Molerei |
Literatur |
Edmond Dune, Almanach.
Musek |
30. Januar: D'Beatles spillen hire leschten ëffentleche Concert um Daach vun den Apple-Studioen an der Londoner Savile Row.
29. Mäerz: De 14. Eurovision Song Contest zu Madrid huet véier Gewënner:
- d'Salomé fir Spuenien mam Lidd Vivo cantando
- d'Lulu fir Groussbritannien mam Lidd Boom Bang-a-Bang
- d'Lenny Kuhr fir Holland mam Lidd De troubadour
- d'Frida Boccara fir Frankräich mam Lidd Un jour, un enfant
15. August–18. August: Woodstock Music and Art Festival
De Buzz Aldrin um Mound
Wëssenschaft an Technik |
20. Juli: Éischt bemannt Moundlandung vun der Apollo 11
21. Juli: Den Neil Armstrong betrëtt um 2h56 GMT als éischte Mënsch de Mound.
Sport |
D'Nationalequipe beim Qualifikatiounsmatch géint Holland, de 26.3.
26. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Rotterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1970, 0:4 géint Holland.[1]
10. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:1 géint Mexiko. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Johny Léonard a Paul Philipp geschoss.[2]
20. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Krakau, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1970, 1:8 géint Polen. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Johny Léonard geschoss.[3]
23. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Sofia, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1970, 1:2 géint Bulgarien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Johny Léonard geschoss.[4]
12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1970, 1:5 géint Polen. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Josy Kirchens geschoss.[5]
05. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Charleroi 2:3 géint Belsch. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Jean-Jacques Schartz geschoss.[6]
07. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1970, 1:3 géint Bulgarien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Paul Philipp geschoss.[7]
Gebuer |
Leo Obstbaum, Designer.
Dorothee Oberlinger, däitsch Flüttistin
Gerlinde Sämann, däitsch Sopranistin.
03. Januar: Michael Schumacher, däitsche Rennfuerer.
05. Januar: Claude Christ, lëtzebuergesche Comiczeechner.
06. Januar: Norman Reedus, US-amerikanesche Schauspiller.
19. Januar: Jean Vanek, lëtzebuergesche Foussballspiller.
29. Januar: Serge Thill, lëtzebuergesche Foussballspiller.
30. Januar: Dominique Pire, belsche Geeschtlechen.
31. Januar: Pascale Seil, lëtzebuergesch Glaskënschtlerin a Keramikerin.- 31. Januar: Catalin Mitrea, lëtzebuergeschen Handballspiller.
09. Februar: Yves Clausse, lëtzebuergesche Schwëmmer.
12. Februar: Petra Kronberger, éisträichesch Alpinschileeferin.
22. Februar: Guy Feidert, lëtzebuergeschen Handballspiller.
25. Februar: Isabella Costantini, lëtzebuergesch Regisseurin, Dréibuchschreiwerin, a Schauspillerin.
17. Mäerz: Pascal Meyers, lëtzebuergesche Vëlossportler.
18. Mäerz: Wassyl Iwantschuk, ukrainesche Schachgroussmeeschter.- 18. Mäerz: Jimmy Morales, guatemaltekesche Komiker a Staatspresident.
19. Mäerz: Claude Celli, lëtzebuergesche Moler a Graphiker.
27. Mäerz: Mickey Hardt, lëtzebuergesche Schauspiller, Modell a Kampfsportler.
03. Abrëll: Clotilde Courau, franséisch Schauspillerin.
25. Abrëll: Renée Zellweger, US-amerikanesch Schauspillerin.
26. Abrëll: Martine Deprez, lëtzebuergesch Politikerin a Member vum Staatsrot.
08. Mee: Roby Goergen, lëtzebuergeschen Handballspiller.
14. Mee: Cate Blanchett, australesch Schauspillerin.
19. Mee: Thomas Vinterberg, dänesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
22. Mee: Nancy Kemp-Arendt, lëtzebuergesch Sportlerin a Politikerin.
23. Mee: Laurent Aiello, franséische Rennfuerer.
25. Mee: Anne Heche, US-amerikanesch Schauspillerin.
05. Juni: Andrea Neumann, däitsch Molerin.
13. Juni: Virginie Despentes, franséisch Schrëftstellerin.
14. Juni: Luc Holtz, lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.- 14. Juni: Steffi Graf, däitsch Tennisspillerin.
24. Juni: Oskar Sima, éisträichesche Schauspiller.
22. Juli: Despina Vandi, griichesch Popsängerin
24. Juli: Jennifer Lopez, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
25. Juli: Barbara Wagner, lëtzebuergesch Molerin.
27. Juli: Dacian Cioloș, rumänesche Politiker.
30. Juli: Simon Baker, australesche Schauspiller.
01. August: Paul Feltes, lëtzebuergeschen Historiker.
06. August: Miikka Heinonen, finnesche Fotograf.
08. August: Laurent Daubach, lëtzebuergesche Graphiker.
12. August: Tanita Tikaram, britesch Sängerin.
18. August: Christian Slater, US-amerikanesche Schauspiller.
19. August: Matthew Perry, US-amerikanesche Schauspiller.
25. August: Françoise Thoma, lëtzebuergesch Juristin a Member vum Staatsrot.
04. September: Georgi Margwelaschwili, georgesche Politiker.
06. September: Tony DiTerlizzi, US-amerikaneschen Auteur a Buch-Illustrateur.
13. September: Daniel Wiroth, lëtzebuergesche Filmregisseur.
16. September: Andrea Boattini, italieneschen Astronom.
17. September: Keith Flint, britesche Sänger.
25. September: Catherine Zeta-Jones, britesch Schauspillerin.
03. Oktober: Gwen Stefani, US-amerikanesch Sängerin.
09. Oktober: Steve McQueen, britesche Kënschtler a Filmregisseur.
16. Oktober: Roy Hargrove, US-amerikaneschen Jazz- a Funk-Trompettist.
20. Oktober: Stefano Fanelli, lëtzebuergesche Foussballspiller.
03. November: Robert Miles, Schwäizer Museker.
07. November: Hélène Grimaud, franséisch Pianistin.
29. November: Dan Theisen, lëtzebuergesche Member vum Staatsrot.
03. Dezember: Jean Wagner, lëtzebuergesche Foussballspiller.
11. Dezember: Viswanathan Anand, indesche Schachgroussmeeschter.
25. Dezember: Fred Børre Lundberg, norwegesche Schileefer.
28. Dezember: Linus Torvalds, finneschen Informatiker.
30. Dezember: Kersti Kaljulaid, Staatspresidentin vun Estland.
Gestuerwen |
07. Januar: Susanne Cramer, däitsch Filmschauspillerin.
12. Januar: Betty Fischer, éisträichesch Operettesängerin.
19. Januar: Jan Palach, Philosophie-Student an der deemoleger Tschechoslowakei.
02. Februar: Boris Karloff, britesche Schauspiller.
09. Februar: Michel Ungeheuer, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
23. Februar: Saud ibn Abd al-Aziz, Kinnek vu Saudi-Arabien.
02. Mäerz: Walter Müller, éisträichesche Schauspiller.
15. Mäerz: Miles Malleson, englesche Schauspiller.
28. Mäerz: Dwight D. Eisenhower, 34. President vun den USA.
08. Mee: Émile Hulten, lëtzebuergesche Sculpteur a Konschtschräiner.
15. Mee: Joseph Sünnen, lëtzebuergesche Moler.
27. Mee: Jeffrey Hunter, US-amerikanesche Schauspiller.
22. Juni: Judy Garland, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
27. Juni: Ralph Habib, franséische Filmregisseur.
05. Juli: Walter Gropius, däitsch-amerikanesche Architekt an Designer.
14. Juli: Albert Nuss, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
15. Juli: Peter van Eyck, hollänesch-amerikanesch-däitsche Museker a Schauspiller.
25. Juli: Otto Dix, däitsche Moler an Zeechner.
07. August: Joseph Kosma, éisträichesch-ungaresch-franséische Komponist.
09. August: Sharon Tate, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
17. August: Otto Stern, däitsche Physiker an Nobelpräisdréier.
19. August: Nicolas Touba, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
28. August: José Samyn, franséische Vëlossportler.
02. September: Ho Chi Minh, President vu Nordvietnam.
23. September: Hans Deppe, däitsche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
07. Oktober: Nikolaus Hein, lëtzebuergesche Professer a Schrëftsteller
05. November: Marcel Leineweber, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
08. November. Vesto Melvin Slipher, US-amerikaneschen Astronom.
29. November: Louis Emberger, franséische Botaniker a Phytogeograph.
05. Dezember: Claudius Dornier, däitsche Fligerconstructeur.
18. Dezember: Nicolas Entringer, lëtzebuergesche Museker a Komponist.
22. Dezember: Josef von Sternberg, éisträichesche Filéregisseur.
27. Dezember: Eugène Beck, lëtzebuergesche Professer a Botaniker.
28. Dezember: Alphonse Greisch, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
Um Spaweck |
Commons: 1969 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 26. Mäerz 1969 op der Websäit vun European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Mexiko den 10. Abrëll 1969 op der Websäit vun European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Polen-Lëtzebuerg den 20. Abrëll 1969 op der Websäit vun European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Bulgarien-Lëtzebuerg den 23. Abrëll 1969 op der Websäit vun European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Polen-Lëtzebuerg den 12. Oktober 1969 op der Websäit vun European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 5. November 1969 op der Websäit vun European Football
↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Bulgarien de 7. Dezember 1969 op der Websäit vun European Football
Kategorien:
- Joren (20. Joerhonnert)
- 1969
(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.148","walltime":"0.237","ppvisitednodes":"value":840,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":6533,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":87,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":6,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":2996,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 145.994 1 -total"," 8.15% 11.902 1 Schabloun:Artikel_Joer"," 7.73% 11.284 1 Schabloun:Referenzen"," 4.81% 7.027 1 Schabloun:Commonscat"," 3.42% 4.986 1 Schabloun:Clr"," 3.10% 4.526 1 Schabloun:Commons"," 2.96% 4.323 1 Schabloun:1._Mee"," 2.76% 4.029 2 Schabloun:8._Mee"," 2.64% 3.860 1 Schabloun:3._November"," 2.58% 3.760 1 Schabloun:1._August"],"cachereport":"origin":"mw1262","timestamp":"20190924073827","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"1969","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/1969","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q2485","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q2485","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2004-11-02T12:10:34Z","dateModified":"2019-03-20T11:21:10Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":145,"wgHostname":"mw1268"););