Skip to main content

Karolenger Inhaltsverzeechnes Herrscher vum Frankeräich (Hausmeier & Kinneken, respektiv Keeseren) | Literatur | Kuckt och | Um Spaweck | NavigatiounsmenüäDer Aufstieg der Karolinger - SUSAS Netzwerk für WissensweitergabeDe Stammbam vun de Karolenger, Pippiniden an Arnulfinger

Geschicht vun DäitschlandGeschicht vu FrankräichKarolenger


HausmeierKarl MartellFrankenArnulf vu MetzArnulfingerPippin den EelerenPippiniden639FrankeräichKinnekenMerowengerHausmeier8. JoerhonnertPippin de JonkenSippenheilRoumPoopstGottesgnadentumChlodwigKatholizismus751DynastieKarel de GroussenLeo III.25. Dezember800Keeser814Louis de FrommeKarel de JonkenPippin de BocklegeLothar I.Ludwig II.Charles II.817843Traité vu VerdunTraité vu Meerssen870Charles III.885Arnulf vu KärntenLouis III.987ostfränkesch911Louis dem KandOttonenWestfrankeräich987KapetengerStilepochArchitekturVirromanik












Karolenger




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen




Stammbam vun de Karolenger







Geschicht vu Lëtzebuerg











Flag of Luxembourg.svg Portal:Lëtzebuerg

Den Numm Karolenger geet zréck op de fränkeschen Hausmeier Karl Martell a bezeechent en Herrschergeschlecht vun de Franken. D'Virfahre vun de Karolenger sinn den Arnulf vu Metz aus dem Geschlecht vun den Arnulfinger an de Pippin den Eeleren aus dem Geschlecht vun de Pippiniden. D'Karolenger waren zanter 639 mat Ënnerbriechungen, am Frankeräich un der Muecht, allerdéngs net als Kinneken (déi iwwer ee Joerhonnert laang d'Merowenger waren), mä als Hausmeier. Bis an d'Mëtt vum 8. Joerhonnert konnten se hir Muecht sou wäit ausbauen, datt kee merowengesche Kinnek, deen dëst nach just pro forma war, hinne konnt d'Waasser reechen.


De Pippin de Jonken (Pépin le Bref), deen déi effektiv Muecht ausgeübt huet an dofir selwer Kinnek wollt ginn, deen awer net aus der kinnklecher Sipp oder Groussfamill war, huet déi al heednesch Opfaassung vum Sippenheil iergenswéi mussen iwwerwannen: no dëser Opfaassung konnt nëmmen een aus der Kinneksfamill d'Vollek glécklech am Fridde wéi am Krich uféieren. D'Léisung koum vu Roum, wou am Ëmfeld vum Poopst d'Theorie vum Gottesgnadentum (grâce de Dieu) erfonnt gouf, eng Theorie déi bei de Franken, déi sech zanter dem Chlodwig senger Daf zum Katholizismus bekannt hunn, gutt ukoum. Mat der Ënnerstëtzung vum Poopst konnt de Pippin deemno 751 vum fränkeschen Adel a vum Vollek zum Kinnek vun de Franken akklaméiert ginn. Dee bekanntste Vertrieder vun der Dynastie vun de Karolenger, de Karel de Groussen, Jong vum Pippin dem Jonken, gëlt als den Erneierer vum réimesche Keesertum am Westen (Renovatio Imperii), nodeems de Poopst Leo III. hien, e wéineg iwwerraschend, während engem Openthalt zu Roum, de 25. Dezember 800 zum Keeser gesalbt a gekréint huet. D'Iddi, de Karel zum Keeser ze maache, koum natierlech aus dem kierchleche Milieu. De Karel de Groussen, dee säin Numm knapps schreiwe konnt, hat vu réimescher Traditioun a vu politeschen Institutiounen keng Ahnung...


Nom Karel dem Grousse gouf 814 de Louis de Fromme Keeser, well dem Karel seng eeler Jongen, de Karel de Jonken an de Pippin de Bocklege scho virun him gestuerwe waren. Mä nach zum Louis dem Fromme senge Liefzäiten hunn deem seng Jongen, de Lothar I., Ludwig II., Pippin a Charles II. „de Plakapp“ a verschiddene Koalitiounen sech géint hire Papp erhuewen a sech géigesäiteg bekämpft, woubäi allerdéngs de Rang vum Keeser, deen de Lothar zanter 817 als Matkeeser vu sengem Papp hat, ni a Fro gestallt gouf. 843 hu sech déi dräi Bridder, déi iwwerlieft haten, nämlech de Lothar I., de Ludwig II. an de Charles II. am Traité vu Verdun gëeenegt, hir Herrschaft (awer net d'Räich) ze deelen. Am Traité vu Meerssen gouf d'Herrschaft 870 tëscht dem Charles II. an dem Ludwig II. op en Neits gedeelt, nodeem dem Lothar seng Jongen ouni Ierwe gestuerwe waren. De Charles III. „den Décken“, Kinnek vun Ostfranken, huet 885 fir kuerz Zäit déi zwéin Deeler vu Franke gëeent. No him koumen nach als Keeser den Arnulf vu Kärnten an de Louis III. „de Blannen“. Duerno sinn d'Karolenger als Keesergeschlecht ausgestuerwen, fir d'éischt am Osten a wéineg méi spéit och am Westen.


D'Geschlecht vun de Karolenger huet an ënnerschiddleche Konstellatioune West- a Mëtteleuropa bis 987 beherrscht an hat e groussen Afloss op déi fréimëttelalterlech Welt. Sou kann den Traité vu Verdun (843) als Ausgangspunkt ugesi ginn, bei deem Frankräich an Däitschland als Länner entstane sinn. Dozou muss een awer bemierken, datt Frankräich, wéinst senger Heterogeenitéit (Gallo-Réimer, germanesch Vëlkerschaften, asw.) ëmmer duerch eng staark Hand, also zentralistesch huet missen zesummegehalen a geféiert ginn; an Däitschland awer, wou nëmme germanesch Stämm (Sachsen, Franken, Schwoben, Bayeren ...) nieftenee gelieft hunn, konnt sech fréi eng federativ oder dezentral Struktur vun der Herrschaftsausübung behaapten, déi bis haut nowierkt.


Wéi déi ostfränkesch Linn 911 mam Louis dem Kand ausgestuerwen ass, sinn d'Ottonen nokomm. Am Westfrankeräich waren nach bis 987 Karolenger un der Muecht, duerno sinn d'Kapetenger drukomm.


D'Stilepoch an der Architektur vun där Zäit, eng Form vu Virromanik, gëtt „karolengesche Baustil“ genannt.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Herrscher vum Frankeräich (Hausmeier & Kinneken, respektiv Keeseren)

    • 1.1 Pippinidesch a Karolengesch Hausmeier


    • 1.2 Karolengesch Kinneken


    • 1.3 Karolengesch Keeseren


    • 1.4 Kinneke vum Ostfrankeräich


    • 1.5 Kinneke vun Italien


    • 1.6 Kinneke vu Lotharingien


    • 1.7 Kinneke vum Westfrankeräich


    • 1.8 Kinneke vun der Aquitaine


    • 1.9 Kinneke vun der Ënneschter Bourgogne


    • 1.10 Herzoge vun Nidderloutrengen


    • 1.11 Soss Herrscher



  • 2 Literatur


  • 3 Kuckt och


  • 4 Um Spaweck




Herrscher vum Frankeräich (Hausmeier & Kinneken, respektiv Keeseren) |



Pippinidesch a Karolengesch Hausmeier |



  • Pippin den Eeleren (580-640)


  • Grimoald den Eeleren (643-662)


  • Pippin de Mëttleren (687-714)


  • Karl Martell (714-741)


  • Karlmann (741-771)


  • Pippin de Jonken (741-751)


Karolengesch Kinneken |



  • Pippin de Jonken (751-768)


  • Karlmann I. (768-771)


  • Karel de Groussen (768-800)


  • Karel de Jonken (800-811)


Karolengesch Keeseren |



  • Karel de Groussen (800-814)


  • Louis de Frommen (813/814-840)


  • Lothaire I. (840-855)


  • Louis II. vun Italien (855-875)


  • Charles II., de Plakapp (875-877)


  • Charles III., den Décken (881-888)


  • Arnulf vu Kärnten (896)


  • Louis III., de Blannen (901-905)


Kinneke vum Ostfrankeräich |



  • Ludwig II., den Däitschen (843-876)


  • Karlmann (876-880)


  • Ludwig III., de Jéngeren (876-880/882)


  • Charles III., den Décken (876-887)


  • Arnulf vu Kärnten (887-899)


  • Louis IV., d'Kand (899-911)


Kinneke vun Italien |



  • Karel de Groussen (774-814)

    • Pippin, Matkinnek (781-810)


  • Bernard (813-818)


  • Lothaire I. (818-855)


  • Louis II. (844-875)


  • Karl II., de Plakapp (875-877)


  • Karlmann (877-879)


  • Charles III., den Décken (879-887)


Kinneke vu Lotharingien |



  • Lothaire I. (843-855)


  • Lothaire II. (855-869)


  • Zwentibold (895-900)


Kinneke vum Westfrankeräich |



  • Charles II., de Plakapp (843-877)


  • Louis II., den Tuddeler (877-879)


  • Charles III., den Décken (885-887)


  • Charles III., den Eefalt (898-923)


  • Louis IV., vun déisäit dem Mier (936-954)


  • Lothaire I. (954-986)


  • Louis V., de Lidderegen (986-987)


Kinneke vun der Aquitaine |



  • Louis de Frommen (781-814)


  • Pippin I. (817-838)


  • Pippin II. (838-848)


  • Karel d'Kand (848-866)


Kinneke vun der Ënneschter Bourgogne |



  • Louis III., de Blannen (887-905) (Buviniden)


  • Hugo I. (905-947)


  • Lothar II. (947-950)


  • Charles (950-963)


Herzoge vun Nidderloutrengen |



  • Charles (vu Frankräich) (978-991)


  • Otto (991-1012)


Soss Herrscher |



  • Tassilo III., Herzog vu Bayern (748-788)


  • Charles, Kinnek vun der Provence


  • Karlmann, Kinnek vu Bayern (876-880)


Literatur |


  • Pierre Riché, Les Carolingiens - Une famille qui fit l'Europe; Paräis (Hachette), 1983; 438 S.; ISBN 2.01.0097378.9

  • Louis Halphen, Charlemagne et l'Empire carolingien; Paräis, 1947 (1968 -> 2. Editioun).

  • Hans Hubert Anton, Fürstenspiegel und Herrscherethos in der Karolingerzeit; Bonn (Röhrscheid), 1968, 462 S.

  • Pierre Riché, Dictionnaire des Francs, Bd. 2: Les Carolingiens; Paräis (éd. Bartillat), 1997; ISBN 2841001253

  • Rosamond MacKitterick, The Frankish Kings and Culture in the Early Middle Ages; Aldershot (Variorum), 1995; ISBN 0-86078-458-4

  • Rosamond MacKitterick, The Carolingians and the Written Word; Cambridge, 1989; 290 S.; ISBN 0-521-30539-X, 0-521-31565-4

  • Walter Mohr, Die Karolingische Reichsidee; Münster, 1962; 243 S.


  • Arno Borst: Die karolingische Kalenderreform (= Monumenta Germaniae Historica, Band 46); Hannover, 1998; ISBN 3775254463


  • Rudolf Schieffer: Die Karolinger; Stuttgart, 2006 (= 4. Oplo); ISBN 3-17-019099-7


  • Reinhold Andert: Thüringen und Sachsen unter den Karolingern; in: Der fränkische Reiter; Leipzig (Dingsda-Verlag Querfurt), 2006; ISBN 3-928498-92-4


Kuckt och |


  • Lëscht vun de réimesch-däitschen Herrscher

  • Lëscht vun de franséische Monarchen


Um Spaweck |



  • Der Aufstieg der Karolinger - SUSAS Netzwerk für Wissensweitergabe

  • De Stammbam vun de Karolenger, Pippiniden an Arnulfinger





Commons-logo.svg
   



Commons: Frankish kings – Biller, Videoen oder Audiodateien



Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Karolenger&oldid=2240291“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.108","walltime":"0.136","ppvisitednodes":"value":670,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":54084,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":135,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":6,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 65.010 1 -total"," 88.18% 57.327 1 Schabloun:Navigatioun_Geschicht_vu_Lëtzebuerg"," 82.24% 53.467 1 Schabloun:Sidebar_with_collapsible_lists"," 31.74% 20.634 5 Schabloun:Aligned_table"," 11.37% 7.394 1 Schabloun:Commonscat"," 7.11% 4.624 1 Schabloun:Commons"," 3.46% 2.252 1 Schabloun:Link-Bild"," 3.19% 2.071 1 Schabloun:LUX-f"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.022","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":1132643,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1279","timestamp":"20191210160153","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Karolenger","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Karolenger","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q133602","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q133602","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2007-04-10T12:28:21Z","dateModified":"2019-12-10T16:02:01Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/4/46/Stammtafel_der_Karolinger.jpg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":140,"wgHostname":"mw1269"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?