Skip to main content

Éisträichesch Nidderlanden Andeelung | Geschicht | Literatur | Navigatiounsmenüä

Éisträichesch Nidderlanden


Spueneschen Ierffollegkrich1714Franséischer RevolutiounFranséisch Republik1795BelschLëtzebuergHabsburgerSpueneschen Ierffollegkrich1714Spuenesch NidderlandenÉisträicheschen IerffollegkrichMaurice vu Sachsen1. KoalitiounskrichBréissel14.15. Joerhonnertopgekläert-absolutistischeJoseph II.Brabanter RevolutiounVereenegten nidderlännesche StaatenBrabanter RevolutiounFürstentum LéckKarel vun Habsburg-LotrengenLeopold II.1. Oktober1795Fridde vu Campo Formio












Éisträichesch Nidderlanden




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen







Geschicht vu Lëtzebuerg











Flag of Luxembourg.svg Portal:Lëtzebuerg

Éisträichesch Nidderlande waren en Territoire, deen tëscht dem Enn vum Spueneschen Ierffollegkrich 1714 bis zu der Eruewerung duerch d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun an domat verbonnen dem Uschloss un d'Franséisch Republik 1795 bestanen huet, an dee méi oder manner do louch, wou haut d'Belsch a Lëtzebuerg sinn.



Andeelung |




D'Éisträichesch Nidderlanden 1786 (orange)


D'Éisträichesch Nidderlande bestoungen aus:


  • dem Herzogtum Brabant

  • dem Herzogtum Limburg an de Pays d'Outre-Meuse

  • dem Herzogtum Lëtzebuerg

  • engem Deel vum Herzogtum Geldern: Éisträichesch Geldern

  • der Grofschaft Flandern

  • der Grofschaft Namouer

  • der Grofschaft Hennegau

  • der Herrschaft Mechelen

  • der Herrschaft Tournai

  • dem Land Tournaisis


Geschicht |


Wéi déi spuenesch Linn vun den Habsburger ausgestuerwe war, koum et zum Spueneschen Ierffollegkrich. Als Resultat dovu gounge 1714 déi bis dohi Spuenesch Nidderlanden un déi éisträichesch Habsburger-Linn. Wärend dem Éisträicheschen Ierffollegkrich, 1745-1748, ware se vu franséischen Truppen ënner dem Marschall Maurice vu Sachsen besat. Bis se am 1. Koalitiounskrich duerch Frankräich eruewert goufen, goufen d'Éisträichesch Nidderlanden duerch ee Generalgouverneur vu Bréissel aus regéiert. Déi eenzel "Provënzen", d. h. d'Bestanddeeler vun den Nidderlanden, d'Grofschaft Flanderen, d'Herzogtum Brabant, d'Grofschaft Hennegau/Hainaut, d'Grofschaft Namur, d'Herzogtum Lëtzebuerg, asw., goufen no lokale Gesetzer a Bräich verwalt, déi net onbedéngt iwwerall déiselwecht waren. Den Ensembel vun den Nidderlanden war nämlech ni méi, wéi eng Zort de facto-Konfederatioun vu Principautéiten, déi vum 14. / 15. Joerhonnert un an enger an derselwechter Hand waren.


Vill Leit ware mat den zentralisteschen an opgekläert-absolutistische Reforme vum Keeser Joseph II. net averstanen. Et koum 1789 zu der Brabanter Revolutioun a 1790 zu der Proklamatioun vun der Republik vun de Vereenegten nidderlännesche Staaten. Am Kontext souwuel vun der Brabanter Revolutioun wéi vun der franséisch-revolutionärer Invasioun gouf eng méiglech Onofhängegkeet vun de Südlechen Nidderlanden a vum Fürstentum Léck, mat oder ouni Lëtzebuerg, an d'A gefaasst. Sou ass 1790 ee Moment dru geduecht ginn, fir e Groussherzogtum Belgien, ënner der Souverainitéit vum Karel vun Habsburg-Lotrengen, ze grënnen. Et sollt awer anescht kommen: dem Joseph II. säi Brudder an Nofolger Leopold II. konnt d'Onrouen, aus deene sech Lëtzebuerg erausgehalen hat, nees zëssen.


1792 goufen d'Éisträichesch Nidderlanden duerch d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun eruewert, d'Éisträicher hu se 1793 nees zréckeruewert, mä 1794 goufe s'op en Neits vu Frankräich besat a formell den 1. Oktober 1795 vu Frankräich annexéiert. Am Oktober 1797 huet Éisträich där Annexioun am Fridde vu Campo Formio zougestëmmt.



Literatur |


  • Hervé Hasquin (Konzeptioun a wëssenschaftlech Koordinatioun) & 14 Mataarbechter, La Belgique autrichienne (1713-1794) - Les Pays-Bas méridionaux sous les Habsbourg d'Autriche ; Bréissel, Editioune vum 'Crédit communal', 1987; 539 Säiten. ISBN 2-87193-035-X


  • Gilbert Trausch, Le Luxembourg sous l'Ancien Régime - 17e et 18e siècles et débuts du 19e siècle ; (= 3. Bd. vum Manuel d'histoire luxembourgeoise (...) à l'usage des classes de l'Enseignement secondaire (...) ; Lëtzebuerg, Verlag Bourg-Bourger, 1977 (= 1. Oplo); 176 Säiten.

  • (erausgi vun: Jean-Paul Lehners, Claude Bruneel & Helmut Reinalter), L'Autriche, les Pays-Bas [méridionaux] et le Duché de Luxembourg au 18e siècle ; 'Publications du Centre universitaire de Luxembourg', Cahiers d'Histoire IV, Lëtzebuerg, 1999; [= Akte vun engem Colloque, deen am November 1996 um 'Centre universitaire' organiséiert gi war (eng Doze Kontributiounen)]; 182 Säiten. ISBN 2-87971-212-2


  • Edouard Marc Kayser, Du Grand-Duché de Belgique mort-né [1790] au Grand-Duché de Luxembourg partagé [1839] - Aspects méconnus du passé belgo-luxembourgeois de la fin de l'Ancien Régime au milieu du XIXe siècle ; in: récré, 10 (1994); Dikrech (APESS - Verlag); Ss. 169-188 (ill.; 3 Kaarten).

  • Ch. Rahlenbeck, Les pays d'Outre-Meuse: Dalhem, Fauquemont et Rolduc ; Bréissel, 1888.




Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Éisträichesch_Nidderlanden&oldid=2236554“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.136","walltime":"0.162","ppvisitednodes":"value":412,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":52588,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":0,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":6,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":0,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":0,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 72.304 1 Schabloun:Navigatioun_Geschicht_vu_Lëtzebuerg","100.00% 72.304 1 -total"," 93.65% 67.710 1 Schabloun:Sidebar_with_collapsible_lists"," 40.37% 29.192 5 Schabloun:Aligned_table"," 4.66% 3.371 1 Schabloun:LUX-f"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.032","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":1133924,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1221","timestamp":"20191204105312","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"u00c9istru00e4ichesch Nidderlanden","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/%C3%89istr%C3%A4ichesch_Nidderlanden","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q700283","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q700283","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2009-10-29T13:41:14Z","dateModified":"2019-12-04T10:53:11Z"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":129,"wgHostname":"mw1324"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?