Skip to main content

Jean vu Lëtzebuerg InhaltsverzeechnesLiewenKannerPatronagen an Engagementer Militäresch Auszeechnungen Aner GielercherKuckt ochUm SpaweckReferenzenNavigatiounsmenüSon Altesse Royale le Grand-Duc JeanDe Grand-Duc Jean op der Websäit "monarchie.lu"Deklaratioun vum Xavier Bettel nom Doud vum Grand-Duc JeanStéphane Bern: "Le Grand-Duc Jean était le héros de mon enfance"Einer von unsFilmdoku gibt Einblick in das Leben von Großherzog JeanDossier: Großherzog Jean - Symbol und VorbildRIP Grand-Duc Jean - E grousse Staatsmann huet eis fir ëmmer verloossBetraffenheet an Erënnerungen - Reaktiounen op den Doud vum Grand-Duc JeanPresserevue - Doud vum Grand-Duc Jean an den nationalen an internationale MedienFNEL an LGS an déiwer Trauer - Eng grouss Passioun vum Grand-Duc Jean war déi fir d'ScoutenVideoen - D'Liewe vum Grand-Duc Jean a beweegte BillerDocumentaire - Film: Jean, Grand-Duc vu LëtzebuergRIP Grand-Duc Jean - E grousse Staatsmann huet eis fir ëmmer verloossMessage de Son Altesse Royale le Grand-DucLëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum StaatsrotWorldCat Identities42638199n800568970000 0003 8239 8931118990314cb14764112d(data)

Groussherzoge vu LëtzebuergLëtzebuergesch GenereelHaus Lëtzebuerg-NassauHaus Bourbon-ParmaMembere vum Staatsrot zu LëtzebuergRitter vum Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene LéiwGebuer 1921Gestuerwen 2019


5. Januar1921Schlass Bierg23. Abrëll201919642000GroussherzogLëtzebuergKolmer-BiergCharlotte vu LëtzebuergFelix vu Bourbon-ParmaAmpleforthGroussbritannien5. Februar1939IerfgroussherzogWehrmacht10. Mee1940Lëtzebuerg iwwerfallQuébecLaval1942Irish Guards1944194519471984Trooping the Colour11. Juni1944NormandieCaenBréissel10. September1944KrichArnhemArdennenoffensiv19511961Staatsrot9. Abrëll1953Joséphine-CharlotteBelsch28. Abrëll196112. November1964Groussherzog vu Lëtzebuerg7. Oktober2000HenriKryptaKathedralSilver WolfScout Association












Jean vu Lëtzebuerg




Vu Wikipedia






Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
















Jean vu Lëtzebuerg

GD Jean 1967.jpg
Titelen
Groussherzog vu Lëtzebuerg

1964 bis 2000
Biographie
Gebuer
5. Januar 1921
Schlass Bierg
Gestuerwen
23. Abrëll 2019
Lëtzebuerg
Bestuet mat
Joséphine-Charlotte vun der Belsch
Papp
Felix vu Bourbon-Parma
Mamm
Charlotte vu Lëtzebuerg
Geschwëster
Charles vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg, Alix vu Lëtzebuerg
Kanner
Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, Henri vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Margaretha vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg



De Jean Benoît Guillaume Robert Antoine Louis Marie Adolphe Marc d'Aviano vu Lëtzebuerg, gebuer de 5. Januar 1921 op Schlass Bierg a gestuerwen den 23. Abrëll 2019[1][2], war vun 1964 bis 2000 deen aachte Groussherzog vu Lëtzebuerg.




Inhaltsverzeechnes





  • 1 Liewen


  • 2 Kanner


  • 3 Patronagen an Engagementer


  • 4 Militäresch Auszeechnungen


  • 5 Aner Gielercher


  • 6 Kuckt och


  • 7 Um Spaweck

    • 7.1 Artikelen op wort.lu:


    • 7.2 Artikelen op rtl.lu:



  • 8 Referenzen



Liewen




12.11.1964: Den Eed op d'Verfassung als neie Groussherzog.




D'groussherzoglech Koppel mat hire Kanner (1971).


De Prënz Jean koum um Schlass vu Kolmer-Bierg als Jong vun der Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg an hirem Mann, dem Prënz Felix vu Bourbon-Parma op d'Welt. Hien huet säi Lycée zu Lëtzebuerg an zu Ampleforth a Groussbritannien gemaach. De 5. Februar 1939 gouf hien zum Ierfgroussherzog ernannt.


Wéi d'Wehrmacht den 10. Mee 1940 Lëtzebuerg iwwerfall huet, huet e mat senger Famill d'Land verlooss. Hien huet fir d'éischt am Québec gelieft, wou en op d'Universitéit vu Laval goung. Enn 1942 huet hie sech bei den Irish Guards gemellt an eng Militärausbildung zu Aldershot gemaach, no där e Lieutenant (1944) an duerno 1945 Captain gouf. 1947 gouf e vum Déngscht an den Irish Guards fräigestallt. 1984 gouf e vun der Kinnigin vun England zum Colonel ernannt, a konnt an deem Grad bei der traditioneller Truppeparade vum Trooping the Colour nieft der Kinnigin reiden.


Den 11. Juni 1944 ass hien an der Normandie gelant a war bei der Schluecht vu Caen an der Befreiung vu Bréissel dobäi. Den 10. September 1944 war hien, zesumme mat sengem Papp, bei den alliéierten Truppen, wéi déi Lëtzebuerg befreit hunn. Kuerz duerno, bis un d'Enn vum Krich, war de Prënz Jean bei senger Unitéit, déi Arnhem befreit an an der Ardennenoffensiv mat gekämpft huet.


Tëscht dem 24. Abrëll 1951 an dem 28. Abrëll 1961 war de Prënz Jean Member vum Staatsrot[3].


Den 9. Abrëll 1953 huet hie sech mat der Prinzessin Joséphine-Charlotte vun der Belsch bestuet.


Den 28. Abrëll 1961 huet seng Mamm en zum Lieutenant représentant ernannt, an den 12. November 1964 koum hien no senger Mamm op den Troun a gouf Groussherzog vu Lëtzebuerg. Deeselwechten Dag krut hien den Titel Generol vun der Lëtzebuerger Arméi.


Iwwer en Drëttel Joerhonnert war hien un der Spëtzt vum Land. De 7. Oktober 2000 huet hien zugonschte vu sengem eelste Jong Henri op den Troun verzicht.


De Grand-Duc Jean ass den 23. Abrëll 2019 gestuerwen, nodeems hien déi Woch virdru mat enger Longenentzündung an eng Klinik ageliwwert gi war.
De 4. Mee 2019 gouf hien an der Krypta vun der Kathedral bäigesat.


Kanner



  • Prinzessin Marie-Astrid, * 17. Februar 1954 ;


  • Prënz Henri, * 16. Abrëll 1955 (Groussherzog zanter dem 7. Oktober 2000);


  • Prënz Jean, * 15. Mee 1957;


  • Prinzessin Margaretha, * 15. Mee 1957;


  • Prënz Guillaume, * 1. Mee 1963.

Patronagen an Engagementer


De Groussherzog Jean hat folgend Aufgaben a Chargen iwwerholl:


  • Éierepresident vun der Oeuvre des pupilles de la nation;

  • Chef-Scout vun der Luxembourg Boy Scouts Association;

  • Éierepresident vum Comité olympique et sportif luxembourgeois;

  • Member an duerno, vun 1998 un, Éieredoyen vum Comité international olympique;

  • Éierepresident vun den Anciens combattants;

  • Éierepresident vun der Union des mouvements de la résistance luxembourgeoise;

  • Héige Patronage vun der Lëtzebuerger Pompjeesfederatioun.



De Grand-Duc Jean 2006



Militäresch Auszeechnungen



  • Médaille Militaire (iwwerreecht am Dezember 2002 an der Kasär um Härebierg);


  • Lëtzebuergesch Croix de Guerre mat Palm;

  • Lëtzebuergesch Croix de la Résistance;


  • Silver Star (USA);

  • Franséisch Croix de guerre;

  • Belsch Croix de guerre mat Palm;


  • Oorlogsherinneringskruis (NL);


  • 1939–45 Star (GB);


  • France and Germany Star (GB);


  • Defence Medal (GB);


  • War Medal 1939-1945 (GB).

Aner Gielercher


Nieft de militäreschen Auszeechnungen hat hien eng Abberzuel Lëtzebuergesch an auslännesch Auszeechnungen iwwerreecht kritt, douvun ë. a. de Silver Wolf, déi héchst Auszeechnung vun der brittescher Scout Association.


Kuckt och



  • Bam vum Prënz Jean am Pescatore-Park an der Stad Lëtzebuerg

  • Politesche System vu Lëtzebuerg

Um Spaweck






Commons-logo.svg
   



Commons: Jean vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

  • Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean an der Broschür „La famille grand-ducale“, Service Information et Presse, 2001, S. 25-28, ISBN 2-87999-016-5

  • De Grand-Duc Jean op der Websäit "monarchie.lu"


  • Deklaratioun vum Xavier Bettel nom Doud vum Grand-Duc Jean op gouvernement.lu den 23. Abrëll 2019

  • France Clarinval, Stéphane Bern: "Le Grand-Duc Jean était le héros de mon enfance" op 5minutes.rtl.lu den 23. Abrëll 2019

Artikelen op wort.lu:


  • Roland Arens, 2019, Einer von uns


  • Filmdoku gibt Einblick in das Leben von Großherzog Jean, Documentaire 1989-1990


  • Dossier: Großherzog Jean - Symbol und Vorbild, Sammlung vun Artikelen iwwer de Grand-Duc Jean

Artikelen op rtl.lu:


  • RIP Grand-Duc Jean - E grousse Staatsmann huet eis fir ëmmer verlooss

  • Betraffenheet an Erënnerungen - Reaktiounen op den Doud vum Grand-Duc Jean

  • Presserevue - Doud vum Grand-Duc Jean an den nationalen an internationale Medien

  • FNEL an LGS an déiwer Trauer - Eng grouss Passioun vum Grand-Duc Jean war déi fir d'Scouten

  • Videoen - D'Liewe vum Grand-Duc Jean a beweegte Biller

  • Documentaire - Film: Jean, Grand-Duc vu Lëtzebuerg


Referenzen



  1. RIP Grand-Duc Jean - E grousse Staatsmann huet eis fir ëmmer verlooss op rtl.lu den 23. Abrèell 2019, 06:09


  2. Message de Son Altesse Royale le Grand-Duc op monrachie.lu den 23. Abrëll 2019


  3. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot









Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Jean_vu_Lëtzebuerg&oldid=2231375“













Navigatiounsmenü



























(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgPageParseReport":"limitreport":"cputime":"0.296","walltime":"0.436","ppvisitednodes":"value":557,"limit":1000000,"ppgeneratednodes":"value":0,"limit":1500000,"postexpandincludesize":"value":12900,"limit":2097152,"templateargumentsize":"value":327,"limit":2097152,"expansiondepth":"value":9,"limit":40,"expensivefunctioncount":"value":0,"limit":500,"unstrip-depth":"value":0,"limit":20,"unstrip-size":"value":1299,"limit":5000000,"entityaccesscount":"value":1,"limit":400,"timingprofile":["100.00% 376.180 1 -total"," 80.78% 303.862 1 Schabloun:Infobox_Dynastie"," 79.64% 299.571 1 Schabloun:Infobox"," 55.04% 207.039 10 Schabloun:If_empty"," 53.10% 199.753 15 Schabloun:Wikidata"," 8.54% 32.129 2 Schabloun:Br_separated_entries"," 6.56% 24.672 1 Schabloun:Autoritéitskontroll"," 3.62% 13.634 1 Schabloun:Referenzen"," 2.52% 9.468 1 Schabloun:Clr"," 2.05% 7.705 1 Schabloun:Commonscat"],"scribunto":"limitreport-timeusage":"value":"0.147","limit":"10.000","limitreport-memusage":"value":3513622,"limit":52428800,"cachereport":"origin":"mw1304","timestamp":"20191208113812","ttl":2592000,"transientcontent":false););"@context":"https://schema.org","@type":"Article","name":"Jean vu Lu00ebtzebuerg","url":"https://lb.wikipedia.org/wiki/Jean_vu_L%C3%ABtzebuerg","sameAs":"http://www.wikidata.org/entity/Q15988","mainEntity":"http://www.wikidata.org/entity/Q15988","author":"@type":"Organization","name":"Autoren der Wikimedia-Projekte","publisher":"@type":"Organization","name":"Wikimedia Foundation, Inc.","logo":"@type":"ImageObject","url":"https://www.wikimedia.org/static/images/wmf-hor-googpub.png","datePublished":"2005-04-28T22:33:20Z","dateModified":"2019-11-25T18:04:13Z","image":"https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/4/49/GD_Jean_1967.jpg","headline":"vun 1964 bis 2000 de Groussherzog vu Lu00ebtzebuerg"(RLQ=window.RLQ||[]).push(function()mw.config.set("wgBackendResponseTime":117,"wgHostname":"mw1321"););

Popular posts from this blog

Tamil (spriik) Luke uk diar | Nawigatjuun

Align equal signs while including text over equalitiesAMS align: left aligned text/math plus multicolumn alignmentMultiple alignmentsAligning equations in multiple placesNumbering and aligning an equation with multiple columnsHow to align one equation with another multline equationUsing \ in environments inside the begintabularxNumber equations and preserving alignment of equal signsHow can I align equations to the left and to the right?Double equation alignment problem within align enviromentAligned within align: Why are they right-aligned?

Where does the image of a data connector as a sharp metal spike originate from?Where does the concept of infected people turning into zombies only after death originate from?Where does the motif of a reanimated human head originate?Where did the notion that Dragons could speak originate?Where does the archetypal image of the 'Grey' alien come from?Where did the suffix '-Man' originate?Where does the notion of being injured or killed by an illusion originate?Where did the term “sophont” originate?Where does the trope of magic spells being driven by advanced technology originate from?Where did the term “the living impaired” originate?