Skip to main content

Herzogtum Lëtzebuerg Inhaltsverzeechnes Geschicht | Ausbléck | Kaart | Literatur | Um Spaweck | Referenzen Navigatiounsmenüä

Herzogtum Lëtzebuerg


HerzogtumWesteuropaHellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun1354179495Karel IV.Grofschaft LëtzebuergWenzel I. vu LëtzebuergMaarkgrofschaftArelDurbuyLa RocheDiddenuewenBéibrechMarvilleGrofschaft Veianen11. Juni1269Grofschaft ChinyFranséischer RevolutiounKeeser Sigismund1441Herzoge vun der BourgogneHaus ValoisHaus HabsburgKarel V.Pragmatesch Sanktioun1549Siwwenzéng ProvënzeNidderlandenGrofschafte FlandernArtoisFrieslandPhilipp II. vu SpuenienWëllem vun OranienSpuenesch NidderlandenRepublik, déi aus siwe Provënzen171415Spueneschen Ierffollegkrichéisträichechen NidderlandenDepartementerForêtsSambre-et-MeuseOurthe1797Traité vu Campo-FormioRhäinland1815Wiener KongressBouillonGroussherzogtumOranien-NassauVereenegte Kinnekräich vun den NidderlandenDäitsche BondWëllem I. vun den NidderlandenFestungpreisesch












Herzogtum Lëtzebuerg




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen






























Geschicht vun de Benelux-Länner

Austrasien

Frisescht Kinnekräich

Karolengerräich
ca 800–843
 

Blason Nord-Pas-De-Calais.svg
Grofsch't
Flandern
9.Jh.–1384

Lotharingien,
dunn
Nidderloutrengen 855–954–977

Wappen Bistum Lüttich.png
Prënzbistum Léck
+

Räichs-
abtei
Stavelot- Malmedy
+
Gules a fess argent.svg
Herzogtum Bouillon

10. Jh.
– 1795

Aner feudal Staaten


Grofschaft Lëtzebuerg
963–1353

10.–14. Jh.

Blason fr Bourgogne.svg
Burgundesch Nidderld.

Herzogtum Lëtzebuerg
1353–1443

1384–1482
 


Flag of the Low Countries.svg
Habsburger Nidderlanden
1482–1795
(Siwwenzéng Provënzen, Burgundesche Krees)


(Südlech) Spuenesch Nidderlanden
1549–1713
 

Prinsenvlag.svg
Republik vun de
Siwe Vereenegte
Provënzen
1581–1795

Flag of Austrian Low Countries.svg
Éisträichesch Nidderlanden
1713–1795

Lécker Revolut.
1789–92

Flag of the Brabantine Revolution.svg
Vereenegt
nidderlännesch
Staaten
1790

 
 


Flag of France.svg
Éischt Franséisch Republik
1795–1804

Flag of the navy of the Batavian Republic.svg
Batavesch Republik
1795–1806

Premier Empire
1804–15

Flag of the Netherlands.svg
Kinnekräich Holland
1806–10
 

Flag of the Netherlands.svg
Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden
1815-1830

Flag of Luxembourg.svg
Groussherzogtum Lëtzebuerg
zanter 1815

(1815 - 1866 am Däitsche Bond)
(1815 - 1890 Personalunioun)


Flag of the Netherlands.svg
Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden
1815-1830
 
 

Flag of Belgium.svg
Kinnekräich Belsch
zanter 1830

Flag of the Netherlands.svg
Kinnekräich vun den
Nidderlanden
("Holland")
zanter 1830





Geschicht vu Lëtzebuerg











Flag of Luxembourg.svg Portal:Lëtzebuerg

D'Herzogtum Lëtzebuerg war en Herzogtum a Westeuropa, Deel vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun, dat tëscht 1354 a 1794/95 bestanen huet.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Geschicht


  • 2 Ausbléck


  • 3 Kaart


  • 4 Literatur


  • 5 Um Spaweck


  • 6 Referenzen




Geschicht |


Et gouf 1354 vum Keeser Karel IV. gegrënnt, andeems en d'Grofschaft Lëtzebuerg mat hiren "Annexë" fir säi Brudder Wenzel I. vu Lëtzebuerg zum Herzogtum erhuewen huet. Dobäi goufen d'Maarkgrofschaft Arel, d'Grofschaften Durbuy a La Roche, sou wéi och d'Herrschaften Diddenuewen, Béibrech a Marville integréiert. D'Grofschaft Veianen war schonn den 11. Juni 1269 [1] e "Lehe" vun de Grofe vu Lëtzebuerg ginn.


1364 koum nach d'Grofschaft Chiny an de Besëtz vum Haus Lëtzebuerg; et koum awer ni zu enger formeller Integratioun vun deem Gebitt an d'Herzogtum Lëtzebuerg. Dofir fënnt een, bis zur Franséischer Revolutioun, d'Bezeechnung "Pays Duché de Luxembourg et Comté de Chiny" a villen offiziellen Dokumenter.


Kuerz nom Doud vum Keeser Sigismund aus dem Haus Lëtzebuerg, ass d'Herzogtum 1441/43, duerch een Arrangement, un d'Herzoge vun der Bourgogne aus dem Haus Valois iwwergaangen, an duerno, duerch Bestietnes, un d'Haus Habsburg. De Karel V. huet et, duerch d'Pragmatesch Sanktioun vu 1549, Deel vun de Siwwenzéng Provënze gemaach. Déi Siwwenzéng Provënze ware selwer soss näischt wéi de Versuch vun enger Neiuerdnung vun den Nidderlanden tëscht dem haitegen Nordfrankräich (ë. a. Grofschafte Flandern an Artois) a Friesland.


Ënner dem Philipp II. vu Spuenien, deen d'Nidderlande geierft hat, koum et do, ënner der Leedung vum Wëllem vun Oranien ("der Schweigsame" od. "le Taciturne"), zu engem Opstand, an nëmmen de Süde konnt vun de Spuenier gehale ginn. Dës Provënzen, zu deenen och d'Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert huet, goufe vun do un "Spuenesch Nidderlanden genannt. Den Norden (méi oder manner den haitegen hollännesche Staat) gouf dunn eng biergerlech Republik, déi aus siwe Provënzen (plus e puer gemeinsam Randgebidder am Süden) bestanen huet


1714/15 gouf d'Herzogtum Lëtzebuerg - mat deenen anere Principautéite vun de Spueneschen Nidderlanden - nom Spueneschen Ierffollegkrich - un déi éisträichesch Habsburg-Linn ofgetrueden a war vun do un Deel vun den éisträichechen Nidderlanden.


Wéi d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun ë. a. Lëtzebuerg eruewert hunn, si 1795 d'Departementer als nei Verwaltungsstrukturen agefouert ginn. Den Territoire vum Herzogtum Lëtzebuerg - dat de facto ofgeschaf gouf - gouf opgedeelt an op d'Departementer Forêts (dee gréissten Deel), Sambre-et-Meuse an Ourthe verdeelt. Dëst gouf 1797 duerch den Traité vu Campo-Formio, zesumme mat den Annexiounen am Rhäinland, international unerkannt.



Ausbléck |


1815, um Wiener Kongress, gouf d'Herzogtum Lëtzebuerg net restauréiert, mä aus dem gréissten Deel vu sengem ale Gebitt (plus Bouillon) gouf e Groussherzogtum geschaf, an zwar zu Gonschte vum Wëllem vun Oranien-Nassau, dee scho Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden gi war. Elo gouf et e Lëtzebuerger Staat (wéinstens um Pabeier), deen a Personalunioun mam "hollännesche" Staat stoung a gläichzäiteg ee Memberstaat vum Däitsche Bond ("Confédération germanique") war. De Kinnek-Groussherzog Wëllem I. vun den Nidderlanden huet awer säi Grand-Duché - wou d'Festung eng "Bundesfestung" gi war, an där eng preisesch Garnisoun kasernéiert war - bal nëmme wéi eng Provënz vu sengem Räich betruecht.



Kaart |




Kaart vum Herzogtum Lëtzebuerg aus der 2. Hallschent vum 17. Joerhonnert



Literatur |



  • Joseph Groben, L'ancien Duché de Luxembourg / Das ehemalige Herzogtum Luxemburg ; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1999; 311 S. (ill.); ISBN 2-87996-981-6.


  • Gilbert Trausch, Le Luxembourg sous l'Ancien Régime - XVIIe, XVIIIe siècles et débuts du XIXe siècle ; -> Manuel d'histoire luxembourgeoise, 3. Band; Lëtzeburg, 1977 (= 1. Oplo).

  • M. La Garde, Histoire du Duché de Luxembourg ; 2 Bänn, Bréissel, [1849].


  • Jean Bertholet, Histoire ecclésiastique et civile du Duché de Luxembourg et Comté de Chiny ; 8 Bänn, Lëtzebuerg,1741-1743.


Um Spaweck |






Commons-logo.svg
   



Commons: Herzogtum Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen



  1. = Datum vum Vertrag




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Herzogtum_Lëtzebuerg&oldid=2187504“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.156","walltime":"0.219","ppvisitednodes":"value":692,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":62284,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":915,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":6,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":263,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 105.110 1 -total"," 56.76% 59.662 1 Schabloun:Navigatioun_Geschicht_vu_Lëtzebuerg"," 53.18% 55.893 1 Schabloun:Sidebar_with_collapsible_lists"," 15.07% 15.842 5 Schabloun:Aligned_table"," 9.72% 10.221 1 Schabloun:Referenzen"," 8.24% 8.665 1 Schabloun:Infobox_Beneluxstaaten_Geschicht"," 8.13% 8.544 1 Schabloun:Commonscat"," 5.27% 5.542 1 Schabloun:Commons"," 4.93% 5.177 1 Schabloun:Clr"," 3.63% 3.814 24 Schabloun:Small"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.018","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":1133855,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1293","timestamp":"20191113163522","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Herzogtum Lu00ebtzebuerg","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Herzogtum_L%C3%ABtzebuerg","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q2719360","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q2719360","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2010-07-19T08:44:03Z","dateModified":"2019-06-21T13:08:05Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":129,"wgHostname":"mw1254"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?