Skip to main content

Henri vu Lëtzebuerg Inhaltsverzeechnes Säi Liewen KannerKuckt ochUm SpaweckReferenzenNavigatiounsmenüDe Grand-Duc op monarchie.luMonarchie - Nouvelles têtes, nouveau styleDeklaratioun vum Premier Juncker vum 2. Dezember 2008gouvernement.lu

Membere vum Staatsrot zu LëtzebuergMembere vum Internationalen Olympesche ComitéGroussherzoge vu LëtzebuergHaus Lëtzebuerg-NassauGebuer 1955Ritter vum Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw


16. Abrëll1955Betzder2000Groussherzog vu LëtzebuergLëtzebuergerNassau-WeilburgKatzenelnbogenSchlass BetzderJeanJoséphine-CharlotteFrankräich197319741975Lëtzebuerger ArméiGenerolGenfPolitik198014. Februar1981Maria Teresa MestreTréier19801998Staatsrot4. Mäerz1998Konstitutioun7. Oktober2000Prënz Guillaume6. Abrëll2001EuthanasieGroussherzog2. Dezember2008Gewëssen11. Dezember2008Vetorecht12. Mäerz2009












Henri vu Lëtzebuerg




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
















Henri vu Lëtzebuerg

OSCE PA President George Tsereteli and the Grand Duke of Luxembourg CROPPED Henri.jpg
Titelen
Groussherzog vu Lëtzebuerg

Zanter dem 7. Oktober 2000
Virgänger
Jean vu Lëtzebuerg
Biographie
Gebuer
16. Abrëll 1955
Schlass Betzder
Bestuet mat
Maria Teresa Mestre
Papp
Jean vu Lëtzebuerg
Mamm
Joséphine-Charlotte vun der Belsch
Geschwëster
Margaretha vu Lëtzebuerg, Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg
Kanner
Guillaume vu Lëtzebuerg, Félix vu Lëtzebuerg, Louis vu Lëtzebuerg, Alexandra vu Lëtzebuerg, Sébastien vu Lëtzebuerg

Den Henri Albert Gabriel Félix Marie Guillaume vu Lëtzebuerg gebuer de 16. Abrëll 1955 um Schlass zu Betzder, ass zanter dem Joer 2000 de Groussherzog vu Lëtzebuerg. Hien ass dee sechste Lëtzebuerger Staatschef aus der Dynastie vun Nassau-Weilburg.


Säi vollstännegen Titel ass "Seng kinneklech Altesse Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Grof vu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein".




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Säi Liewen


  • 2 Kanner

    • 2.1 Enkelkanner



  • 3 Kuckt och


  • 4 Um Spaweck


  • 5 Referenzen




Säi Liewen


De Prënz Henri ass um Schlass Betzder als eelste Jong vun der deemools ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Jean an der Joséphine-Charlotte vu Lëtzebuerg, gebuer. Hie geet zu Lëtzebuerg an a Frankräich an d'Schoul.


1973, wéi e groussjäreg gouf, krut hien den Titel Ierfgroussherzog. 1974 ass hien op d'Militärakademie vu Sandhurst gaangen, wou en 1975 Offizéier gouf. An der Lëtzebuerger Arméi dréit hien zanter dem 6. Oktober 2000 den Titel Generol. Duerno huet hien op der Universitéit vu Genf Politik­wëssenschafte studéiert, an dës Studien 1980 mat enger Licence ofgeschloss.


De 14. Februar 1981 huet hien d'Maria Teresa Mestre bestuet, déi en do kennegeléiert hat. Zesummen hu se fënnef Kanner.


Den Henri ass Dokter Honoris Causa vun der Sacred Heart University vu Fairfield, Connecticut (USA), vun der Miami University, Oxford, Ohio (USA), vun der Universitéit vu Khon Kaen (Thailand) a vun der Universitéit vun Tréier.


Vun 1980 bis 1998 war hie Member vum Staatsrot.


De 4. Mäerz 1998 gëtt hien, entspriechend dem Artikel 42 vun der Lëtzebuerger Konstitutioun, vu sengem Papp zum "Lieutenant-Représentant" ernannt.


De 7. Oktober 2000 ass säi Papp Jean fräiwëlleg als Groussherzog zréckgetrueden, an den Henri gouf als Groussherzog vereedegt. D'Feierlechkeete fir d'Trounbesteigung ((fr) joyeuse entrée) si wéinst engem Autosaccident vum Prënz Guillaume a senger Fra op de 6. Abrëll 2001 verluecht ginn[1].


Op internationale Medienecho ass seng Intentioun gestouss, d'Gesetz iwwer Euthanasie, wann et an der Chamber beim Zweete Vote gestëmmt géif, net z'ënnerschreiwen. Domat hätt et, der Verfassung no net a Kraaft triede kënnen. Effektiv stoung do am Artikel 34, de Groussherzog "promulgéiert a sanctionnéiert" Gesetzer, an deelt seng Schlussfolgerung der Chamber bannet 3 Méint nom Vote mat.[2] Hien hat dat den 2. Dezember 2008 de Fraktiounscheffe vun den an der Chamber vertruedene Parteie matgedeelt. Als Grond sot en, hie kéint dat net mat sengem Gewëssen iwwerenee bréngen.[3] Mat sengem Averständnes huet d'Chamber den 11. Dezember 2008 an éischter Lecture mat 56 Stëmme (vu 60) dofir an enger Enthalung enger Ännerung vun der Verfassung zougestëmmt. Den Artikel 34 sollt sou geännert ginn, datt de Groussherzog d'Gesetzer just nach "promulgéiere" sollt (wat een als en administrativ-techneschen Akt bezeechne kéint), mä net méi "sanctionnéieren" (wat eng explizit Stellungnam bedeit).[4] Domat verzicht en deemno op d'Vetorecht, dat e bis dohin hat.


Dës Ännerung ass den 12. Mäerz 2009 a Kraaft getrueden.


Kanner




D'Groussherzoglech Koppel (2012).


Den Henri ass Papp vu fënnef Kanner:



  • Ierfgroussherzog Guillaume Jean Joseph Marie (* 11. November 1981).


  • Félix Léopold Marie Guillaume (* 03. Juni 1984)


  • Louis Xavier Marie Guillaume (* 03. August 1986)


  • Alexandra Joséphine Teresa Charlotte Marie Wilhelmine (* 16. Februar 1991)


  • Sébastien Henri Marie Guillaume (* 16. Abrëll 1992)

Enkelkanner


  • Gabriel (* 12. Mäerz 2006), Jong vum Prënz Louis an der Prinzessin Tessy

  • Noah (* 21. September 2007), Jong vum Prënz Louis an der Prinzessin Tessy

  • Amalia (* 15. Juni 2014), Duechter vum Prënz Félix a senger Fra Claire

  • Liam (28. November 2016), Jong vum Prënz Félix a senger Fra Claire

Am September 2010 huet de Groussherzog Henri d'Ierfrecht vum Haus Lëtzebuerg-Nassau am Familljepakt vu 1783 ännere gelooss; vun do u soll ëmmer dat éischtgebuerent Kand, egal op Jong oder Meedchen, den Troun ierwen.[5]


Kuckt och


  • Politesche System vu Lëtzebuerg

  • Groussherzog vu Lëtzebuerg

Um Spaweck






Commons-logo.svg
   



Commons: Henri vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Grand-Duc op monarchie.lu






Virgänger:
Jean

Groussherzog vu Lëtzebuerg
zanter 2000
Nofolger:
-

Referenzen



  1. Marc Gerges, Monarchie - Nouvelles têtes, nouveau style, amd'Lëtzebuerger Land vum 4. Abrëll 2001, fir d'lescht gekuckt den 9. Januar 2019


  2. Article 34: Le Grand-Duc sanctionne et promulgue les lois. Il fait connaître sa résolution dans les trois mois du vote de la Chambre.


  3. Deklaratioun vum Premier Juncker vum 2. Dezember 2008


  4. gouvernement.lu


  5. http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2011/06/153544/thronfolge-neu-gereegelt.php




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Henri_vu_Lëtzebuerg&oldid=2187533“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.232","walltime":"0.363","ppvisitednodes":"value":543,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":9808,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":331,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":9,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":2091,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 327.735 1 -total"," 79.27% 259.796 1 Schabloun:Infobox_Dynastie"," 78.24% 256.408 1 Schabloun:Infobox"," 50.74% 166.280 10 Schabloun:If_empty"," 47.31% 155.055 15 Schabloun:Wikidata"," 9.09% 29.797 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 4.11% 13.478 1 Schabloun:Commonscat"," 3.40% 11.159 1 Schabloun:Commons"," 3.30% 10.806 1 Schabloun:Referenzen"," 2.73% 8.936 1 Schabloun:Link-Bild"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.119","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":3469862,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1318","timestamp":"20191204193319","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Henri vu Lu00ebtzebuerg","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Henri_vu_L%C3%ABtzebuerg","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q16004","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q16004","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-04-14T19:29:51Z","dateModified":"2019-06-21T14:26:08Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/c/c8/OSCE_PA_President_George_Tsereteli_and_the_Grand_Duke_of_Luxembourg_CROPPED_Henri.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":160,"wgHostname":"mw1272"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?