Skip to main content

Adolphe vu Lëtzebuerg Inhaltsverzeechnes Säi Liewen NokommenLiteraturKuckt ochUm SpaweckNavigatiounsmenü2-Euro-Gedenkmënz mat de Grand-Ducen Adolphe an HenriAdolphe und der Aufstieg der "Luxemburger Dynastie"

Groussherzoge vu LëtzebuergHaus Lëtzebuerg-NassauGebuer 1817Gestuerwen 1905Ritter vum Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw


Haus Nassau24. Juli1817BiebrichWiesbaden17. November1905Schlass HohenburgBayern1839Nassau1890Lëtzebuerg4. Mäerz1848konservativenreaktionäre1866ÉisträichPreisen23. November1890Wëllem III.WilhelminaSaleschen Ierfrecht18. JoerhonnertPaul Eyschen1902WëllemKrypta1953Pierre FriedenPierre MajerusWeilburgAdelheid Marie vun Anhalt-Dessau












Adolphe vu Lëtzebuerg




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen


















Adolphe vu Lëtzebuerg

Grand-duc Adolphe.jpg
Titelen
Virgänger
Wëllem III.
Nofolger
Wëllem IV.
Biographie
Gebuer
24. Juli 1817
Schlass Biebrich
Gestuerwen
17. November 1905
Bestuet mat
Adélaïde-Marie vun Anhalt-Dessau
Papp
Wëllem vun Nassau-Weilburg
Mamm
Louise vu Sachsen-Altenburg
Kanner
Wëllem IV. vu Lëtzebuerg


Statu zu Königstein


Den Adolph Wilhelm Carl August Friedrich aus dem Haus Nassau gebuer de 24. Juli 1817 um Schlass Biebrich bei Wiesbaden, a gestuerwen de 17. November 1905 um Schlass Hohenburg a Bayern, war vun 1839 un Herzog vun Nassau a vun 1890 un, als Adolphe, Groussherzog vu Lëtzebuerg.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Säi Liewen


  • 2 Nokommen


  • 3 Literatur


  • 4 Kuckt och


  • 5 Um Spaweck




Säi Liewen


De 4. Mäerz 1848 huet hien dem nassauesche Vollek déi néng "Fuerderunge vun den Nassauer" accordéiert, dorënner d'allgemengt Walrecht. Mä e puer Joer méi spéit huet hien dës liberal Vueë revidéiert an e streng konservativen a reaktionäre Kurs gefuer. Hie gouf awer gréisstendeels an Nassau als leitséilegen a populären Herrscher ugesinn. 1866, am Preisesch-Éisträichesche Krich, war hien op der Säit vun Éisträich a gouf dofir vu Preisen ofgesat.


Den 23. November 1890 ass de Wëllem III., Kinnek vun den Nidderlanden a Groussherzog vu Lëtzebuerg, ouni männlechen Nofolger gestuerwen. An Holland ass seng eenzeg Duechter Wilhelmina him op den Troun gefollegt, mä zu Lëtzebuerg war dat, wéinst dem Saleschen Ierfrecht, net méiglech. Nom Familljepakt, deen am 18. Joerhonnert tëscht de verschiddenen Nassauer-Linnen ënnerschriwwe gi war, konnt den Ex-Herzog Adolphe, vun der Walram-Linn, Groussherzog vu Lëtzebuerg ginn. Hie war, iwweregens, wärend dem Wëllem III. senger Krankheet, eng kuerz Zäit mat der Regentschaft iwwer Lëtzebuerg vertraut ginn. Mä, well e schonn 73 Joer al war a knappss Bescheed wousst, wéi Lëtzebuerg politesch geféiert sollt ginn, huet hie sech als neien Herrscher aus der Dagespolitik erausgehalen. De Staatsminister Paul Eyschen, deen zanter 1888 um Rudder war, huet deemno d'Staatsgeschäfter geféiert, a sou ass eigentlech eng Traditioun geschaf ginn, no där de jeeweilegen Herrscher sech zu Lëtzebuerg aus der deeglecher Politik eraushält. 1902 huet den Adolphe säi Fils Wëllem als Lieutenant-représentant agesat.


1905 ass en a senger "Summerresidenz" Schlass Hohenburg verscheet a gouf och do an der Krypta begruewen. Wéi nun awer 1953 seng Ierwen dëst Schlass un den däitschen Entrepreneur Max Grundig verkaaft hunn, goufe seng stierflech Iwwerreschter, zesumme mat deene vu senge Jonge Friedrich a Franz ëmgebett an den 20. Oktober 1953 mat groussem Pomp a Presenz vu Membere vun der Lëtzebuerger Groussherzoglecher Famill an der Krypta vun der Weilburger Schlasskierch begruewen. D'Lëtzebuerger Regierung war duerch de Minister Pierre Frieden an den Ambassadeur zu Bonn, Pierre Majerus vertrueden. Déi Krypta gëtt dofir als en Territoire vu Lëtzebuerg betruecht, obwuel Weilburg an der Bundesrepublik Däitschland läit.


Nokommen


Den Adolphe huet d'Elisabeth (1826-1845), Duechter vum Michael vu Romanow (1798-1849), bestuet. Si haten eng Duechter, déi bei der Gebuert gestuerwen ass (27. Januar 1845).


Aus engem zweete Bestietnes mat der Adelheid Marie vun Anhalt-Dessau (1833-1916), Duechter vum Friedrich August, Prënz vun Anhalt-Dessau (1799-1864), goungen ervir:


  • Wilhelm, als Wëllem IV. Groussherzog vu Lëtzebuerg (* 22. Abrëll 1852; † 25. Februar 1912)

  • Friedrich (* 28. September 1854; † 23. Oktober 1855)

  • Marie (* 14. November 1857; † 28. Dezember 1857)

  • Franz (* 30. Januar 1859; † 2. Abrëll 1875)


  • Hilda vun Nassau (* 5. November 1864; † 8. Februar 1952) - bestuet mam Friedrich II., Groussherzog vu Baden

Literatur



  • Even, Pierre, 1992. Adolph, Herzog zu Nassau, Großherzog von Luxemburg 1817-1905. (Verlag?) Wiesbaden.

  • Even, Pierre, 2000. Dynastie Luxemburg-Nassau. (Verlag?) Luxemburg. [S. 199-243]

Kuckt och


  • Dräifaltegkeetskierch vu Lëtzebuerg

Um Spaweck






Commons-logo.svg
   



Commons: Adolphe vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • 2-Euro-Gedenkmënz mat de Grand-Ducen Adolphe an Henri


  • Adolphe und der Aufstieg der "Luxemburger Dynastie" op wort.lu, 8. Dezember 2015






Virgänger:
Wëllem III.

Groussherzog vu Lëtzebuerg
1890- 1905
Nofolger:
Wëllem IV.



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Adolphe_vu_Lëtzebuerg&oldid=2238497“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.192","walltime":"0.301","ppvisitednodes":"value":434,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":6762,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":582,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":9,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 266.822 1 -total"," 93.09% 248.386 1 Schabloun:Infobox_Dynastie"," 91.72% 244.732 1 Schabloun:Infobox"," 64.13% 171.120 10 Schabloun:If_empty"," 59.61% 159.044 15 Schabloun:Wikidata"," 11.92% 31.793 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 3.44% 9.172 1 Schabloun:Commonscat"," 1.59% 4.236 1 Schabloun:Commons"," 1.38% 3.681 1 Schabloun:Trounfolleg"," 1.06% 2.833 1 Schabloun:End_box"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.119","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":3252714,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1342","timestamp":"20191206083624","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Adolphe vu Lu00ebtzebuerg","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Adolphe_vu_L%C3%ABtzebuerg","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q57302","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q57302","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-07-04T19:41:56Z","dateModified":"2019-12-06T08:36:24Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/6/6a/Denkmal_Herzogs_Adolph_von_Nassau_in_K%C3%B6nigstein.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":143,"wgHostname":"mw1270"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?