Skip to main content

Wëllem IV. vu Lëtzebuerg InhaltsverzeechnesLiewenLiteraturKuckt ochUm SpaweckReferenzenNavigatiounsmenüLëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot

Groussherzoge vu LëtzebuergHaus Lëtzebuerg-NassauMembere vum Staatsrot zu LëtzebuergGebuer 1852Gestuerwen 1912Ritter vum Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw


22. Abrëll1852Biebrich25. Februar1912SchlassKolmer-BiergGroussherzogNassauPreisenéisträichescher188825. Dezember18974. Abrëll1902Lëtzebuerger Staatsrot189017. November1905Lëtzebuerg21. Juni1893Maria Ana vu BragançaPortugalZell am See16. Abrëll1907ChamberMarie-Adélaïde1894192410. Juli1913Charlotte189619851919












Wëllem IV. vu Lëtzebuerg




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


















Wëllem IV.

Grand-duc Guillaume IV.jpg
Titelen
Virgänger
Adolphe
Nofolger
Marie-Adélaïde
Biographie
Gebuer
22. Abrëll 1852
Schlass Biebrich
Gestuerwen
25. Februar 1912
Schlass Bierg
Bestuet mat
Maria Ana vu Bragança
Papp
Adolphe vu Lëtzebuerg
Mamm
Adélaïde-Marie vun Anhalt-Dessau
Kanner
Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Charlotte vu Lëtzebuerg, Antonia vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Sophie vu Lëtzebuerg, Hilda vu Lëtzebuerg

De Wëllem IV. vu Lëtzebuerg, gebuer den 22. Abrëll 1852 um Schlass Biebrich als Wilhelm Alexander vun Nassau, gestuerwen de 25. Februar 1912 um Schlass vu Kolmer-Bierg, war den eelste Jong vum Herzog Adolphe vun Nassau, dem spéidere Groussherzog Adolphe vu Lëtzebuerg.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Liewen


  • 2 Literatur


  • 3 Kuckt och


  • 4 Um Spaweck


  • 5 Referenzen



Liewen


Hien huet seng Kandheet a Jugend am Herzogtum Nassau verbruecht. Wéi säi Land vu Preisen annektéiert gouf, huet hien eng Carrière an der éisträichescher Arméi gemaach. 1888 ass hien do nees ausgetrueden, wéi et sech konkretiséiert huet, datt säi Papp géif Groussherzog vu Lëtzebuerg ginn.


Hie war vum 25. Dezember 1897 bis de 4. Abrëll 1902 Member vum Lëtzebuerger Staatsrot.[1]


De 4. Abrëll 1902 huet säi Papp, deen 1890 Groussherzog gi war, hien zum Lieutenant-représentant erkläert. Nom Doud vu sengem Papp, de 17. November 1905, ass hie Groussherzog vu Lëtzebuerg ginn.


Den 21. Juni 1893, huet hien d'Maria Ana vu Bragança, Infantin vu Portugal, um Schlass Fischhorn bei Zell am See, bestuet.




Déi 6 Duechteren als Kanner; Foto: Charles Bernhoeft, ëm 1903.


D'Koppel krut 6 Duechteren, wat e Problem mat der Trounfolleg mat sech bruecht huet, well den Ierfpakt virgesinn huet, datt just deen eelste männlechen Nokommen Trounfolger ka ginn. De 16. Abrëll 1907 huet d'Chamber dowéinst eng Ännerung vum Ierfpakt approuvéiert, soudatt mat Akraafttriede vun där Dispositioun dem Wëllem IV. seng eelst Duechter, d'Marie-Adélaïde (1894-1924), den 10. Juli 1907 zur Trounfolgerin erkläert gouf. Si ass dann och 1913, wéi se groussjäreg gouf, déi éischt Lëtzebuerger Groussherzogin ginn. Déi zweet Duechter, d'Charlotte, (1896-1985), huet no der Ofdankung vun hirer Schwëster den Troun 1919 iwwerholl.


Déi aner Duechtere waren:


  • d'Prinzessin Hilda (1897 - 1979), déi den Adolf, Fürst zu Schwarzenberg bestuet huet;

  • d'Prinzessin Antonia (1899 - 1954), déi de Krounprënz Rupprecht vu Bayern bestuet huet;

  • d'Prinzessin Elisabeth (1901 - 1950), déi de Ludwig Philipp, Prënz vun Thurn und Taxis bestuet huet;

  • d'Prinzessin Sophie (1902 - 1941), déi den Ernst vu Sachsen bestuet huet.

Literatur



  • Pierre Even, Vor 100 Jahren verstarb Wilhelm IV., Der leidende Großherzog, Seine wegweisenden Handlungen förderten die Integration der Luxemburger Dynastie, in: Die Warte - Perspectives (kulturell Wochebäilag vum Luxemburger Wort), Nr. 7|2357, Ss. 4-6; vgl. Luxemburger Wort vum 16.02.2012


  • Jean-Louis Scheffen, Grundstein einer neuen Dynastie - Vor 125 Jahren „feierlicher Einzug“ von Wilhelm IV. und Maria-Anna von Braganza am Luxemburger Wort vum 21. Juli 2018, S. 18-19

Kuckt och


  • Politesche System vu Lëtzebuerg

  • Groussherzog vu Lëtzebuerg

Um Spaweck






Commons-logo.svg
   



Commons: Wëllem IV. vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien






Virgänger:
Adolphe

Groussherzog vu Lëtzebuerg
1905- 1912
Nofolger:
Marie-Adélaïde

Referenzen



  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Wëllem_IV._vu_Lëtzebuerg&oldid=2198950“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.236","walltime":"0.328","ppvisitednodes":"value":468,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":8579,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":561,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":9,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":447,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 285.978 1 -total"," 82.01% 234.528 1 Schabloun:Infobox_Dynastie"," 80.80% 231.067 1 Schabloun:Infobox"," 51.19% 146.405 10 Schabloun:If_empty"," 45.17% 129.173 15 Schabloun:Wikidata"," 10.52% 30.075 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 3.52% 10.065 1 Schabloun:Referenzen"," 2.47% 7.054 1 Schabloun:Commonscat"," 1.70% 4.854 1 Schabloun:Commons"," 1.69% 4.822 1 Schabloun:Clr"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.119","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":2825763,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1298","timestamp":"20191204193327","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Wu00ebllem IV. vu Lu00ebtzebuerg","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/W%C3%ABllem_IV._vu_L%C3%ABtzebuerg","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q158235","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q158235","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-07-01T23:31:21Z","dateModified":"2019-09-05T10:56:34Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/5/5d/Grand-duc_Guillaume_IV.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":166,"wgHostname":"mw1332"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?