Skip to main content

Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden Kuckt ochReferenzen an NottenNavigatiounsmenü

Fréier Länner an EuropaGeschicht vun HollandGeschicht vun der BelschGeschicht vun den Nidderlanden


nl.:fr:europäescheWiener KongressÉisträicheschen NidderlandenPrënzbistum LéckFürstabtei Stavelot-MalmedyRepublik vun de Siwe Vereenegte ProvënzenFrankräich1830belscher RevolutiounBelsch1838Wëllem I.LimburgGroussherzogtum LëtzebuergKinnekräich vun den NidderlandenLëtzebuergGroussherzogtumDäitsche BondPersonaluniounGroussherzog vu Lëtzebuerg












Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen







Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden

Koningrijk[1] der Nederlanden
Royaume des Belgiques




Fändel vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden
Fändel

Vereinigteskoenigreich.png
Holland (1 an 2), Belsch (3 a 4) a Lëtzebuerg (5) 1839.

Offiziell Sproochen

Hollännesch a Franséisch

Haaptstad

Amsterdam
Regierungssëtz: ofwiesselnd
Den Haag a Bréissel

D'Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden (nl.: Koningrijk der Nederlanden, fr: Royaume des Belgiques[2] bestoung vun 1815 bis 1830 (1839). Den Zousaz verenigd koum am Laf vun der Zäit derbäi, fir et vum haitege Koninkrijk der Nederlanden z'ënnerscheeden.


Et war en neien europäesche Staat, deen um Wiener Kongress 1815 gegrënnt gi war. Dee Staat, huet sech aus de fréieren Éisträicheschen Nidderlanden zesumme mam fréiere Prënzbistum Léck, mat der fréierer Fürstabtei Stavelot-Malmedy, am Süden an aus der fréierer Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen am Norden zesummegesat.


D'geopolitescht Zil war et, e staarke liewensfäege Staat nërdlech vu Frankräich ze hunn, dee verhënnere sollt, datt Frankräich nees probéiere géif, sech no do auszebreeden. Allerdéngs huet d'Zesummepraffe vun engersäits der aler onofhängeger a biergerlecher Handelsrepublik (den hollännesch-friseschen Norden) mat anerersäits enger fréierer Konfederatioun vun ënnerschiddleche Principautéiten (de wallounesch-flämesche Süde viru 1794) séier zu Spannunge gefouert. Déi hu schliisslech 1830 dozou gefouert, datt déi südlech Provënze sech an der belscher Revolutioun ofgetrennt hunn, fir de Staat Belsch ze grënnen.


D'belsch Onofhängegkeet gouf awer eréischt 1838 vum Wëllem I. unerkannt, wéi en dem Kompromëss zougestëmmt huet, datt d'Provënz Limburg an d'Groussherzogtum Lëtzebuerg sollte gedeelt ginn, wat dunn 1839 geschitt ass.[3] Am Norden ass dunn dat aktuellt Kinnekräich vun den Nidderlanden Rescht bliwwen.


Lëtzebuerg huet net zum Vereenegte Kinnekräich gehéiert, et war als Groussherzogtum e Member vum Däitsche Bond. Den hollännesche Kinnek war allerdéngs a Personalunioun och Groussherzog vu Lëtzebuerg, an huet Lëtzebuerg de facto wéi eng hollännesch Provënz behandelt.


Kuckt och


  • Benelux

  • Geschicht vun Holland

  • Geschicht vun der Belsch

  • Geschicht vu Lëtzebuerg


Referenzen an Notten



  1. Déi Zäit gouf dat sou geschriwwen


  2. P. van Hees, Hugo de Schepper, Tussen cultuur en politiek: het Algemeen-Nederlands Verbond 1895-1995, 1995, p. 22 : « Van 1814 tot 1830 waren Noord en Zuid onder Koning Willem I verenigd tot één staat, het Koninkrijk der Nederlanden (in het Frans le Royaume des Belgiques) ».


  3. Am Traité des XXIV Articles, deen d'Belsch net akzeptéiert hat, stoung, datt d'Belsch d'Méiglechkeet sollt hunnt, Lëtzebuerg ofzekafen.




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Vereenegt_Kinnekräich_vun_den_Nidderlanden&oldid=2114784“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.044","walltime":"0.059","ppvisitednodes":"value":98,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":348,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":242,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":4,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":1133,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 12.540 1 -total"," 66.12% 8.292 1 Schabloun:Referenzen_an_Notten"," 24.10% 3.022 1 Schabloun:Clearboth"," 22.70% 2.847 2 Schabloun:Small"],"cachereport":"origin":"mw1323","timestamp":"20191126233832","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Vereenegt Kinnekru00e4ich vun den Nidderlanden","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Vereenegt_Kinnekr%C3%A4ich_vun_den_Nidderlanden","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q15864","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q15864","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2009-10-29T11:54:14Z","dateModified":"2018-06-07T12:16:19Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/2/20/Flag_of_the_Netherlands.svg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":129,"wgHostname":"mw1248"););

Popular posts from this blog

Distance measures on a map of a game The 2019 Stack Overflow Developer Survey Results Are Inmin distance in a graphShortest distance path on contour plotHow to plot a tilted map?Finding points outside of a diskDelaunay link distanceAnnulus from GeoDisks: drawing a ring on a mapNegative Correlation DistanceFind distance along a path (GPS coordinates)Finding position at given distance in a GeoPathMathematics behind distance estimation using camera

Genealogie vun de Merowenger Vum Merowech bis zum Chilperich I. | Navigatiounsmenü

How to get a smooth, uniform ParametricPlot of a 2D Region?How to plot a complicated Region?How to exclude a region from ParametricPlotHow discretize a region placing vertices on a specific non-uniform gridHow to transform a Plot or a ParametricPlot into a RegionHow can I get a smooth plot of a bounded region?Smooth ParametricPlot3D with RegionFunction?Smooth border of a region ParametricPlotSmooth region boundarySmooth region plot from list of pointsGet minimum y of a certain x in a region