Skip to main content

Juddentum zu Lëtzebuerg Inhaltsverzeechnes D'Geschicht vum Juddentum zu Lëtzebuerg | Jiddescht Liewen zu Lëtzebuerg | Quellen | Um Spaweck | Referenzen an Notten Navigatiounsmenü49° 40’ 53.71’’ N 06° 26’ 05.55’’ ONaissance et évolution de la communauté juive du LuxembourgLa présence juive au Luxembourg du Moyen Age au 20ème siècleHistoire de la Communauté juive de Luxembourgsynagogue.luOns Stad, Nr. 36, 1991, Thema JuddentumOns Stad, Nr. 71, 2002, Thema Zweete Weltkrich a ShoahLA SPOLIATION DES BIENS JUIFS AU LUXEMBOURG 1940-1945Encyclopedie multimedia de la Shoah, Luxembourgbibnet.luPDF-DownloadAusstellungskatalog Between Shade and DarknessSäit vun der Holocaust Encyclopedia iwwer LëtzebuergMemoShoah LëtzebuergDepliant vum "Service information et presse" vun der Lëtzebuerger Regierung mat engem kuerzen Text vum Paul DostertKriteschen Editorial aus der "woxx" (805 vum 8.7.2005) vun der Renée Wagener iwwer d'Commemoratiounsfeier op der PafemillenDem Vizepremier, Ausseminister an Immigratiounsminister Jean Asselborn seng Ried bei der Commemoratiounszeremonie am Juli 2005 op der Pafemillen.La spoliation des biens juifs au Luxembourg 1940-1945Rapport final sur les « comptes juifs inactifs »Spoliation des Juifs : OmertàDas Exiltheaterensemble " Die Komödie " und die " Echternacher Festspiele " Walter Jacob und Evy FriedrichKonferenzReise ans Ende der Menschlichkeit, tageblatt 29. September 2016Loi du 10 juillet 1998 portant approbation de la Convention du 31 octobre 1997 entre le Gouvernement, d'une part, et les communautés israélites du Luxembourg, d'autre part modifiée par la loi du 21 décembre 1998"D'Chamber entschëllegt sech bei jiddescher Communautéit"."Deuxième Guerre mondiale: le gouvernement luxembourgeois présente ses excuses à la communauté juive."Inauguration du monument à la mémoire des victimes de la Shoah à Luxembourgons stad, Nr.22, 1986 -Clausen

JuddentumReliounen zu LëtzebuergJuddentum zu LëtzebuergGeschicht vu Lëtzebuerg


LëtzebuergJuddentumRéimesch-Kathoulescher KierchProtestantismusOrthodoxer KierchIslam1933réimescher ZäitRhôneRhäinlandfréie MëttelalterAvignonCarpentrasStroossbuergYorkWormsSpeyerMainzMetzTroyesLëtzebuergTréierDiddenuewenArel122613091276Lëtzebuerg5. JuniBartrengPéitrussdallKierfechtJuddegaassJuddepaartNeuerburg1309IechternachLießemÄifel1332La Roche-en-Ardenne1333DamvillersBitburg1334Baaschtnech1353PeschtSënnebéckWaasserPëtzerKarel I. vu LëtzebuergHellege Réimesche Räich24. Juli1349EpidemieBarroisLoutrengenPogromerHainautBrabantBurgunderHabsburgerLëtzebuergLiederStoftindustrieHerzogtum Lëtzebuerg147815151532Habsburgeschen NidderlandenEdiktfranséischer Revolutioun1791Napoléon I.Frankräich1795GläichberechtegungVollekszielung18081817JuddekierfechtClausenGlawenszentrum1821Synagog1823Pinhas GodchauxSynagog1839jiddesche Consistoire1870ElsassLoutrengen1876NeipuertsgaassLudwig LevyCharles Arendt189328. September1894RabbinerIsaac BlumensteinLouis GodchauxChrëschten192719351933HitlerNSDAPNazi1940AbteiIechternacher FestspillerLëtzebuerg am Zweete Weltkrich10. Mee194020. Mee1940Gustav Simon8. August15. OktoberSchwäizKubaUSA5. SeptemberNürnberger GesetzerVerwaltungskommissiounAlbert Wehrer1. OktoberGestapoWehrmacht22. OktoberEttelbrécker SynagogStater Synagog3. JuniEscher Synagog3. Dezemberrituellt18. Dezember23. Dezember7. Februar194118. AbrëllNSDAPReichsmark4. MeePafemillenHäerz-Jesu Klouschter1943GettoŁódźTerezinVernichtungslagerAuschwitz-Birkenau16. OktoberStater GareReichsbahnShoah1945Stad-LëtzebuergEsch-UelzechtEttelbréckMunnerefMiedernachGréiwemaacherIsraelitesche ConsistoireEdmond Marx28. Juni1953Stater Synagog17. Oktober1954Escher Synagog1958JuddemonumentMiedernachEkonomie10. Juli1998Gunter DemnigEttelbréckEsch-UelzechtStolpersteineChamberVincent ArtusoBoulevard RooseveltStaatskantinnSynagogShoahShelomo SelingerHebräeschFranséischLëtzebuergeschStater GareStater SynagogSynagog182318931941Gestapo1943eng an der Stad Lëtzebuergeng zu EschMunnerefEttelbréckGemengGréiwemaacherZweet Stater SynagogDrëtt Stater SynagogZweet Escher SynagogSynagog EttelbréckSynagog MunnerefKierfechterStadEsch-UelzechtGréiwemaacherEttelbréckKierfecht MalakoffClausen181718201883Lampertsbierg19051953LallengTréierRabbinerLéon LippmannGabriel LippmannAlex BonnPaul CerfEdmond IsraelGuy AachAlain MeyerLaurent Moyse












Juddentum zu Lëtzebuerg




Vu Wikipedia

(Virugeleet vu(n) Holocaust zu Lëtzebuerg)





Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


Zu Lëtzebuerg liewen ongeféier 1200 Judden. D'Juddentum spillt eng wichteg Roll an der Geschicht vu Lëtzebuerg. Nieft der Réimesch-Kathoulescher Kierch, dem Protestantismus, der Orthodoxer Kierch an dem Islam ass d'Juddentum déi fënneftgréisst Relioun. Lëtzebuerg ass dat eenzegt europäescht Land, an deem haut méi Judde liewe wéi virun 1933.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 D'Geschicht vum Juddentum zu Lëtzebuerg

    • 1.1 Ufäng vu jiddescher Presenz zu Lëtzebuerg


    • 1.2 Mëtt 15. bis Mëtt 16. Joerhonnert


    • 1.3 Franséisch Revolutioun


    • 1.4 1823 bis 1933


    • 1.5 1933 - 1940


    • 1.6 1940 - 1945


    • 1.7 Nom Zweete Weltkrich



  • 2 Jiddescht Liewen zu Lëtzebuerg

    • 2.1 D'Synagogen zu Lëtzebuerg


    • 2.2 Galerie vun de Synagogen zu Lëtzebuerg


    • 2.3 Jiddesch Kierfechter zu Lëtzebuerg


    • 2.4 Lëtzebuerger jiddesch Perséinlechkeeten



  • 3 Quellen

    • 3.1 Literatur



  • 4 Um Spaweck


  • 5 Referenzen an Notten




D'Geschicht vum Juddentum zu Lëtzebuerg |



Ufäng vu jiddescher Presenz zu Lëtzebuerg |


Déi geographesch Situatioun vu Lëtzebuerg ass wichteg fir d'Evolutioun vun der jiddescher Gemeinschaft ze verstoen. Lëtzebuerg huet mat Däitschland a Frankräich déi zwee Länner als Noper, déi eng ganz grouss Roll an der jiddescher Geschicht vun Europa gespillt hunn.


Déi éischt Judden, déi an Europa agewandert sinn, hu sech zur réimescher Zäit ë. a. an Italien, laanscht dem Rhône an am Rhäinland niddergelooss. Am fréie Mëttelalter gouf et scho renomméiert jiddesch Gemeinschafte virun allem an der Géigend vun Avignon, Carpentras, Stroossbuerg, York, Worms, Speyer, Mainz, Metz, Troyes, asw. An direkter Noperschaft vu Lëtzebuerg gouf et jiddesch Gemeinschaften zu Tréier, Diddenuewen an Arel.


Déi éischt jiddesch Familljen hu sech ëm 1226 an 1309 zu Arel an der sougenannter Hätschegaass niddergelooss. Dëst Wuert, Hütchen op Däitsch, deit op de Juddenhutt hin, dee si a verschiddene Länner hu missen undoen. Sou ëm 1276 hu sech Judden an der Stad Lëtzebuerg niddergelooss. Dat éischt Dokument, dat d'Presenz vun engem Judd zu Lëtzebuerg beleet, ass vum 5. Juni 1276 an nennt e gewëssen Henri vu Lëtzebuerg, e Judd, deen dem Här vu Bartreng 53 livres des Trèves geléint hat. Mëtt 14. Joerhonnert hu wuel jiddesch Familljen am Péitrussdall gewunnt, wou och hire Kierfecht war. Méi spéit, ëm 1367, dauchen éischt Dokumenter op, déi d'Juddegaass an d'Juddepaart an der Stad ernimmen.


Hir Presenz gouf och zu Neuerburg (1309), zu Iechternach a Ließem an der Äifel (1332), zu La Roche-en-Ardenne (1333), zu Damvillers (1345/47), wéi zu Bitburg (1334) a Baaschtnech (1353) dokumentéiert.


Schrecken an Angscht, ënnerstëtzt duerch d'Pescht an hir extreem schnell Verbreedung an de Joren 1348-49, huet dozou gefouert, datt Awunner a Westeuropa sech d'Judden als Sënnebéck ausgesicht hunn. All Méigleches gouf erfonnt, wéi zum Beispill datt d'Judde Waasser aus de Pëtzer vergëft hätten. De Karel I. vu Lëtzebuerg, Kinnek vum Hellege Réimesche Räich a Grof vu Lëtzebuerg, huet awer versicht eng tragesch Situatioun ze verhënneren. Sou huet hien de 24. Juli 1349 d'Stater Awunner opgefuerdert, Wuelstand a Besëtz vu Judden ze garantéieren an dëst sou laang ze maachen, bis een hir Schold bewisen hätt a s'och deementspriechend veruerteelt wieren, well hie si fir onschëlleg gehalen huet. Wéi wäit Lëtzebuerg deemools vun der schwaarzer Pescht betraff war, ass net ganz kloer. Eng Epidemie gouf et awer an der Géigend vum Barrois a Loutrengen. Et schéngt, datt der jiddescher Gemeinschaft vu Lëtzebuerg an Iechternach awer keng Verfolgung erspuert gouf. Pogromer gouf et wuel och am Hainaut an am Brabant.



Mëtt 15. bis Mëtt 16. Joerhonnert |


Ënner de Burgunder an den éischten Habsburger huet sech d'Situatioun vun de Judden zu Lëtzebuerg erëm verschlechtert.


Mat 2500 Awunner an enger ganz fortschrëttlecher Lieder- a Stoftindustrie, hat d'Haaptstad vum Herzogtum Lëtzebuerg vill Judde vum Land ugezunn. Mä si waren net viru Verfolgunge geschützt. Am Mäerz 1478 gouf et eng schrecklech Verfolgung: “aux hostelz ou demouroient les Juifz, et illec rompirent leurs maisons, les ruerent de pierres et battirent villainement et apres ce prandirent tous leurs biens et en firent leur plaisir“.
Doropshin hunn d'Judden d'Stad verlooss. Am Joer 1515 goufen nach ongeféier aacht jiddesch Stéit an der Stad gezielt.


An de Joren 1516-17 hunn all Judden d'Herzogtum Lëtzebuerg verlooss. De Grond vun dësem Depart ass net ganz kloer. D'Archiven dokumentéiere kee méigleche Pogrom oder eng staatlech Entscheedung, déi dësen Depart erkläre kéint. Mëtt 16. Joerhonnert hunn nach just vereenzelt jiddesch Familljen zu Lëtzebuerg gewunnt, mä am Joer 1532 gouf déi jiddesch Presenz an den Habsburgeschen Nidderlanden, zu deene Lëtzebuerg deemools gehéiert huet, duerch en Edikt verbueden. Déi rar Erwähnunge vu Judden am Herzogtum Lëtzebuerg bezéie sech dacks op hiren Transit duerch Lëtzebuerg.



Franséisch Revolutioun |


Mat der franséischer Revolutioun ass och d'Emanzipatioun vun de Judden erfollegt: den 28. September 1791 goufen hinnen all déi Biergerrechter zougesprach, déi och dem Rescht vun der Bevëlkerung zougesprach goufen. Duerno huet Lëtzebuerg ënner dem Napoléon I. zu Frankräich gehéiert, dofir sinn och déi franséisch Reegelen a Rechter op d'Judden zu Lëtzebuerg ugewennt ginn.


Kuerz drop, de 14. Juli 1795, goufen alleguer d'Taxen ofgeschaaft, déi d'Judden hu misse méi bezuelen, et koum also zur absoluter Gläichberechtegung tëscht Judden a Chrëschten. Donieft konnten d'Judde sech do ausbreeden, wou se wollten.


Déi éischt Vollekszielung vun de Judde war am Ufank vum 19. Joerhonnert. Deemools huet d'Gesetz vum 8. September 1808 bestëmmt, datt all Famill sech misst e Familljennumm zouleeën, wat d'Judden net ëmmer haten. Zu deem Zäitpunkt gouf et genee 75 Judden um lëtzebuergeschen Territoire: 13 Männer, 15 Fraen a 47 Kanner.


D'Zuel vun de Judden zu Lëtzebuerg ass relativ séier geklommen, well sech d'Judden zu Lëtzebuerg och mat deenen an Däitschland an a Loutrengen zesummegedoen hunn. 1817 gouf deen éischte Juddekierfecht a Clausen ageweit. Ufank vum 19. Joerhonnert huet och d'Noutwendegkeet bestanen, fir e jiddesche Glawenszentrum zu Lëtzebuerg ze schafen. Am Joer 1821 huet d'jiddesch Gemeinschaft zesummen en Haus an der rue du Séminaire kaaft, wat als “bien national” ënner der Revolutioun verkaaft gi war an duerno vun der Stad Lëtzebuerg opkaaft gouf. An deem Haus ass déi éischt lëtzebuergesch Synagog ageriicht ginn. Si konnt ongeféier honnert Leit empfänken a gouf am Joer 1823 offiziell ageweit. Dëst stoung ënner anerem ënner der Leedung vum Pinhas Godchaux.



1823 bis 1933 |


Mat der éischter Synagog zu Lëtzebuerg huet och fir d'Judden 1823 en neit Kapitel ugefaangen. Wéi Lëtzebuerg am Joer 1839 politesch onofhängeg ginn ass, ass och de jiddesche Consistoire eng onofhängeg Institutioun ginn, an d'Membere goufe vum Ministère erausgesicht.




Déi zweet Synagog 1894-1943


1870 ass dunn de Krich tëscht Frankräich an Däitschland ausgebrach, a wärend der preisescher Belagerung vum Elsass a vu Loutrengen si vill Judden op Lëtzebuerg ugaangen. Dowéinst war déi am Joer 1823 gebaut Synagog geschwënn ze kleng. Am Joer 1876 goufen éischt Demarchë gemaach, fir d'Synagog z'ersetzen. D'Stad Lëtzebuerg krut dat aalt Gebai zréck, an dofir kruten d'Judden en Terrain tëscht der Neipuertsgaass an der rue Aldringen. D'Aarbechte goufe vu lëtzebuergeschen a belsche Judde bezuelt. Och de Lëtzebuerger Staat huet dat neit Gebai mat finanzéiert. D'Pläng vum neie Gebai stamen aus der Fieder vum däitschen Architekt a Professer Ludwig Levy, an den Architekt Charles Arendt huet d'Synagog, déi am neo-orientalesche Stil entworf war, schlussendlech realiséiert.


Den éischte Steen ass am Juli 1893 geluecht ginn, d'Aweiung war den 28. September 1894. Den deemolege Rabbiner war den Isaac Blumenstein an de President vum Consistoire war de Louis Godchaux, en Nokomme vum Pinhas Godchaux.


Wärend 46 Joer hunn d'Judde friddlech nieft de Chrëschten an der Stad gewunnt an hir Déngschter an der Synagog ofgehalen.



1933 - 1940 |


Wann am Joer 1927 zu Lëtzebuerg 1717 jiddesch Awunner gezielt goufen, da waren et der 1935 schonn 3144. Zanter 1933, wéi den Hitler mat der NSDAP an Däitschland un d'Muecht koum, krut d'jiddesch Gemeinschaft zu Lëtzebuerg vill Zouwuess doduerch, datt vill Judden aus Zentral- respektiv Osteuropa virum däitschen Nazi-Regime op Lëtzebuerg geflücht sinn. An den 30er Jore gouf Lëtzebuerg sou e wichtegt Asyl- an Duerchreesland fir Judden. Virun der Nazi-Invasioun vu Lëtzebuerg, am Joer 1940, hunn ongeféier 3700 Judde am Land gelieft, déi sech op zwou Gruppe verdeelt hunn: lëtzebuergesch an éischter liberal bis assimiléiert Judden engersäits, a méi reliéis an traditionnel Judden op där anerer Säit.


Vun 1933 un, konnt d'Lëtzebuerger Regierung och op dat Gesetz vum 28. Oktober 1920 zréckgräifen, fir politesch Flüchtlingen, Antifaschisten an Antinazien, iwwer d'Grenz ze setzen.


Vum 30. Juni bis de 25. August 1935 waren am Haff vun der Abtei déi éischt Iechternacher Festspiller. Dës Initiativ goung aus vun dem 1934 gegrënnten Exiltheaterensembel "Die Komödie" vu jiddeschen Emigranten[1][2].



1940 - 1945 |




Opmarsch vun Nazië bei der Stater Synagog.




Zu Miedernach huet kee vun de jiddeschen Awunner iwwerlieft.




D'Memorial op der Pafemillen (Cinqfontaines)


Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich fänkt den 10. Mee 1940 mat der militärescher Besatzung un a wierkt sech ganz séier och op déi jiddesch Bevëlkerung zu Lëtzebuerg aus.


Den 20. Mee 1940, also zéng Deeg nom Ufank vun der Nazi-Besatzung, gouf duerch en Dekret festgeluecht, datt all Réistoffer, Iesswueren an Edelmetaller vu Judde beschlagnahmt gi sollten. Nodeem de Gustav Simon Chef der Zivilverwaltung, CdZ war, sinn d'Judde systematesch verfollegt ginn. Vum 8. August 1940 bis de 15. Oktober 1941 sinn iwwer 2500 Judden aus Lëtzebuerg geflücht, déi meescht an déi franséisch Zone libre, obwuel dat zu dëser Zäit scho vun der Besatzungsmuecht verbuede gouf. Anerer sinn direkt an d'Schwäiz, op Kuba oder an d'USA ausgewandert. Dat waren haaptsächlech jiddesch Flüchtlingen aus Westeuropa, dorënner och 1000 däitsch Judden.


De 5. September 1940 goufen och zu Lëtzebuerg d'Nürnberger Gesetzer ugewennt, déiselwecht Moossname géint d'Judde wéi an Däitschland goufen agefouert. All Judd, deen zu Lëtzebuerg gewunnt huet, huet missen eng Verméigenserklärung maachen. Jiddwereen, dee Proprietär vun enger Entreprise war, konnt all Moment gezwonge ginn, säi Betrib ze verkafen oder opzeléisen. Ausserdeem huet jiddweree seng Aktie bannent siwen Deeg bei enger Bank ofgi missen, déi s'als jiddesch markéiert huet. De Judde war et och verbueden Immobiliegeschäfter ze maachen. Am Laf vum September huet d'Verwaltungskommissioun ënnert dem Albert Wehrer eng Lëscht opgestallt mat de polnesche Judden an hire Kanner, déi an den ëffentleche Schoule waren.


Vum 1. Oktober 1940 u goufen d'Judde gezwongen, sou gutt wéi all hir Suen op Bankkontoen z'iwwerweisen, déi du gespaart goufen. Vun do u goufen och Razziae vun der Gestapo gemaach, bei deene Radioen, Bijouen, Vëloen, Schreifmaschinnen, Fotoapparater, Grammophoner, Streckeisen a souguer waarm Kleeder (am Wanter 1942) a Seef beschlagnahmt goufen. D'Kleeder goufe bal alleguer der Wehrmacht iwwerginn.


Den 22. Oktober 1940 gouf déi Ettelbrécker Synagog verwüst. Am Mee 1941 gouf déi Stater Synagog vun der Gestapo zougemaach, profanéiert an duerno ofgerappt, wat awer bis an den Hierscht 1943 era gedauert huet. Den 3. Juni 1941 gouf déi Escher Synagog dem Äerdbuedem gläichgemaach.


Den 3. Dezember 1940 gouf dat rituellt Schluechte verbueden. Den 18. Dezember 1940 goufen d'Judde forcéiert all hire Besëtz vu Mobilien an Immobilien unzemellen. Vum 23. Dezember 1940 u kruten d'Judde keng allocations familiales a scolaires méi.


De 7. Februar 1941 koum e Gesetz eraus, no deem de ganze Besëtz vun deenen, déi 1940 oder virdrun emigréiert waren, konfiskéiert gi misst. Vum 18. Abrëll 1941 un huet dat och fir déi Judde gegollt, déi nach ëmmer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn. Dat, wat konfiskéiert gi war, gouf entweder verkaaft oder vu verschiddenen Organisatioune vun der NSDAP benotzt. Am Fong sollt awer op d'mannst e groussen Deel vun de Sue fir d'Finanzéierung vun der Germanisatiounspolitik zu Lëtzebuerg benotzt ginn, de sougenannten Aufbaufonds Moselland. Am November 1941 goufen all jiddesch Organisatiounen opgeléist an dobäi iwwer 35.000 Reichsmark kasséiert.


De 4. Mee 1941 gouf de Judden all droit de succession oferkannt. Am Juli 1942 koumen nach weider Moossnamen derbäi, déi d'Judde praktesch ganz aus dem ëffentleche Liewen ausschléissen.


Am Juli 1941 huet d'Gestapo op der Pafemillen aus dem Häerz-Jesu Klouschter en Tëschelager gemaacht, dat se zynesch Jüdisches Altersheim Fünfbrunnen genannt hunn. Tëschent Oktober 1941 an Abrëll 1943 goufe 674 Judde vun do an de Getto Litzmannstadt (Łódź), op Terezin an an d'Vernichtungslager op Auschwitz-Birkenau deportéiert. Dëst ass an aacht verschidde Convoie geschitt.


Am Oktober 1941 gouf en Auswanderungsstopp verkënnegt. Zu deem Ament hunn nach eng 700 Judden zu Lëtzebuerg gelieft.


De 16. Oktober 1941 goufen 323 Judde[3] vun der Stater Gare[4] aus mam éischten Deportatiounszuch, dem Sondertransport DA 3 vun der Reichsbahn, an de Getto op Litzmannstadt (Łódź) deportéiert, wou en als Luxemburger Transport agedro gouf. Vun dësen 323 Deportéierten hunn der nëmmen 12 den Zweete Weltkrich iwwerlieft.


Zu Lëtzebuerg hunn nëmme 36 Judden iwwerlieft. Wann een déi Judden, déi zu Lëtzebuerg selwer an déi an de Konzentratiounslageren ëmbruecht goufen an, wéi och déijéineg, déi a Frankräich deportéiert goufe mat arechent, da si wärend der Shoah zu Lëtzebuerg 1000 bis 2500 Judde gestuerwen. Déi meescht Lëtzebuerger hu sech géintiwwer dësen Aktioune relativ passiv verhalen.


1945, nom Krich blouwe vun de sechs jiddesche Communautéiten (Stad-Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht, Ettelbréck, Munneref, Miedernach a Gréiwemaacher) der nëmmen nach zwou, déi Stater an déi Escher, déi béid nach haut present sinn.



Nom Zweete Weltkrich |


Nom Krich ass e neien Israelitesche Consistoire gegrënnt ginn, President war den Edmond Marx. Dëse Consistoire huet dat jiddescht Liewen zu Lëtzebuerg erëm nei strukturéiert.


Den 28. Juni 1953 gouf déi 3. Stater Synagog ageweit an de 17. Oktober 1954 déi 2. Escher Synagog.


1958 gouf d'Juddemonument zu Miedernach ageweit, als Erënnerung un déi fréier Miedernacher jiddesch Communautéit déi integral ënner der Naziherrschaft ëmbruecht gouf.


An der Lëtzebuerger Ekonomie a besonnesch an der Geschäftswelt hate jiddesch Familljen eng wichteg Roll, wéi z. B. d'Famillje Bonn, Cahen, Finkelstein, Hertz, Levy, Rosenstiel, Sternberg asw.


Den 10. Juli 1998 gouf mat engem Gesetz d'Konventioun vum Staat mat dem Culte Israélite du Luxembourg unerkannt[5].


De 25. Januar 2013 huet den däitsche Kënschtler Gunter Demnig zu Ettelbréck an der Foussgängerzon eng "Stolperschwelle" geluecht fir de jiddeschen Affer vum Natinalsozialismus ze gedenken. Den 22. Oktober 2013 sinn zu Esch-Uelzecht 14 eenzel "Stolpersteine" verluecht ginn, an de Joren dono och zu Déifferdeng, Suessem, Munneref, Réimech a Gréiwemaacher. Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Stolpersteine zu Lëtzebuerg


Den 9. Juni 2015 huet d'Chamber eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, an där se sech bei der jiddescher Communautéit fir d'Verhale vun Deeler vun de Lëtzebuerger Verwaltunge virun a wärend dem Zweete Weltkrich entschëllegt huet. Dës Resolutioun huet sech op d'Conclusioune vum Rapport La "question juive" au Luxembourg (1933-1941) - L'Etat luxembourgeois face aux persécutions antisémites nazies vum Vincent Artuso baséiert.[6]
Och d'Regierung huet sech deenen Entschëllegungen ugeschloss.[7]


De 17. Juni 2018 gouf eng Erënnerungsstatu um Boulevard Roosevelt bei der Staatskantinn - der Plaz wou déi éischt Synagog vu Lëtzebuerg stoung - fir d'Affer vun der Shoah ageweit. D'Monument staamt vum franséisch-israelesche Sculpteur Shelomo Selinger. Um Sockel vum Konschtwierk ass op dräi Säiten en Text agemeesselt, op Hebräesch, op Franséisch an op Lëtzebuergesch: KADDISCH / Fir d'Judde vu / Lëtzebuerg déi vun / den Nazien ëmbruecht / goufen. 1940-1945. De Staat an d'Stad hunn d'Käschte vun 325000 Euro fir dëst Monument iwwerholl[8].
Dee selwechten Dag gouf op der Stater Gare eng Plack devoiléiert, déi un de 17. Juni 1943, de 75. Joresdag vum leschten Zuch, dee Judde vu Lëtzebuerg a KZer an Osteuropa bruecht huet, erënnert.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Mémorial de la déportation juive (Stad Lëtzebuerg)



Jiddescht Liewen zu Lëtzebuerg |



D'Synagogen zu Lëtzebuerg |


Och wann déi éischt Quellen, déi vu jiddesche Bierger zu Lëtzebuerg bis an d'13. Joerhonnert zréck ginn, sou huet et awer bis an d'19. Joerhonnert gedauert, ier an der Stad déi éischt Stater Synagog gebaut gouf an doduerch déi jiddesch Communautéit och ëffentlech siichtbar gouf. D'Aweiung vun dëser Synagog an der rue du Petit-Séminaire (haut rue de la Congrégation) an der Stad war am Joer 1823. Well dës éischt Synagoge ze kleng fir déi 154 jiddesch Stéit, wouvun der 87 an der Stad gewunnt hunn, gouf 1893 déi zweet Synagog zu Lëtzebuerg an der deemoleger rue Marie-Thérèse (haut Aldringer-Strooss) gebaut. Dës zweet Synagog gouf am Mee 1941 vun der Gestapo zougemaach, profanéiert an am Hierscht 1943 ofgerappt.


Zu Lëtzebuerg stinn haut zwou Synagogen, déi aktiv benotzt ginn, eng an der Stad Lëtzebuerg an eng zu Esch.


Zu Munneref an Ettelbréck stinn nach Gebaier vu Synagogen, déi haut net méi benotzt ginn. Déi Ettelbrécker Synagog gouf 2018 vun der Gemeng iwwerholl, nodeems se als klasséiert Monument unerkannt gouf [9].


Zu Gréiwemaacher ass sou ee Gebai ëmgebaut ginn.



Galerie vun de Synagogen zu Lëtzebuerg |



Jiddesch Kierfechter zu Lëtzebuerg |




D'Familljegraf Lippman um Malakoff Kierfecht.


Zu Lëtzebuerg gëtt et fënnef jiddesch Kierfechter, zwéin an der Stad a jee een zu Esch-Uelzecht, zu Gréiwemaacher an zu Ettelbréck.


Deen eelste vun de Juddekierfechter ass de Kierfecht Malakoff a Clausen [10] a gouf 1817 vun der jidddescher Communautéit aus der Stad kaaft. Eng ronn honnert Griewer sinn op dësem Kierfecht. Si goufen an der Zäit tëscht 1820 bis ongeféier 1883/1884 ugeluecht. Well en ze kleng war, gouf de Kierfecht Bellevue am Joer 1883 um Lampertsbierg opgemaach. Dëse Kierfecht gëtt bis haut benotzt an ass dee gréisste vu ganz Lëtzebuerg.


De Kierfecht zu Esch-Uelzecht ass 1905 am "Lallenger Deich" opgaangen, allerdéngs huet en aus urbanistesche Grënn missen 1953 an den Norde vun Esch-Uelzecht, op Lalleng verluecht ginn. Virun 1905 hu missen all Judde vun Esch an der Stad Lëtzebuerg begruewe ginn.


Den Ettelbrécker Kierfecht staamt aus den 1880er Joren. Ier dëse gebaut ginn ass, hunn all Judde vun Ettelbréck missen um Clausener Kierfecht begruewe ginn. Bis haut sinn 190 Leit op deem Kierfecht begruewen.


De jiddesche Kierfecht vu Gréiwemaacher läit am Nordwesten am Ausgank vun der Uertschaft, lénks laanscht d'Weckerstrooss op enger Héicht vun 184 Meter tëscht dem Kenneschbongert an dem Grouweréck. (49° 40’ 53.71’’ N 06° 26’ 05.55’’ O) Well Communautéit vun de Judden zu Gréiwemaacher an allgemeng an der Regioun relativ kleng ass, sinn um Kierfecht just 38 Griewer. Déi Gréiwemaacher Judden haten och keng Synagog, mä hu sech an engem Privathaus versammelt. E puer vun deenen do begruewene Famille stamen aus dem Raum Tréier. Et ass net genee gewosst, wéi al de Kierfecht ass, well awer déi eelst Griewer ëm d'Joer 1900 stamen, ass och unzehuelen, datt de Kierfecht ëm d'Joerhonnertwenn opgaangen ass.



Lëtzebuerger jiddesch Perséinlechkeeten |


Zu de jiddesche Perséinlechkeete vu Lëtzebuerg gehéiere sécher d'Rabbiner vu Lëtzebuerg.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Groussrabbiner vu Lëtzebuerg


Donieft gehéieren awer och Perséinlechkeeten aus der Lëtzebuerger Gesellschaft, wéi de Léon Lippmann, de Gabriel Lippmann, den Alex Bonn, de Paul Cerf, den Edmond Israel, de Guy Aach, den Alain Meyer, de Laurent Moyse asw.



Quellen |



  • Naissance et évolution de la communauté juive du Luxembourg vum Laurent Moyse


  • La présence juive au Luxembourg du Moyen Age au 20ème siècle, 1998


  • Histoire de la Communauté juive de Luxembourg op synagogue.lu

  • Ons Stad, Nr. 36, 1991, Thema Juddentum

  • Ons Stad, Nr. 71, 2002, Thema Zweete Weltkrich a Shoah

  • LA SPOLIATION DES BIENS JUIFS AU LUXEMBOURG 1940-1945

  • Encyclopedie multimedia de la Shoah, Luxembourg


  • Paul Cerf, 1986, L'étoile juive au Luxembourg, Luxembourg, RTL-Édition


  • André Hohengarten, 2002, Die nationalsozialistische Judenpolitik in Luxemburg, bibnet.lu


Literatur |



  • Lorang, Mil: Luxemburg im Schatten der Shoah, Éditions Phi, 2019, 199 S. ISBN 9782919791187


  • Artuso, Vincent: La "question juive" au Luxembourg (1933-1941) - L'Etat luxembourgeois face aux persécutions antisémites nazies. Uni Lëtzebuerg 2015.PDF-Download bei gouvernement.lu.


  • Büchler, Georges: Évacuation - Déportation Le premier transport vers l'est, 16.10.1941 / Evakuierung - Aussiedlung Der erste Polentransport, 16.10.1941, erausgi vum Nationale Resistenzmusée, Oktober 2016; Éditeur Op der Lay, 820, 117 S. ISBN 978-2-87967-219-9.

  • Caestecker, Frank and Scuto, Denis: "The Benelux and the Flight of Refugees from Nazi Germany: the Luxemburg specificity." Hémecht. Zeitschrift für Luxemburger Geschichte. Jg. 68 (2016), Nr.4, S. 389–410.


  • Cerf, Paul: De l'épuration au Grand-Duché de Luxembourg après la seconde guerre mondiale,1980, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 264 Säiten

  • Cerf, Paul: L'étoile juive au Luxembourg, 1986.

  • Cerf, Paul: Dégagez-moi cette racaille, 1995; Virwuert vum Serge Klarsfeld; Éditions Saint Paul, Luxembourg; 111 S. ISBN 2879632153

  • Cerf, Paul an Finkelstein, Isi: Les Juifs d'Esch - Déi Escher Judden. 1999.

  • Grosbois Thierry: "Le gouvernement luxembourgeois en exil face à la persécution et l'extermination des Juifs 1939-1945", in Hémecht, 2/2015, 3/2015.


  • Hoffmann, Serge: Luxemburg - Asyl und Gastfreundschaft in einem kleinen Land, 1996; Bäitrag an Solidarität und Hilfe für Juden wärend der NS-Zeit; Metropol Verlag, Berlin; 283 S. ISBN 3926893435


  • Moyse, Laurent: Du rejet à l'intégration - Histoire des Juifs du Luxembourg des origines à nos jours, Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 2011. 288 Säiten. ISBN 978-2-87963-810-2

  • Moyse, Laurent: Between SHADE and DARKNESS - Le sort des Juifs du Luxembourg de 1940 à 1945 / Das Schicksal der Juden Luxemburgs von 1940 bis 1945, Ausstellungskatalog Between Shade and Darkness, erausgi vum Nationale Resistenzmusée 2013, 2. Oplo September 2014, erweidert 3. Oplo Januar 2016, 4. Oplo Oktober 2016; Éditeur Op der Lay, 811, 99 S. ISBN 978-2-87967-188-8


  • Scuto, Denis: Chroniques sur l’an 40 : Les autorités luxembourgeoises et le sort des juifs persécutés, Luxembourg : Fondation Robert Krieps 2016, ISBN 978-2-919908-10-3.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Juddentum zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Säit vun der Holocaust Encyclopedia iwwer Lëtzebuerg

  • MemoShoah Lëtzebuerg

  • Depliant vum "Service information et presse" vun der Lëtzebuerger Regierung mat engem kuerzen Text vum Paul Dostert

  • Kriteschen Editorial aus der "woxx" (805 vum 8.7.2005) vun der Renée Wagener iwwer d'Commemoratiounsfeier op der Pafemillen

  • Dem Vizepremier, Ausseminister an Immigratiounsminister Jean Asselborn seng Ried bei der Commemoratiounszeremonie am Juli 2005 op der Pafemillen.


  • La spoliation des biens juifs au Luxembourg 1940-1945 Rapport final vun der Commission spéciale pour l'étude des spoliations des biens juifs au Luxembourg pendant les années de guerre 1940‐1945 vum 19. Juni 2009.


Rapport final sur les « comptes juifs inactifs »; Annex zum Artikel Spoliation des Juifs : Omertà vum Frédéric Braun, Woxx vum 18. Oktober 2018.


Referenzen an Notten



  1. Das Exiltheaterensemble " Die Komödie " und die " Echternacher Festspiele " Walter Jacob und Evy Friedrich


  2. Konferenz vum Germaine Goetzinger iwwer "Déi éischt Iechternacher Festspiller vun 1935". Déi Konferenz vum 29. Mee 2018 am Trifolion gouf vum radio 100,7 opgeholl


  3. Vun den 334 Leit déi op d'Gare beuerdet goufen, sinn der 11 net ugetrueden.


  4. Lorang, Mil: Reise ans Ende der Menschlichkeit, tageblatt 29. September 2016


  5. Loi du 10 juillet 1998 portant approbation de la Convention du 31 octobre 1997 entre le Gouvernement, d'une part, et les communautés israélites du Luxembourg, d'autre part modifiée par la loi du 21 décembre 1998 (code_administratif, VOL 1, CULTES, S. 63-66)


  6. "D'Chamber entschëllegt sech bei jiddescher Communautéit". op rtl.lu, Leschten Update: 09.06.2015, 17:03:51.


  7. "Deuxième Guerre mondiale: le gouvernement luxembourgeois présente ses excuses à la communauté juive." Communiqué op gouvernment.lu. 09.06.2015 (16:46).


  8. Inauguration du monument à la mémoire des victimes de la Shoah à Luxembourg


  9. Schmit Arlette, Die Wiederentdeckung des Davidsterns. Mit der Klassierung der alten Synagog als nationales Denkmal wird in Ettlbrück ein Stück jüdische Geschichte bewahrt., Luxemburger Wort, 22. 1. 2018, S. 31


  10. Emmanuel Bulz, L'ancien cimetière juif de Clausen, in ons stad, Nr.22, 1986 -Clausen




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Juddentum_zu_Lëtzebuerg&oldid=2240431#1940_-_1945“













Navigatiounsmenü


























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.148","walltime":"0.248","ppvisitednodes":"value":549,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":3234,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":1027,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":7,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":13074,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 119.454 1 -total"," 15.11% 18.047 1 Schabloun:Referenzen_an_Notten"," 7.04% 8.415 1 Schabloun:Coor_dms1"," 5.70% 6.803 1 Schabloun:Commonscat"," 5.12% 6.118 1 Schabloun:Clearboth"," 4.59% 5.478 2 Schabloun:Small"," 3.89% 4.650 1 Schabloun:Commons"," 2.39% 2.859 1 Schabloun:Coor"," 2.18% 2.600 3 Schabloun:Méi_Info_1"," 1.91% 2.286 1 Schabloun:Link-Bild"],"cachereport":"origin":"mw1281","timestamp":"20191210193028","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Juddentum zu Lu00ebtzebuerg","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Juddentum_zu_L%C3%ABtzebuerg#1940_-_1945","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q3121090","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q3121090","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2012-04-09T19:07:49Z","dateModified":"2019-12-10T19:30:28Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":151,"wgHostname":"mw1274"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?