Skip to main content

Klëppelkrich Inhaltsverzeechnes Virgeschicht an Ursaache vum Klëppelkrich | Verlaf vum Klëppelkrich | Konsequenzen | Monumenter déi un de Klëppelkrich erënneren | De Klëppelkrich-Timber vun 1979 | Kuckt och | Literatur | Um Spaweck | Referenzen an Notten NavigatiounsmenüäHistoprim: De Verlaf vum KlëppelkrichChronologie vun den Éisträicheschen Nidderlanden: Dans la tourmente révolutionnaire (1792-1815).Den Duärefatelier: Der Klöppelkrieg - Was geschah? Oder die Asselborner Affäre.Radiosemissioun zum Klëppelkrich um 100,7.Sous les drapeaux de Marie-Thérèse

Geschicht vu LëtzebuergGeschicht vun der BelschFranséisch Revolutioun1798


dt.flamm.1798éisträich-nidderlännesche "Provënzen"Prënzbistum LéckWestäifelfranséische RegimeSteiereKierchenrekrutéiertSéisselenKrichFréijoer1794franséisch RevolutiounstruppenLëtzebuergFestungéisträichesch7. Juni1795Gilbert TrauschÉislekerKlerusEed op d'franséisch RepublikMonarchieKlerusÉisträicherEnglännerÉislekerÄifelerFestunge LëtzebuergLéckDepartementer OurtheForêts26. OktoberKlierfBuergermeeschterHousen27. OktoberWolzLeidenbornÄifelBurg-ReulandBelsch29. OktoberLëtzebuergHousenGendaarmenArzfeld30. Oktober17981799LëtzebuergFlandernLysEscaut/ScheldeBrabantDeux-NèthesDyleHasseltMeuse-Inférieure5. Dezember1798wallounesche BrabantHainautJemappesNamouerSambre-et-MeuseLéckOurtheLandlëtzebuergesch PostTimberMonument um Lampertsbierg












Klëppelkrich




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen







Geschicht vu Lëtzebuerg











Flag of Luxembourg.svg Portal:Lëtzebuerg


Monument vum Klëppelkrich bei der Abtei zu Klierf, vu Süde gesinn.




Detail vun der Nordsäit (Klierf)



De Klëppelkrich (fr.: guerre des gourdins oder guerre des paysans, dt.: Klöppelkrieg, flamm.: Boerenkrijg) am Joer 1798 war als Befreiungskrich vun der Bevëlkerung vun de fréieren éisträich-nidderlännesche "Provënzen", vum ale Prënzbistum Léck a vu verschiddenen Uertschaften an der Westäifel, géint de franséische Regime geplangt, deen iwwerdriwwen héich Steiere gefrot, d'Kierchen deelweis zougemaach [1] a schlussendlech och nach de Jonktem fir seng Arméi rekrutéiert [2] huet. D'Bezeechnung Klëppelkrich kënnt dohier, datt d'Bauere just e puer vereenzelt Flënten haten, an dofir virun allem mat hire Klëppele, Gafelen, Greefer a Séisselen an de Krich gezu sinn. Déi franséisch Truppen hunn deen Opstand och deementspriechend séier a bluddeg néiergeschloen.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Virgeschicht an Ursaache vum Klëppelkrich


  • 2 Verlaf vum Klëppelkrich


  • 3 Konsequenzen


  • 4 Monumenter déi un de Klëppelkrich erënneren

    • 4.1 Zu Lëtzebuerg


    • 4.2 An Däitschland


    • 4.3 An der Belsch



  • 5 De Klëppelkrich-Timber vun 1979


  • 6 Kuckt och


  • 7 Literatur


  • 8 Um Spaweck


  • 9 Referenzen an Notten




Virgeschicht an Ursaache vum Klëppelkrich |


Am Fréijoer 1794 sinn déi franséisch Revolutiounstruppen a Lëtzebuerg agefall, an hunn et bis de Summer vum selwechte Joer och komplett besat. Nëmmen d'Festung, wou nach éisträichesch Truppen dra waren, huet eréischt de 7. Juni 1795 kapituléiert.[3]


D'Fransousen hu vill Reformen an hiren neien Departementer duerchgesat, mol gudder wéi d'Meenungsfräiheet, mol manner gudder wéi d'Eropsetze vun de Steieren. Dozou koum och nach d'Rekrutéierung vun alle Männer tëscht 20 a 25 Joer. De Gilbert Trausch schreift: "Pour les Luxembourgeois, un service militaire obligatoire et général constitue une innovation [...] Or, en 1798, les jeunes gens doivent servir loin de la patrie, en Allemagne et en Italie." [4][5] Dobäi koum och de gesondheetlechen Zoustand vun de jonke Rekruten, 48,2 % vun den Éisleker ware gesondheetlech net qualifizéiert [4].


Och de Klerus huet elle misse schlécken, well all seng Privilegie waren op ee Coup fort, a Paschtéier, déi net den Eed op d'franséisch Republik a géint d'Monarchie ofleeë wollten, hu keng Mass méi däerften halen [1].


Opgestëppelt vum Klerus, den Éisträicher an den Englänner, déi all hir Ënnerstëtzung zougesot haten, hunn d'Éisleker an Äifeler Bauere sech zesummegedoen, fir relativ onméiglech Ziler z'erreechen: d'Festunge Lëtzebuerg a Léck anhuelen a sou den Ëmstuerz an den neie franséischen Departementer Ourthe a Forêts erbäizeféieren.



Verlaf vum Klëppelkrich |


De 26. Oktober 1798 goufen zu Klierf d'Gendaarmen an de Buergermeeschter festgeholl, an op Housen bruecht, wou d'Baueren hiren Haaptquartéier ageriicht hunn. De 27. Oktober koum et zu méi lokalen Opstänn zu Wolz, zu Leidenborn (Äifel) an zu Burg-Reuland an der haiteger Belsch.


Den 29. Oktober wollt eng Arméi vun 2.000 Mann d'Stad Lëtzebuerg vun de Fransouse befreien. Si sinn awer net méi wäit wéi bis op Housen komm, well d'Bauere gemengt hate, si hätte franséisch Zaldote gesinn. Et war awer nëmmen eng Trupp vu Gendaarmen, déi allerdéngs sou geschéckt marschéiert sinn, datt een hätt kënne mengen, eng ganz Arméi wier um Umarsch.




Erënnerungsplack zu Daleiden


Nodeem 110 franséisch Zaldoten op Arzfeld ofkommandéiert gi waren, hu sech 500 Baueren zesumme gedo, fir d'Fransousen unzegräifen. Den 30. Oktober 1798 koum et bei Arzfeld dann och zu enger Schluecht. Heibäi si 7 franséisch Zaldoten an 33 Äifeler ëm d'Liewe komm. D'Fransousen hunn 32 Gefaange gemaach, vun deenen déi meescht 1799 zu Lëtzebuerg higeriicht goufen.


A Flandern (Departementer Lys an Escaut/Schelde) an am éischter flammänneschen Deel vu Brabant (Departementer Deux-Nèthes an Dyle) gouf den Opstand Boerenkrijg genannt. Eng Trupp vu 5.000 - 10.000 Brigangen, déi vun der franséischer Arméi verfollegt ginn ass, gouf zu Hasselt (Meuse-Inférieure) de 5. Dezember 1798 geklappt. Et waren dausende vun Afferen ze bekloen, an d'Folleg war eng Repressioun mat 170 Exekutioune vun de Cheffen.


Am wallounesche Brabant, am Hainaut (Jemappes), zu Namouer (Sambre-et-Meuse) an zu Léck (Ourthe) gouf et och Resistenzen, mä generell goufen do d'franséisch Autoritéite besser begréisst.



Konsequenzen |


De Klëppelkrich huet net laang gedauert, an hat och keng weider direkt Konsequenze fir d'franséisch Autoritéiten an hiren neien Departementer. Den Opstand konnt séier néiergeschloe ginn. "La rébellion des paysans luxembourgeois ressemble à un feu de paille: elle dégage une forte chaleur, mais s'affaisse rapidement."[4]


An de Mentalitéite vun de Lëtzebuerger huet de Klëppelkrich allerdéngs eng grouss Bedeitung kritt. Dëst war den éischte groussen Opstand an der Geschicht vum Land. "Par leur impact sur l'imaginaire populaire, les soulèvements paysans de 1798 ont servi à construire un sentiment national luxembourgeois." [4]



Monumenter déi un de Klëppelkrich erënneren |



Zu Lëtzebuerg |




D'Monument um Lampertsbierg





La Croix française[6], d'Monument zur Erënnerung un déi gefalen Zaldoten aus der franséischer Arméi zu Klierf.


  • Um Lampertsbierg, op der Kräizung vun der Faïenceriestrooss mat der Allée des résistants et des déportés.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Klëppelkrichmonument um Lampertsbierg


  • Zu Klierf, e Monument a Form vun engem Justizkräiz.

  • Zu Klierf, am Zenter vun der Stad, eng Zort Géigemonument, a Form vun engem Kräiz. Et gouf an den 1830er Joren zur Erënnerung un d'Zaldote vun der Éischter franséischer Republik opgeriicht.

  • Zu Aasselbur. D'Monument gouf 1989, bei Geleeënheet vun der 150-Joer-Onofhängegkeetsfeier vu Lëtzebuerg ageweit.


An Däitschland |


  • Zu Arzfeld, bei der Kierch, e Monument mat enger Erënnerungsplack donieft. (1908)

  • Zu Dahnen, bei der Kierch. (1998)

  • Zu Daleiden, op der Maartplaz. (1998)


An der Belsch |




Monument zu Bornem


  • zu Bornem op der Kardinal Cardijnplein eng monumental Skulptur vum Hendrik van Perck.

  • Zu Hasselt op der Leopoldsplein. (1898)

  • Zu Ingelmunster

  • Zu Izegem, an der Sint-Tillokerk.


De Klëppelkrich-Timber vun 1979 |


Den 10. Abrëll 1979 huet déi lëtzebuergesch Post en Timber eraus ginn, deen un de Klëppelkrich erënnert. Lénks um Timber ass en Deel vum Klëppelkrich-Monument zu Klierf ze gesinn, mam Michel Pintz viru senge Riichteren, a riets den Text op der Plack vum Monument um Lampertsbierg.



Kuckt och |


  • Michel Pintz


Literatur |




Klëppelkrich Monument zu Dahnen



  • Atten, Alain, 1998. Der Klöppelkrieg in Bildern. Islek ohne Grenzen EWIV, Wäisswampech.


  • Baumann, Roland, 1988. Der Luxemburger Bauernaufstand. G. Binsfeld, Lëtzebuerg.


  • Haag, Emile, 2011. Le «Klëppelkrich»: épopée et réalité octobre-novembre 1798, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles. Lëtzebuerg, éditions Guy Binsfeld; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 214-223.

  • Islek ohne Grenzen EWIV, 2002. Klëppelkrich, Erinnerungen einer Landschaft. Imprimerie Fr. Faber, Lëtzebuerg.


  • Kmec, Sonja, 2008. De Klëppelkrich. La guerre des gourdins. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 141-146. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.


  • Knepper, Aimé, 2009. La légende du "Klëppelkrich". Tageblatt 24./25. Oktober, Nr. 248, S. 68.


  • Meyer, Roland, 2000. Eng Foto vum (Klëppel)Krich. Op der Lay, Esch-Sauer.


  • Richard, Maximilian, 2018. Mistgabel gegen Republik am Luxemburger Wort de 27. Oktober 2018, Säite 26-27


  • Trausch, Gilbert, 1995. A propos du Klëppelkrich: Les soulèvements paysans de 1798 avaient-ils une chance de réussir ? In: Un passé resté vivant. Mélanges d'histoire luxembourgeoise. Lions Club Luxembourg Doyen. S. 21-34. Imprimerie Saint-Paul. ISBN 2-87982-059-6

  • Trausch, G. 1988. Du particularisme à la nation / Vom Sonderbewusstsein zur Nation. Éd. Saint Paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-062-2.

  • Trausch, G., 2003. Histoire du Luxembourg. Éditions Privat, Toulouse. ISBN 2-7089-4773-7.

  • Verhaegen, Paul, 1981. La guerre des paysans 1798-1799. Band 3 vun: La Belgique sous la domination française, 1792-1814. Ed. culture et civilisation, Bréissel.


Um Spaweck |



  • (lb) Histoprim: De Verlaf vum Klëppelkrich


  • (fr) Chronologie vun den Éisträicheschen Nidderlanden: Dans la tourmente révolutionnaire (1792-1815).


  • (de) Den Duärefatelier: Der Klöppelkrieg - Was geschah? Oder die Asselborner Affäre.


  • (lb) Radiosemissioun zum Klëppelkrich um 100,7.





Rév-fran0.jpg

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.



Referenzen an Notten



  1. 1,01,1 Vgl. Zivilkonstitutioun vum Klerus


  2. Vgl. Gesetz Jourdan-Delbrel a Konskriptioun


  3. Zu där Zäit war Lëtzebuerg zesumme mat der Belsch an engem Deel vun Holland en Deel vun den Éisträicheschen Nidderlanden


  4. 4,04,14,24,3 Trausch, Gilbert, Histoire du Luxembourg, Toulouse, 2003, S. 205-206.


  5. Sou nei däerft d'Zwangsrekrutéierung fir d'Lëtzebuerger net gewiescht sinn, well schonn d'Éisträicher hunn déi fläisseg bedriwwen; cf. Alphonse Sprunck, Cahiers luxembourgeois, 1, 1949 Sous les drapeaux de Marie-Thérèse


  6. Guide Escapardenne, Eisleck Trail, 2012, S. 74.




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Klëppelkrich&oldid=2137293“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.200","walltime":"0.270","ppvisitednodes":"value":667,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":54841,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":270,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":6,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":2741,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 148.803 1 -total"," 53.05% 78.947 1 Schabloun:Navigatioun_Geschicht_vu_Lëtzebuerg"," 49.29% 73.342 1 Schabloun:Sidebar_with_collapsible_lists"," 16.52% 24.577 5 Schabloun:Aligned_table"," 8.62% 12.821 1 Schabloun:Referenzen_an_Notten"," 3.97% 5.912 1 Schabloun:LinkPortalFrRev"," 3.58% 5.323 2 Schabloun:Lb"," 2.07% 3.082 1 Schabloun:De"," 2.02% 3.008 1 Schabloun:Meta_Link_Portal"," 1.98% 2.942 1 Schabloun:LUX-f"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.030","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":1134327,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1329","timestamp":"20191122202518","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Klu00ebppelkrich","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Kl%C3%ABppelkrich","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q568387","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q568387","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-05-03T17:24:52Z","dateModified":"2018-10-28T06:06:24Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/9/93/D%C3%A9tail_Monument.JPG"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":138,"wgHostname":"mw1324"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?