Skip to main content

Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich Inhaltsverzeechnes Militäresch Okkupatioun | Ënnerjachung duerch déi däitsch Zivilverwaltung | Juddeverfolgung | Liberatioun | Nazikollaboratioun | Lëtzebuerg an der Ardennenoffensiv | Lëtzebuerg no der Ardennenoffensiv | Zesummegefaasst | Biller vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich | Literatur | Kuckt och | Um Spaweck | NavigatiounsmenüäSäit vum Cercle d'Etudes sur la Bataille des ArdennesSäit Histoprim iwwer Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich fir SchoulmeeschterenLëscht vun de Lëtzebuerger Muséeën iwwer de Zweete WeltkrichDokumentarfilm vum CNA: Heim ins ReichSäit vum Dikrecher Nationalmusée iwwer d'Lëtzebuerger MilitärgeschichtSäit vum Ettelbrécker PattonmuséeDie Deutsche Volkstumspolitik in Luxemburg und ihre Sozialen FolgenAccidents d'avions allemands et alliés de 1940 à 1945 op der Websäit vun der Fédération aéronautique luxembourgeoise

IwwerschaffenLëtzebuerg am Zweete Weltkrich


Däitscht Räich1. September1939Uschloss vun ÉisträichSudetelandBéimen a MährenPolenGroussbritannienFrankräich1. September1939DräilännereckSchengenFeelenLëtzebuergerEttelbréckSchuster-Linn10. Mee1940d'BelschMinettNicolas MargueSpuenienPortugalEnglandCharlottePäischtenMaginotlinnGustav Simon21. Juli1940HitlerVolksdeutsche BewegungDamian Kratzenberghigeriicht goufBerrienGëlle FraGestapoGustav Simon30. August1942obligatoresch WehrpflichtDéifferdengDiddelengTéitengRëmelengGustav SimonWolzGustav SimonNürnberger GesetzerFünfbrunnenLodz6. Juni194427. Juli10. September1944verstoppten Zwangsrekrutéiert10. September1944LëtzebuergWallendorfDäitschlandOurSauerVeianer SchlassDikrechArdennenoffensivAntwerpenÉislekIechternachUS Air ForcebelschBaaschtnech7. Februar194512. Februar1945Frang












Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen





Disambig.svg
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich. Fir en allgemengen Artikel iwwer de Krich, kuckt wgl. Zweete Weltkrich.





Geschicht vu Lëtzebuerg











Flag of Luxembourg.svg Portal:Lëtzebuerg


Een Naziopmarsch an der Stad Lëtzebuerg Um Gruef




Couverture vum Dokumentarfilm:"Heim ins Reich"


Wéi dat Däitscht Räich den 1. September 1939, nom Uschloss vun Éisträich, no der Annexioun vum Sudeteland a vu Béimen a Mähren, och nach Polen ugegraff huet, ass d'Faass iwwergelaf a Groussbritannien a Frankräich hunn dem Nazidäitschland de Krich erkläert; domat huet den Zweete Weltkrich ugefaangen.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Militäresch Okkupatioun


  • 2 Ënnerjachung duerch déi däitsch Zivilverwaltung

    • 2.1 Aktiven a passive Widderstand zu Lëtzebuerg



  • 3 Juddeverfolgung


  • 4 Liberatioun


  • 5 Nazikollaboratioun


  • 6 Lëtzebuerg an der Ardennenoffensiv

    • 6.1 Kuckt och Zweete Weltkrich an Ardennenoffensiv


    • 6.2 Den däitschen Duerchstouss


    • 6.3 De Generol Patton huet d'Entscheedung erbäigefouert



  • 7 Lëtzebuerg no der Ardennenoffensiv


  • 8 Zesummegefaasst

    • 8.1 Affer vu Mënschen


    • 8.2 Materielle Schued



  • 9 Biller vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich

    • 9.1 Ënner der Nazizivilverwaltung


    • 9.2 D'Lëtzebuerger Resistenz


    • 9.3 D'Liberatioun


    • 9.4 Lëtzebuerg an der Ardennenoffensiv



  • 10 Literatur


  • 11 Kuckt och


  • 12 Um Spaweck




Militäresch Okkupatioun |


Am Lëtzebuerger Raum ass am Ufank net vill geschitt. Wärend der drôle de guerre, déi den 1. September 1939 ugoung, ass et zwar am Dräilännereck, südlech vu Schengen, zu vereenzelten Zesummestéiss vu franséischen an däitsche Patrulle koum, mä dobäi blouf et. Lëtzebuerg huet seng Neutralitéit zum Ausdrock bruecht an d'Pilote vun engem franséische Fliger, dee bei Feelen noutgelant war, wéinst der Lëtzebuerger Neutralitéit an d'Klinik op Ettelbréck ageliwwert an do bewaacht a festgehalen. Gläichzäiteg gouf laanscht d'Lëtzebuerger Grenzen déi sougenannt Schuster-Linn, genannt no hirem Ustëfter, dem Baukondukter Joseph Schuster, gebaut. Dat ware Spären aus Bëtongsbléck mat eise Paarten, déi am Noutfall am Buedem verankert konnte ginn. Si haten den Zweck, e Virmarsch vun der däitscher Wehrmacht ze verhënneren oder wéinstens ze behënneren, allerdéngs hu se net vill genotzt. Den 10. Mee 1940, um 4:35 Auer, fänkt déi däitsch Offensiv op Lëtzebuerg an op d'Belsch un. Kuerz virum Ugrëff hunn däitsch Sonderkommandoen an Zivil probéiert fir déi Spären ze sabotéieren (wat hinnen allerdéngs zum groussen Deel net gelongen ass) a fir d'Sprenge vun de Brécken ze verhënneren. D'Wehrmacht begéint net vill Widderstand op Lëtzebuerger Säit. Dat läit zum Deel och dorun, datt d'Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an hirer Kasär um Hellege Geescht bliwwen ass. Militäresch gesinn hätte si souwisou keng Chance gehat.




Den Himmler am September 1940 zu Lëtzebuerg


De Géigeschlag vun de Fransouse kënnt um 8 Auer. Elementer vun der 3. liichter franséischer Kavalleriedivisioun (3 DLC), ënnerstëtzt vun der 1. Spahibrigade an der 2. Kompanie vum 5. Panzerbattalioun (5 BCC) kommen duerch de Minett an d'Land a stelle sech den däitschen Truppen entgéint. No e puer klenge Gefechter zéie se sech awer nees hanner d'Maginotlinn zréck.


Géint den Owend vum 10. Mee ass ganz Lëtzebuerg besat.


Déi ganz Lëtzebuerger Regierung, mat Ausnam vum Minister Nicolas Margue, konnt sech nach an der Nuecht zum 10. Mee no Frankräich an duerno, iwwer Spuenien a Portugal, no England duerchschloen. Och der Groussherzogin Charlotte an hirer Famill ass et an allerleschter Minutt gelongen d'Grenz no Frankräich hin ze passéieren. Wéinst de Kampfhandlungen am Süde vum Land huet de ganze Minett missen evakuéiert ginn, een Deel an d'Frankräich an deen aneren Deel, ronn 47 000 Persounen, an den Zenter an an den Norde vu Lëtzebuerg. No Päischten, wéi alles sech berouegt hat an d'franséisch Truppe sech hanner d'Maginotlinn zréckgezunn haten, konnte si eréischt an den zerstéierte Minett zréckgoen.


Vum 10. Mee 1940 u war Lëtzebuerg also besat a stoung ënner däitscher Militärverwaltung. Si huet sech op Requisitioune vu Gefierer a Wunnengen an op Moossnamen am Interessi vun der Sécherheet vun den däitschen Truppe beschränkt, mä keng politesch Decisioune geholl.



Ënnerjachung duerch déi däitsch Zivilverwaltung |




Plakat vum Standgeriicht nom Generalstreik vun 1942



Heiminsreich.jpg


Dat huet sech nom Feldzuch géint Frankräich geännert, wéi de Gauleiter Gustav Simon den 21. Juli 1940 vum Hitler, deem hien direkt ënnerstoung, op Lëtzebuerg als Chef vun der Zivilverwaltung geschéckt gouf. D'Bevëlkerung vu Lëtzebuerg sollt agedäitscht an zum Nationalsozialismus bekéiert ginn. Eng sougenannt Volksdeutsche Bewegung (VDB) gouf vun däitscher Säit ënner dem Motto Heim ins Reich an d'Liewe geruff. Un hirer Spëtzt stoung den Damian Kratzenberg, deen no der Liberatioun vu Lëtzebuerg als Verréider higeriicht gouf. E Groussen Drock an Erpressung gouf op d'Awunner gemaach, fir där Beweegung bäizetrieden. Vun der däitscher Zivilverwaltung sinn eng Rei vu Mesurë geholl ginn, déi aussergewéinlech schlëmm Konsequenzen haten an zu Lëtzebuerg an traureger a schmäerzhafter Erënnerung bliwwe sinn, wéi:


  • D'Opléisung vun de politesche Parteien an d'Verhaftung vum Albert Wehrer, deen als Generalsekretär vun der Regierung beoptragt war, an der sougenannter Verwaltungskommissioun hir Interessen ze vertrieden, soulaang si fort war.

  • D'Personenstandsaufnahme vum. 10 Oktober 1941,

  • D'Applikatioun vun den Nürnberger Gesetzer op d'Lëtzebuerger Judden an hir Verschleefung an Internéierungs- a Konzentratiounslageren,

  • D'Aféierung vum Aarbechtsdéngscht fir Jongen a Meedercher,

  • D'Aféierung vun der Wehrpflicht, den 30. August 1942,

  • D'Ëmsiidlung vu Persounen, déi net als volleksdäitsch betruecht goufen,

  • D'Eliminatioun vu Studenten, déi net an d'Hitlerjugend gaange sinn, aus de Kolléischer,

  • D'Eliminatioun aus dem Staatsdéngscht vu Beamten, déi der VDB net bäigetruede sinn,

  • D'Verflichtung vu ganze Schoulklassen als Lëtzebuerger Luftwaffenhelfer zum Déngscht bei der Flak,

  • D'Internéierung, ouni Prozess, a Konzentratiounslagere vu Lëtzebuerger déi net gekuscht hunn.


Aktiven a passive Widderstand zu Lëtzebuerg |




E Monument erënnert zu Wolz un de Generalstreik vun 1942




Fënnef-Frang-Stéck mat der Groussherzogin Charlotte


Vun Ufank un hunn d'Lëtzebuerger sech géint all Terror a Willkür vun den Nazie gewiert. Aus de fréiere Fënnef-Frangstécker hu se de Kapp vun der Groussherzogin Charlotte mat stole Schnëtzelseeën erausgeschnidden an dovu Spéngele gemaach, déi se amplaz vun de VDB-Spéngelen demonstrativ gedroen hunn. Op déi franséisch Berrien, déi d'Jugend ostentativ gedroen huet, hunn déi Däitsch Juegd gemaach an d'Zeeche vun der franséischer Dekadenz, vum Kapp gerass.
Den 21. Oktober 1940 ass an der Stad d'Monument vun der Gëlle Fra ëmgerappt ginn. Déi Aktioun huet grousse Protest ausgeléist. D'Gestapo huet 13 Persoune verhaft.


Wéi dunn de Gauleiter vu Lëtzebuerg Gustav Simon den 30. August 1942, déi obligatoresch Wehrpflicht ugekënnegt huet, war d'Faass voll, an et gouf fir d'Lëtzebuerger keen Halt méi. Si hunn op eng hefteg an onzweedäiteg Manéier reagéiert. Lëtzebuerg war dat eenzegt vun de vun Däitschland militäresch besate Länner, wou e Generalstreik ausgeruff gouf. Dat ass den 31. August geschitt fir géint Nazidäitschland ze protestéieren. Zu Wolz ass gestreikt ginn, an dëse Streik huet sech op Dikrech an Ettelbréck ausgedehnt. Op de Schmelze gouf d'Sireen gedréckt an eleng op der Schëfflenger Schmelz hunn 200 Aarbechter opgehale mat schaffen. Bis zum 2. September koum et zu enger Ausweidung vum Streik, ënner anerem op d'Schmelze vun Déifferdeng, Diddeleng, d'Minière vun Téiteng a Rëmeleng. D'Studente vun de Kolléischer sinn doheem bliwwen an d'Baueren hunn hir Mëllech net ofgeliwwert, mä ausgeschott.

De Gauleiter Gustav Simon huet dunn haart duerchgegraff, fir d'Situatioun erëm an de Grëff ze kréien. De Belagerungszoustand ass vun him ausgeruff ginn, an 21 Lëtzebuerger sinn zu Hinzert erschoss ginn. Vill anerer goufe festgeholl a koumen a Konzentratiounslageren. Souguer an der alliéierter Press ass deemools vun deem couragéierten, mä bluddeg néiergeschloenen, Streik zu Lëtzebuerg Rieds gaangen. A souwäit war hien nëtzlech, dat hie verhënnert huet, datt, wéi a Lothringen an am Elsass, nach aner Joergäng an déi däitsch Arméi agezu si ginn. Zu Wolz, dat haart vum uschléissenden Naziterror betraff gouf, erënnert nach haut e Monument un dëse Streik vun 1942.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Resistenz zu Lëtzebuerg



Juddeverfolgung |


Den 10. Mee 1940 hunn ongeféier 3700 Judden zu Lëtzebuerg gewunnt. Dräi Joer méi spéit gouf et nëmmen nach ongeféier 20-30 Judden, déi a sougenannte "Mischehen" gelieft hunn. Iwwer d'Hallschent vun der jiddescher Bevëlkerung hat d'Land am Mee 1940 Richtung Frankräich verlooss. An den éischte Méint vun der Besatzung, ënner der Militärverwaltung, gouf déi jiddesch Bevëlkerung net anescht behandelt. Dëst huet sech awer mat der Zivilverwaltung geännert. Eng vun de Prioritéite vum Chef vun der Zivilverwaltung, dem Gustav Simon, war et déi diskriminatoresch Gesetzgebung aus Däitschland zu Lëtzebuerg anzeféieren. Vum 5. September un hunn d'Bestëmmunge vun den Nürnberger Gesetzer och fir déi Judden, déi zu Lëtzebuerg gewunnt hu gegollt. D'Verordnung betreffend Ordnung des jüdischen Lebens in Luxemburg vum 29. Juli 1941 huet d'Judden net nëmmen aus der Gesellschaft ausgeschloss (z. B. Verbuet fir nach un ëffentleche Manifestatiounen deel ze huelen), mä se huet och éischter wéi an Däitschland een distinktiv gielt Zeeche fir d'Kleeder agefouert.


Nodeem am September eng Massenausweisung verhënnert konnt ginn, konnte bis Enn 1941 ongeféier 1450 Judden emigréieren. Wéi am Oktober 1941 en Auswanderungsstopp deklaréiert gouf, hunn nach ëmmer ongeféier 700 Judden zu Lëtzebuerg gelieft. Déi meeschtens al oder krank Leit goufen am deemolege Klouschter zu Fünfbrunnen (Cinqfontaines) zesummegefouert. Déi 331 Judden déi de 16. Oktober 1941 op Lodz deportéiert goufen, waren déi éischt déi aus engem besate westeuropäesche Land an den Osten transportéiert goufen. Just 43 vun deene 683 deportéierte Judden hunn iwwerlieft.


Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel Juddentum zu Lëtzebuerg an am Artikel Shoah zu Lëtzebuerg



Liberatioun |


Nodeem d'Alliéiert de 6. Juni 1944 an der Normandie gelant waren an hinnen de 27. Juli 1944 den Duerchbroch zu Avranches gelonge war, wousst jiddwereen zu Lëtzebuerg, datt d'Liberatioun vum Land nëmme méi eng Fro vun der Zäit wier. Aus Angscht vun den Alliéierten hunn dunn Enn August, Ufank September 1944 déi lescht däitsch Zaldoten, a mat hinnen och déi däitsch Zivilverwaltung d'Land verlooss, fir sech hanner de Westwall a Sécherheet ze bréngen.


Den 10. September 1944 huet dunn d'Klack vun der Liberatioun geschloen. D'Freed, fir endlech vum Nazijach befreit ze sinn, war immens grouss. Se war ëmsou méi grouss, well och de Prënz Jean a säi Papp, de Prënz Felix, an engem amerikanesche Jeep derbäi waren. D'Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sinn aus hire Stoppe komm, eng Miliz huet sech gebilt an huet d'Muecht virleefeg iwwerholl.






Qsicon Ueberarbeiten.png
Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.


Nazikollaboratioun |


D'Nazikollaborateuren, déi sech net aus dem Stëbs gemaach haten, goufe festgeholl an d'Meedercher, déi sech ze vill intim mat den Däitschen agelooss haten, kruten de Kapp geschuer.




D'Lëtzebuerger Nazikollaborateure ginn no der Liberatioun vun der Miliz festgeholl


D'Zuel vun de Lëtzebuerger, déi mat den Nazie kollaboréiert hunn, war staark begrenzt, mä déi déi kollaboréiert hunn, ware meeschtens zu alle Schandtate bereet. Nom Krich si se dofir och bestrooft ginn.


Mëtt 1945 souze 5101 Lëtzebuerger, 2857 Männer an 2244 Fraen, 1,79 Prozent vun der Gesamtbevëlkerung, wéinst hirer politescher Aktivitéit am Prisong. 12 Kollaborateure goufen zum Doud veruerteelt an am Kasärenhaff erschoss, 249 goufen zu Zwangsaarbecht veruerteelt, 1366 zu Prisongs- a 645 zu Zuchthausstrofen. Ronn 0,80 Prozent vun der Bevëlkerung goufen also geriichtlech bestrooft.


Ausser hirer politescher Aktivitéit hate si sech och fir hir Aktioune géint d'Judden, fir de Verrot vu verstoppten Zwangsrekrutéiert a fir d'Bespëtzelung vun der Lëtzebuerger Populatioun ze veräntweren.



Lëtzebuerg an der Ardennenoffensiv |



Kuckt och Zweete Weltkrich an Ardennenoffensiv |




Déi zweet Liberatioun vun Ettelbréck no der Ardennenoffensiv, copyright Patton-Musée


D'Ardennenoffensiv war dat schroost, wat Lëtzebuerg jee erlieft huet. Keen hat nämlech erwaart datt déi Däitsch nach eng Kéier géifen erëmkommen.



Den däitschen Duerchstouss |


Wéi d'Amerikaner den 10. September 1944 Lëtzebuerg liberéiert hunn, hu si versicht, bei Wallendorf (Däitschland), do wou d'Our an d'Sauer leeft, duerchzestoussen. Dat ass hinnen awer net gelongen a si hate grouss Verloschter. Och well se Schwieregkeete mam Noschub haten, hu si doropshin un der Lëtzebuergesch-däitscher Grenz virleefeg Halt gemaach. D'Grenz war allerdéngs deemools schwaach vun amerikaneschen Truppe besat. Lëtzebuerger Milizen hunn haaptsächlech do zirkuléiert. Déi Veianer Miliz (oder Veiner Miliz) hat zum Beispill d'Veianer Schlass besat a konnt vun do aus gesinn, wat sech op der däitscher Säit ofspille géif. Verschiddentlech huet se och däitsch Stousstruppen, déi no Lëtzebuerg luusse komm si, verjot. Ufank Dezember 1944 ass et der Veianer Miliz opgefall, dat op der anerer Säit eng grouss militäresch Aktivitéit war. D'Miliz huet d'Amerikaner dunn doriwwer ënnerriicht, mä déi hunn näischt dropginn.


Déi grouss Iwwerraschung koum de 16. Dezember 1944, wéi déi éischt Granaten zu Dikrech explodéiert sinn an d'Miliz vu Veianen sech a Richtung Dikrech-Ettelbréck ofgesat huet, mat der Noriicht: "D'Preise sinn duerchgebrach a kommen erëm". Vun der Nordspëtzt vum Land bis op Iechternach hunn déi däitsch Arméie mat 240 000 Zaldoten hir Ardennenoffensiv a Richtung Hafe vun Antwerpen gestart. Bezweckt war fir déi amerikanesch Truppe vun hirem Noschub ofzeschneiden a gläichzäiteg e Käil tëscht si an déi englesch Truppen ze dreiwen. Zwar hunn déi 83 000 Amerikaner, déi hinne géigeniwwerstoungen, sech zéi gewiert. Mä si konnten net verhënneren, datt net nëmmen déi belsch Ardenne mä och d'ganzt Éislek bis erof op Iechternach erëm vun der däitscher Iwwermuecht besat gouf. Dat schlecht Wieder, dat den Asaz vun der amerikanescher Aviatioun verhënnert huet, huet den däitschen Zaldoten dobäi gehollef. Hir nei Taktik war fir d'Haaptstroossen z'evitéieren a sech op Nieweweeër ze deplacéieren. Nuets hu se mat Projekteren den Himmel ofgeliicht, fir hiren Arméien d'Marschrichtung unzeginn.



De Generol Patton huet d'Entscheedung erbäigefouert |


Déi 3. Arméi vum Generol Patton, déi vun der Saar-Front ofgezu ginn ass, huet dunn d'Entscheedung erbäigefouert. Direkt no Chrëschtdag, wéi d'Wieder sech opgekläert huet, ass et him mat Hëllef vun der US Air Force gelongen, déi ageschlosse belsch Stad Baaschtnech ze liberéieren.


De 7. Februar 1945 huet déi 3. US-Arméi vum Generol Patton d'Grenzflëss Sauer an Our passéiert. A wéi och nach déi 6. US-Kavalleriegrupp den 12. Februar 1945 Veianen zréckeruewert huet, war ganz Lëtzebuerg erëm fräi.



Lëtzebuerg no der Ardennenoffensiv |




Zu Ettelbréck war d'ganz Groussstross ausgebrannt




D'Groussherzogin Charlotte besicht dat zerstéiert Éisleck


De Krichsschued am Éislek war grouss. Mat groussem Asaz huet d'Regéirung d'Rekonstruktioun virugedriwwen. D'Equippen aus dem Zenter vum Land an aus dem Minett, déi dofir agesat goufen, hu Grousses geleescht.


Direkt wéi d'Groussherzogin Charlotte erëm war, huet si dat zerstéiert Éislek besicht an e staarken Undeel um Leed vun der Populatioun geholl.



Zesummegefaasst |


Vun alle besate Länner huet Lëtzebuerg, no Polen, pro Kapp vun der Bevëlkerung, déi héchst Zuel vun Affer beklot.



Affer vu Mënschen |


  • Am Ganze sinn 11.160 jonk Lëtzebuerger vun de Joergäng 1920 - 1927 zwangsrekrutéiert ginn. 2.752 sinn ëmkomm, 96 ginn nach ëmmer vermësst (25,50 % Doudeger a Vermësster). 3.510 (31,43 %) konnte sech dem Wierdéngscht an der Wehrmacht entzéien oder sinn un der Front desertéiert. 1.551 si mat schwéiere kierperlechen oder séilesche Schied heemkomm. Ënner hinne waren 326 Schwéierverstëmmelter, 469 Verwonnter a 756 Kranker. 3.614 jonk Meedercher hu missen an den RAD-Aarbechtsdéngscht oder an de Krichshëllefsdéngscht. 56 si gestuerwen an 2 vun hinne ginn nach ëmmer vermësst.

  • 3.963 Lëtzebuerger goufen tëscht 1940 a 1945 an e Konzentratiounslager gestach oder koumen an de Prisong. 791 vun hinne si gestuerwen, 4.187 Persoune goufen ëmgesidelt, 640 Persounen hunn aus politesche Grënn hir Plaz verluer a vill Lëtzebuerger Beamten, besonnesch Professeren, goufen no Däitschland zwangsverflicht an op hirer Plaz vun Nazien ersat.

  • Vun den 3.500 Judden, déi virum Krich zu Lëtzebuerg gelieft hunn, sinn 71 % ëmkomm. Déi meescht vun hinne ware Flüchtlingen aus dem däitsche Räich. Am Ganze si 791 Lëtzebuerger (Judden oder net) an de Konzentratiounslager oder am Prisong ëmkomm.

600 Zivilpersounen hunn duerch Krichsawierkungen hiert Liewe verluer (haaptsächlech wärend der Ardennenoffensiv).


4.400 Lëtzebuerger kruten den Titel "mort pour la patrie"[1], ënner hinnen 2.848 verstuerwen Zwangsrekrutéiert, ronn 600 Persounen, déi duerch Krichshandlunge gestuerwen sinn a ronn 800, déi an de Lager oder Prisonge gestuerwe sinn. 324 verstuerwe Lëtzebuerger kruten den Titel "mort pour la patrie" net, well hinnen en antipatriotescht Verhale konnt nogewise ginn.



Materielle Schued |


De Jos Schroeder, deen nom Krich Commissaire à la Reconstructioun war, huet folgende Bilan opgestallt:
Vun den 58.069 Gebaier déi 1935 bestanen hunn, goufen der ronn 18.000 (ongeféier 1/3) sinistréiert, an zwar:


  • 10.650 goufen tëscht 0 an 25 % beschiedegt


  • 03.690 goufen tëscht 25 a 50 % beschiedegt


  • 01.585 goufen tëscht 50 an 80 % beschiedegt


  • 02.070 goufen tëscht 80 an 100 % beschiedegt

Et gouf ausgerechent, datt dee Schued am Ganzen 3,5 bis 4 Milliarde Frang erreecht huet. Wann een de Schued un den ëffentlechen Infrastrukturen, wéi Eisebunn, Stroossen, elektrescht Netz an Telefoninstallatioune matberücksichtegt, da kënnt een op 5 Milliarde Frang oder 18.000 Frang pro Kapp vun der Populatioun.



Biller vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich |



Ënner der Nazizivilverwaltung |



D'Lëtzebuerger Resistenz |



D'Liberatioun |



Lëtzebuerg an der Ardennenoffensiv |



Literatur |


  • Marcel Scheidweiler, Lëtzebuerg am zweete Weltkrich, bande dessinée & DVD fir Kanner a grouss Leit, 46 S, gratis, info@nortic.lu


  • Collaboration: nazification? - le cas du Luxembourg à la lumière des situations française, belge et néerlandaise, erausgi vun de Lëtzebuerger Nationalarchiven, eng 1.Oplo vu 400 war séier vergraff; 2008 koum am Dezember eng zweet Oplo vu 400 eraus, déi iwwerschafft a verbessert war.


  • … ët wor alles nët esou einfach. Fragen an die Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg, Luxemburg, 2002.


  • Lucien Blau, Histoire de l'extrême-droite au Grand-Duché de Luxembourg au XXe siècle, Esch-sur-Alzette, 1998


  • Paul Dostert, Luxemburg zwischen Selbstbehauptung und nationaler Selbstaufgabe, Luxemburg, 1985


  • Evy Friedrich, Lëtzebuerger am Krich 1940 - 1945: eng kleng Natioun erzielt. Club des jeunes Ell. Sankt-Paulus-Druckerei, Lëtzebuerg, 2001. 590 S. ISBN 2-9599925-1-2

  • Charles B. MacDonald, 1984. The Battle of the Bulge. Weidenfeld and Nicholson, London.


  • Jean Milmeister, 1994. Die Ardennen-Schlacht 1944-1945 in Luxemburg. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg.

  • Peter M. Quadflieg, 2008, „Zwangssoldaten“ und „Ons Jongen“. Eupen-Malmedy und Luxemburg als Rekrutierungsgebiet der deutschen Wehrmacht im Zweiten Weltkrieg. Shaker Verlag, Aachen.

  • Fritz Rasqué, 1946. Das Oesling im Krieg. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg.

  • John Toland, 1960. Die Ardennenschlacht 1944 (Originaltitel: Battle: The Story of the Bulge). Alfred Scherz Verlag, Stuttgart.


  • Joseph Maertz: Luxemburg in der Rundstedt-Offensive: das Duell Patton - von Rundstedt in den Oeslinger Bergen. Sankt Paulus-Druckerei, Luxemburg, 1947, 477 S.


  • Paul Weber, 1948. Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg. Victor Buck, Lëtzebuerg, 159 S.


  • Robert Krantz: Luxemburgs Kinder unter dem Nazi-Regime. 1940 - 1944. Ein Dokumentarbericht; 3 Bänn:

Band I - Der Versuch einer ideologischen Umerziehung; Luxembourg, Éditions Saint-Paul, 1997, ill. 823 S. ISBN 2-87963-280-3

Band II - Erziehung zum Krieg; Luxembourg, Éditions Saint-Paul, 2001, ill. 1043 S. ISBN 2-87963-370-2

Band III - "Auslese" für ein tausendjähriges Reich?; Luxembourg, Éditions Saint-Paul, 2002, ill. 855 S. ISBN 2-87963-404-0

  • Robert Krantz: Die politische Satire gegen das Nazi-Regime. Witz, Spott, Humor und Karikatur in Luxemburg, mit Beiträgen von Paul Lesch und Fränk Schroeder; Esch-sur-Alzette, Éditions Kremer-Muller, 2010; 208 Säiten ill. ISBN 978-2-919978-11-3

  • Hans-Erich Volkmann: Luxemburg im Zeichen des Hakenkreuzes: eine politische Wirtschaftsgeschichte 1933 bis 1944. Schöningh, Paderborn, 2010. ISBN 978-3-506-77067-7


Kuckt och |



  • Zweete Weltkrich

  • Ardennenoffensiv

  • Holocaust zu Lëtzebuerg

  • Resistenz

  • Zwangsrekrutéierten

  • D'Wirtschaftssabotage zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich

  • Nazikollaboratioun

  • Spure vun der Zäit 1940-45 an der Stad

  • Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg



Um Spaweck |


  • Säit vum Cercle d'Etudes sur la Bataille des Ardennes

  • Säit Histoprim iwwer Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich fir Schoulmeeschteren

  • Lëscht vun de Lëtzebuerger Muséeën iwwer de Zweete Weltkrich

  • Dokumentarfilm vum CNA: Heim ins Reich

  • Säit vum Dikrecher Nationalmusée iwwer d'Lëtzebuerger Militärgeschicht

  • Säit vum Ettelbrécker Pattonmusée


  • (de) Die Deutsche Volkstumspolitik in Luxemburg und ihre Sozialen Folgen

  • Accidents d'avions allemands et alliés de 1940 à 1945 op der Websäit vun der Fédération aéronautique luxembourgeoise





B-17 Flying Fortress.jpg

Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.


  1. Livre d'or des victimes de guerre de 1940 à 1945, publié par le Ministère de l'Intérieur




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Lëtzebuerg_am_Zweete_Weltkrich&oldid=2237086“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.212","walltime":"0.272","ppvisitednodes":"value":743,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":55470,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":664,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":6,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":17694,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 178.544 1 -total"," 32.17% 57.436 1 Schabloun:Navigatioun_Geschicht_vu_Lëtzebuerg"," 29.88% 53.346 1 Schabloun:Sidebar_with_collapsible_lists"," 12.74% 22.749 5 Schabloun:Aligned_table"," 6.30% 11.245 1 Schabloun:Div_col"," 4.74% 8.457 1 Schabloun:Column-count"," 3.29% 5.877 1 Schabloun:LinkPortalWWII"," 2.68% 4.778 1 Schabloun:De"," 2.04% 3.640 1 Schabloun:Meta_Link_Portal"," 1.96% 3.504 1 Schabloun:Iwwerschaffe_vu_Kapitel"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.025","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":1133885,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1290","timestamp":"20191204112455","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Lu00ebtzebuerg am Zweete Weltkrich","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/L%C3%ABtzebuerg_am_Zweete_Weltkrich","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q13175718","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q13175718","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2006-04-25T21:57:33Z","dateModified":"2019-12-04T11:24:55Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/1/17/Naziaufmarsch.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":160,"wgHostname":"mw1243"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?