Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg Inhaltsverzeechnes Éierungen LiteraturKuckt ochUm SpaweckReferenzenNavigatiounsmenüMarie-Adélaïde, une Grande-Duchesse luxembourgeoise (1894-1924)D'Ofdankung vun der Marie-Adélaïde am MemorialGroßherzogin Marie-Adelheid, Junge, glücklose Monarchin, Vor hundert Jahren starb Wilhelm IV. und seine älteste Tochter folgte auf den ThronGuillaume IV
Groussherzoge vu LëtzebuergHaus Lëtzebuerg-NassauGebuer 1894Gestuerwen 1924
14. Juni1894Bierg24. Januar1924Schlass HohenburgBayern19121919GroussherzoginLëtzebuergWëllem IV.Marie-Anne15. Juni1912Schoulgesetz vun 1912Éischte Weltkrich1915ChamberWilhelm II.19149. Januar19191920ModenaKarmeliterinneklouschterRoumSchlass Hohenburg22. Oktober1947KryptaStater KathedralHollerechPéitengBeetebuergMunneref
Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Groussherzogin Marie-Adélaïde. Fir aner Frae mat deem Numm, kuckt wgl. Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg (Homonymie). |
Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Titelen | |
Virgänger | Wëllem IV. |
Nofolger | Charlotte |
Biographie | |
Gebuer | 14. Juni 1894 Schlass Bierg |
Gestuerwen | 24. Januar 1924 |
Papp | Wëllem IV. vu Lëtzebuerg |
Mamm | Maria Ana vu Bragança |
Geschwëster | Charlotte vu Lëtzebuerg, Sophie vu Lëtzebuerg, Antonia vu Lëtzebuerg, Hilda vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg |
D'Marie Adélaïde Theresia Hilda Antonia Wilhelmina vu Lëtzebuerg, gebuer de 14. Juni 1894[1] op Schlass Bierg a gestuerwen de 24. Januar 1924 um Schlass Hohenburg a Bayern, war vun 1912 bis 1919 Groussherzogin vu Lëtzebuerg.
Nom Doud vun hirem Papp, dem Wëllem IV. huet der Marie-Adélaïde hir Mamm, d'Groussherzogin Marie-Anne, d'Regentschaft iwwerholl, bis zu der Marie-Adélaïde hirer Volljäregekeet, de 15. Juni 1912.
Déi kuerz Herrschaft vun der Groussherzogin Marie-Adélaïde war markéiert duerch schwéier bannepolitesch Konflikter, notamment de Sträit ëm d'Schoulgesetz vun 1912, an d'Besatzung vu Lëtzebuerg duerch däitsch Truppen am Éischte Weltkrich.
Anescht wéi hir Virgänger huet d'Marie-Adélaïde probéiert, an d'aktuell Regierungsgeschäfter anzegräifen. Sou huet se z. B. gezéckt, fir d'Schoulgesetz vun 1912, dat op staarke Widderstand vu kathoulescher Säit gestouss ass, z'ënnerschreiwen, a se huet 1915 eng Regierung ernannt, där d'Chamber d'Vertrauen net votéiert huet, wouropshin se kuerzerhand d'Chamber opgeléist huet.
Well s'och wärend dem Krich den däitsche Keeser Wilhelm II. empfaangen hat, deen 1914 säi Quartier général zu Lëtzebuerg hat, gouf hir nom Krich virgehäit, eng ze vill däitschfrëndlech Haltung gewisen ze hunn, a sou huet se missen, op Drock vun den Alliéierten, den 9. Januar 1919 ofdanken.
1920 ass d'Marie-Adélaïde zu Modena an e Karmeliterinneklouschter agetrueden, a méi spéit bei de "Klenge Schwëstere vun den Aarmen" zu Roum. Hire Gesondheetszoustand war awer sou schlecht, datt se huet missen op d'Klouschterliewe verzichten, a s'ass op d'Schlass Hohenburg a Bayern geplënnert, wou se, mat nëmmen 29 Joer, gestuerwen ass.
Hir stierflech Iwwerreschter goufen den 22. Oktober 1947 an der Krypta vun der Stater Kathedral bäigesat.
Inhaltsverzeechnes
1 Éierungen
2 Literatur
3 Kuckt och
4 Um Spaweck
5 Referenzen
Éierungen
Stroossen, déi no der Marie-Adelaïde genannt sinn, gëtt et zu Hollerech, zu Péiteng, zu Beetebuerg, an eng Avenue zu Munneref.
Literatur
Weber, Josiane: Großherzogin Marie Adelheid von Luxemburg. Eine politische Biographie. Lëtzebuerg: Editions Guy Binsfeld, 2019. ISBN 978-99959-42-60-1.
Collart, Auguste, Sturm um Luxemburgs Thron (1907-1920) ; Lëtzebuerg, 1959; Neioplo 1991.
Kuckt och
- Politesche System vu Lëtzebuerg
- Groussherzog vu Lëtzebuerg
Adélaïde-Marie vun Anhalt-Dessau (hir Groussmamm)
Um Spaweck
Commons: Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Marie-Adélaïde, une Grande-Duchesse luxembourgeoise (1894-1924), D'Marie-Adelheid, eng lëtzebuergesch Groussherzogin (1894-1924) op monarchie.lu- D'Ofdankung vun der Marie-Adélaïde am Memorial
Großherzogin Marie-Adelheid, Junge, glücklose Monarchin, Vor hundert Jahren starb Wilhelm IV. und seine älteste Tochter folgte auf den Thron op wort.lu vum 26. Februar 2012.
Virgänger: Wëllem IV. | Groussherzogin vu Lëtzebuerg 1912- 1919 | Nofolger: Charlotte |
Referenzen
↑ Guillaume IV (1852-1912), Le mariage avec Marie-Anne de Bragance
Kategorien:
- Groussherzoge vu Lëtzebuerg
- Haus Lëtzebuerg-Nassau
- Gebuer 1894
- Gestuerwen 1924
(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.200","walltime":"0.299","ppvisitednodes":"value":457,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":8562,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":891,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":9,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":436,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 254.718 1 -total"," 80.71% 205.587 1 Schabloun:Infobox_Dynastie"," 79.47% 202.431 1 Schabloun:Infobox"," 52.86% 134.638 10 Schabloun:If_empty"," 44.97% 114.556 14 Schabloun:Wikidata"," 10.70% 27.244 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 4.34% 11.059 1 Schabloun:Commonscat"," 3.60% 9.175 1 Schabloun:Referenzen"," 2.96% 7.540 1 Schabloun:Commons"," 2.00% 5.098 1 Schabloun:Clr"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.096","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":3160441,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1305","timestamp":"20191204193323","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Marie-Adu00e9lau00efde vu Lu00ebtzebuerg","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Marie-Ad%C3%A9la%C3%AFde_vu_L%C3%ABtzebuerg","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q159075","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q159075","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-05-31T16:44:57Z","dateModified":"2019-12-04T11:22:50Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/2/2d/Marie-Ad%C3%A9la%C3%AFde%2C_Grand_Duchess_of_Luxembourg.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":140,"wgHostname":"mw1321"););